Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Christine Delvaux: Déi éischt Fro geet iwwert d'EU-Verfassung. An déi Fro déi mir erageméilt krute war déi hei. Mir sollen d'nächst Joer fir oder géint déi nei EU-Verfassung stëmmen. Et gëtt esou vill dovu geschwat. Mä ëm wat geet et do eigentlech? Wat soll sech domat änneren? Oder vläicht verbesseren? Bis elo konnt nach kee mir op déi Fro äntwerten. Merci Eldoradio Team an och Premier.

Jean-Claude Juncker: Déi Fro kléngt einfach. Si ass och einfach ze beäntwerten, mä da misste mir schonn fir alleng déi Fro ze beäntwerten zwou oder dräi Stonnen Radioszäit hunn. Wann ech dat vereinfacht mä net vereinfachend kann duerstellen, geet et am Graffen drëm, bei deem Referendum zu dem d'Lëtzebuerger geruff sinn, den 10. Juli eng Fro ze beäntwerten. Nämlech wëlle mir do wou mir es net genuch hunn méi Europa a wëlle mir gläichzäiteg net iwwerall Europa dat heescht keent oder manner Europa, do wou mir keent brauchen. Et geet drëm fir d'Fro ze beäntwerten, wëlle mir virufueren an Europa politesch Integratioun, dat heescht dat méi déift Mateneen vun de Länner an der Europäescher Unioun weider ze dreiwen oder menge mir mat manner Europa mat méi géinteneen a mat manner mateneen géif et och goen. An der Saach selwer geet et drëm fir eis ee Verfassungsvertrag an d'Hand ze ginn mat deem mir méi Ëmweltpolitik kënne maachen a mat deem mir méi Klimapolitik kënne maachen, mat deem mir méi Sozialpolitik kënne maachen, mat deem mir méi gemeinsam Aussepolitik kënne maachen, mat deem mir méi Influenz vun der Europäescher Unioun um Weltplang kënnen hu fir, datt mir eng Kraaft vum Fridden an der Welt hunn an net eng Kraaft vun der Zerstéierung. Et geet drëm, datt mir eis een Text an d'Hand ginn wou d'fundamental Rechter vun dem Europäer opgezielt ginn, wéi mir do zesumme liewen an a wat fir Prinzipien mat wat fir Rechter fir deen Eenzelnen mir wëllen zesumme liewen. Plus honnert aner Saachen, mä wann ech et op d'Essenz zréckféieren, géif ech et wëllen op déi Elementer zréckféieren.

Dave Gloesener: Eng zweete Fro war dann eng E-Mail déi erakomm ass. Majo, de Premier Här Jean-Claude Juncker sot zu Esch an der Versammlung virun de Walen an der Kulturfabrik, hie géif näischt an d'Rentekeese klaue goen fir d'Mammerent ze bezuelen, well schliesslech si mir déi, déi herno Problemer kréien fir eis Rent bezuelt ze kréien. Firwat mécht hien dat awer elo? P.S. Wou kann ee sech umellen fir an den CSJ ze kommen?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net hei fir Parteipropaganda ze maachen. Soss maachen d'Leit souwisou direkt aus. Eng Erënnerung dorun, datt ech gesot hätt déi sougenannte Mammerent dierft net iwwert d'Pensiounskeesen an deene Saache finanzéiert ginn hunn ech net. Wëll ech hu mech méintlaang duerfir vernenne gelooss, datt ech dat wëllt maachen. Et géif mech wierklech wonneren, wann ech dann zu Esch an der Kulturfabrik, wat eng schéi Versammlung war donieft op enger Plaz déi ech ganz gär hunn, de Géigendeel gesot hätt. Ech sinn der Meenung, datt mir iwwert d'Finanzéierung vun der Mammerent bezuelen, mir bezuelen dat iwwert de Budget oder mir bezuelen dat iwwert d'Pensiounskeesen, nach eng Rei vu Gespréicher mat de Sozialpartner, de Gewerkschaftler, mat de Patronatsorganisatiounen gebraucht hunn, fir eis doriwwer auszeschwätzen an da kucke mir wéi mir dat maachen. D'Iddi selwer ass guer net esou verréckt wéi d'Leit dat mengen, wëll mir bezuelen déi sougenannte Mammerent als Unerkennung fir eng Leeschtung déi Fraen an och Männer, mä meeschtens Fraen, erbruecht hunn fir déi se net bezuelt gi sinn. Et ass eng Aarmutsopfaassung vum Begrëff Aarbecht fir ze mengen, Aarbecht wier nëmmen eppes wat géif bezuelt ginn an, datt déi Aarbecht, déi ee mécht, am Joer ustrengend ass an, datt déi, déi net bezuelt gëtt, datt dat eigentlech keng wier an dofir och net mat Pensiounsrechter dierft verbonne sinn. Duerfir muss een awer esou doriwwer schwätzen, iwwert déi Aarmuts-opfaassung vun der Aarbecht an iwwert déi modern Conceptioun vun deem wat Aarbecht ass an zu wat fir enge Konsequenzen datt se ka féieren.

