Le ministre des Affaires étrangères Jean Asselborn au sujet du décès du Président palestinien Yasser Arafat

RTL Radio: An um Telefon sinn ech elo fir eng éischt Reaktioun op den Doud vum Jassir Arafat mam Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn verbonnen. Gudde Moien, Här Asselborn.

Gudde Moien.

Firwat iwwerhaapt dee laangen Hin an Hier ronderëm den Doud vum Jassir Arafat? Firwat dat laangt Spekuléieren an déi vill Falschmeldunge ronderëm deen Doud? Huet do misse vir d’éischt alles preparéiert gi fir d’Successioun?

Also, ech mengen iwwer déi Spekulatiounen, dat si jo Spekulatiounen, déi Dir elo opgestallt hutt. Wann dat Hin an Hier sollt gesteiert gewiescht sinn an doduerch kee Chaos elo entsteet, wann den Doud bekannt gëtt vum President Arafat, wann och gewosst ass, wou säi Graf ass, wann d’palästinensesch Autoritéite sech konnten organiséieren, da war dat schonn net falsch. Mä, loosse mir awer – mir si jo allen zwee net Dokter – loosse mir awer deene Leit iwwerloossen, wéini datt e Mënsch doud ass. Ech ginn dovunner aus, datt den Doud vum President Arafat de Moien dann um fënnef Auer festgestallt ginn ass.

Elo wart Dir jo viru kuerzem selwer an der Regioun. Just deen Ament, wéi de Palästinenserchef esou richteg krank ginn ass. Mä, wat war deen Arafat da fir e Mann? Ee ganz gudden – en huet schliisslech de Friedensnobelpräis kritt – oder war hie mat responsabel fir dee ville Misère do an der Regioun?

Jo, mä ech mengen, Äre Kolleg huet et elo ganz gutt skizzéiert. Et war fir déi eng quasi en Hellegen, a fir déi aner war et en däischteren Terrorist. Mä, déi Contradictioun déi weist ganz kloer d’Zerrassenheet am Noen Osten.

De President Arafat war d’Symbol, an dat ass e Fait vun der palästinensescher Cause. An déi Cause ass keng einfach Cause. Dat ass een äusserst schwieregt Schicksal, wat déi Leit do ze erdroen hunn. An ech mengen, keen anere Politiker ass esou mam Schicksal vu sengem Vollek ze identifizéiere wéi just de President Arafat. Säin Dram war ee palästinensesche Staat. Hien huet deen Dram wëllen an d’Wierklechkeet ëmsetzen.

Et war een op zwou Säite ganz no bäi, no Oslo. Firwat datt dat net zustane komm ass, weess ech net. Ech ka mir awer net virstellen, datt deemools esouwuel bei den Israelie wéi och bei de Palästinenser de Wëllen net sollt komplett dogewiescht sinn, fir dat ze maachen. Mä dat ass eben den Noen Osten an déi ganz Contradictioun. Bon, mir mussen elo no fir kucken, an ech mengen, datt dat hei och net duerch den Doud elo vum President Arafat, mä datt et awer kënnt eng Chance ginn, eng nei Relance vum Dialog och tëschent Israel a Palästina.

Dir hutt et elo ugeschwat. No vir kucken, ass dat bei allem Respekt fir den Jassir Arafat elo eng Chance fir de Fridden, oder awer muss elo mat neier Gewalt gerechent ginn?

Jo, also ech mengen, et ass elo mol ganz kloer, ech hu gesot, de palästinensesche Staat ass en Dram bliwwen. Et mussen anerer elo de Staat iwwerhuelen, fir dat ëmzesetzen. An do gëtt et nëmmen een. Dat ass effektiv nei, eng nei Relance vun der Roadmap. An et muss een elo, de Réckzuch vun den Israeli aus Gaza, muss een als Chance gesinn. D’Autoritéiten a Palästina, do gëtt et jo elo, wéi Dir gesot hutt, de President vum Parlament, deen eng Roll ze spille kritt. De Premierminister Kureia, deen eng Roll ze spillen huet fir den Iwwergang. An dann, si wëllen, dat hu si mir och gesot virun e puer Woche wéi ech do war, ganz kloer duerch Walen déi politesch Autoritéite bestëmmen. An ech mengen, déi Chance, déi duerf op béide Säiten elo net verspillt ginn an ech mengen, och als Lëtzebuerger Regierung, wann ech dat nach soen duerf, drécke mir selbst-verständlech eist Bäileed dem palästinensesche Vollek aus.

Awer wat méi wichteg ass nach, dat ass, datt mir konkret wëllen hëllefen. Och am éischte Semester vun 2005, datt Israelien a Palästinenser, datt déi d’Recht sech selwer verschafen. An datt Amerika an Europa entscheedend do mathëlleft, fir datt déi zwee Völker kënnen an zwee sécheren a freie Staate liewen.

Ganz vill hänkt jo awer och elo dovunner of, wien dann elo wierklech de Successeur vum Arafat gëtt. Dee neie President wäert jo mat iwwer Krich a Fridden an der Regioun décidéieren?

Jo, ech weess net, ob dee neie President elo iwwer Krich a Fridden décidéiert. Ech sinn awer iwwerzeegt, datt de Wëllen op palästinensescher Säit do ass, an et sinn och Unzeechen, datt de Wëllen op israelescher Säit do ass, fir ze kucken, datt een aus dem Doud vum President Arafat elo versicht, well all Excusë si jo elo eriwwer, och vis-à-vis, och d’Israelie kënnen elo net méi soen, mir wëllen net mat hirem President, well en huet näischt ze soen, a mir wëllen net mat deem diskutéieren. Et kënnt elo eng nei Autoritéit dohinner, an do muss deen neien Départ, dee muss elo wierklech konkret ugepaakt ginn.

Sidd Dir och bei der Trauerfeier zu Kairo muer dobäi?

Jo, also mir hu muer Regierungsrot, Dir wësst, datt eise Premier de Moment a China ass. Ech wäert de Moie mat menge Kollege schwätzen, an da kucken, wéi mir eis organiséieren.

Ech hat de Moien den Nabil Shaath um Telefon. Dat ass de palästinenseschen Ausseminister, an en huet zimlech staark insistéiert, ech mengen och, mir mussen do kucken, wéi mir eis do organiséieren. Mä op jiddwer Fall, hien huet mir gesot, den Nabil Shaath, datt si géifen hiert méiglechst ginn an datt se och gutt Kontakter elo schonn hätten, och mat den amerikaneschen Autoritéiten an och mat den israeleschen Autoritéite. Kontakter géife bestoen, fir ze kucken, wierklech déi Chance hei wouer ze huelen. Dat schéngt mir elo, de Bléck an d’Zukunft schéngt mir dat aller wichtegst ze sinn. An deem wichtege Punkt, wou et hei em de Weltfridde geet.

Jean Asselborn, Merci fir dës éischt Reaktioun.

Merci.

Dernière mise à jour