Le ministre de l'Économie, Jeannot Krecké, au sujet de la réforme du pacte de stabilité

Frank Goetz: Um Dësch haut a mar hei zu Bréissel läit ee konsensfähege Virschlag vun der Lëtzebuerger EU-Présidence. Deemno sollen déi streng Regelen am Ëmgang mat  den nationale Budgeten an ekonomesch schwaachen Zäiten méi large gehandhabt ginn. A gudden Zäiten dogéint, soll d’Budgetsdisziplin, wéi virgesinn, strikt agehale ginn. An domat kéinten da virop déi wirtschaftlech stäerkst europäesch Natiounen a méi schlechten Zäiten a wichteg Beräicher wéi Bildung a Fuerschung  investéieren, ouni mussen ze fäerte vu Bréissel e bloe Bréif ze kréien, well si déi 3% Neiverschëldung iwwerschratt hunn. Dës flexibel Handhabung vum Stabilitéitspakt  wär e grousse Schrëtt, dem eigentlechen Ziel méi no ze kommen, an zwar datt d’Europäesch Unioun an nächster Zukunft déi stäerkst wëssensbaséiert  Économie op der Welt gëtt.

Den europäesche Stabilitéitspakt soll also méi intelligent interpretéiert ginn, mä wéini kann een da schwätze vun normalen, schwaachen oder gudden ekonomeschen Zäiten? Här Krecké, ween decidéiert dann herno, datt et engem Land ekonomesch net esou gutt geet?

Jeannot Krecké: Ech mengen, et soll net einfach ee Mechanismus agebaut ginn, sondern et soll wierklech eng Evaluatioun kommen. Dat heescht, et soll een et aschätze kënnen an dat soll geschéien, selbstverständlech um Niveau vum Ecofin, dat heescht vum Conseil vun de Ministeren, déi eng gewëssen Aschätzung sollen dovunner maachen. Et soll virun allem kee Mechanismus ginn, net datt een einfach eng Arithmetik mécht an déi méi intelligent, wéi Dir sot, Interpretatioun vum Stabilitéitspakt soll ebe just drop baséieren, datt ee Saache soll aschätzen an net einfach eent plus eent zesummerechnen a soen, esou, et ass elo dat do oder et ass dat do.

Frank Goetz: Besteet net awer d’Gefor, datt herno méi d’Flexibilitéit zielt wéi d’Stabilitéit?

Jeannot Krecké: Mir wëlle méi eng intelligent Stabilitéit kréien. Et ass net normal, datt ee guer net a Considératioun zitt, wann e Land effektiv emol exzessiv Defiziter a senger Budgetspolitik huet, wéivill Schold, datt dat Land u sech huet. Dat ass wierklech net  onwesentlech. An dann huelt Dir e Besipill wéi Lëtzebuerg, et kann dach net egal sinn, wa mir ee Moment een Defizit hunn, wa mer op der anerer Säit esouvill Suen an eise Fongen hunn, déi einfach net a Considératioun gezu ginn, déi mir jo op d’Säit geluecht hunn, fir se herno erëm eng Kéier eranzebréngen. Da kann dat eis net als Defizit ugerechent ginn. Dat ass ee gutt Beispill fir ze weisen, wéi een eng méi intelligent Interpretatioun soll maachen, ouni datt een un de Prinzip vun deenen 3% Budgetsdefizit réckele geet an ouni datt een och réckele geet un déi 60%-Hürd, ënnert déi jiddweree soll kommen, wat seng Scholdelaascht ubelaangt.

Frank Goetz: Dat heescht, déi Konvergenzcritèren sollen och an Zukunft bäibehale ginn?

Jeannot Krecké: Sëcher, se sollen an Zukunft bäibehale ginn. Mä et soll an der Interpretatioun vun deem wat soll geschéien, vun der Aschätzung vun der Lag, vum mat a Considératioun zéie vu vläicht ganz spezielle Situatiounen, soll e bësse méi nuancéiert virgaange ginn.

Frank Goetz: Méi Flexibilitéit, bedeit dat och, wéi vun e puer Länner gefuerdert, datt ee ganz Dépenseberäicher, wéi zum Beispill Verdeedegungs- oder Fuerschungs-krediter aus der Budgetsiwwerpréifung einfach erausrechent?

Jeannot Krecké: Also Lëtzebuerg ass guer net der Meenung, datt een dat soll maaachen, dat heescht, datt een an dem Rechnungsmodus do ganz Deeler soll eraushuelen, well do kéim jiddweree mat engem gutt ënnermauerten Argument  fir en Deel bei him erauszerechnen. Dat kënne mer net ufänken, well herno lande mer dobäi, datt vläicht just nach d’Fonction publique nach op eemol am Budget ass. Duefir si mer der Meenung, dat soll drableiwen. Allerdéngs an der Aschätzung vun deem, wat soll geschéien, an der Aschätzung, wéi grave d’Situatioun vun deem engen a vun deem anere Land ass, do sollen déi Elementer kënne matspillen. Wann ee Land wierklech grouss strukturell Reformen am gaangen ass ze maachen, da muss dat an der Schätzung vun deem, wat als Konsequenz envisagéiert gëtt, muss dat kënne matspillen.

Frank Goetz: Vill Länner wäerte jo elo frou sinn, wann de Stabilitéitspakt e bëssen opgelockert gëtt. Bedeit dat dann och eng méi eng einfach Diskussioun allgemeng iwwert d’Finanzéierung vun der  EU, an deem Sënn, datt dës Länner vläicht op där anerer Säit, en Contrepartie, elo akzeptéieren, fir méi an d’EU-Keess anzebezuelen, wéi dat bis elo de Fall war an esou d’Finanzéierung eigentlech garantéieren?

Jeannot Krecké: Et ass sécher, datt déi zwou Démarchen e bësse matenaner verbonne sinn, ouni datt dat awer elo vun der Saach hir esou ass, mä et ass sëcher, politesch gesinn, datt wa mer emol Rou kréien an dat ass och einfach wichteg, fir och de Bierger matzedeelen, datt mer net permanent iwwert déi Fro vu Stabilitéit schwätzen, datt mer Rou kréien an deem Dossier a wann d’Leit emol gesi wou et higeet, datt se dann och vläicht méi liicht kënnen hir Zoustëmmung zu där enger oder anerer spezieller Bestëmmung um Niveau vun deem, wat an deenen nächste Jore soll u Finanzéierung vun der Europäescher Unioun lassgeäist ginn op deenen eenzelne Memberlänner.

Frank Goetz: Schielt sech da schonn ee Kompromëss eraus tëschent 1% an 1,24% vun den nationale Räichtumer?

Jeannot Krecké: Mir sinn am gaang ganz, ganz lues, mat ganz sachte Schrëtt eis entgéintzebewegen, mä sécherlech ass et nach vill ze vill fréi fir ze soen, mir kommen zu enger Eenegung. Mir hunn dat jo envisagéiert, och eréischt fir de Juni. Ech menge bis dohin ass nach ganz vill Opklärung a ganz vill Diskussiounen, ganz vill Verhandlungen noutwenneg, fir zu engem Accord ze kommen. Ech géing soen, mir bewegen eis dorophin zou, mä mir sinn nach relativ wäit ewech.

Frank Goetz: Jeannot Krecké, villmols Merci.

Jeannot Krecké: Merci och.

Dernière mise à jour