Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Tom Graas: Här Staatsminister, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Tom Graas: Eng perséinlech Fro um Ufank vun eisem Gespréich. Dir hutt viru kuerzem elo Äre 50. Gebuertsdag gefeiert. Et gëtt dacks behaapt, dat wier den Iwwergang an eng nei, an eng aner Liewensphase. Wéi ëmfannt Dir dat?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen esou schlëmm gëtt et net. Ech erliewen dat, muss ech éierlech soen, wéi een normale Gebuertsdag. Ech hat keng besonnesch Gefiller deen Dag.

Tom Graas: Keng speziell Symbolik do mat deem Dag verbonnen?

Jean-Claude Juncker: Et sinn eng Rei Leit ginn, déi hu mech quasi obligéiert  ze bilanzéieren, mä ech hat keng richteg Loscht fir dat ze maachen. Mäi Liewe geet virun.

Marc Linster: Här Juncker, Dir sidd elo 22 Joer an der Regierung, verspiert Dir

Jean-Claude Juncker: Esou laang schonn?

Marc Linster: Jo, effektiv, mir hunn nogekuckt a verspiert Dir do net heiansdo eng gewësse Politikmiddegkeet?

Jean-Claude Juncker: Dach.

Marc Linster: An denkt Dir dann ni drun opzehalen?

Jean-Claude Juncker: Nee.

Tom Graas: Wéi dréckt déi sech dann aus, déi Politikmiddegkeet, wann Dir se verspiert?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn d’Ëmfannen, wann ech mech selwer kucken a mer selwer nokucken, datt ech heiansdo op eng onverständlech Aart a Weis roueg bleiwen an heiansdo op eng verréckten Aart a Weis ausflippen. Ech sichen och am héigen Alter nach nom Gläichgewiicht.

Marc Linster: Gidd Dir dann haut anescht un déi politesch Aarbecht erun, wéi wéi Dir nach méi jonk waart?

Jean-Claude Juncker: Dat weess ech net. D’politesch Problemer stelle sech  an deem Moment, wou se sech stellen. Et muss ee se an deem Moment wou ee selwer ukomm ass, am Alter, an der Erfahrung, am Ëmfeld an am Ëmgang mat aneren,  dorop reagéieren. Et gëtt ouni all Zweifel Saachen, déi ech anescht gemaach hätt oder déi ech anescht géif maachen, wann se elo géife geschéien, well ech jo elo méi al sinn. Mä sou an der Retrospektive fällt mer eigentlech keng dramatesch Décisioun an, déi ech géif anescht huelen. Méi kleng Saache schonn, mä sou deeës richteg Zoliten, mengen ech hätt ech awer ëmmer zimlech d’selwecht nach gemaach.

Tom Graas: Ären Job ass mat ganz vill Stress verbonnen, grad elo och a Momenter wou eng Présidence preparéiert gëtt. Spillt Är Gesondheet ëmmer ouni Problemer mat?

Jean-Claude Juncker: Nee, déi huet heiansdo Problemer.

Marc Linster: Elo kënnt jo nach vill méi Aarbecht op Iech zou mat der Présidence, à propos d’Présidence, d’Lëtzebuerger Regierung investéiert vill Zäit an Energie an déi Présidence, ass dat exklusiv am Déngscht vun Europa oder bréngt dat Lëtzebuerg  ganz konkret eppes?

Jean-Claude Juncker: Off, dat ass schwéier soen. Wann et esou wier, datt et Lëtzebuerg eppes géif bréngen, well et bréngt Lëtzebuerg nämlech eppes, dann däerf een dat net zevill haart soen. Wann een an der Presidentschaft vun der Europäescher Unioun ass, da muss een deem europäeschen Zuch ëmmer d’Virfahrt virun deem nationale ginn, mä an der Aart a Weis wéi een d’Wagonen uneneen hänkt, kann een awer heiansdo eng Voiture mat akrämpen, déi däitlech de Lëtzebuerger Fändel an d’Lëtzebuerger Faarwen dréit an déi een, fir datt dat net esou opfällt, e bëssen iwwertüncht an deem europäeschen Zuch. Dat hu mer nach bei all Presidentschaft fäerdeg bruecht, besonnesch wa mer Steierfroen ze klären haten, mä där hu mer dëst Joer net esouvill ze klären. Also e bëssen Egoismus ass erlaabt, mä wann een eng lëtzebuergesch Lokomotive virdru setzt, da gëtt dat näischt, dat däerf een net maachen. Dat gëtt och näischt wann déi aner et maachen. Déi probéieren dat heiansdo, déi grouss Länner, dat féiert séier zur Entgleisung.

Tom Graas: An engem rezente Foruminterview sot den delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit, den Handlungsspillraum vun enger Présidence wier relativ kleng, well ee Land deem nächsten d’Dossiere weidergëtt. Kann een dann effektiv keng Prioritéite méi setze mat enger eegener Présidence?

Jean-Claude Juncker: Et ass relativ schwiereg, am Ufank vun enger Présidence komplett ze reprioritiséieren. D’hollänesch Kollegen halen elo Sylvester op an da kann een net maachen, wéi wa se déi 6 Méint näischt gemaach hätten oder net während 6 Méint probéiert hätten den Zuch, fir bei deem Beispill ze bleiwen, an eng bestëmmte Richtung ze bréngen. D’Prioritéite gi jo och net méi vun all Présidence selwer festgeluecht, mä ginn op ee méi groussen Zäitraum festgeluecht. Mir hunn eis Prioritéiten zum Beispill mat den Iren, mat den Hollänner, mat  eis selwer a mat den Englänner, déi no eis d’Présidence iwwerhuelen, festgeluecht. Mä an deem Kader deen een huet, kann een awer Akzenter setzen. Et ass een Ënnerscheed  zum Beispill ob de Stabilitéitspakt ënner hollänescher Presidentschaft, ënner englescher Presidentschaft oder dann, wéi mir dat wëllen, ënner lëtzebuergescher Presidentschaft probéiert gëtt an drëchen Dicher ze bréngen. Bei eis landt e méi drëchen, mengen ech.

