Le ministre de l'Intérieur et de l'Aménagement du territoire, Jean-Marie Halsdorf, au sujet de la contamination de l'eau potable

Frank Kuffer: Ier mer zur Erklärung vum eigentleche Problem kommen, dat hei: et war also eng Urgence, mä da musst Dir mir awer erklären, firwat et iwwer 6 Stonnen dauert, bis d’Leit informéiert ginn. Dir wosst et mueres ëm 11, d’Gemenge mëttes géint 3 an um 5 Auer goufen d’Leit eréischt iwwert de Radio informéiert an dobäi krute mir déi éischt Informatioune mol nach net vun offizieller Säit, mä aus dem Escher Spidol.

Jean-Marie Halsdorf: Et ass esou, datt et effektiv esou laang gedauert huet, bis mer dee Communiqué, bis mer deen erausginn hunn. Mä wësst Dir, an esou Situatiounen, do ass ee jo net drop virbereet an dat ass eng einmaleg Situatioun an deem Sënn bis elo gewiescht, hei zu Lëtzebuerg. An enger éischter Phase ass et emol drëm gaangen, fir am Fong geholl éischt Moossnahmen ze huelen an Dir hutt déi eng elo annoncéiert. Mir hunn de Chlor direkt eropgesat vun 0,2 op 0,5 an dat wäert een dann haut och a mar an deenen Uertschaften, wou esou Waasser benotzt gëtt, richen, well dee Chlor dee richt ee jo, an dat war dann eng éischt Préoccupatioun an dann ass et drëm gaang [gëtt ennerbrach]

Frank Kuffer: Wier et awer net méi wichteg gewiescht, fir d’Éischt emol de Leit ze soen, sou haalt elo mol op mat Waasser drenken an da kucke mer, datt mer d’Saach an d’Rei kréien?

Jean-Marie Halsdorf: Ech wollt dat elo erklären.

Frank Kuffer: Ah pardon.

Jean-Marie Halsdorf: Ech wollt dat elo erklären. An dann ass et drëm gaangen, dat war dat alleréischt emol, direkt eng Reaktioun, direkt um Terrain, an dann och doriwwer eraus eng Evaluatioun vun der Situatioun ze maachen an eng Evaluatioun vun esou enger Situatioun ze maachen, dat ass dat, wat zielt an dat ass och dat, wat direkt gemeet ginn ass, a wann een eng Evaluatioun mécht, da brauch een eng gewëssen Zäit fir ze gesinn, wéi grave ass d’Situatioun. Ass se minimalistesch, ass se maximalistesch? Et muss een einfach dat evaluéieren an dat huet eng gewëssen Zäit gedauert. Fir déi eng huet dat ze laang gedauert, fir déi aner net laang, also ass et an der Rei. An deem heite Fall sot Dir, et huet ze laang gedauert. Ech kann Iech just soen, um halwer 12 dohir si mir, eis Haaptleit am Ministère sinn déi domat informéiert ginn, ech d’ailleurs och, an um 2 Auer war de Krisestab zesummen, wann een dat däerf esou formuléieren.

Frank Kuffer: Mä wier et net besser gewiescht, et hätt een awer dann direkt gesot, drénkt elo mol kee Waasser méi an da wann alles an der Rei ass, dann ass jo nach kee Problem.

