Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet du Conseil "Affaires économiques et financières"

RTL Radio: D'EU-Wirtschafts- a Finanzministere si jo zanter gëschter zu Bréissel beieneen. E grousse Sujet war do d'Gefuddels vun de Griechen fir an den Eurogroupe eranzekommen. D'Griechen dierfen am Eurogroupe bleiwen, ma kréien op d'Fanger gekuckt, dat sot eis viru Minutten elo um Telefon de Premier Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker: Mir hu gëschter Owend, déi 12 Finanzminister vun der Euro-Zone, dee griechesche Fall besprach. Et stellt sech eraus, datt op Grond vu verschiddenaartege Rechemethoden de Verdacht ka bestoen, datt Griechenland keng richteg Donnéeë geliwwert huet. De Vertrag gesäit net vir, datt een e Land kann aus dem Euro erauskatapultéieren, mä dofir hu mir einfach décidéiert, Griechenland ënnert eng verschärfte Bewaachung an Iwwerwaachung ze stellen.

Do gouf et jo och wuel statistesch Problemer. Sinn déi da fir an Zukunft geregelt mat Eurostat?

Mir sinn am gaang un deenen technesche Viraussetzungen ze schaffen déi et méiglech maachen, datt Eurostat besser Iwwerpréiwungsméiglech-keeten huet vun deenen nationalen Donnéeën déi agereecht ginn.

Den niddregen Dollar an den héigen Euro dee misst jo den EU-Finanzminister nach Problemer maachen?

Den héigen Euro dee mécht eis Suergen, obscho mir jo ëmmer gär e staarken Euro gehat hätten. Elo hu mir dee staarken Euro, elo mécht deen eis natierlech Suergen. Wëll dat eis Exportdisponibilitéit vun den europäeschen Economien a Kombinatioun mat den erhéigten Uelegpräisser, déi mir déi lescht Méint haten, wesentlech schwächt an domat d'Wuesstemserhuelungschancen an der europäescher Unioun däitlech no ënnen gedréckt huet wéi déi rezent Zuelenwierker aus Däitschland an aus Frankräich jo och weisen. Mir sinn der Meenung, datt deen dueblen amerikaneschen Defizit - Leeschtungsbilanz a Budget - mëttelfristeg net ze hale sinn an, datt et net richteg ass, datt d'Amerikaner duerch déi entstaane Situatioun vum Rescht vun der Welt eigentlech géigefinanzéiere loossen. Mir hätten dofir gären, datt Amerika net nëmmen verbal, mä och an der politescher Aktioun zu enger Politik vum staarken Dollar erëmfënnt an et also e Rééquilibrage gëtt zwëschent dem Dollar an dem Euro.

Dernière mise à jour