Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Jay Schiltz: Maja dann, Här Staatsminister, wéilt ech vläicht fir unzefänken Iech eng hypothetesch Fro stellen. Ugeholl mir maachen dësen Interview elo net Enn Dezember 2004, mä den 1. Juli 2005. Dir hutt d’EU-Présidence elo un England viruginn. Wat wéilt Dir kënnen als positivt Resultat zréckhalen? Wat wier et wouvun Dir géift soen, dat hu mir gutt gemaach?

Jean-Claude Juncker: Eng Presidentschaft beuerteelt sech an hirer allgemenger Atmosphäre, déi se fäerdeg bruecht huet an Europa groussginn ze loossen a beuerteelt sech op konkrete Sachresultater. Ech géif gären den 1. Juli 2005 soen, datt mer duerch déi Aart a Weis wéi mer présidéiert hunn, wéi mer nogelauschtert hunn, wéi mer geschwat hunn, wéi mer arrangéiert hunn a wéi mer décidéiert hunn, d’Europäesch Union och atmosphäresch e Stéck weiderbruecht ze hunn, et fäerdeg bruecht ze hunn, datt déi 25 Länner besser mateneen eens ginn, et fäerdeg bruecht ze hunn, datt se opbauend op enger ënnerer Kraaft, déi se da kritt hätten, sech och konnte gewënnbréngend an d’Léisung vun de Konflikter, déi et ronderëm Europa gëtt, anzebréngen. An ech géif gäre kënne soen, den 1. Juli 2005, datt mer eng Rei vu wichtege Problemer, déi zur Léisung ustinn, entweder geléist hunn oder enger Léisung esouwäit méi nobruecht ze hunn, datt duerno kee méi d’Rad kann zréckdréien.

Jay Schiltz: Dir hutt elo vun der atmosphärescher, also vun der Ambiance och an der EU geschwat. D’leschte Kéier bei der Présidence waren et 15 Länner. Elo sinn et der 25. Mécht dat d’Saach méi komplizéiert?

Jean-Claude Juncker: Dat mécht d’Saach méi komplizéiert, et mécht se méi ustrengend, et mécht se méi ufuerdernd och an et muss een Talenter, déi ee kann hunn a méi engem grousse Mooss asetzen an op méi Partner verdeelen. Et war scho ganz schwéier sech an deem Europa vun deene Fofzéng, an dem Duercherneen an Niefteneen vu Sensibilitéiten, vu Meenungen, vun Opfaassungen esou erëmzefannen, datt een eng Linn konnt dodra bréngen. Elo si mer zu 25. Dat sinn zu engem groussen Deel kleng Länner, déi bäikomm sinn. Mä mir wësse jo aus dem Ëmgang mat eis selwer, datt kleng Länner am Regelfall esou grouss Problemer hunn ewéi grouss Länner an dat alles an Erfahrung ze bréngen, déi national Eegenaarte vu Länner, déi mer net esou gutt kennen, well se nach net esou laang bei eis sinn opzespieren, an dann och ze spieren, wat déi Länner gären hätten, wat ee mat deem, wat een iwwert si an Erfahrung bruecht huet soll ufänken, dat ass eng Aufgab an eng Belaaschtung, déi menger Ansicht no vu Villen ënnerschat gëtt. Do brauch ee scho vill Zäit tëscht de Sitzungen, fir datt et an der Sitzung net schief geet.

Jay Schiltz: Mä déi kleng Länner zesummen, ginn déi net awer elo da méi grouss? Bis elo waren et d’Belsch, Lëtzebuerg an d’Hollänner. Elo sinn der dobäikomm. Gëtt dat net deene Klenge méi Poids am Conseil vun deene Groussen?