Christine Delvaux: Déi drëtt Fro dann, déi geet iwwert den Aarbechtsmaart. Do krute mir verschidden Aussoen erageschéckt. Hei sinn der mol zwou. Déi éischt ass déi hei. Vläicht hei emol eng anstänneg Fro. Jiddweree weess wéi schlecht et dem Aarbechtsmaart geet an trotzdem gëtt näischt dogéint gemaach. Wisou? Mir Jonker, wëll jo, ech hunn der 27 Joer, hu ganz vill Wënsch, mä leider sinn et momentan nëmmen Dreem, wëll een einfach keng Aarbecht méi fënnt. A wann nëmme fir e puer Wochen, respektiv Méint. Dat ass dach lächerlech. Wisou gëtt dogéint nicks gemaach? Wier frou eng Äntwert dodrop ze kréien. An déi zweet Ausso zum selwechten Thema: Här Premier, ech wéisst emol gär wéini datt déi Lidderhanesen, déi scho jorelaang am Chômage sëtzen an op deenen anere Leit hir Käschten sech ee schéint Liewe maachen, emol endlech e Punkt gesat kréien. Aarbecht gëtt et genuch, an een dee wëllt schaffe fënnt och eng Aarbecht. Mä déi Herrschafte si jo net blöd a maache sech d'Fangere knaschteg wou se jo am Chômage méi een angenehmt Liewe féiere kënnen. Do ginn et eng yet Méiglechkeeten eppes ze änneren. Ech si sécher, ech schwätzen hei am Numm vu ville Lëtzebuerger.

Jean-Claude Juncker: Wann ech richteg verstinn, sinn déi zwou Froen do net vun deemselwechte gestallt ginn.

Christine Delvaux: Nee.

Jean-Claude Juncker: Dir hutt se also ganz geschéckt hei beienee geluecht fir och deenen déi sou gentil sinn eis nozelauschteren emol ze weisen wéi schwéier, datt et ass an der Politik et jiddwerengem gerecht ze maachen. Déi eng sinn der Meenung et géif guer näischt gemaach ginn fir, datt et manner Chômage géif ginn an déi aner sinn eigentlech der Meenung et géif guer näischt géint déi gemaach ginn déi am Chômage sinn. Dat ass dat spannend un der Politik fir jiddwerengem et gerecht ze maachen. Mir hunn eis scho méi laang maachen, datt mir iwwerhaapt net méi wëlles hunn et jiddwerengem et gerecht ze maachen, datt dat mir eigentlech och eng Suerg déi mir relativ kleng virkënnt fir jiddwerengem ze gefalen. Fir d'éischt emol zur éischter Fro. Datt vill Leit grouss Schwieregkeeten hunn sech um Aarbechtsmaart zurecht ze fannen, drop ze bleiwen oder iwwerhaapt drop ze kommen dat ass net vun der Hand ze weisen. Besonnesch bei deene Jonken ass dat ee Problem. Mä de Problem ass nach vill méi schlëmm fir déi déi e bësse méi al sinn. 50, 52, 53 Joer an déi a kengem Betrib méi eng Aarbecht fannen wëll keen esou Aler esou ze soen wëllt. Dee Problem ass esouguer nach méi schlëmm wéi dee vun deene Jonken. Well déi Leit déi sti wierklech mam Réck praktesch schonn hannert der Mauer. An déi Jonk stinn e bësse virum Bierg, firn et ze soen ween normalerweis virum Bierg steet, mä si kënnen awer nach lafen. Déi aner déi hu schonn eng ganz laang Streck hanneru sech. Et gëtt eng Vielfalt vun aktive Beschäftigungsmoossnamen. Et sinn dausende Leit déi keng Aarbecht hunn déi sech an Ausbildung befannen fir, datt se erëm fit a flott fir den Aarbechtsmaart ginn oder kënne gemaach ginn. Mir hunn zu Lëtzebuerg e System vun Aarbechtslosenentschiedegung dat esou ass, datt keen an ee sozialt Lach fällt wann e seng Aarbecht verléiert, mä, datt en eng anstänneg Verhütung kritt mat villen déi Aarbechtslosenentschiedegung kréien ginn och Formatiounsprogrammer gemaach. Vill Plazen ginn et hei am Land wou extra Stagen ugebuede ginn, wou extra Coursen ugebuede ginn fir, datt déi déi vum Aarbechtsmaart erof komm sinn oder déi déi nach net op den Aarbechtsmaart erop komm sinn nei Saachen an hirer Biographie dobäi kréien déi hinnen et erlaben fir méi liicht eng Aarbecht ze fannen. Esou, datt ech eigentlech net kann onbeäntwert an e Raum stoe loossen, datt guer keng aktiv Beschäftigungspolitik géif geschéien. Mä et muss ee se wëlle matmaachen.

