Interview avec le ministre de la Santé Mars Di Bartolomeo au sujet du déficit des caisses de maladie

RTL Radio: Fir de Budget 2005 bei de Krankekeesen an den Équiliber ze kréien, gouf déi leschte Woch jo, ënnert anerem, décidéiert fir d’Cotisatiounen eropzesetzen. Domadder geet et awer net duer an dat weess och de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Deen ass haut eisen Invité. Gudde Mëtteg.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Hutt Dir de Leit dann do net e wéineg Sand an d’Ae gestreet? Wann een dobaussen nämlech iwwert déi Generalversammlung vun der Unioun vun de Krankekeesen, déi leschte Woch, schwätzt, dann huet een den Androck, ausser beim Patronat natierlech, datt déi Hausse iergendwéi geschléckt gëtt an datt d’Leit sech nees gemittlech zréckleeën, sou nom Motto, Problem geléist, et geet mech näischt méi un. Dat ass et jo awer net?

Neen. De Problem ass net geléist. Mir hunn eis eng Schounfrist ginn. Dir wësst, datt dat Lach dat hannerlooss ginn ass, kee klengt ass an d’Regierung, an ech war och do dergéint, datt mer déi einfach Rezepter asetzen, dat heescht d’Leeschtunge kierzen, d’Participatiounen onmoosseg an d’Lut setzen. Mir hunn hei duerch ee gudde Mix eis Zäit ginn, fir eis ëm eis Krankekeesen ze këmmeren an dat musse mer an deenen nächste Méint, well soss kommen déi, di  einfach Rezepter an der Täsch hunn, zum Zuch.

Dat Lach, wat hannerlooss gouf, ween huet Iech dat dann hannerlooss?

Ech muss jo soen, datt – ech maachen dat net ganz gär – datt ech mengem Virgänger do d’Responsabilitéit ginn, mä hei muss ech dat maachen. Mäi Virgänger huet mer ee Lach an de Krankekeese vun 100 bis 150 Milliounen Euro hannerlooss an ech mengen, en hat e bësse geflunkert, wéi en a säi Parteiprogramm oder säi Walprogramm geschriwwen hat, datt d’Problemer vun de Krankekeese geléist wären.

De Virgänger vun Ärem Virgänger, deen huet awer och schonns en Defizit hannerlooss an dat war en LSAP-Minister.

Jo, ech mengen, dat ass ni ugezweifelt ginn, mä ech muss Iech awer soen, datt en Defizit an deem doten Ausmooss, vu 6 aler Milliarden, nach ni hannerlooss ginn ass an deen Defizit, deen ënnert der virvirechter Regierung  hannerlooss gi war, deen huet sech am Nachhinein als e ganz bescheidenen erwisen, vun enger halwer Milliard aler Lëtzebuerger Frangen, mä ech mengen, ech spillen hei net Pingpong.

Neen, neen, dat weist jo awer dann och vläicht, datt einfach nëmmen de System krank ass, datt en einfach der Zäit net méi ugepasst ass?

Neen, ech mengen de System ass net krank a vläicht ee Wuert dozou. Dee System ass iwwregens och opgestalt gi vu menger Virgängerin, dem Mady Delvaux, an de Krankekeesesystem, deen huet sech bewährt, well iwwer laang Zäit déi Krankekeese gutt fonctionnéiert hunn. Wann emol Defiziter entstinn, dann ass dat och net den Ënnergang vun de Keesen, mä wann ee wëllt dee System stabil halen, dann – an ech hunn dat jo virdru scho gesot – muss ee sech drëm këmmeren an et muss een net esou maachen, datt ee méi kann eraushuelen wéi een eragëtt. Et muss ee just ëmmer dann oppassen, datt een net onmoosseg méi eraushëlt wéi een erakritt.

Dir hutt selwer elo virdru gesot: Dir hutt Iech elo eng Schounfrist ginn, dat heescht Cotisatiounserhéigunge sinn net alles. Wéi eng Décisioune mat méi nohalteger Wierkung mussen dann elo kommen, fir datt déi Keesen net méi krank ginn, respektiv no der Interventioun vun der leschter Woch, gesond bleiwen? Wat  sinn do Är Rezepter?