Jean-Claude Juncker: Déi kleng Länner an déi mëttelgrouss Länner – Holland ass ee mëttelgrousst Land mat 15 Millioune Leit; mir soen ëmmer „déi kleng Hollänner“, mä d’Hollänner gesinn dat net esou - déi di gutt drunn, wa se sech net duerch d’Optriede vun deene grousse Länner all zevill impressionnéiere loossen. Et muss een ëmmer wëssen, wann ee schwätzt, wou deen hirkënnt a fir wéivill Millioune Leit datt e ka schwätzen. Mir hunn dat geléiert, mä mir hunn och geléiert als Lëtzebuerger, datt mer eis net un d’Mauer spille loosse vun deene Groussen a mir probéieren och dauernd deenen neie Klengen, wann ech mech däerf esou ausdrécken, eppes vun deem Reflex ze vermëttelen.

Jay Schiltz: Fir bei deene Groussen dann ze bleiwen. Dëser Deeg hutt Dir där ganz Grousser ee besicht zu Moskau. Do hutt Dir e puer Saache gesot, vläicht och am Hibléck op d’Présidence, wou ech gär géif kuerz drop zréckkommen. Esou hat een den Androck, wéi wann Dir do wéilt Weiche stellen, déi vläicht net méi an déi richteg Richtung gewisen hunn. Ass dat richteg a wourëm ass et Iech haaptsächlech gaange beim Här Putin?

Jean-Claude Juncker: D’Relatiounen tëscht Russland an der Europäescher Unioun hu sech an deene leschten zwee Joer net gutt entwéckelt, bedingt duerch eng Rei vu Konflikter a Russland an ëm Russland erëm, bedingt och duerch eng Rei vu Feelaschätzungen, deene mir ëmmer opsëtzen hei an eise Länner, déi alles besser wëssen wéi déi aner, déi Problemer hunn, an dofir ass et mer drop ukomm, fir Ofstand ze huele virun där Manéier, déi eenzel Europäer hunn, de Russen ëffentlech Lektiounen a Russland selwer z’erdeelen. Dat hunn ech och gesot. Mir wëllen eis Presidentschaft notzen, fir d’Verhältnis mat Russland ze verbesseren, zum Gudde vun de Mënschen hei, an zum Gudde vun de Mënschen a Russland. De Sträit, dat géigesäitegt Ufeinden, dat permanent Ënnerstelle vun Absichten, d’Beschreiwe vun deem aneren, wéi wann en engem schlecht gesënnt wier, schafen eng Grondatmosphäre, déi d’Relatiounen tëscht deenen zwee wichtegen Ensemblen, d’Europäesch Unioun engersäits, Russland anerersäits, gréisste Land vun der Welt, lues a lues ëmmer méi versauere loossen. Dat soen ech net, well ech der Meenung wier, datt een do, wou ee wierklech zolitt Meenungsënnerscheeder huet, soll roueg sinn. Zu enger erwuessener Frëndschaft, déi awer nach weider wuesse kann, gehéiert, datt ee sech d’Saache muss kënne soen. Mir hunn och mam Här Putin alleguer déi kontrovers Themen ugesprach: Ukraine, innepolitesch Reformen a Russland, eenzel Virgäng am russesche Wirtschaftsliewen, déi éischter dérangeant oder derangéierend op westlech Investisseure wierke kënnen. Dat alles ass ugeschwat ginn. Also et ass net datt mer eis Zong an d’Täsch do stiechen. Ech hale wéineg dovun, fir sou déck Baken do ze maachen, datt se op kee Fernsehschierm méi ginn.

Jay Schiltz: Wat versprëcht sech dann ee Mann wéi den Här Putin vun Europa an elo och ebe vläicht am speziellen och vun Iech, vu Lëtzebuerg, deen elo d’Présidence huet?