Da si mir bei der zweeter Fro. Dee vun de Lidderhanese geschwat huet. Déi meeschte Leit déi keng Aarbecht hunn, si keng Lidderhanese. Dat si Leit wou iergendeppes an hirem Betrib oder an hirem eegene Liewe passéiert ass, wat zum Resultat hat, datt se vorübergehend keng Aarbecht hunn. Déi meeschte Leit déi keng Aarbecht zu Lëtzebuerg hunn, iwwer 60 Prozent vun hinnen hunn no dräi Méint erëm eng Aarbecht. Wat also weist, datt wann d'Leit aarbechtslos ginn, se beméit sinn, relativ séier erëm eng Aarbecht ze fannen. De Phänomen vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet, wou een also ganz laang keng Aarbecht huet, ass zu Lëtzebuerg relativ kleng, wann en och existéiert. Wann et een, dat soen d'Regelen, déi sinn am August 1983 agefouert ginn vun engem deemols nach jonke Staatssekretär am Ministère du Travail, dee Jean-Claude Juncker geheescht huet, déi wëllen, datt wann een ouni Ursaach eng Aarbecht ofleent, datt een och seng Aarbechtslosenentschädigung ewech geholl kritt. Wann een nëmmen esou mécht, wéi wann een eng Aarbecht géif sichen, datt een se kann ewech geholl kréien, dat d'Combinatioun vun deene restriktive Regelen a vun deenen aktive Beschäftegungsmoossnamen erginn d'Situatioun, datt mir ganz oft Leit opfuederen, u Stagen deelzehuelen, un Informationsprogrammer deelzehuelen, u Beschäftegungsmoossnamen deelzehuelen, déi dat dann awer net wëllen. A wann se dat net wëllen, kréien se hire Chômage ewechgeholl. Déi duebel Meenung do, déi eng déi soen, et gëtt näischt gemaach fir datt d'Leit eng Aarbecht kréien an déi aner déi soen et gëtt näischt gemaach géint déi, déi nëmmen esou maachen wéi wann se eng Aarbecht géife sichen, mä eigentlech keng wëllen. Déi Meenung ass falsch. Ech sinn der Meenung, datt mir zu Lëtzebuerg, wéi awer och am Rescht vun Europa mussen erëm de Wäert och vun der Aarbecht zréck ëmdenken. Ech soen net, datt de Mënsch, deen net schafft, näischt ass. Wëll all Mënsch ass eppes. Mä een dee wierklech wëll schaffen, deen Talenter huet, deen och bereet ass sech mitt ze maachen an deen net schaffe gelooss gëtt, wëll keng Aarbecht do ass, deem soll een éischter hëllefen wéi datt een iwwert en hierfällt. Anersäits, déi Leit déi fannen, datt d'Aarbecht se bëssen bei der Fräizäitgestaltung ferm hënnert, deene muss een erklären, datt de Staat net do ass fir d'Fräizäitgestaltung ze erméiglechen mä, datt en do ass fir datt d'Leit eng Aarbecht kréien. Woubäi dat net nëmmen d'Aufgab vum Staat ass, mä vun der ganzer Gesellschaft.