Tom Graas: Dat heescht, a wéi eng Richtung wëllt Dir en da reforméieren? Ginn déi sougenannte Maastrichter Critèren, ginn déi opgeweecht oder bleiwe se bestoen?

Jean-Claude Juncker: Déi Maastrichter Critèren, déi gi mol net gepaakt, well déi stinn am Vertrag an déi kann een net verréckelen. Mir mussen zwou Saache maachen: Mir mussen deem Stabilitéitspakt engersäits méi Stabilitéit ginn an anersäits méi Flexibilitéit ginn. Méi Stabilitéit dann, wann et der europäescher Wirtschaft oder den nationale Wirtschaftsreim gutt geet, wa se staark wuessen, wann d’Regierunge Steiermëttelen an engem grousse Mooss kréien, sou datt se een Iwwerschoss an hirem Budget hunn, deen Iwwerschoss musse se an d’Reduktioun vum Joresdefizit an an d’Reduktioun vun der Staatsschold bréngen. Fir et däitlech ze maachen, am preventiven Deel vum Pakt, datt een a gudden Zäite soll spueren, fir datt ee Suen huet wann een der manner erakritt, fir déi a schlechten Zäiten haaptsächlech zur Investitiounbedienung auszeginn. Wann dat geschitt, dann hunn d’Staaten och méi Polstere fir ze reagéieren, wann et der Économie schlecht geet. A wann et der Économie schlecht geet, da muss een e bësse méi Flexibilitéit an d’Applikatioun vum Pakt erabréngen, un Hand vun aneren Zäitreim déi ee fixéiert, fir erëm ënnert déi 3% Defizit ze kommen, wann een driwwer ass, an doduerch, datt eng Rei vu Saache musse gekuckt ginn: wéi héich ass d’Staatsschold  an engem Land? Si Strukturreformen an deem Land ënnerwee? Wéi héich sinn d’Investitiounen an deem Land. Dat alles gëtt ee komplizéierte Pak, dee mer awer scho ganz vill virverhandelt hunn an deene leschte Méint an och a Gespréicher an deene leschte Wochen an Deeg.

Marc Linster: Um Sommet zu Bréissel gouf den Optakt mat de Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei op den 3. Oktober d’nächst Joer fixéiert, bis dohinner soll d’Tierkei, wéinstens emol indirekt Zypern unerkennen. Kritt d’Lëtzebuerger Présidence zolidd Arbecht mat den Tierken?

Jean-Claude Juncker: Oh, mir hate jo scho vill Aarbecht mat den Tierken, net nëmmen déi lescht Méint a Joren, mä besonnesch och während eiser leschter Présidence, 1997, wou ech der Tierkei bedeit hat, et géife keng Verhandlunge mat hir ugefaang ginn, well d’Tierkei deemols a punkto Mënscherechter, a punkto Militärinfluenz op d’Politik, a punkto Sträit mat den Noperen, iwwerhaapt net bereet war ze bougéieren, an eis Richtung sech ze bewegen. Dat huet se entre-temps gemaach an elo fänke mer Verhandlungen un, déi ganz laang daueren a schwiereg wäerte sinn an déi och keen Automatismus beinhalten. Déi aller éischte Kéier, wa mer Verhandlungen ufänken, hu mer dës Kéier gesot, mir fänken un, mä mir wëssen net wéi et ausgeet. Dat kléngt normal, mä wann Dir dat dohinnerschreift, dann ass deen, deen dat dohinner geschriwwe kritt, net frou an elo muss beispillsweis a Saachen Tierkei-Zypern-Verhältnis eppes geschéie bis zum 3. Oktober an dat musse mer, well mer de Mandat fir d’Verhandlungen an eiser Presidentschaft musse fixéieren, mat den Tierken zolidd ugoen. Dat gëtt net lëschteg.

Tom Graas: Mengt Dir, Dir misst den Här Erdogan do nach eng Kéier dorun erënneren dat ze maachen?

Jean-Claude Juncker: Et ass ëmmer nëtzlech, wann ee sech zesummen u gemeinsam Beschlëss z’erënnere weess.

Marc Linster: Vill Europäer, dorënner och bestëmmt eng ganz Partie Lëtzebuerger hunn Angscht virun der Türkei. Wéi eng Argumenter hutt Dir da fir se dovunner z’iwwerzeegen, datt et awer richteg ass, datt d’Tierkei sollt méiglecherweis erakommen?

Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt hunn ech emol ee grousst Verständnis fir déi zréckhalend Bewertung, déi den Optakt vu Verhandlunge mat der Tierkei an der breeder europäescher Ëffentlechkeet, an och an eiser fënnt, an den Ëffentlechkeete vun eise Länner hei, méi südlech. Méi östlech ass dat keen dramateschen Ausernanersetzungspunkt. Dat ass guer net kontroverséiert, mä an eise Géigenden ass et kontroverséiert an do gëtt et ganz Villes wat ze soe wier an dat éischt ass vläicht, datt een déi Décisioun an der Zäit muss richteg aschätzen. D’Tierkei huet 1964 versprach kritt, si géif eng Kéier Member ginn. Dat ware keng Revolutser déi dat versprach hunn. Dat war den Här Adenauer, den Här Werner, den Här De Gaulle, déi sinn net op d’Barrikaden all Samschdech Mëtteg gaangen, well se soss näischt ze di gehat hätten. Dat ware sérieux Leit. Zanterhier leeft dat, wéi ech muss soen, vun der grousser Ëffentlechkeet eigentlech ni richteg zur Kenntnis geholl. Mir hu keen anert Land, mat deem mer ee sougenannten Associatiounsvertrag hätten, deen hu mer mat der Tierkei, an deem géif stoen, datt se enges Dags kënne Member ginn. Mir hunn 1999 décidéiert si wiere Kandidat, net wéi 97 wou ech nee gesot  hunn an zanterhier huet d’Tierkei ganz vill Fortschrëtter gemaach, déi ee muss zur Kenntnis huelen. Wat schwätzt dofir, fir datt ee mat der Tierkei Verhandlungen ufänkt? Ech muss ënnerscheeden, wat schwätzt fir den Optakt vu Verhandlungen, wat schwätzt fir eng Memberschaft vun der Tierkei? Dat sinn zwou verschidde Saachen. Déi leien nëmme vermeintlech no beieneen. Déi leie ganz wäit auserneen, zäitlech an och inhaltlech. Fir mat der Tierkei Verhandlungen unzefänken, schwätzt, datt se grouss Efforte gemaach hunn. Ech widderhuele mech. Fir mat der Tierkei Verhandlungen unzefänken, schwätzt eng total verännert international Lag. Mir hunn et haut mat allen Erausfuerderungen ze dinn, déi den islamesche Fundamentalismus op Europa zoubréngt. Do mécht et Sënn fir dat islamescht Ëmfeld wat et ronderëm Europa gëtt a wat eben an der Tierkei ufänkt, iwwregens och a Bosnien, fir ze weisen, datt religiös Differenzen, kulturell Differenzen oder Nuancen, ënnerschiddlech historesch Irrungen und Wirrungen, wéi de Fontane géif soen, net ausschléissen, datt ee sech an enger Welt, wou déi di anerer Meenung sinn, mussen zesummeréckelen, fir datt dat Ganzt net aus de Fuge geréit, sech kënnen esou begéinen, wéi wa se an engem méi geschlossenen, koherenten, konsequent evoluéiernden Ëmkreess wieren. Wann een haut, dat muss ee sech jo och froen, dat ass d’Alternativ zum Optakt vun de Gespréicher, gesot hätt, dir hutt Iech zwar beméit, dir sidd eis zwar méi nogeréckelt, dir observéiert d’Mënschrechter besser, well do ass nach net alles esou wéi et soll sinn, dir hutt är Militärgewalt zréckgedréckt an dir hutt méi Pouvoire bei d’Zivilregierung ginn, dir verdrot Iech haut mat de Griechen, 1997 war do Rapp a Klapp, mä dat ass eis elo egal, well et gëtt d’Gefor vum Islam an der Welt a mir wëllen domat näischt ze dinn hunn. Dann hätt ee gesot, mir sinn ee Club vu Chrëschten an dir sidd Moslemen an elo klibbert dir eis. An da muss ee sech d’Fro stellen, wat wier dann doraus entstan u méi Spannungen an der Welt, un der Grenz vun Europa, matsen an Europa? Dat wier emfonnt gi vu villen, wéi eng Ofkéier vun  Europa anere Reliounsensemblen géintiwwer, anere kulturelle Realitéite géintiwwer. An dat wier genotzt gi vun deene islamistesche Fundamentalisten, déi et jo awer gëtt, denkt un den 11. September, dat spillt eng Roll  an der Décisioun déi mer elo hei geholl hunn, dat wier vun deene genotzt ginn, fir ze soen, gesidd Dir d’Feinde vum Glawen, eis Géigner vun ëmmer, déi wëllen näischt mat eis ze dinn hunn. Dat hätt verherend Konsequenze fir d’Stabilitéit an der Groussregioun Europa gehat an dofir ass et keng Alternative ginn, nodeem d’Tierkei ofgeliwwert huet eng Rei vu Bedingungen, déi mer hir gestalt haten, fir den Optakt vun de Verhandlunge fir den 3. Oktober an d’An ze faassen, mä gläichzäiteg éierlech ze sinn an ze soen, mir wëssen awer net ob dat zur Vollmitgliedschaft féiert. A wann dat net esou geet wéi mer mengen, datt et geet, wann Dir Iech nämlech, dir Tierken, erëm vun eis eweg bewegt, dann ass Schluss an da musse mer eng aner Relatioun fannen. Et ass ee komplizéiert Stéck Aussepolitik wat mer do am gaang sinn ze maachen.

Tom Graas: D’Angela Merkel vun Ärer däitscher Schwësterpartei, der CDU, wëll 2006 mam Slogan „nee  zur Türkei“ Bundestagswahlkampf maachen, ass dat da gesond, Här Staatsminister?