Jean-Claude Juncker: Den Här Putin weess, datt en dat gréisste Land vun der Welt regéiert. Mir wëssen et ëmmer, datt mer, wa mer mam Här Putin schwätzen, wa mer mat deem schwätzen, deen dat gréisste Land vun der Welt regéiert. Den Här Putin weess, datt en ouni d’Europäesch Unioun eigentlech op kengem Feld vun der Politik déi Fortschrëtter fir säi Land kann erreechen, déi en erreeche kann, wann e mat den Europäer gutt zesummeschafft. Mir musse wëssen, ech menge mir wëssen dat och, datt Russland, als dee Quasi-Kontinent deen et ass, muss esou an europäesch Sécherheets- a Stabilitéitsstrukturen agebonne sinn, datt mer Rücksicht huelen op dat wat do geduecht a gemaach gëtt, an datt Russland sech och verstane muss spieren a sech als ee Partner kënne selwer erliewen, dee sérieux geholl gëtt vun deenen aneren. Et muss een déi russesch Volleksséil, iwwert déi vill geschriwwe ginn ass, richteg verstoen. Dat ass ee Land, dat een Empire verluer huet viru 14, 15 Joer, dat eng Supermuecht war, déi mat den Amerikaner op gläicher Héicht konnt diskutéieren, a wat elo muss nokucken, datt et aus dem Krees vun de Supermuechten ausgeschloss ginn ass, an datt d’Amerikaner eigentlech déi alleng bestëmmend Kraaft an der internationaler Politik sinn. Do däerf een net de Russen, menger Aschätzung no, d’Gefill ginn, wéi wa mer se elo géifen zurechtstutze wëllen, quasi aus esou engem Reschteffekt vu Kalem-Krich-Revanchismusdenken. Dat maachen eenzel europäesch Regierungschefen heiansdo. Ech hätt gär, datt een déi aner respektéiert, well mir wësse wéi een drop ugewisen ass, vun deenen anere respektéiert ze ginn. Wa mer gär hätten, datt mir respektéiert ginn an Europa, solle mer och Russland respektéieren. Wat nach eng Kéier – ech soen dat nach eng Kéier dobäi – net heescht, datt mer do net soen, wat ze soen ass. Mä fir d’éischt muss een emol deen, mat deem ee wëllt éierlech schwätzen, och éierlech respektéieren.

Jay Schiltz: Wat fir eng Perspektivë kann ee Land wéi Russland da mat der EU, an der EU hunn, à long terme?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt et an der Europäescher Unioun eng Plaz fir Russland gëtt. Ech mengen, datt mer eis do wierklech géifen iwwerdehnen, nach méi wéi am Fall vun der Tierkei. Dee Risiko besteet. Ech mengen, mir musse mat Russland ee kontinentalt Matenee fannen, wou keng grouss Fro, déi de Gesamtkontinent intresséiert, vun den Europäer oder vun de Russen alleng kann tranchéiert ginn. Ech mengen, et brauch ëmmer dat Matenee vun deenen Zwee a mir hunn een Intresse drun, lues a lues – dat ass net einfach – a Russland demokratesch Grondreflexer, déi et jo awer an deem Land gëtt, wuessen ze loossen, sou datt mer ni méi an déi Situatioun zréckkommen, an där mir zanter dem Zweete Weltkrich waren, wou Europa, wat jo deemols anescht war wéi haut a Russland, sech wéi zwee Feinde géintiwwer stinn. Dat huet eis leschten Enns net gutt gedoen. Mir hunn an Europa 60 Joer wertvoll Zäit verluer, eis kritesch a negativ ze kucken. Mir hätte grouss Saache kënnen an Europa maachen, wa mer 1950 schonn do gewiescht wieren, wou mer 2005 ukommen.