Dave Gloesener: Ganz vill Froen hunn sech och ëm de Schoulsystem gedréint. An do krute mir da Folgendes ran. OK, ech hunn 19 Joer a sëtzen op enger 13e. Meng Fro ass en Dauerbrenner hei am Land: de Schoulsystem. Wéi kann et sinn, datt et an engem Land deem et esou gutt geet, finanziell gesinn, esou e miserable Schoulsystem gëtt. Wéivill Lëtzebuerger weiderhinn kënnen um internationale Marché bestoen ouni héichqualifizéiert Aarbechtsleit aus deem eegene Land. Wëll Aarbechtskräftenimport ass sécher net d'Léisung op laang Dauer.

Jean-Claude Juncker: Net all qualifizéiert Aarbechtsplaz déi mir zu Lëtzebuerg hunn, gëtt besat mat Leit, fir beim Ausdrock ze bleiwen, en Importéierten. Déi meeschte qualifizéiert Aarbechtsplazen hei am Land déi ze besëtze sinn, ginn ëmmer nach vu Leit besat déi hei am Land wunnen. Woubäi ee muss wëssen, datt mir esou eng héich Zuel vun Aarbechtsplazen an ëmmer erëm vun neien Aarbechtsplazen hunn, datt et einfach reng demographesch net duer geet mat deene Leit, déi mir hei hunn. A richteg ass och, datt et vum Chômage vill Leit sinn déi ebe keng Qualifikatiounen hunn. Elo ass déi spannend Fro, déi: kann de Staat eppes maachen fir datt déi déi doduerch, datt se esou sinn, wéi se sinn, et net zu enger Qualifikatioun bréngen, awer eng Qualifikatioun kréien. Do geschéie jo ganz vill Saachen, vill Initiativen gi geholl. Generell gëllt, datt mir mussen, mengen ech, heiheem léieren, datt och d'Schoul sech muss an de Kapp setzen, datt se keen däerf lenks leie loossen. Datt a jiddwerengem eppes stécht. Datt se muss probéieren, esou schwiereg wéi dat och ass, aus jiddwerengem eppes ze maachen. Vu jiddwerengem zu sech selwer ze féieren. Wann ech soen, datt dat ustrengend ass mengen ech domat Folgendes an deem ech ganz dacks e Bild gebrauchen. Et gëtt Plazen op der Welt do brauch een nëmmen am Sand ze krazen da spruddelt den Ueleg eraus an da brauch een en nëmmen ofzesuckelen, ze verkafen a räich ze ginn. Mä et gëtt awer och Plazen an der Welt do muss een 30 Kilometer déif buere goen bis een un den Ueleg kënnt an da muss een en no uewe beförderen an dann eréischt kann een e verkafen. An esou ass et eigentlech och mat de Mënschen. Et gëtt der an der Schoul, do läit d'Wëssen an d'Wëssensbereetschaft ganz no. Et kann een net soen ënnert dem Buedem, mä ënnert dem Kappdeckel oder soss iergendwou. An da gëtt et der, do muss ee laang dru schaffen bis datt se zu deene selwechte Leeschtunge fäheg sinn wéi déi, deenen d'Leeschtung méi liicht fällt, wëll d'Leeschtung méi no läit. Dat ass dat wat d’Schoul muss maachen. Dat ass och dat wat doheem muss gemaach ginn. Sech virstellen, datt d'Schoul alleng zoustänneg wier fir aus Mënschen eppes ze maachen, dat ass eng Virstellung déi ech net hunn. Dat ass ee Gefier mat méi Been wéi nëmme Schoulbeen, och doheem an der Famill muss eppes gemaach ginn. Och déi erwuesse Gesellschaft huet an hirer Kollektivitéit eng Aufgabestellung deene Jonke géintiwwer an dofir mengen ech, datt net ze séier um Schoulsystem esou villes wier wat net géif richteg fonctionnéieren, mä eis Aart a Weis fir d'Instrument Schoul anzesetzen ass vläicht net ëmmer adequat.

Christine Delvaux: A ganz vill Froe krute mir och erageschéckt wat d'Lëtzebuerger Sprooch ugeet. Hei zwou Aussoen. Ech fannen et traureg, wann ee vun Auslänner gesot kritt, waart nach honnert Joer, da gëtt et kee Lëtzebuerger méi. Wéi ass dat méiglech? An déi zweet Ausso: Ma wollt emol froen wéisou der Lëtzebuerger Sprooch hei am Land esou wéineg Valeur zougesprach gëtt. Wéisou muss een als Lëtzebuerger a sengem eegene Land eng aner Sprooch schwätzen wann een eng Box oder eng Aachtchen kafe wëllt?

