Le ministre de la Santé Mars Di Bartolomeo au sujet du risque d'épidémies dans les régions touchées par le raz de marée

Jean-Claude Wolff: Op Neijooschdag wor de Mars Di Bartolomeo am Optrag vun der Lëtzebuerger EU-Présidence zu Genf beim internationale Roude Kräiz. An och bei der Weltgesondheetsorganisatioun, der OMS, fir do d'Zësummenaarbecht mat der EU ze koordinéieren. D'Haaptzil vun der Weltgesondheetsorganisatioun ass et, den Ausbroch vun Epidemien an de sinistréierte Gebidder ze verhënneren. Bis elo huet een nach näischt Konkretes vun Epidemien héieren. Wéi akut ass d'Gefor? De Mars Di Bartolomeo.

Mars Di Bartolomeo: Also d'Gefor ass ganz reell. Et ass eng grouss Gefor fir Epidemien, well d'Ëmfeld eben dofir net ongënschteg ass. De leschte Kontakt deen ech mam Kriseresponsabele vun der OMS hat, dee war gëschter Nomëtten an den Här Nabarro huet mir gesot, datt de Moment keng Epidemien ausgebrach sinn an datt si hire Fréiwarnsystem fir d'Meldung vun deene Fäll déi kënnen optrieden, datt déi esou gutt wéi en place sinn.

Jean-Claude Wolff: Wat fir Mesurë mussen dann elo geholl gi fir den Ausbroch vun Epidemien ze verhënneren?

Mars Di Bartolomeo: Wa mir et wëlle verhënneren, datt et zu dem Ausbroch kënnt, gëtt et e puer Äntwerten. Éischtens, séier qualitativt gutt Drénkwaasser. Zweetens, déi Gesondheetsstrukturen, déi usaazweis an deene schlëmmstgetraffene Regiounen nach ëmmer bestinn, erëm opbauen, ergänzen. An drëttens, cibléiert Hëllef op d'Plaz kréien, dat heescht eng gutt Logistik, dat ass dat Wichtegst. U Geld feelt et elo am Moment net duerch déi beispillhaft Solidaritéitsaktioun. Mir mussen elo mat der Koordinatioun oppassen, datt efficace déi Hëllefen och op d'Plaz kommen.  

Jean-Claude Wolff: Dat wier nëmme méiglech wann een eng eenzeg Koordinatioun huet; an den Ae vum Mars Di Bartolomeo ass dat vun der UNO, der OMS, zësumme mat den ONGen a mam Roude Kräiz. D'Länner däerfte keng Surenchère maache fir sech selwer an Evidenz ze stellen. A géing et drëms goe fir eng efficace Hëllef ze maachen an dat kéint een nëmmen zësumme mat der beschtméiglecher Koordinatioun maachen, esou de Mars Di Bartolomeo.

Dernière mise à jour