Jay Schiltz: Do si mer dann och mat der Türkei, déi jo soen, et wäre 40 Joer laang vläicht verluer gaangen. D’Préparativen zu de Bäitrëttsverhandlungen, déi am Oktober dann elo d’nächst Joer sollen ugoen, déi wäerte sécher och an d’Présidence vu Lëtzebuerg falen. Mech géing emol intresséieren ze wëssen, mat wéi engen Argumenter Dir den Awänn géint dëse Bäitrëtt entgéinttried, déi Leit, déi soen d’Türkei gehéiert net zu Lëtzebuerg geographesch, d’Mentalitéit, religéis a sou weider?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn 1997 e ganze Koup vun Elementer genannt, wou zu Lëtzebuerg kee Mënsch iteresséiert - dofir widderhuelen ech se och net am Detail - wéi ech deemols gesot hunn, als President vun der Europäescher Unioun, mir géife keng Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ufänken. Wat hu mer zu Bréissel décidéiert, de 17. Dezember [2004]? Mir hunn net de Bäitrëtt vun der Tierkei décidéiert. Mir hunn décidéiert, wann eng Rei vu weidere Konditiounen erfëllt sinn, déi erfëllt wäerte ginn am Zesummenhang mat der Zypernfro, mat der Tierkei Bäitrëttsverhandlungen unzefänken. Déi dauere laang an dee Prozess, deen elo den 3. Oktober [2005] ufänkt, ass ee Prozess, deen zwar d’Vollmitgliedschaft vun der Tierkei viséiert, deen awer gläichzäiteg seet, wat mer bis haut nach ni gesot haten, wa mer mat engem Bäitrëttsverhandlungen ugefaang hunn, datt wann et sech sollt erausstellen, datt et déi Vollmemberschaft vun der Tierkei, aus Gott weess watfer Grënn net ka ginn, datt mer dann eng speziell Relatioun, déi d’Tierkei definitiv fest an Europa verankert, musse mat der Tierkei zesumme fannen. Dofir ass et, kann ech eigentlech just begrënnen, firwat datt ee soll Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ufänken an ech kann net begrënden wëllen, firwat datt d’Tierkei soll sofort, noch gestern Member vun der Europäescher Unioun ginn. D’Tierkei wäert déi nächst 15 Joer mat Sécherheet net Member vun der Europäescher Unioun ginn. Mä d’Bäitrëttsverhandlungen ophuele si wichteg. Dat hu mir den Tierken 1964 versprach. Et gëtt ëmmer esou gemaach, wéi wann dat al Geschicht wier. An der Tierkei ass dat héich Géigewaart, dat Versprieche vu 1964. Datt d’Tierkei eng Kéier kënnt bäitrieden ass deemols versprach ginn, net datt mer eng Kéier géifen ufänke mat hir ze verhandelen, datt se kënnt bäitrieden. D’Tierkei huet sech jorzengtelaang net op den europäesche Wee gemaach, huet net déi Standarden ugeholl, déi mer an Europa als minimal Exigenzen, notamment am Beräich vun de Mënscherechter festgeschriwwen hunn.

1997, wéi mer fir d’lescht presidéiert hunn, an ech dem tierkesche Premier gesot hunn, „Elo geet dat net méi esou viru mat där Folter, Dir däerft net folteren, elo geet dat net méi sou virun, datt d’Militär bei Iech décidéiert, statt d’Regierung an d’Parlament, elo geet dat net méi sou virun, datt Dir mat den Zyprioten esou fuert wéi Dir mat hinne fuert, Dir musst Iech mat de Grieche besser verdroen wéi bis elo“, dunn hunn Tierke gesot, bekëmmert Dir Iech ëm Är Saachen, dat sinn eis Suergen. Do hu mer gesot, dat sinn eis Suergen och. A wann Dir esou denkt an esou schwätzt an esou fillt, kënnt Dir net velaangen, datt mir mat Iech driwwer nodenken, ob ee kënnt Bäitrëttsverhandlunge féieren.