Jean-Claude Juncker: Fir mat där zweeter Fro unzefänken. Ech mengen all Sprooch huet méi Valeur, wat op lëtzebuergesch Wäert heescht, wéi deen, deen dat dote geschriwwen huet mengt. Wann ech op déi lescht 30 Joer zréckkucken, dat esou een Zäitraum deen ech gutt iwwerblécken, ass d'Importenz, wéi Är Frostellerin oder Froesteller muss soen, wat mir Wichtegkeet op lëtzebuergesch nennen, vun der Sprooch, eiser Sprooch ëmmer méi grouss ginn. Ech ginn do emol ee Beispill, dat ass net e Beispill wat elo sou ass, datt elo jiddweree widdert d'Mauer flitt wann en dat héiert mä wat mir awer esou opfällt. Wéi ech ugefaang hunn mat Politik ze maachen, ech sinn an d'Regierung komm Enn 1982, do huet, wann ee Minister war, huet an der Chamber franséisch geschwat. Ech war deen éischte Staatsminister deen ugefang huet d'Erklärung zur Lag vun der Natioun déi déi meeschte Lëtzebuerger d'Erklärung iwwert den Etat de la nation nennen, zu Onrecht wëll et heescht Erklärung iwwert d'Lag vun der Natioun, deen déi op lëtzebuergesch gehalen huet. Ech sinn deen éischte Premier wat een op lëtzebuergesch Staatsminister nennt, an net Premier wéi déi meeschte Leit schreiwen, deen d'Regierungserklärung op lëtzebuergesch virgeluecht huet an d'Debatten an der Chamber ginn op lëtzebuergesch. Fréier, wéi ech ugefang hunn, do war dat guer net esou. Den Här Werner, ee vu menge Virgänger, deen huet seltenst, wat op lëtzebuergesch nëmmen heiansdo heescht, lëtzebuergesch geschwat. Ganz, ganz selen huet e lëtzebuergesch geschwat. Esou datt ech mengen, datt d'Sprooch awer an hirer Wichtegkeet gewuess ass.

Da kënnt dobäi, datt mir hei zu Lëtzebuerg net nëmmen eng Sprooch hunn. Mir hunn och e Sproochesystem. An dee Sproochesystem ass, datt mir alleguer am Prinzip kënnen däitsch, franséisch a lëtzebuergesch schwätzen. Eng wuessend Zuel vun eis och nach englesch oder eng aner Sprooch, meeschtens englesch. Eist Land huet nëmmen eng Sprooch, d'Lëtzebuergescht, mä eist Land huet och e Sproochesystem an deem mir eis auskennen. An dat ass eppes enorm Wertvolles wa mir eis kënnen an e puer Sproochen ausdrécken. An dofir erféieren ech mech net all Kéier wann ech an engem Geschäft, Dir kënnt Iech virstellen wéi oft, datt ech selwer akafe ginn, oder op der Strooss vun engem Mënsch deen heiheem wunnt, op franséisch ugeschwat ginn, wëll ech ka jo franséisch. An hie ka kee lëtzebuergesch. Ech sinn also e bësse méi wertvoll, egoistesch betruecht, wéi hien. An dofir solle mir de Leit déi bei eis sinn hëllefen, datt si eis Sprooch kënne léieren. Eng aussergewéinlech grouss Zuel vun Net-Lëtzebuerger ass och bereet, lëtzebuergesch ze léieren a mir hunn haut méi Ufroen fir a Lëtzebuergesch-Coursen ze goen wéi mir iwwerhaapt Lëtzebuergesch-Coursen kënnen ubidden. Et gëtt Betriber déi Lëtzebuergesch-Coursen géifen ubidden, wa se Leit géife fannen déi hire Leit, déi bei hinne schaffe, bereet wiere lëtzebuergesch bäizebréngen. Mir soen ëmmer eis Sprooch, eis Sprooch, eis Sprooch, ech soen dat och. Mä maache mir dann alleguer ëmmer fir eis Sprooch dat wat mir kënnen? An hëllefe mir deenen déi se wëlle léieren, datt si se kënne léieren? Elo kréie mir am Laf vum Joer 2006, géif ech mengen, ee Gesetz iwwert déi sougenannten duebel Nationalitéit. An do wäerte mir virschreiwen, datt een dann och Grondkenntnisser vum lëtzebuergesche brauch, wann ee wëllt deen dueble Pass kréien. Näischt gëtt méi hefteg bekämpft wéi dat. An all Kéier wann ech gesot hunn an der Ëffentlechkeet, ech géif mengen lëtzebuergesch wär een Element vun Integratioun an eist Land a wär ee Ferment vun der Natioun fir emol e bësse geschwollen ze schwätzen, kréien ech aussergewéinlech vill Bréiwer déi mech quasi an de faschistoiden Eck ofdrécken, wann ech dat soen. Dofir wonneren ech mech, datt ech mech muss eigentlech hei bal géint dee Virworf wieren, et géif net genuch fir d'Lëtzebuergescht gemaach ginn, wëll normalerweis ginn ech dofir attackéiert, datt mir zevill Wert op d'Lëtzebuergescht géife leeën. Alt erëm eng Kéier fir schéint lëtzebuergesch ze schwätzen „Wie man's macht, man macht’s verkehrt“.