Majo, ech mengen et si schonn eng ganz Rei vu méi nohaltege Moossnahme geholl ginn oder entaméiert ginn. Fir d’éischt emol këmmere mer eis an Zukunft net nëmmen ëm d’Keese wa se am Defizit sinn, mä mir këmmeren eis dauernd drëm. Dofir d’Reform vun der Quadripartite, et soll erëm eng Denkfabrik ginn.

Bei enger normaler Finanzgestioun jo awer eigentlech normal, oder?

Wat misst normal sinn, mä et ass ëmmer esou, datt  d’Quadripatite sech Suerge gemaach huet, wann den Defizit schonn do war. Hei wëlle mer eng Attitude huelen, wou mer et, wa méiglech, net zum Defizit komme loossen. Dann hu mer d’Partner bei der Quadripatite drop ageschwuer fir gemeinsam deen dote Problem unzegoen. D’Dokteren hu sech engagéiert fir d’Dépensë mat an de Grëff ze kréien. D’Spidäler hu mer drop ageschwuer, datt eng wëll Rivalitéit et net bréngt, mä datt eng Aufgabendeelung noutwendeg ass. Den Assuréen hu mer eng Rei vun zousätzlechen Afferen hei zougemutt, doduerch datt méi Participatioun bei de Spidäler. Bei de Laboen versiche mer den Double-emploi oder d’Iwwerdreiwen an de Grëff ze kréien. Do derniewent, mengen ech, nohalteg heescht, bewosst mat deene Keesen ëmgoen a sech virun allem driwwer Rechenschaft ofzeleeën, datt déi Keesen net engem anere gehéieren, mä eis alleguer gehéieren an do de wärmsten Appel, mat deene Keesen net aneschters ëmzegoen wéi mat eisen anere Keesen, wéi mat eisem eegene Portemonnaie. Dat heescht sech d’Fro ze stellen, wann ech eppes elo ausginn, ass et wierklech néideg oder maachen ech et einfach esou? Bréngt et menger Gesondheet eppes oder geet et och ouni? Ass dat, wat ech elo maachen, ass dat richteg oder ass et net richteg? Ass et eng Bagatelle, wou ech bei den Dokter rennen oder sinn ech wierklech krank? Dat heescht, komm mer këmmeren eis dorëm, wa mer wëllen, datt dee fantastesche System esou iwwerlieft an och weider kann ausgebaut gi fir de medezinesche Fortschrëtt, deen ëmmer kënnt, opzefänken.

Dat do ass jo awer ee gréissere Mentalitéitswandel, deen Dir do fuerdert, dat heescht esou Zäiten an deene praktesch jiddweree sech aus dem groussen Dëppen zervéiert huet, déi sinn eriwwer, well Dir wëllt elo jiddwerengem soen, datt e fir dat grousst Dëppe responsabel ass?

Dat ass eigentlech eng Evidenz, mä...

Dat ass awer ni esou duerchkomm?

Neen, et ass net esou duerchkomm an dat ass ee Fehler. Ech mengen, wann een esou eppes Wertvolles huet wéi Krankekeesen, déi d’ëffentlech Gesondheet finanzéieren, da soll ee sech bewosst sinn, wat ee fir eng Chance huet, datt een esou wäitgehend d’Gesondheet finanzéiert kritt an dat ass eigentlech eng Verpflichtung fir da bewosst domat ëmzegoen an ech soen Iech [gëtt ënnerbrach]

Jo jo, alleng de Fait, datt et net esou war, weist, datt et net ganz einfach ass. Mä wat heescht et elo konkret fir d’Bierger? Gëtt d’Medezin, riskéiert se awer méi deier ze gi fir den Eenzelnen déi nächste Joren oder ginn d’Leeschtungen awer plazeweis zréck?

Dat hänkt un eis, un eis alleguer. Datt ee méi bëlleg Medezin kritt an Zukunft, dat ass illusoresch. Et wäert och an Zukunft zu Käschtenentwécklungen an der Medezin ginn, mä dofir ass et ëmsou méi wichteg, déi Suen, déi een huet, richteg auszeginn an ech bréngen dat emol op deen einfachsten Nenner. Wann ech Sue falsch ausginn oder fir dat Falscht ausginn oder fir eppes, wat ech net brauch oder souguer wat vläicht menger Gesondheet schuet, dann hunn ech déi Suen net fir Verbesserungen duerchzesetzen. An duerfir richteg ausginn, net verbëtzen, net zu der Fënster erausgeheien an net esou maachen, wéi wann d’Gesondheet näischt géif kaschten. Si kascht a wa mer eis däers net bewosst sinn, kascht se an Zukunft nach méi.