Jean-Claude Juncker: Nee. Ech hu mat der Madame Merkel doriwwer ëffentleche Sträit, via däitsch Zeitungen a perséinlech hefteg Debattë wa mer eis gesinn. Ech halen déi Theorie vun der CDU, fir eng privilegéiert Partnerschaft mat der Tierkei opzebauen, e Konzept deen ech ni verstan hunn, fir net méi passend, no all deem wat geschitt ass, 64, 97, 99, 2002 zu Kopenhagen, wou mer gesot hunn, mir kucken 2004 wou mer sinn. Dat konnt een den Tierken décemment net zoumudden als Optioun, Vollmemberschaft oder privilégéiert Partnerschaft. Mä, e bësse Merkel, wann Dir esou wëllt, ass jo awer an der Décisioun, well mer soen, dat féiert net onbedingt zur Vollmitgliedschaft an da musse mer eng Relatioun fannen, déi d’Tierkei op eng aner Fassong definitiv an Europa verankert. Ech géif et net guttfannen, wann een dee Tierkeifro, déi eng dramatesch wichteg ass an déi an hirer Portée, am Rescht vun der Welt, an Europa selwer staark falsch ageschat gëtt oder ënnerschat gëtt, ech géif et fir schlëmm fannen, wann een dat zu engem Ausernanersetzungsknackpunkt an iergendenger Innepolitik géif maachen.

Marc Linster: Mä riskéiert déi Türkeifro da net awer de Referendum iwwert d’europäesch Verfassung negativ ze beaflossen, dat och hei zu Lëtzebuerg méiglecherweis?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung, datt, obschonn déi zwou Saachen näischt mateneen ze dinn hunn, bei de Referenden, déi mer elo an op manst 12 Länner ofhalen, iwwert een Zäitraum vun 18 Méint verdeelt, datt do déi Türkeifro eng Roll spillt, och zu Lëtzebuerg. Ech hu mer zu Lëtzebuerg, iwwregens wahrscheinlech sinn ech ee vun deene wéinegen, ni eng Illusioun driwwer gemaach, datt dat esou einfach géif rëtsche mat deem Referendum. Déi Illusioun hunn ech mer ni gemaach. Ech weess aus dausende Gespréicher mat de Lëtzebuerger, wéivill Europanodenklechkeet, wéivill Europamiddegkeet datt et och zu Lëtzebuerg gëtt. Do musse mer ganz ferme mat de Leit diskutéieren, streiden, plädéieren, fir datt se jo zu där Verfassung oder zu deem Verfassungsvertrag soen.

Tom Graas: Rechent Dir da ronderëm dee Referendum mat engem regelrechte Walkampf, dat heescht datt en och vläicht Parteien oder Gruppe sech weisen, déi carrément soen, déi oeuvréieren am Sënn vun engem Nee bei deem Referendum?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt et eng Animatioun ronderëm dee Referendum do gëtt an ech fannen deen Datum vum 10. Juli och net glécklech. Et gëtt just kee besseren. Dir musst gesinn, datt mer 6 Méint an der Presidentschaft sinn, do kënne mer wierklech net an enger innepolitescher Explikatioun fir d’europäesch Verfassung eis regelrecht aschalten. Dat geet einfach zäitlech net. Da mussen anerer déi Debatte féieren, d’Chamber a grouss Deeler vun der Zivilgesellschaft a mir kënnen eis réischt ganz zum Schluss vun däer Ausernanersetzungscampagne wierklech an d’Explikatioun amëschen. Mir hu wéineg Zäit fir dat ze maachen. Ech bedaueren dat am héchste Mooss, well ech fonnt hätt, datt déi relevant politesch Kräften, och déi politesch Käpp, déi hei am Land awer fir d’Leit eppes duerstellen, sech mateneen iwwert déi Fro, och kontrovers, wann et muss sinn, ënnerhal hätten. Deen Deel demokratesch Explikatioun fällt wéinst der Wiel vun deem Datum zum Deel ewech. Dat ass net gutt.

Marc Linster: Wann ech Är Wierder vu virdru richteg interpretéieren, da rechent Dir also kengesfalls mat engem klore Jo hei zu Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Ah, ech ginn dovun aus, datt d’Lëtzebuerger sech dat gutt iwwerleeën, datt se dat hin an hier kéieren an dréinen an do weess een net wat dobäi erauskënnt. Jiddwer Lëtzebuerger muss just wëssen, deen Dag, 10. Juli, wou en am Kader vum Referendum seng Stëmm ofgëtt, ass hee ganz alleng a jiddweree fir sech d’Lëtzebuerger Vollek. Hee ganz alleng a selwer stellt d’Lëtzebuerger Vollek duer an e muss sech froen, wann e jo oder nee stëmmt, wat geschitt, wa jiddwereen hei am Land géif esou stëmme wéi ech elo? Wa mer alleguer géife jo soen oder wa mer alleguer géifen nee soen? E muss sech d’Fro stellen, wou lande mer als Land an der europäescher, politescher Geographie, wa mer hei nee soen. Dat si jo déi Gespréicher, déi mer mat de Leit musse féieren, ouni se eigentlech z’erpressen. Ech wëll net dauernd elo de Leit soen, passt op wann Dir nee stëmmt.

Tom Graas: Wat wieren dann d’Konsequenzen, och politescher Natur, bei engem Nee?

Jean-Claude Juncker: Ech hätt mech ëm déi Konsequenzen net méi ze bekëmmeren.

Marc Linster: Zanter dem 13. Juni gouf et nach net schrecklech vill an der nationaler  Politik. D’nächst Joer dann, hu mer wéi gesot de Referendum, d’Gemengewalen, d’EU-Présidence. Leeft dem Reformäifer vun der CSV-LSAP Koalitioun net e bësselchen d’Zäit ewech?