Jean-Marie Halsdorf: Wësst Dir, wann Dir do erausgitt an Dir sot direkt dat, drénkt emol kee Waasser, da stellen d’Leit direkt Froen an da muss een Äntwerten hunn op déi Froen. Also, ech hu léiwer e gudde preparéierten Dossier, wou ee weess, dat alles ze evaluéieren wat do war oder wat net war, wéi datt een einfach esou eppes seet. Well Dir hutt jo selwer gesi wéi d’Reaktioune waren. Bei verschiddene Leit ware se relativ, déi hu panikéiert, obschonn et a mengen Aen net esou ass an ech kann Iech soen, datt bis gëschter Owend 12 Auer, ass op där Hotline, déi mer opgeriicht hunn, hu sech am ganzen, no Aussoen, deen de Michel Feider, den Direkter vun der Protection civile, mer matgedeelt huet, 1 500 Leit gemellt. Do gesidd Dir e bëssen d’Ampleur. 500 Leit waren um 112 an 1 000 Leit waren op der Hotline-Nummer 49 77 12. Gutt, wéi eng Froe si gestallt ginn, an domat gesäit een e bëssen d’Problematik. Et sinn Dokteren, déi ugeruff hunn, et si Leit, déi gefrot hunn, kann ech mäin Espresso elo trotzdem drenke mat deem Waasser oder kann ech den Aquarium, meng Fësch wéi ass et domat. Also, all méiglech Froe sinn do komm. Et si Restauranten, déi ugeruff hunn. An do muss ee jo eng Äntwert hunn an déi kann een eréischt gi wann een deen Dossier gutt kennt a wann ee genau weess, wat gelaf ass, an dofir ass et besser, wann een an de Public geet, et ass ee gutt preparéiert, et seet een dat. Mir musse kucken, heiraus léiert een och, datt een déi nächste Kéier dee Protokoll nach méi serréiert mécht, zäitlech, do ginn ech Iech net onbedingt Onrecht. Mä ech wëll Iech awer och erklären, firwat datt dat méi laang gedauert huet.

Frank Kuffer: De Mann aus dem Escher Spidol, deen eis ugeruff hat an och de Responsable vun der SEBES huet vun engem Gasbrandbazillus geschwat, deen am Waasser wier. Mir hunn nogekuckt a fonnt, datt et ënnert anerem zu Infektioune kéint kommen, wou Gewebe zersat gëtt. Dat kléngt jo awer net gutt?

Jean-Marie Halsdorf: Da wësst Dir méi wéi ech oder dee Mann aus dem Escher Spidol, da weess dee méi wéi ech. Ech weess, datt eng ganz Herd vu Bakterien oder verschidde Bakterien, notamment déi Dir alleguerte kennt [inaudible] do fonnt ginn ass. Wësst Dir, do kann een net vill domat ufänken, well all déi Bakterien, do ass d’Wierkung, hänkt vun de Leit of déi se am Kierper hunn an och respektiv vun de Konzentratiounen dovun of. Dir hutt jo d’Konzentratioun, hutt Dir virdrun an den Noriichten um 7 Auer gesot, et waren 30 Unitéiten op 100 Milliliter. Wann an den Zäiten wéi elo, wou et reent, da si bis an esou Waasser, da si bis 500 oder 100 mol méi esou Unitéiten op 100 Milliliter, wann näischt traitéiert ginn ass. Hei ass jo virtraitéiert ginn, sou datt der nach 30 bliwwe sinn an natierlech ass do e gewësse Potenzial dran, datt ee kann eppes kréien, wéi Dir gesot hutt och virdrun, eng Gastroentérite oder de Mo wéi oder Krämp, sou Saachen, dat ass méiglech. Mä fir dann elo op ee Bakterie sech do ze spezifiéieren an ze soen, dee war dran, elo kënnt dat, dat wier total falsch. Well et ass ee Mélange an et ass jo dat selwecht an ech kann et och ganz gutt esou illustréieren, wéi ech et och gëschter Owend gesot hunn, et ass wéi wann Dir géift an de Stauséi schwamme goen an da géift Dir eng Schlupp Waasser an de Mond kréien an Dir géift déi ofschlécken. Do sinn déi eng Leit, déi kréien de Bauch wéi, déi aner kréien näischt an et ass nach manner konzentréiert, ech hunn Iech dat jo elo erkläert. Dofir fir dat elo op ee Bakterie do ze bréngen an ze soen, doduerch hätt een dat oder dat oder dat kënne kréien, dat wier, mengen ech eng schlecht Approche an [gëtt ennerbrach]

Frank Kuffer: Et war awer dee vun der SEBES, deen do vun deem Clostridium perfringens geschwat huet [gëtt ennerbrach]

Jean-Marie Halsdorf: De Clostridium ass dran, dat stëmmt, deen ass effektiv dran, dat stëmmt [gëtt ennerbrach]

Frank Kuffer: An dat ass genau dee Gasbrandbazillus.