Dave Gloesener: Et si ganz vill jonk Leit déi eis Froen erageschéckt hunn. Ennert anerem ass dann eng iwwert d'Nuetsliewen erakomm. Firwat mussen d'Caféeën an eisem Land schonn um eng, respektiv déi meescht Discoen um dräi zoumaachen? Ass et net méiglech dës Zäiten ze verlängeren?

Jean-Claude Juncker: Dat hängt ganz dovun of wou de Bistro sech befënnt. Wëll et gëtt och esou eppes wéi Recht op Nuetsrou. Wann ee méi al ass, dann huet ee méi Sënn fir Nuetsrou. An da muss ech als een dee 17 Joer Aarbechtsminister war soen: et gëtt och Leit déi an deene Bistroen an deene Restaurante schaffen. Dat sinn awer och Leit. Et ass awer net, datt déi eng sech ameséieren an datt déi aner d'Pan klake mussen. Do muss een also ee Gläichgewiicht fannen zwëschent der Interesselag vun de Beschäftegten an deem Secteur an der Interesselag vun deenen, déi gären d'ganz Nuecht ophätten an der Interesselag déi ronderëm déi Plaze wunnen wou d'ganz Nuecht opwier. D'Leit gi jo net dohinner fir ze bieden, déi ganz Nuecht laang. Dat kann ee relativ lues maachen. Et geet jo awer e bësse méi zolidd hier normalerweis. An dofir mengen ech, datt déi Regel déi mir hunn eigentlech gutt wier. Vläicht kéint een et e puer Deeg am Joer maachen wou ee méi labber géif domat ëmgoen, mä esou generell fräi Nuechten ze maachen, dat hätt ech net esou ganz gär wéinst de Leit, déi do musse schaffen, a wéinst deene Leit, déi ronderëm wunnen.

Christine Delvaux: Hei ass nach eng Fro erakomm iwwert d'Fëmmen an der Ëffentlechkeet. Kënnt Dir den Här Premierminister froen wéini et verbuede gëtt, hei zu Lëtzebuerg am Büro an am Restaurant ze fëmmen, esou wéi et an Irland an an Norwegen schonn de Fall ass, hoffentlech dauert dat net méi laang.

Jean-Claude Juncker: Et gëtt mir schlecht wann ech esou eng Fro muss beäntwerten wëll ech jo selwer fëmmen. Awer vill manner fëmmen. Esou, datt ech mech elo op ee System mat mir selwer gëeenegt hunn, wou ech héchstens zéng Zigaretten den Dag fëmmen, wat awer fir d'Fanatiker nach vill ze vill ass. Ech hunn u sech näischt géint eng Gesetzesgebung, déi misst jo nach kommen, déi géif virschreiwen, datt een do wou Leit sinn déi net fëmmen, net däerf fëmmen. Ech hunn et ëmmer normal fonnt an de Restauranten an och op anere Plazen, datt et een extraen Eck, eng Plaz gëtt fir déi, déi gäre fëmmen a fir déi aner Leit, déi dat net wëllen hunn. Dat géif mech also net stéieren, wa mir esou eppes géife maachen. Ech menge mir maachen et iwwregens och geschwënn.

