Le ministre de la Coopération Jean-Louis Schiltz au sujet de l'aide internationale suite à la catastrophe naturelle en Asie

Carole Schimmer: An enger éischter Phase gëllt et d'Aide d'Urgence anzeleeden an d'Koordinatioun vun der Hëllef ze verbesseren. Verschidde Regioune wéi Aceh an Indonesien konnten nach net erreecht ginn. D'UNO fäert, datt Epidemië sech wäerten ausbreeden. Den UNO-Generalsekretär Kofi Annan huet a senger Ried ënnerstrach, datt et elo nach schwiereg ass den Ausmooss vun der Katastrof anzeschätzen. D'UNO brauch fir déi éischte Phase eng Milliard Dollar, esou de Kofi Annan. Wou leien haut déi gréissten Erausfuerderungen? De Kooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz deen zu Jakarta ass.

Jean-Louis Schiltz: Ech mengen et geet drëm fir d'éischt fir d'Kommunikatiounen an den Accès ze rétabléieren. Ob dat d'Telekommunikatioune sinn, wat wichteg ass fir ze communiquéieren wat wichteg ass fir ze koordinéieren. Et sinn zu Banda Aceh notamment Stroossen déi ganz zerstéiert ginn, déi dann och den Accès méi schwiereg maachen, zum Beispill d'Strooss laanscht d'Küst zwëschent deenen zwou Haaptstied vun der Insel besteet net méi. Wat d'Flughäfen ubelaangt mussen och Mesurë geholl ginn fir d'Capacitéiten eropzesetzen an dann natierlech och, muss dem Risiko vun Epidemien dee ganz reell ass, fir net ze soë grouss, entgéint gewierkt ginn.

Carole Schimmer: Déi betraffe Länner hunn och eng Evaluatioun vun de Schied gemaach. Mëtt Januar kéimen déi éischte Rapporte vu Sri Lanka. An Zwëschenzäit kann een dovunner ausgoen, datt d'Donateurslänner am ganze véier Milliarden Dollar Contributioune versprach hunn. Den aktuellen EU-Conseilspräsident Jean-Claude Juncker huet eng EU-Hëllef vun 1,5 Milliarden Euro oder zwou Milliarden Dollar versprach. De Jean-Louis Schiltz.

Jean-Louis Schiltz: Et muss och gekuckt ginn mat deene ville Contributioune déi elo kommen, wat fir eng Contributiounen dann an den humanitär ginn a wat fir eng op déi zweet Phase iwwerginn. Wat fir eng déi zweet Phase couvréiere vun der Rehabilitatioun a vun der Reconstructioun. De Moment ass d'Situatioun esou, datt um Terrain massiv geschafft gëtt. An eigentlech d'Situatioun esou grave ass op verschiddene Plazen, datt fir d'éischt emol no deem Néidegste gekuckt gëtt, an déi Froen do dann eréischt duerno gekläert ginn.

Carole Schimmer: Geschwat gëtt och iwwert ee Moratoire vun de Scholde vun de betraffene Länner, mä dat muss an der EU nach besprach ginn. Den EU-Kommissär Louis Michel hat ënnerstrach, datt et net zu engem Concours zwëschent den Natioune soll kommen, wéi et schéngt hunn d'USA décidéiert d'Koalitioun vun der Hëllef opzeléisen an der UNO déi ganz Ënnerstëtzung ze ginn. Wéi kann een dëst interprétéieren? De Jean-Louis Schiltz.

Jean-Louis Schiltz: D'UNO soll eng zentral Roll spillen. Ech menge mir hunn dat vun Ufank u gesot als Unioun. Ech hunn dat schonn an England dee vir d’Koordinatioun vum Volet humanitaire, ech mengen et war den 28. Dezember, an engem Telefonsgespréich gesot an et ass och elo sou, datt d'UNO d'voll Ënnerstëtzung vun de Vereenegte Staaten. Ech mengen d'international Kommunautéit huet erkannt, ganz séier, op een enormen Défit heirunner, datt mir deen nëmme geléist kréien, a séier geléist kréien an efficace geléist kréie, wa mir all zësumme stinn.

Carole Schimmer: D'Länner aus dem südostasiatesche Raum sinn sech och eens iwwert d'Schafe vun engem Frühwarnsystem wéi et e schonn am Pazifik gëtt. Domatter soll an Zukunft verhënnert ginn, datt esou eng Flutwell op en neits ouni Virwarnung d'Länner zerstéiert an d'Populatiounen ëmbréngt.

Dernière mise à jour