Jean-Claude Juncker: Also déi Tatsaach, datt mer elo 6 Méint an der Présidence sinn, ass fir d’Weiderkommen an der innepolitescher Décisiounstäerkung natierlech net ideal. Et gëtt Ministeren, déi hunn net esouvill mat der Présidence ze di wéi anerer. Déi hunn ech opgefuerdert hire Programm ze accéléréieren, fir datt wéinstens an deene Beräicher, déi net duerch d’EU-Présidence staark an der innepolitescher Gestaltung beeinträchtegt ginn, awer eng Rei vu Projeten, vu Reformen, Initiative kënne geholl ginn. Do wou Ministeren täteg sinn, déi staark agebonne sinn an d’Geschéie ronderëm d’Présidence ass dat schwiereg. Wann ech mäi Beispill däerf huelen, ech hu 7 Sitzunge vun de Finanzministeren ze presidéieren, 7 Sitzunge vun deenen 12 Euroministeren ze presidéieren, 2 Sommeten ze leeden, plus 4, 5 Sommeten tëschter der Europäescher Unioun an dem Rescht vun der Welt ze copresidéieren. Wann ech dat mat mengem hollänesche Kolleg vergläichen, deen hat zwee Sommeten ze presidéieren. Deen hat net nach 14 Ministeschsitzungen ze presidéieren an an deem Fall befanne sech e puer Ministeren zu Lëtzebuerg, déi méi wéi ee Portefeuille hunn. Dat heescht, déi si ganz staark an Usproch geholl, net nëmme wéinst de Sitzunge selwer, dat Wichtegt  fënnt net an de Sitzunge statt, mä tëscht de Sitzungen.

Marc Linster: Wär et da vläit besser Dir wäert just Premier?

Jean-Claude Juncker: Wann ech no de Walen dee Choix getraff hätt, fir just  Premier ze ginn, dann hätten der jo vill de Schüttelfrost kritt a gesot, elo wier definitiv séchergestalt, datt ech mech an den Héichten definitiv ofgesat hätt, fir eng schauerlech Diktatur zu Lëtzebuerg anzeleeden. Et wier nach ni ee ginn, deen nëmme Premier gewiescht wier, deen nëmmen hätt wëlle Chef spillen. Et war d’Rücksicht op meng Frënn an op d’Zärtlechkeet déi mech entouréiert, déi mech dozou bruecht huet mer dat doten nach eng Kéier zouzemudden. Déi di mer dat ëmmer virwerfen, ech hätt zevill ze soen, géife sech et och net zoumudden.

Tom Graas: Am Koordinatiounskomitee vun der Tripartite gouf d’Noutwendegkeet vun enger sougenannter neier Standuertpolitik vun alle Säiten erkannt. Just wat déi praktesch Ëmsetzung ubelaangt, gouf et nach kee Konsens. Wou misst dann Ärer Meenung no den Hiewel ugesat ginn?

Jean-Claude Juncker: Mir musse feinfühleg zur Kenntnis huelen, eppes wat mer ëmmer soen, fir eis dann net dementspriechend ze verhalen, datt zu Lëtzebuerg d’Beem net an den Himmel wuessen. Mir hate virausgesot, virun de Walen, de September 2003 hunn ech dat an der Chamber gesot an am ganze Walkampf och, datt d’Joren 2005 an 2006, zum Beispill fir de Staatsbudget a fir d’Gestaltung vun de Staatsfinanzen, ganz schwiereg géife ginn. Si sinn och ganz schwiereg. Dat pakke mer nëmmen, well mer Reserven aus der Vergaangenheet ugeluecht hunn an ech dat scho gemaach hunn, wat mer elo an den europäesche Stabilitéitspakt als Grondprinzip wëllen aféieren. Ech mengen net, datt ee soll d’Gefill ginn, wéi wa mer elo zu Lëtzebuerg de Stuerm op de Sozialstaat géife plangen an och duerchféieren. Och eise Sozialstaat, dee feinverästelt ass an een enkt Netz vu Solidaritéit geknëppt huet, deen huet nach Lücken, deen huet nach Defiziter an déi muss ee behiewen. Mä et muss een en esou ëmbauen, datt séchergestalt ass, datt déi nächst Generatioune sech och nach zurecht fannen an deem Sozialstaat, deen dann nach kann iwwreg bleiwen an dat heescht, datt mer musse ganz genau oppasse wéi mer eis Pensiounssystemer finanzéieren a belaaschten, datt mer ganz gutt mussen oppasse wéi mer am Krankekeeseberäich viruginn, deen a mengen An onendlech méi wichteg ass wéi de Pensiounsberäich. D’Leit ginn ëmmer méi al, si ginn domat och an eng Situatioun versat, wou se am héigen Alter ëmmer méi Réckgrëff brauchen op Gesondheetsleeschtungen an deementspriechend d’Krankekeese-leeschtungen. Mir musse kucken, wéi mer an neie Beräicher, zukunftorientéierte Beräicher, ëmmer d’Nues ee Stéck vir hunn. Mir hu gewalteg Fortschrëtter zum Beispill gemaach am Beräich AOL, Amazon a sou virun. Do schéngt nach Munches, mir musse méi compétitiv ginn, woubäi méi compétitiv ginn net heescht, datt d’Compétitivitéitszieler Zieler fir sech wieren, déi keng Bedeitung hätten. Et gëtt ee jo net compétitiv, wirtschaftlech méi staark, wirtschaftlech méi performant just fir dat festzestellen. Dat ass fir sécherzestellen, datt eise Sozialmodell och mar an iwwermar de Leit alleguer zougänglech bleift. Dat ass net séchergestalt wann een d’Solidaritéit net richteg reorganiséiert.

Marc Linster: Mä wann Dir vun Ëmbau schwätzt, da sinn awer vill Leit déi fäerten, dat géif eigentlech an der Praxis eigentlech Ofbau bedeiten. Kënnt Dir de Leit wierklech verspriechen, datt et zu kengem Sozialofbau zu Lëtzebuerg kënnt?

Jean-Claude Juncker: Dat hänkt jo dovun of, wat een ënner sozialem Ofbau versteet. Wann ee mengt de Sozialstaat wier dee Staat, deen och deem, deen alles huet, nach eppes misst dobäi ginn, dann entsprëcht dat net méi mengem Verständnis vu Sozialstaat. Sozialstaat, deen eng allgemeng Fonctioun huet fir all Bevölkerungsschichten, huet eng essentiell Funktioun fir déi Leit, déi net staark genuch sinn, fir op de Staat kënnen ze verzichten an déi de Staat brauchen. Leit, déi net vill verdingen, Leit déi ëm de Mindestloun an e bëssen driwwer sech situéieren, deene  kann een net déi selwecht Belaaschtungen zoumudden, wann et ëm den Ëmbau vum Sozialstaat geet, wéi deene Leit, deenen et esou gutt geet wéi eis dräi, mir nach besser wéi Iech zwee.

Tom Graas: An déi nächst Tripartiteronn ass de franséischen Économieprofesser Lionel Fontagné mat invitéiert. Ass säi Rapport de Schlëssel fir een neie Lëtzebuerger Opschwong?

Jean-Claude Juncker: De Rapport vum Här Fontagné ass eng Offerte vun analyteschen Iwwerleeungen a vu Considératiounen, wéi een eenzel Saache kéint besser maachen. Et ass eng Diskussiounsgrondlag, een Hiwäis, ee Kommentar iwwert d’Lëtzebuerger Realitéit, net een Dokument wat Regierung a Sozialpartner bibelaarteg an eng bestëmmte Richtung géif drécken.

Marc Linster: De franséische Professer ass jo elo ganz kritesch wat de Mindestloun, respektiv den automateschen Index ubelaangt. Ass et méi einfach esou helleg Kéi ze thematiséieren, wann een engem dann een auslänneschen Expert dobäi huet?

Jean-Claude Juncker: Also d’ganz Welt kann op Lëtzebuerg kommen a soen, dat mam Index, dat geet net, dann ass dat de Lëtzebuerger esou laang wéi breet. Fir ze mengen, et géif duergoe fir e franséische Professer erbäizezauberen, dee seet, Ären Index dat ass eppes wat soss keen huet an dofir musst Dir dat ofschafen an dann ze mengen, elo soen d’Leit, ah, de Fransous huet gesot an elo schafe mer den Index of, dat ass eng Illusioun, déi een net soll hunn. A wat heescht hei Illusioun, ech deelen och déi Meenung net, datt mer d’Indexéierung vun de Léin a Gehälter sollten ofschafen. Ech sinn allerdings der Opfaassung, datt wann ee bestëmmte politesch Finalitéiten duerch politesch Décisioune wëllt erbäiféieren, forcéieren, datt dat sech net alles muss am Index erëmspiggelen. Wa mer zum Beispill, doduerch datt mer  liicht Steiererhéigungen um Benzin maachen, eise Fonds pour l’emploi finanzéieren an dee finanzéiere mer mat der Solidaritéitssteier a mat deene soziale Contributiounen, wéi mer déi Erhéigungen um Benzin nennen, fir net brauchen déi kleng Leit, d’Mindestlounbezéier, iwwer Steieren oder iwwer Cotisatioune sech un der Finanzéierung um Chômage bedeelegen ze loossen, da muss een e rouegt Gespréich driwwer féieren, wat mer iwwregens och ëmmer fäerdeg bruecht hunn, datt wann et zu esou Augmentatioune vun indirekte Steiere kënnt, datt déi sech net automatesch am Index mussen erëmspiggelen. Dat hu mer iwwregens mat de Gewerkschaften, déi doranner ëmmer responsabel waren, zesumme gemaach, wa mer déi Contributions sociales Accisen um Benzin fir de Fonds  pour l’emploi an d’Lut gesat hunn. Wa mer aus gesondheetspolitesche Grënn zum Beispill soen, elo ginn d’Zigarettë méi deier, ass dat da sënnvoll, datt jiddwereen am Land eppes an der Pei bäikritt an all Betrib am Land d’Peië muss erhéigen, well déi Augmentatioun vun den Zigarettepräisser do an den Index falen? Doriwwer hunn ech keng endgülteg Meenung, wéi een dat ka maachen. Datt een doriwwer awer roueg e Gespréich, och mat de Gewerkschaften, déi jo awer responsabel zu Lëtzebuerg sinn, muss schwätzen, dat läit op der Hand. Also den Index gëtt net ofgeschaf, mä e gëtt awer...

Marc Linster: Reforméiert?

Jean-Claude Juncker: Reforméiert an deem Sënn wéi ech gesot hunn, mam Accord vun alle relevante Partner. Dat gëtt keen Überfallkommando. Ech hätt gären, datt déi Elementer wuessen a wa se ausgewuess sinn, dann hëlt een se an da mécht een déi Ëmstellungen déi musse gemaach ginn, ouni datt dat awer dann an de Sozialofbau eraleeft oder dee selwechte géif alauden.

Tom Graas: A senger Budgetsried sot de Rapporter, Laurent Mosar, 2005 géifen d’Sozialtransferten an d’Ausland d’Barrière vun 1 Milliard Euro iwwerschreiden an et misst ee sech dofir esou lues froen, ob d’Frontalieren net méi kaschte wéi se dem Staat bréngen. Ass dat net eng Afrostellung carrément vun eisem Modell vu Wirtschaftswuesstum?