Jean-Marie Halsdorf: Ech weess dat, also ech weess, wéi eng Zorten datt dra sinn, et sinn ee ganze Koup déi dra sinn, mä wann een hei mat Nimm hantéiert, ech mengen dat wier net ganz gutt, well da géife falsch Messagen do erausgoen. Et soll een déi Situatioun global kucken.

Frank Kuffer: Hutt Dir dann och mat Doktere geschwat? Wéi wäit kann dat da goen, besonnesch fir eler Leit oder kleng Kanner?

Jean-Marie Halsdorf: Also mir hunn, ech mengen et war jo een Dokter mat um Dësch, den Dokter Huberty aus dem Ministère de la Santé, dee soutz mat um Dësch an deen huet déi ganz Analyse gemeet a si huet och hir Kommentare gemaach. Si huet och gehollef mam Communiqué auszeschaffen. Iwwerhaapt, et war eng ganz gutt Zesummenaarbecht zwëschen dem Intérieur, der Protection civile, dem Wasserwirtschaftsamt an och dann dem Ministère de la Santé. De Mars Di Bartolomeo war ëmmer am Bild wat gelaf ass, a seng Vertriederin, den Dokter Huberty, dee jo Spezialist doranner ass an deene Saachen, ech mengen deen hëlt seng Responsabilitéit an dee weess vu wat e schwätzt an deen huet déi Situatioun esou evaluéiert wéi mir et och elo no bausse vermëttelt hunn, an ech mengen, si hätt Recht domadder.

Frank Kuffer: Mä wann ech elo haut an ee Restaurant ginn, an eng Schoulkantinn, ech hunn och elo mam Mann hei aus eiser Kantinn geschwat, déi wëssen net wéi se haut hir Zalot solle wäschen, wéi se sollen hirt Uebst wäschen, wéi se hir Zopp solle maachen. Ech ka jo awer net sécher sinn, wann ech iergendwou iesse ginn, datt dat do, datt dat mat Waasser aus enger Fläsch gewäsch gëtt.

Jean-Marie Halsdorf: Dat ass richteg. Dee potenzielle Risque ass do. Mä et muss een en ëmmer dohinner setzen wou en higehéiert. Mir gesinn haut um 6 Auer, den Här Lickes, den Direkter vum Laboratoire vum Wasserwirtschaftsamt, huet mer gesot, um 6 Auer. Do wieren, do sinn déi nächst Analysen, déi gëschter Owend geholl si ginn, déi sinn da prett an da muss ee kucken. Da maache mer och ee Communiqué, dann deele mer mat, wat do dran ass. Wann déi elo schonn negativ sinn, da gëtt d’Saach scho vill méi, dann ass d’Saach scho vill méi séier klasséiert, wéi ee vläicht, wéi mer dat alleguer gären hätten a wéi ech och hoffen, datt et geet. An da maache mer jo nach eng aner Analyse, déi mer da mar kréien an da si mer definitiv gerett, géif ech soen, mä et ass einfach ee Potenzial dran. Mir hunn eben ee Gesetz, ee Règlement grand-ducal, dee seet, ech hat et jo gëschter och gesot, vum Oktober 2002, dee seet, et mussen null, et ass null Toleranz, et mussen null Bakterien am Waasser sinn a wann eng dran ass, obschonn dat näischt mécht, well heiansdo huet ee jo och verschidde Gewässer wou Dir drénkt, déi bakteriell veronrengegt sinn. Dofir, et ass net, datt eng Bakterie au sens strict, datt dat eppes wär wat ee géif krank maachen. Et ass eng Situatioun, déi net däerft sinn, mä se ass awer net esou alarmant, datt een do krank gëtt. Et si Leit, déi mer gesot hunn, déi mer och ugeruff hunn, déi gesot hunn, ech hunn awer elo Waaser gedronk, ech spiere guer näischt. Et sinn anerer, déi hu gesot, ah elo weess ech, firwat datt ech gëschter de Bauch wéi hat. Dir wësst jo wéi d’Leit sinn. Dat ka sinn, datt et dovun ass, dat muss awer net dovu sinn an dat ass och schwéier z’evaluéieren.

