Interview avec le ministre des Affaires étrangères Jean Asselborn au sujet du référendum sur la Constitution européenne

Radio 100,7: Zanter enger Zäit schonn streiden déi politesch Parteien zu Lëtzebuerg sech iwwert den Datum op deem de Referendum iwwert déi europäesch Constitutioun wäert kënnen ofgehale ginn. De Moien war d’Conférence des présidents vun der Chamber mam Ausseminister Jean Asselborn zesummen an hei gouf een sech elo eens. Doriwwer schwätze wëlle mir mam Jean Asselborn, mat deem mir verbonne sinn. Gudde Mëtteg, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg.

Wat sinn dann elo d'Decisiounen de Moien an där Chamber-commissioun gewiescht? Hutt Dir een Datum fonnt?

Fir et direkt ze soen: Mir hunn net nëmmen iwwert een Datum geschwat. Ech mengen, et war eng ganz gutt Reunioun, wou mir och dann d'Positioun vun der Regierung, wou ech hinne gesot hunn, wat fir ee Wee, datt mir eventuell kéinte goen an et war ganz vill Entgéintkommes vun der Säit vun der Chamber. A mir sinn eis praktesch an alle Punkten eens ginn, op jidde Fall si mir eis alleguerten eens, datt mir de Referendum elo den 10. Juli 2005 organiséieren. Mir haten jo eng kleng Diskussioun hei am Land, mir konnten dat net verbannen, engersäits an eiser Présidence – dat ass materiell net méiglech – a mir wollten dat och net maachen mat de Gemengewalen zesummen. Bleift also just dee Slot, dee mir nach hunn nom 30. Juni bis de 15. Juli, wou näischt méi zu Lëtzebuerg an deem Sënn ze maachen ass. Also si mir eis eens ginn op den 10. Juli.

Wéi ass et dann elo mat de Prozeduren? Déi europäesch Constitutioun muss jo am Lëtzebuerger Gesetz verankert ginn a fir e Referendum iwwerhaapt kënnen ofzehalen muss och nach eng Loi spéciale gemaach ginn. Sitt Dir Iech de Moien dann do elo iwwert den Zäitplang eens ginn?

Dorunner schaffe mir elo. A mir musse kucken, datt mir eng grouss Konkordanz selbstverständlech hunn. Dat speziellt Gesetz musse mir baséieren op dat speziellt Gesetz, wou den Här Paul-Henri Meyers an d'Commissioun iwwert d'Institutiounen elo ganz eifreg doriwwer nodenken an och dorunner schaffen, esou datt mir eis kënne virstellen, datt een am Januar, spéitestens am Februar dat allgemengt Gesetz iwwer de Referendum an och am Kader vum Artikel 51 vun eiser Verfassung an dann och dat speziellt Gesetz kéint iwwert d'Bühn kréien. An dann géif an der Prozedur gekuckt ginn, fir wann d'Chamber domadder d'accord ass, fir am Juni dann een éischte Vote ze maachen iwwert den Text vun der Verfassung, also d'Gesetz dat d'Verfassung dann guttheescht.

No deem éischte Vote géif, wann d'Chamber dat wëll esou maachen wéi se de Moien dat och gesot huet, dann eng Resolutioun stëmmen, wou se seet, bon, elo ass een éischte Vote gewiescht, et kënnt e Referendum zu deem spezifesche Punkt do, also huele mir eng Resolutioun a mir soen, datt mir de Wëlle vum Wieler, déi di gewielt hunn, déi di sech bedeelegt hunn um Referendum an hir Positioun ausgedréckt hunn, also d'Resultat vum Referendum, datt dat och guttgeheescht gëtt.

Da si mir déi ganz Diskussioun och lass, ob de Referendum konsultativ ass oder ob en décisiv ass. Dat ass och parfaitement juristesch méiglech, well am Referendum gëtt net ofgestëmmt iwwert ee Gesetz, et gëtt ofgestëmmt iwwert eng Positioun, en éischte Vote, deen d'Chamber huet zu der neier Verfassung. Also ass dat parfaite-ment méiglech fir op dee Wee do ze goen.

Op deem Punkt do ware mir eis alleguerten eens mat enger Exceptioun. Allerdéngs geet et jo em de Fong, deen zur Debatt steet. An ech mengen, datt nieft de Lëtzebuerger Bierger hei am Land och déi Bierger, déi sech bekennen an un eisen zivilen an un eisem ëffentleche Liewen deelhuelen an d'Recht hunn, fir bei den Europaparlamentswalen deel ze hunn, déi sech also do ageschriwwen hunn, datt déi och mussen d'Recht hunn, fir do hir Meenung zu deem Referendum ze soen.

Ab wéini wäert de Referendum dann fir Iech e Succès sinn?

De Referendum ass e Succès, wann déi nei Verfassung hei zu Lëtzebuerg ugeholl gëtt.

Mat wéi engem Prozentsaz?

Ech wier frou, wann déi elo géif mat 50 Prozent an e puer Grimmelen ugeholl ginn. An duerfir musse mir schaffen alleguerten. A wann ech soe mir, dann ass dat d'Regierung, dat ass d'Chamber, déi selbstverständlech do och sech selwer wäert an d'Pflicht huelen, fir eng Campagne ze organiséieren. Sou wéi si, d'Chamber, dat fir gutt fënnt, mat de Parteien selbstverständlech och an et ass un der Regierung och fir hir Responsabilitéit ze iwwerhuelen a kucken, datt och eng Campagne an de Medien stattfënnt, datt d'Leit richteg informéiert ginn, objektiv informéiert ginn, esou datt dat, wat an der Verfassung steet... Hei ass de Politiker gefuerdert. Et ass kee Spazéiergank. Et ass méi einfach „Neen“ soen zu der europäescher Verfassung wéi „Jo“ ze soen zu der Verfassung. D'Argumenter fir „Neen“ ze soen sinn ëmmer einfach doranner, mä déi fir „Jo“ ze soen, do muss ee soen, ëm wat datt et geet. Et geet ëm d'Zukunft vu Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun an et geet dorëm, wéi Lëtzebuerg sech an der Zukunft positionnéiert als Land, dat ganz respektéiert ass an der ganzer Welt eben duerch seng Abettung an duerch seng Positioun, déi et an Europa huet, ob mir déi bäibehalen fir déi nächst 50 Joer esou wéi an der Vergaangenheet oder net.

Esou wäit also den Ausseminister Jean Asselborn iwwert d'Decisiounen de Moien an der Conférence des présidents.

Dernière mise à jour