Dave Gloesener: Dann hu mir nach eng erakritt. Ech zéien déi elo virun där anerer vir, wëll den Här Junker do vläit mi laang äntwert. Fir d'éischt déi hei. Hallo Eldoradio. Ech hätt nawell eng Fro, mä ech mengen si ass e bëssen ze perséinlech oder éischter witzeg. An zwar fueren ech all Moies laanscht dem Här Juncker säin Haus fir op d'Schaff an do ass mir opgefall, datt hien a senger Afahrt en Auto stoen huet an éiweg d'Mall grouss opstoen huet an dat ass elo kee Witz hei. Egal wéi et kléngt, mä dat mécht mech eben emol virwëtzeg, firwat ass dat esou?

Jean-Claude Juncker: Dat huet eppes mat mengem schwaarzen Hond ze dinn.

Dave Gloesener: Dat hu mir eis geduecht.

Jean-Claude Juncker: Wëll mäin Hond, den Dagobert, ass jo en extraen Hond, wëll et ass ee schwaarzen Hond an deen huet eng Plaz erausfonnt, déi him besonnesch gutt gefällt, an dat ass d'Mall vun deem Auto dee menger Fra gehéiert an deen Hond, dee gëtt geckeg wann déi Mall net opgemaach gëtt an hie sech net an déi Mall ka leeën fir op Stroossen ze kucken, an e verléisst déi Mall eigentlech nëmmen fir Mueres mat de Kanner ze diskutéieren, wann déi an d'Schoul ginn, respektiv laanscht den Owend mat Leit ze diskutéieren déi méi am Rentenalter sinn an déi sech och ugewinnt hunn, all Dag mengem schwaarzen Hond moie soen ze kommen. Dat heescht wann déi Mall géif zougemaach ginn, dat wier dee Psychodrama fir deen Hond an dat mécht een net mat engem schwaarzen Hond, dee soll ee gutt versuergen.

Christine Delvaux: Jo, hei ass nach eng Fro, déi geet och ëm d'Privatliewen. Ech wollt froen wéi et mat engem Privatliewen ausgesäit, wann een esou vill Sëtzungen an och Reesen an d'Ausland muss maachen.

Jean-Claude Juncker: Majo, et huet een net vill dovun. Vum Privatliewen mengen ech. Vum Rescht och net. Mä vum Privatliewen huet ee wierklech net vill.

Dave Gloesener: Eng aner Fro, déi mir nach erageschéckt kruten. Bon, et war jo kloer, datt eng Fro zu deem Thema géing kommen an et ass och vill driwwer diskutéiert ginn. Hei ass meng Fro. Här Premier wat huet Iech dozou bewegt der Press offiziell matzedeelen, datt de Jassir Arafat doud ass, obwuel dat zu deem Zäitpunkt nach guer net sécher war. Wann déi ze schwéier ass, da wëll ech wëssen, Här Premier, wéi fillt Dir Iech, wann Dir mëttes duerch d'Groussgaass, Stad Lëtzebuerg rennt, als Lëtzebuerger, Auslänner oder Europäer oder vläicht Här Minister, wéi feiert Dir Chrëschtdag?

Jean-Claude Juncker: Majo fir d'éischt emol zum Här Arafat sengem ugekënnegten Doud, dee jo agetraff ass. Muss ech soen, datt dat einfach eng falsch Informatioun war déi ech net viru ginn hunn, mä ech hunn eng Fro déi esou gestalt war, sou datt ech konnt dovun ausgoen, deen dee mir d'Fro géing stellen, géing genau dat och wëssen, wat ech gemengt hu kënnen ze wëssen a wat zäitgläich och dem amerikanesche President geschitt ass, deen och déi Nouvelle do, déi gesot ginn ass, an d'Welt gesat huet. Sou eppes kënnt vir, esou eppes däerf awer net virkommen. Ech hunn et och net witzeg fonnt eigentlech, mä bon, ech konnt et awer net änneren.

Dat zweet, wéi feieren ech Chrëschtdag? Dat weess ech Chrëschtdag owes wéi ech et gefeiert hunn, mä ech hunn ni speziell Pläng fir esou Deeg, jiddefalls doheem.

Dave Gloesener: An déi Saach mat der Groussgaass? Wéi fillt Dir Iech, Lëtzebuerger, Auslänner, Europäer?

Jean-Claude Juncker: Wann ech duerch d'Groussgaass ginn, fillen ech mech net anescht wéi wann ech soss iergendzwouch duerch eng Strooss ginn, heiheem oder dobaussen. Ech fille mech ëmmer als Lëtzebuerger an als Europäer an als Europäer an als Lëtzebuerger. Ech mengen, et gëtt eng modern Form vu Patriotismus an dee sëtzt sech ëmmer aus zwee Deeler zesummen. Ech si Lëtzebuerger wëll ech gäre Lëtzebuerger sinn an ech sinn et net géint déi aner. Ech sinn net, wëll ech Lëtzebuerger sinn, besser wéi d'Fransousen oder wéi d'Belsch oder wéi Türkmenen. Ech si Lëtzebuerger, ech sinn et gär, ech si frou mat eiser Landschaft, ech si frou mat de Mënschen heiheem. Ech spiere mech opgehuewen heiheem, dat ass mäin natierleche Raum, mä ech spiere mech an all anere Raum och wuel. Ech huelen iwwerall do wou ech an der Welt kommen mir e Stéck vun heiheem mat a wann ech heiheem sinn, Stécker vun dobaussen. Dat setzt sech lues a lues zësummen.

Christine Delvaux: Hei ass nach een dee géing gär politesch aktiv ginn an e weess awer net wéi. An zwar ass d'Fro déi hei. Firwat huet een haut d'Gefill, datt wann ee wéilt an der Politik matschwätzen a matmëschen, sech net richteg fir eng Partei entscheede kann wëll keng vun deenen déi a Fro kommen, dat heescht net den ADR an net d'KPL oder esou, sech wierklech méi vun der anerer ofhieft? Gëtt et net och eng Méiglechkeet net an enger Partei ze sinn, an awer d’Chance ze hunn gehéiert ze ginn, respektiv eppes am Land ze bewegen?

Jean-Claude Juncker: Ech versti ganz gutt wéi schwéier datt et engem fällt fir wann ee wëllt politesch aktiv sinn, Member an enger Partei, nëmmen an enger ze ginn. Et gëtt jo keng Partei déi engem honnertprozenteg gefällt, och meng Partei gefällt mir jo net honnertprozenteg an ech gefalen net 100% vun deene Leit déi a menger Partei sinn. Ech sinn eng Partei fir mech selwer. Jiddwereen ass eng Partei fir sech selwer. Et fënnt een awer ni anerer déi 100% vu sengen eegenen Meenungen deelen. Et fënnt een der ëmmer déi 70, 60% dovun deelen. Da muss een anere Leit hir Meenung och respektéieren an dat mat a mäin eegent politescht Denken afléisse loossen an dat kann een am beschten an enger Partei maachen. Dat si keng Gesangveräiner. Meng jiddwerfalls net, wou ee virséngt a wou déi aner ofhuelen. Et gëtt hefteg mateneen diskutéiert ier een zu eppes kënnt wat Bestand huet. Mä et muss ee jo net an eng Partei goen, fir Politik ze maachen, fir Gehéier ze fannen, fir Afloss an der Gesellschaft ze hunn. Dat kann ee jo och maachen, datt een an de Gewerkschaften aktiv ass, doduerch, datt een an den ONGen aktiv ass. Bei deene Villen, déi sech am Beräich vun der Entwécklungshëllef engagéieren, bei deenen Associatiounen déi mir hunn déi am Behënnerteberäich täteg sinn, bei deenen déi eppes fir kriibskrank Kanner maachen, bei deenen déi probéieren Aktivitéiten ze entwéckelen, déi de Mënschen hëllefen, d'Protection civile, d'Pompjeeën, mir maachen ëmmer de Geck mat de Pompjeeën, mee wa mir si net hätten, da géif et een deiere Spektakel ginn fir dat ze ersëtzen, déi wäertvoll Aarbecht, déi d'Pompjeeën an d'Leit vun der Protection Civile maachen. Déi Associatiounen déi sech fir den Déiereschutz asëtzen, déi Associatiounen déi sech fir vielfälteg Beräicher vum Liewen asëtzen an déi net richteg och vum Staat kënnen organiséieren. Also wann ee wëllt politesch aktiv sinn an e politescht Engagement hunn, da gëtt et vill Formen mat deenen an duerch déi een dat maache kann. Et muss een net an eng Partei goen, mä wann ee muss a spiert, datt ee wëll an eng Partei goen, gëtt et nëmmen eng: CSV!

Dave Gloesener: OK, gutt dat wier et gewiescht fir déi Froen déi mir erageschéckt kruten. Mir hunn Iech awer nach en Dossier matbruecht wou all déi aner Froen dra sinn.

Dernière mise à jour