Le ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire Jean-Louis Schiltz au sujet de sa visite dans les régions sinistrées en Asie

Max Lemmer: De Jean-Louis Schiltz ass an der Kriseregioun an ass virun e puer Stonnen zu Phuket an Thailand ukomm, wou en ënnert anerem am internationale Krisenzentrum war. Un de Minister war et déi éischte Fro, ob en nach Hoffnung fir déi zwou vermësste Lëtzebuergerinne gesäit.

Jean-Louis Schiltz: Ech hu mer selwer e Bild vun der Situatioun sur place gemaach. Ech mengen ech muss soen, datt eis Équipe a schwieregste Konditiounen eng exzellent Aarbecht gemaach huet. Wat déi zwou Persounen ubelaangt, déi mer nach net fonnt hunn, hu mer eng ganz Rei Informatiounen do gelooss, mir hunn Donnéeën do gelooss. Mir wäerten och nach aner Donnéeë vu Lëtzebuerg erausschécken, notamment DNA. Meng Équipe déi kënnt elo zu engem groussen Deel heem haut a mir loossen awer eng Persoun hei fir de Suivi ze maachen, wat déi zwou lëtzebuerger Persounen ubelaangt, mä awer och fir an d’EU-Équipe z’intégréieren, wou Lëtzebuerg dann och säi Bätrag leescht, fir och do wou mir Kompetenzen hunn an dat ass eben um Suivi psychologique, och anere Länner eis Kompetenzen zur Verfügung stellen, op EU-Niveau, ech mengen dat ass dat manst wat mer kënne maachen als Présidence.

Max Lemmer: Dir kommt vu Sri Lanka, sidd elo an Thailand, konnt Iech also schonn ee Bild vun der ganzer Situatioun maachen. D’Sich no Iwwerliewenden ass de Moment schonn op verschiddene Plaze komplett agestallt ginn. Déi iewescht Prioritéit ass elo fir déi zengdausende Leit, déi am Besoin sinn, mat propperem Waasser, Iessen a Medikamenter ze versuergen. Wou leien do de Moment dann déi gréisste Problemer a wat fir eng Efforte kann d’EU, respektiv déi lëtzebuerger EU-Présidence do nach maachen, fir esou séier wéi méiglech do ze hëllefen?

Jean-Louis Schiltz: Also mir waren effektiv gëschter a Sri Lanka, mir ginn muer an Indonesien op Aceh, wat am noste beim Epizentrum ass. An Indonesie fanne mer ee Bild vu massiver Zerstéierung. Wann een dat mat eegenen A gesäit, dat ass mat näischt ze vergläichen oder mat deene Biller déi een op der Télé gesäit. De Schock deen ass massiv méi grouss. Mir hunn den Autoritéiten, ënnert anerem dem President, mat der Presidentin vill méi mat däer ech eng Entrevue hat, de Soutien vun der EU assuréiert. De Moment coordinéiert d’Regierung de Plang, den humanitaire Plang zesumme mat den internationalen Organisatiounen. Et ass sécherlech ee Risque vun Epedimien do, deen de Moment awer, wéi et ausgesäit, ënner Kontroll ze si schéngt. Mä do musse mer extrem vigilent bleiwen, well dat ka vun engem Moment op deen aneren änneren an d’Regierung ass och déterminéiert extrem séier op déi zweet Phase eriwwer ze goen, fir d’Reconstructioun an Ugrëff ze huelen.

Max Lemmer: Ech mengen et war de Bëschof Lehmann, dee gefuerdert hat, hei an dësem Zesummenhang mat der fierchterleccher Katastrof, deen eng sozial Globaliséieriung gefuerdert hat. Wat kéint ee villäicht, wann een elo déi enorm Hëllefsbereetschaft international gesäit, souwuel vun de Reigerunge wéi och vun Organismen, Privatleit an esou virun, wat kéint een do villäicht als Léier oder als Hoffnung fir d’Zukunft dorauser zéien?

Jean-Louis Schiltz: Sécherlech ass et richteg, datt d’Globaliséierung muss e mënschlecht Bild och hunn, de Mënsch deen dierf doran net vergiess ginn. Richteg ass och, datt d’Globaliséierung sozial muss gesteiert ginn, dat ass näischt Neies, mä dat gesi mer awer haut méi wéi je. Méi wéi je kréie mer virun A gefouert, datt dat néideg ass a méi wéi je, mengen ech, hätte mer Opportunitéite fir do Saache festzesetzen, fir effektiv dee Partenariat mondial, vun deem mer säit Jore schwätzen, effektiv op d’Féiss ze kréien. Eng besser Kollaboratioun tëscht dem Norden an dem Süden, méi eng soutenéiert Kollaboratioun an domat besser Liewenskonditioune fir all Mënsch. D’Welt ass net an zwee gedeelt, d’Welt ass nëmmen eng an dat mengen ech, musse mer verstoen.

Dernière mise à jour