Frank Kuffer: Vläicht nach ee Wuert zu deene 50 Gemengen, déi net betraff sinn, déi kréien hirt Waasser jo net vun der SEBES. Ass d’SEBES esou schlecht oder kucken déi aner net no hirem Waasser? Oder wéi kann ee sech dat erklären?

Jean-Marie Halsdorf: Dat ass eng interessant Fro, dat doten, an déi kann een nëmmen och mat Froe beäntwerten an deem Sënn, datt ech soen, déi 49 Gemengen, et waren der jo 39 an et sinn der 9 bäikomm, déi 48 Gemengen, déi elo net SEBES-Waasser geholl hunn, déi hire System hu fir de Leit Waasser zoukommen ze loossen. Ech weess, datt d’SEBES eng performant Struktur ass, déi wierklech eng Analyse mécht, all Dag Analysë maachen. Déi heiten Analyse, wou elo déi 6 Souchë gekuckt si ginn oder 6 Analysë gemeet si ginn a wou eng Souche dann ebe contaminéiert war, déi ass nëmmen eemol d’Woch gemaach. Do ass ee ganze Protokoll deen do existéiert, déi gëtt elo an Zukunft an dat steet an deem Protokoll gutt, dat ass elo eemol d’Woch gemeet ginn. Elo gëtt et méi oft gemeet [gëtt ennerbrach]

Frank Kuffer: All Dag mengen ech.

Jean-Marie Halsdorf: Bis déi ganz Situatioun sech nees geregelt huet an da gëtt et nees manner oft gemaach. Mä wat ech wëll soen, hei ass eng professionell Approche, hei gëtt all Dag ee Monitoring gemaach, wéi een dat nennt. Wéi déi aner Gemengen dat maachen, weess ech net am Detail. Dat misst een elo kucken, well do huet een och net, do weess ech elo net onbedingt, ob déi aner 49 Gemengen, wéi eng Aart a Weis déi hu fir de Waassermonitoring ze maachen, dat misst een emol eng Kéier analyséieren.

Frank Kuffer: Dat heescht, et kéint sinn, datt do d’Waasser besser ass, well et einfach guer net gekuckt gëtt?

Jean-Marie Halsdorf: Alles ass méiglech. Ech wëll elo hei net den Däiwel un d’Wand molen, mä ech weess just, datt hei, datt d’SEBES ganz professionell virgeet, datt dat wierklech gemeet gëtt an enger grousser Struktur, déi performant ass an och professionell ass. An ech si frou, am Fong geholl och, dat ass déi gutt Säit dovun, datt ee gesäit, datt de Monitoring fonctionnéiert. Dat heescht, Dir hutt ee Problem an direkt – bing – mierkt Dir en an direkt informéiert Dir déi eenzel Leit an ech mengen, an der Form huet dat ganz gutt fonctionnéiert. Um Fong och, just vläit e bësse laang. Dat ass deen eenzege Reproche, deen een, et musse een éierlech sinn, dat ass dat Eenzegt, wat ee kann do eventuell kritiséieren. Mä ech hunn Iech jo och erkläert firwat dat esou ass an ech hunn dann awer léiwer eng Stonn méi spéit an ech weess, ëm wat et geet am Detail, wéi ze fréi an da wësst Dir, wann dann eng Fro kënnt am Ufank an Dir sidd net prett an Dir kënnt net äntwerten, da gëtt dat vill méi schlëmm gemaach. Dofir, et ass besser, et ass ee gutt preparéiert an da kritt een dat besser an de Grëff.

Frank Kuffer: OK. Soe mer nach eng Kéier, datt d’Hotline 49 77 12 nach weider besteet. Här Minister Jean-Marie Halsdorf, merci datt Dir de Moie fir dës Explicatioune bei eis komm sidd.

Jean-Marie Halsdorf: Gär geschitt.

Dernière mise à jour