Dir hutt mir ee Stëchwuert ginn, eppes fir d’Gesondheet maachen. Wat ass dann an Zukunft mat deene Leit déi vläicht fëmmen, déi Iwwergewiicht hunn, vun deene gewosst ass, datt se kee Sport maachen, datt se heiansdo gär ee Glas drénken? Gëtt mam Fanger op déi gewisen?

Majo, do si jo och déi einfach Rezepter. Dat wären déi, een dee fëmmt, dee kritt keng medezinesch Leeschtung méi. Een deen ze déck ass, dee muss méi bezuelen. Mir wëllen och do eng aner Kultur erabréngen, andeems mer d’Leit responsabiliséieren, andeems mer hinne soen, hei entdeckt wann ech gelift Är Gesondheet, wann Dir se nach hutt an net eréischt wann Dir se scho verluer hutt. Dofir wäerte mer deenen notoresche Krankmëcher, wéi Zigaretten, wéi falsch Ernährung, ewéi iwwerdriwwenen Alkohol, wäerte mer ugoen an iwwer Sensi-biliséierung mat de Leit, virun allem awer mat de Kanner, dat do an de Grëff kréien an Dir hutt gesinn, d’Zigarette gi jiddwerfalls net méi bëlleg an d’Alkopops an aner Saachen, déi [gëtt ënnerbrach]

Dat heescht, de Big Brother, Gesondheetsminister, is watching you?

Neen, ech fille mech eigentlech net als Big Brother.

Mä Kontrollen a Sanktioune musse jo awer sinn?

Kontrollen ass näischt Schlechtes.

A Sanktiounen?

Kontrollen ass näischt Schlechtes. Ech fannen, datt et wichteg ass, datt wa Feelentwécklunge sinn, datt een dorop reagéiert an datt een d’Leit drop hiweist, well wann een eppes lafe léisst, da gëtt dat zur Normalitéit.

An d’Sanktiounen, wann een dat net mécht?

Sanktioune wann een dat doten net mécht. Déi schlëmmste Sanktioun ass déi, datt ee seng Gesondheet verléiert. Do brauch ech keng nei Sanktiounen ze erfannen a wann ech engem ka bidden, doduerch datt en net fëmmt oder net iwwerméisseg schlecht ësst, datt e 5 oder 10 zousätzlech gesond Jore kritt, dann ass dat mengen ech een Ugebuet, wou Dir géift aschloen.

OK. Een anere Volet dann, ganz kuerz, well d’Zäit leeft eis fort. D’Patronat huet no der Augmentatioun vun der leschter Woch gekrasch a vun engem schwaarzen Dag fir d’Compétitivitéit vun eiser Economie geschwat. Ass dat esou? A wa jo, léisst et Iech kal?

Nee, ech mengen d’Compétitivitéit vun eiser Wirtschaft léisst een net kal, mä ech mengen, datt d’Patronat hei nët d’Beitragserhéigung vun 0,15, déi am Endeffekt fir de Patronat nach 0,05 ass.

Duerch d’Assurance accidents?

Wann d’Assurance accidents 0,1 Prozent erofgeet, mä d’Patronat huet am Viséier gesetzlech geschëllten Upassungen, wéi den Index a wéi den Ajustement oder de Mindestloun. Et ass dat wat viséiert ass, mä ofgesinn dovun, mengen ech, concernéiert eis d’Compétitivitéit ganz vill an et ass och dofir wou mer de Sommet de la compétitivité wëlle maachen. Et ass och dofir, wou d’Patronat zu Recht seet, mir mussen eis an der Tripartite erëmfannen. Mä ech menge bei allem Versteesdemech fir d’Patronat soll ee kee Rondomschlag hei maache fir de Sozialsystem an d’Reaktioun bei deenen 0,15 Prozent, ass a mengen Aen exzessiv.

Dernière mise à jour