Le ministre de l'Economie Jeannot Krecké au sujet du Conseil "Affaires économiques et financières" (15-16.11.2004)

Radio 100,7: Déi europäesch Finanzministere gesi sech haut zu Bréissel fir ee Conseil "Ecofin". Dobäi geet et, nieft der Reform vum Stabilitéitspakt, ënner anerem och ëm d’Konsequenze vum griecheschen Defizitskandal. Iwwer Joren ewech huet Griechenland seng ze héich Neiverschëldung verstoppt, fir 2001 kënnen dem Eurogrupp bäizetrieden. Um Telefon sinn ech elo mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké verbonnen. Gudde Mëtteg.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Här Krecké, den EU-Währungskommissär Joaquim Almunia hat gesot, datt esou Fäll sech net dierfte widderhuelen. Wat kann dann ënnerholl ginn, datt Griechenland en Eenzelfall bleift?

Ech menge mir sinn am gaangen ze kucken, déi Aart a Weis wéi déi Statistiken opgesat ginn, datt déi iwwerkuckt ginn. Eurostat kritt och Leit bäi fir de Contrôle ze maachen, an ech mengen dann dierft et an der Rei sinn, souwäit wéi dann och déi eenzel statistesch Ämter och wierklech dann eng Indépendance hunn.

Dat wat Griechenland iwwer Jore gemaach huet, ass dat fir Iech Bedruch an ass dat ee Gronn fir ee Member aus der Eurozone auszeschléissen?

Ech mengen, et ass kee Bedruch als Solches. Et dierf een och net vergiessen, datt mer hei an enger Situatioun waren, wou mer bis 1999 een anert Berechnungssystem haten. Mir haten net de CEK 95. Dat ass eng Berechnungs-method, déi ass eréischt vun 1999 aus un applizéiert ginn. Mir falen also, zu deem Zäitpunkt, wou Griechenland erakomm ass an den Euro, fale mer effektiv just an d’Kippe vun deem engen an dat anert System an dat huet natierlech eng Rei Schwieregkeete mat sech bruecht, déi dat och kënnt explizéieren. Mä et ass sécher, datt wann ee kuckt iwwer Joren, datt si net dat an der Berechnungsmethod CEK 95, sou wéi mir dat och hunn, net d’Critèren agehalen hunn.

Am Eurogrupp huet ee sech gëschter besuergt gewisen iwwert den niddrege Cours vum Dollar par rapport um Euro, wat jo virun allem den europäeschen Exporter schued. Wéi kritt een d’Bush-Administratioun dann zu enger Politik vum staarken Dollar bewegt, wat jo net grad eng Prioritéit war déi lescht Joren an Amerika?

Et ass richteg an et ass och verwonnerlech, well am Fong geholl vun amerikanescher Säit gesot ginn ass, si géinge weiderfuere mat der Politik vum staarken Dollar. Mä d’Ministeren hei an Europa haten dozou e bëssen eng aner Meenung. Si waren der Meenung, datt d’Amerikaner ganz aner Moossnahme missten huelen a sécherlech mécht dat do engem Suergen, well een ëmmer erëm fäert, datt domat och dee Wuesstum, dee mer noutwendeg hunn, fir och en Deel vun eisem Chômage erofzedrécken, datt deen net richteg ukënnt.

Anert Thema um Ecofin ass d’Reform vum Wuesstums- a Stabilitéitspakt. Do ginn et jo nach ënnerschiddlech Opfaassungen. Wéi wäit sidd Dir do?

Do si mer am gaangen ze kucken, wat déi eenzel Länner zu deene Proposen, déi um Dësch leien, vun Äntwerten hunn. Et ass och esou, datt ee Grupp deen u sech virbereedend wierkt an där ganzer Saach, och Froe gestallt huet an et spiert ee lues a lues aus der Diskussioun, déi an dësem Moment am gaangen ass, datt éischtens keen drun zweifelt, datt de Pakt als Solches eng Kéier muss iwwerkuckt ginn. Et ass och keen deen awer seet, mir missten un där 3 Prozentregel eppes änneren. Mä et ass d’Aart a Weis déi Berechnung ze maachen, déi hei am Moment d’Diskussiounen animéiert. Dir hutt Leit, déi sinn der Meenung, wann den Agenda vu Lissabon eppes Wichteges ass a wa beispillsweis do grouss Dépensë vu Forschung gefrot sinn, Forschung an Innovatioun, datt een dat eventuell misst berücksichtegen. Et sinn anerer déi soen, wéi kënnt Dir Nettozueler, Leit déi also, oder Länner, déi méi erabezuele wéi dat wat se erauskréien, an déi gemeinsam Kees vun der Unioun, wéi kënnt Dir déi Leit bestrofen doduerch, datt dat wat se erabezuelen och nach hinnen ugerechent gëtt, fir datt se en Defizit kréien, während déi di di Sue kréien, dat ugerechent kréien, fir datt se hiren Defizit kënnen drécken. Dir mierkt, datt et eng ganz Rei ënnerschiddlech Appréciatiounen nach ginn. Mä ech menge, mir bewegen eis lues a lues a Richtung vun e puer esou Elementer, déi ee kënnt reforméieren an dat dierft wahrscheinlech ënnert eiser Présidence da geschéien.

Souwäit de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. Här Krecké villmols Merci fir dëst Gespréich.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour