Le ministre délégué aux Affaires étrangères Nicolas Schmit au sujet du raz de marée en Asie

Eric Ewald: Um Telefon sinn ech elo verbonnen mam déléguéierten Ausseminister Nicolas Schmit fir iwwert déi neist Evolutioun an där Saach ze diskutéieren. Gudde Moien, Här Schmit.

Nicolas Schmit: Gudde Moien.

Eric Ewald: Gëtt et an dëse Minutten elo vun Ärer Säit nei Nouvellen, ënnert anerem iwwert déi Lëtzebuerger, déi an der Kriseregioun vermësst sinn?

Nicolas Schmit: Nee, nei Nouvellë gëtt et net. Ech mengen, Dir hutt déi Chiffren elo genannt, déi sinn och nach de Moien leider richteg, wann ech dat esou därf soen.

Eric Ewald: Dir sidd a permanentem Kontakt mat deene fënnef Lëtzebuerger déi de Moment an Thailand eben Informatiounen iwwert eis Landsleit sammelen. Wéi schwéier ass hir Aarbecht?

Nicolas Schmit: Et ass eng extrem schwéier Aarbecht, obwuel d'Collaboratioun mat den thailänneschen Autoritéite gutt ass, datt och d'Organisatioun dohanne relativ gutt ass et trotz allem eng extrem schwiereg Aarbecht, wëll natierlech d'Leit verspreet sinn, si si verspreet a Spidoler, si si natierlech och verspreet wann et sech ëm Leit handelt déi ëmkomm sinn. Dat ass wierklech eng Aarbecht déi um Terrain och eng grouss Belaaschtung fir déi duerstellt déi déi mussen ausféieren.

Eric Ewald: An et gëtt och nach ëmmer weider awer mat deenen Ambassaden aus Nopeschlänner cooperéiert wou mir eben net vertruede sinn?

Nicolas Schmit: Jo, wou ech méi optimistesch sinn. Ech muss soen Sri Lanka hunn ech net d'Impressioun, datt do Lëtzebuerger zu Schued komm sinn. Et kann een natierlech ni dat definitiv soen, mä dat schéngt mir awer de Fall ze sinn. Dat nämlecht gëllt fir d'Malediven a fir Indonesien.

Eric Ewald: De franséische Staatssekretär am Ausseministère Hernault Muselier sot gëschter Owend déi vermësste Fransousen, et sinn der wuel honnert, géife wuel net erëm kommen et sief et géif ee Wonner geschéien. Musse mir och u Wonner gleewen?

Nicolas Schmit: Ech mengen et soll een ëmmer e bëssen u Wonner gleewen. Ech mengen wann Dir d'Chiffren kuckt, mir sinn vun an déi véierzeg - et waren der heiansdo esouguer nach méi - op elo grosso modo 16, bon zwëschen 23 a 16 Leit, komm, wou mir bis elo keng Nouvellen hunn. Ech hunn ëmmer gesot dat si Leit déi mir net localiséiert hunn. Lues a lues géif ech soen, spillt natierlech d'Zäit géint eis. All Stonn wou Leit net localiséiert ginn, léisst natierlech d'Probabilitéit méi grouss ginn, datt et sech och ëm vermësste Leit handelt. Mä mir wäerten haut weider sichen fir ze kucken wou deen een oder deen aneren ass, mä ech kann natierlech net méi an dëser Stonn ausschléissen, datt et sech och bei Lëtzebuerger ëm vermësste Leit handelt a Leit wou et natierlech ganz schwiereg gëtt, datt se iergendwou nach liewen.

Eric Ewald: Lescht Fro un Iech Här Schmit. Natierlech wäerten déi Evénementer och elo den Ufank vun der Lëtzebuerger EU-Présidence mat dominéieren?

Nicolas Schmit: Jo, ech mengen d'Kontakter déi si schon déck amgaang. Dir wësst jo, datt den Här Balkenende deen nach President vum Conseil Européen ass de Mëtten zu Lëtzebuerg ass fir och hei, ech géif soen, ee Passage des Pouvoirs ze maachen mat der Lëtzebuerger Présidence, an ze kucken wat d'Europäesch Unioun soll maachen. Gëschter Owend hat och den Här Asselborn Kontakt mam Här Powell fir hei ze kucken wéi d'Europäesch Unioun mat Amerika soll zesumme schaffen. Mir halen och ganz staark natierlech op de Rôle wat d'Coordinatioun vun deenen Hëllefsmoossnaamen ubelaangt an deene verschiddene Länner vun der UNO. Hei ass och ee ganz wichtegen Punkt. A mir sinn natierlech elo am Gaang ze kucken, wat fir aner Initiativen sech imposéieren. Et gëtt jo eng ganz Rei Iddien déi lancéiert gi sinn, notamment wat d'Schold vun deene Länner ubetrefft, fir eben hei entweder déi Schold emol anzefréieren oder eventuell esouguer een Deel vun der Schold nozeloossen. Dat sinn also lauter Punkten déi elo an der Lëtzebuerger Présidence mussen diskutéiert ginn.

Eric Ewald: Här Schmit, Merci fir dës Explicatiounen elo an hoffe mir, datt villäicht nach gutt Nouvellë kommen.

Nicolas Schmit: Merci.

Dernière mise à jour