Op all deene Punkten ass enorm vill geschitt. Griechenland gehéiert haut ze deene gréisste Befürworter, net nëmme vun der Ouverture vu Verhandlungen, mä vum Bäitrëtt vun der Tierkei zur Europäescher Unioun. A Saache Mënscherechter ass eng kleng Revolutioun an der Tierkei geschitt. Déi ass a menger Aschätzung nach wäit dovun ewech fäerdeg ze sinn. Mä do si gewalteg Fortschrëtter erzielt ginn, och wat d’Verhältnis tëscht zivilem Pouvoir an dem militäresche Pouvoir ubelaangt. Dee Reformwee, deen d’Tierke séier konsequent ageschloen hunn, ass een, dee mech impressionnéiert a vun deem ech gären hätt, net nëmme wéinst den Tierken, mä och wéinst eis, datt en als ee stabilitéitsfördernd Element an den tierkesch-europäesche Relatiounen erhale bleift.

Dobäi kënnt, datt et esou eppes wéi den 11. September ginn ass, een Opbrieche vun engem Konflikt, deen een an där Heftegkeet eigentlech net komme gesinn hat, tëscht dem islamistesch-fundamentalistesch orientéierten Deel vun der Welt an eisem ideologesch a religiéis vertikal méi berouegten Deel vun der Welt. Eng kräfteg Ausernanersetzung mam internationalem Terrorismus, deen eis bis an d’Grondfestung vun eise Gesellschafte kann erschütteren, wann en eng Kéier op enger Plaz zouschloe géif an Europa, wéi am Joer 2004 zu Madrid geschitt. Elo zur Tierkei soen, mir bekucken Iech net, dat géif déi Kräften an der islamescher Welt, déi fundamentalistesch gesënnt sinn an déi eis als hir Feinden erliewen – dat ass jo bei wäitem net de Fall vun deene meeschte Moslemen, mä awer vun enger agéirender Minoritéit – dat géif d’Problemer, géif een dat maachen, net mat der Tierkei wëlle schwätzen, op d’Spëtzt dreiwen, well et géif d’Propagandisten am fundamentalistesche Lager vum Islam bestäerken an hirer Iddi, datt mer näischt mam Islam wëllen ze dinn hunn. Dofir ass dee Schrëtt, dee mer zu Bréissel gemaach hunn, bei alle Bedenken, déi ech och hat an och weider nach hunn, ee Schrëtt an eng besser Zukunft, wann ech et vergläiche mat deem Schrëtt, dee géif doranner bestoen, fir iwwerhaapt net mat den Tierken ze schwätzen a wat dat fir Konsequenzen hätt.

Jay Schiltz: En anert grousst Thema wäert da sécher och oder Erausfuerderung vun der Présidence, déi stellt sech Iech heiheem. Dir musst de Referendum virbereeden, de Leit d’EU-Constitutioun schmackhaft maachen. Geet dat ouni oder mat Problemer? Wéi spiert Dir d’Dispositioun vun de Lëtzebuerger dozou?

Jean-Claude Juncker: Ech fannen deen Datum, 10. Juli [2005], fir ee Referndum ze maachen, net gutt. Ech fanne just kee besseren, well déi éischt 6 Méint vun deem Joer sinn zumindest de Staatsminister, Ausseminister an e puer anerer esou intensiv beschäftegt mat europäesche Froen an och esou meilewäit ënnerwee, datt een einfach keng Zäit fënnt fir déi national Explikatioun vun deem Verfassungsvertrag, deen zum Referndum steet an ech stelle mer schonn d’Fro, ob et eis d’ailleurs wäert geléngen, nach 7, 8 Deeg no der Presidentschaft dann déi lescht Explikatiounen do kënnen ze liwweren. Dofir hätt ech gären, datt anerer sech an éischter Linn ëm d’pädagogesch Begleedung vun deem Votum vun de Lëtzebuerger bekëmmeren, notamment d’Chamber, woubäi ech mengen, datt een net däerf einfach stupid Propaganda fir ee Vertrag maachen, ee Vertrag, dee jo och net an alle Punkten esou ass, wéi mir e gären gehat hätten. Et geet och net drëm fir de Leit dat schmackhaft ze maachen. Et ass jo keng kulinaresch Übung, déi mer do veranstalten. Ech mengen, et muss een de Mënschen heiheem erklären, datt dee Vertrag net perfekt ass, mä datt et deen ass, dee mer de Moment, sou wéi d’Verhältnisser sinn, fäerdeg bruecht hunn an datt trotz aller Imperfektioun, déi dee Vertrag kann hunn, dee Vertrag zu engem perfekte Wierk a senger Applicatioun ka féieren, wann de politesche Wëlle vun deenen, déi e mussen duerchsetzen an ëmsetzen – dat sinn net nëmmen d’Politiker, dat sinn och d’Mënschen an Europa – wann deen integral ass. E schlechte Vertrag, wann ech seng Schwächten entdeckt hunn, kann ech zu engem gudde Vertrag maachen, wann ech duerch mäi politescht Handele seng Schwächten zoudecken an ëm Stäerkten ginn, déi en eigentlech am Text net huet.

