Le ministre de la Santé Mars Di Bartolomeo au sujet du raz de marée en Asie du Sud-Est

Mariette Zenners: A bei mir am Studio begréissen ech elo de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Gudden Owend.

Mars Di Bartolomeo: Gudden Owend.

Mariette Zenners: Dir sidd just zréck vu Genève. Dir wart do bei der Weltgesond-heetsorganisatioun, déi sech jo méi ëm de medezineschen an och sanitären, hygienesche Volet vun der ganzer Katastrophe këmmert. Wat elo an de leschten Deeg gefaart gouf, schéngt e bëssen anzetreffen, virun allem an Indien. Dat heescht d'Epidémien. Wat gëtt et do vun Nouvellen?

Mars Di Bartolomeo: Et ass am Moment net dramatesch nach. Déi éischt Fäll vun Duerchfall trieden op, wat drop hiweist, datt d'Sanitärbedingungen prekär sinn, schlecht Waasser an d'Weltgesondheetsorganisatioun ass am Gaang hir Fréimeldesystemer op d'Plaz ze setzen fir kënnen jidderzäit ze reagéieren wann et zu méi seriösen Ausbrëch vu Krankheete kënnt. Si si gutt op der Plaz implantéiert an am Moment ass et kee Grond fir Panik ze maachen, mä et ass ganz seriös, wëll och wann elo Touristen aus dem Land sinn - Gott sei Dank esou vill wéi méiglech an et ass berouegend och gewuer ze ginn, datt vu Lëtzebuerger Säit déi Chiffre ganz seriös erofgaang sinn. Et bleiwe fënnef Millioune Leit an deem Gebitt déi akut gefäerd sinn, ënner ganz prekäre Situatiounen.

Mariette Zenners: Wou ass dann d'Situatioun wierklech am Schlëmmsten a wat gëtt am Néidegste gebraucht op der Plaz?

Mars Di Bartolomeo: Also am Prekärsten ass d'Situatioun am Sri Lanka an an Indonesien. Et gëtt enorm gehollef am Moment. Et komme wahnsënneg Mëttelen zesummen, esouwuel vun de Länner. Europa stellt 150 Milliounen Euro zur Verfügung,  202 Milliounen Dollar. All déi aner Kommunautéiten hale matt. Et gëtt also extrem vill gehollef. Wichteg ass elo, datt richteg gehollef gëtt an dat war elo och de Sënn vun där Rees déi mir op Genève gemaach hunn bei d'Weltgesond-heetsorganisatioun, bei d'internationalt Rout Kräiz. D'Lëtzebuerger Präsidentschaft wëll eng koordinativ Roll iwwerhuelen. Mir mengen, datt dat absolut Wichtegst wat et elo gëtt, dat ass d'Koordinatioun. Et gëtt eng Koalitioun géint d'Affer vun där Katastrophe an et däerf net a verschidde Richtunge gezu ginn.

Mariette Zenners: Wéi gëtt dat dann elo organiséiert? Wéi gesot, Lëtzebuerg iwwerhëlt mat der Présidence d'Koordinatioun op europäeschem Niveau, mä Dir schafft jo awer wahrscheinlech mat Organisatiounen wéi der UNO zesummen. Wien iwwerhëlt do de Kommando souzesoen?

Mars Di Bartolomeo: Bei där Réunioun, déi mir gëschter op Regierungsniveau haten, ass ganz kloer gesot ginn, datt mir eis virstellen, datt d'UNO hir Servicer, hir Organisatiounen dat solle maachen. Déi sinn sur place, déi hunn Erfahrung. Si wëssen och wat fir eng Feeler net méi solle gemaach ginn, wëll déi Feeler schonn alleguer eng Kéier gemaach gi sinn. A mir stellen eis an den Déngscht vun deenen Organisatiounen. D'Europäer an der Linn elo, d'Coopératiounsministere wou mengen ech et och ganz gutt ass, datt de Jean-Louis Schiltz an de Commissaire Louis Michel sech e Bild maachen op der Plaz. Dat ass déi éischt Phase, déi dringendst Saachen, de Leit déi elementarst Saache bréngen. An da kënnt déi zweet Phase, déi ass elo am Gaang ze kommen, dat ass do wou seriös sanitär Problemer an aarme Regiounen optrieden, déi souwisou am sanitäre Beräich scho schwaach waren a wou nach vill, vill méi geschwächt gi sinn elo duerch déi Katastrof. An do muss déi zweet Linn opgebaut ginn. Mir hunn e ganz klore Message kritt vun der Weltgesondheetsorganisatioun: Geld spenden, viru Material spenden. Jiddefalls net coordinéiert Material spenden. Geld spenden gëtt hinnen déi noutwënneg Flexibilitéit, fir dat ze beschafen wat se dréngend brauchen. An dat, wat een elo scho ka soen, dat ass, datt déi Opbauaarbecht an déi Phase wou mir gefuerdert bleiwen net no e puer Wochen ophällt mä, datt dat do eng Saach gëtt, déi iwwer laang Zäit weider gefouert gëtt.

Mariette Zenners: Dat wäert also och d'Lëtzebuerger Présidence an de nächste Méint nach beschäftegen. Dat ass e Surplus un Aarbecht mat där net gerechent gi war. Si mir där Aufgab gewuess?

Mars Di Bartolomeo: Et ass esou. Ech menge mir wollten ee staarkt Signal ginn duerch déi Aktivitéiten, déi mir elo direkt den éischten Dag vun eiser Présidence iwwerholl hunn. Mir wollte soe, mir stinn fir d’Coordinatioun vun alle Länner. Wëll dat Schlëmmst ass wann elo wéinst der eegener Visibilitéit déi Länner virun de Won rennen an net d'Hëllef an de Virdergrond stellen, mä déi eege Visibilitéit. Dat heescht, mir maachen eis staark um europäesche Plang, zwëschent deene verschiddene betraffene Ministeren - Coopératioun a Gesondheet a mir wäerten dofir suergen, datt Europa mat enger Stëmm schwätzt an datt Europa mat de Partner wou d'Amerikaner an anerer doudsécher Partner sinn, sech zësumme fanne fir dat zësummen unzegoen. Ech wëll just soen, datt et beandrockend ass an datt dat och zu Genève zur Kenntnis geholl ginn ass wat vun Hëllef komm ass. Éischtens vu Lëtzebuerg an awer och vun de Leit dobaussen, mä et gëtt awer nach ganz ganz ganz vill gebraucht. Wéi gesot, et sinn fënnef Millioune Leit déi akut gefäerd sinn an déi elo coordinéiert Hëllef brauchen.

Mariette Zenners: Fir Spenden gi mir och méi spéit nach déi néideg Konten duerch. Ech soen Iech elo mol Merci fir elo, Här Minister, a Muer nom ausseruerdentleche Regierungsrot wäerte mir och nach weider Informatioune kréie, wat d'Lëtzebuerger Regierung plangt. Merci fir elo.

Mars Di Bartolomeo: Merci och.

Dernière mise à jour