Jean-Claude Juncker: Jo, och wa mer en a Fro stellen, hu mer nach keen anere fir a Plaz ze setzen, well ech weess net wéi mer eis Wirtschaft kënnten dréinen dinn an eisen Aarbechtsmaart funktionnéiere loossen, wa mer net déi vill Grenzgänger hätten, déi op Lëtzebuerg kommen. Ausserdeem mengen ech, dat hu jo aner Étuden och gewisen, déi sinn e bëssen a Vergiess geroden, datt déi Tatsaach, datt mer esouvill Grenzgänger hunn, déi all Dag op Lëtzebuerg kommen an ouni déi mer net géifen eens ginn, si si frou datt se kënne kommen, mä mir sollen och frou sinn, datt se iwwerhaapt bereet sinn ze kommen, datt se hei sinn, datt déi Frontalieren och enorm vill zu Lëtzebuerg consomméieren an déi loossen, fir dat emol salopp auszedrécken, vill hei hänken. Déi maachen de Portemonnaie jo net mueres zou wa se iwwert d’Grenz fueren an erëm réischt op wa se d’Land verloossen. Déi consomméieren och hei vill op der Plaz, mä dat ass och net de Punkt. De Punkt ass, datt mer effektiv ee wuessenden Undeel vun eise Sozialtransferten an d’Ausland bréngen, wat awer een normale Virgang ass, wann een esou laang, esou vill Grenzgänger, notamment hei zu Lëtzebuerg beschäftegt huet. Ech hunn dat ronderëm de Rentendësch schonn e puermol thematiséiert gehat, datt ee ganz gutt muss oppasse wat ee mécht, well enorm vill potentiell Kafkraaft sech dann awer an d’Ausland déplacéiert an net méi zu Konsumzwecker hei am Land feststeet. Woubäi ech muss soen, datt et mer awer relativ normal schéngt, wann ee Mënsch e Liewe laang zu Lëtzebuerg geschafft huet, datt en awer déi selwecht Pensioun kritt wéi d’Lëtzebuerger, wann en eisen Aarbechtsmaart verlooss huet. Do stëcht keen Aspuerungspotenzial dran.

Tom Graas: De Laurent Mosar hat den Ausdrock vum Cercle vicieux gebraucht, ass dat dann, kann een et op déi dote Fassong duerstellen?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net ob dat ee Cercle vicieux ass, mä souwisou maachen d’Gëftkreeser de Lëtzebuerger net vill Angscht. Wa mer ëmmer méi héich Pensiounen hunn, musse mer och ëmmer méi Cotisatioune bezuelen, muss de Staat ëmmer méi  bezuelen, musse mer ëmmer méi wuessen, kréie mer ëmmer méi Leit, brauche mer ëmmer méi Schoulen, ëmmer méi Stroossen, ëmmer méi Altersheimer. Dat huet jo scheinbar ni engem Angscht gemaach, wann ech dat richteg matkritt hunn.

Marc Linster: De Laurent Mosar huet iwwregens och betount, am Fall wou et en entspriechend Uerteel géif ginn, misst een och d’Leeschtunge vun der Mammerent exportéieren. Kënne mer eis dee Luxus dann iwwerhaapt leeschten?

Jean-Claude Juncker: Jo, firwat wier dat méi Luxus wéi den Export vun anere Leeschtungen?

Marc Linster: Et gi scho Leit déi soen, d’Mammerent  wier e Luxus an e Gadget.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä ech waarden op déi Motioun an der Chamber, datt se soll ofgeschaf ginn. Ech ënnerschreiwen se net, ech huelen se och net un, mä wann eng Majoritéit esou kënnt, dat wier interessant fir d’Bénéficiairë vun der Mammerent ze wëssen. Well et ronderëm déi Diskussioun, an déi ech mech jo net méi gemëscht hunn zanter e puer Méint, mä ech kommen awer nach erëm, mëscht sech jo eigentlech d’Iwwerzeegung vu villen an, datt déi Leit, déi elo eng minimal Unerkennung kréie fir eng netbezuelten Liewensaarbechtskraaft déi se opbruecht hunn, datt dat net néideg war. Dat ass eng arkaesch, almoudesch Opfaassung vun der Aarbecht, fir nëmmen ze mengen, nëmmen déi Aarbecht déi bezuelt gëtt, déi dierft zu enger Unerkennung am Alter féieren. Mä et huet een ëmmer géint d’Kräfte vun der Vergaangenheet ze  kämpfen, wann een nei Saache mécht.

Tom Graas: Zanter de Koalitiounsverhandlungen heescht et carrément, et wier een Diktat vum Jean-Claude Juncker, datt d’Mammerent misst...

Jean-Claude Juncker: stellt Iech emol vir, ech wier nëmme Staatsminister ginn an net och nach Finanzminister. Da géife se soen, dee sëtzt do an e seet, du mëss dat an du mëss dat, sou geet dat, Diktat.

Tom Graas: Also ech war awer um Diktat stoe bliwwen...

Jean-Claude Juncker: Ech hunn Iech gestoppt direkt.

Tom Graas: Et wier also een Diktat vum Staatsminister, datt d’Mammerent sollt iwwert d’Pensiounskeese finanzéiert ginn. Heiansdo huet een d’Impressioun, Dir stéingt ganz alleng do, keen anere wéilt eppes dovunner wëssen. Hutt Dir Iech dann ieren do an eppes verrannt, Här Staatsminister?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn et gewinnt, wann et e bësse komplizéiert gëtt, meeschtens alleng do ze stoen an ech sinn et och gewinnt, wann ech eng fest Absicht hunn, déi ech begrënne kann, fir da mat deenen, déi se net deelen, sou laang ze diskutéieren, bis een eng Eenegung fonnt huet. Ech ka jo net alleng hei am Land decidéieren. Dat ass och iwwregens gutt, datt ech net alleng kann decidéieren. Doriwwer gëtt geschwat mat de Gewerkschaften a mat aneren an da kucke mer, wéi mer déi Fro do klären.