Dofir ass d’Fro, déi een de Leit muss stellen déi, wat da geschitt, wann dee Vertrag net a Kraaft trëtt, wa mir Lëtzebuerger e géifen oflehnen. Da gëtt dat gläichgesat, an et ass och gläichzesetzen, mat enger Ofso un d’Weiderféiere vun der politescher Integratioun an Europa. Da gëtt dat déi éischt Treppléck op enger héiger Trap, déi vun enger politesch duerchstrukturéierter Organisatioun vun der Europäescher Unioun zu enger relativ labberer, wann och gehuewener fräier Handelszon féiert, a wann een d’europäesch Geschicht kennt, weess, wat europäesch Mënschen ëmdreift, weess, wat europäesch Natiounen géinteneen opbruecht huet, da weess een, datt mer op engem komplizéierte Kontinent liewen. En ass méi komplizéiert wéi déi aner Kontinenter, och wann d’Liewe méi einfach an Europa ass. De Konzept vun der Fräihandelszon ass ze einfach, ze simpel, ze kuerz gegraff fir esou ee komplizéierte Kontinent wéi Europa.

Et geet den 10. Juli drëm: Wëlle mer ee bessert Europa, méi Europa, do wou mer et brauchen, oder kréie mer manner Europa, mat all deene Risiken, déi domat verbonne sinn? Ech mengen, dat muss ee probéieren de Mënschen heiheem däitlech ze maachen. An dann ass et läschten Enns jiddwerengem säin individuelle Choix. All Lëtzebuerger, deen den 10. Juli an d’Kabinn geet fir ze wielen, deen ass deen Dag, heen alleng, d’ganzt Land, muss sech froen, wa jiddwereen esou stëmmt wéi ech, wat geschitt dann? Et kann een net op d’Walverhale vun deenen anere spekuléieren. Mir maache keng Koalitioun nom Referendum. Mir bleiwe mat zwee Féiss an Europa oder mir kréie kee Fouss méi op de Buedem. Dat ass den Enjeu vum 10. Juli, an et däerf een awer de Leit net Angscht maache bei der Explikatioun. Mä wann Dir mech frot, wourëms geet et? Dorëms geet et.

Jay Schiltz: Da ganz um Enn, Här Staatsminister, erlaabt mir Är Lieblingsfro ze stellen, well Dir se sécher jo och nach erëm anerwäerts gestalt wäert kréien, och no der Présidence nach Premier zu Lëtzebuerg oder erschaalt scho neess en neie Ruff aus Europa?

Jean-Claude Juncker: Ech hu jo bewisen, kierzlech, datt ech gutt Ouerendeckelen hunn, wann ech wëll. Ech héieren net all Ruff.

Jay Schiltz: Gutt, an dësem Sënn da merci, datt Dir Iech dëst Joer Zäit geholl hutt. Schéi Feierdeeg an dann ee gudde Rutsch an d’Présidence an alles Gudds!

Jean-Claude Juncker: Schéi Feierdeeg och fir Iech an och fir déi, déi eis nolauschteren. Merci.

Dernière mise à jour