Marc Linster: Sidd Dir da prett nozeginn?

Jean-Claude Juncker: Mä et gëtt ëmmer an Termë raisonnéiert, déi ech net sou ganz gär hunn. Et ass jo net esou, datt ech mech duerchsetzen, dann hunn all déi aner noginn oder wa mer ee Kompromis fannen, hunn ech noginn. Sou analyséieren ech d’demokratescht Grondgeschäft net. D’Demokratie lieft och dovun, datt ee gemeinsam Léisunge sicht, net iergendwelch Léisunge fir eng gemeinsam Léisung ze hunn, mä datt ee bei der Entzündung vun enger Debatt ronderëm eng Fro, déi Fro  an aner Froen nach, déi sech dann an deem Zesummenhang stellen, an engem gemeinsamen Effort ugeet, fir eng Léisung ze fannen.

Tom Graas: D’nächst Joer gëtt hei zu Lëtzebuerg mat 4 bis souguer 4,5 Prozent Wirtschaftswuesstum gerechent, si mer domadder nees endgülteg iwwert de Bierg?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt mer jemols eng Kéier erëm wäerten endgülteg iwwert de Bierg sinn, well mir waren nach ni endgülteg iwwert de Bierg. Wann Dir mol meng Rieden noliest, wat ech Iech ka recommandéieren, heiansdo, net ëmmer, da gesidd Dir, datt ech an den 1990er Joren ëmmer gesot hunn, loosse mer eis net un déi héich Wuesstumsspréng zu Lëtzebuerg gewinnen, dat ka ganz séier eriwwer sinn. Ech hunn an den 90er Joren, ëmmer mat Hiwäis op d’1960er Jore gewarnt a gesot, kuckt emol an de 60er Jore si mer méi lues gewuess wéi eis Noperen, mir haten och méi grouss Budgetsdefiziter wéi Däitschland a wéi Frankräich an esouguer wéi d’Belsch an dat ka ganz séier erëm geschéien, wann europäesch Wirtschaft sech an déi falsch Richtung entwéckelt. Dann ass mer jo ëmmer gesot ginn, ech géif Schwarzmalerei maachen, ech géif de Sozialofbau préprogramméieren, ech géif de Leit näischt vergonnen, et soll de Leit schlecht goen. All deen Thater, deen ech mer do ëmmer muss unhéieren, wann ee sérieux iwwert d’Problemer vum Land schwätzt. Elo si mer jo an engem Joer ganz drastesch gefall,  vun 2000 op 2001 an zanterhir gi mer erëm konsequent an d’Lut, fir vläit erëm Wuesstumsniveauen z’ereechen, déi awer net konstant an durabel da wäerte sinn, vun 3,5, 4%, wat am europäesche Verglach jo schonn eng enorm Performance wier a wann et zu esou Situatioune kënnt, da solle mer dat, wat mer da méi verdingen, erëm op d’Säit leeën, fir datt mer et hunn, wann et erëm eng Kéier méi lues geet. Ech ginn ne midd déi konservativ reaktionär Finanzpolitik ëmmer erëm frësch ze begrënnen.

Tom Graas: Wéivill Prozent bräichte mer da fir de Chômage wierklech probéieren an de Grëff ze kréien?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt gesot, mir bräichte 5% Wirtschaftswuesstum d’Joer fir de Chômage an de Grëff ze kréien. Ech weess net ob dat stëmmt, ech mengen, datt empiresch Erfahrung net erugezu ka ginn, fir dat ze beleeën, mä Tatsaach ass, datt trotz Wirtschaftswuesstum an trotz enger relativ héiger Nettoschafung vun Aarbechtsplazen, kuckt Iech dat emol un, am Joer 2004 wat do am gaang ass um Aarbechtsmaart ze geschéien, de Chômage nëmme marginal résorbéiert gëtt, sou datt déi Virstellung, Chômage kéint een nëmmen duerch ee mëttelméissegt gutt Wirtschaftswuesstum begradegen eng falsch ass, grad esou wéi et falsch wier ze mengen, nëmme mat aktiver Beschäftegungspolitik an abzëns vu Wirtschafts-wuesstum géif een d’Situatioun um Aarbechtsmaart an de Grëff kréien. Mir brauchen déi zwee Elementer.

Tom Graas: Voilà, Här Staatsminister, mir sinn um Enn vun eisem Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Et ass dëst Joer séier gaang.

Tom Graas: Villmols Merci a virun allem, mir wënschen Iech dann och da ganz vill Gléck a ganz vill Geschéck fir dat Joer 2005.

Jean-Claude Juncker: Ech wënschen och Iech, alle Leit déi eis nokucken, fir dat Joer wat kënnt, wat emol einfach a mol schwiereg wäert ginn, an der Gestaltungskraaft vun hirem individuellen Ëmfeld eng glécklech Hand. Ech hoffen, datt et eis als Land, als Natioun, zesumme mat deenen déi bei eis wunnen, gutt geet am Joer 2005 an ech géif och gären dës Geleeënheet notzen, fir dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse an hire Kanner, déi eis jo no banne Rou ginn an no baussen duerstellen, all Guddes ze wënsche fir d’Joer 2005.

Et puis à ceux qui m’écoutent au-delà de nos frontières, je voudrais dire que l’année 2005 sera une année où le Luxembourg essaiera de se montrer à la hauteur et de continuer l’œuvre de solidarité vers l’extérieur qui fut toujours la sienne. Bonne année.

Dernière mise à jour