Le ministre des Affaires extérieures et président du Conseil de l'UE, Jean Asselborn, au sujet de sa visite au Proche-Orient

Monique Kater: Här Asselborn, Granatenugrëff, Rakéitenugrëff, Attentater, huet een Angscht wann een dohannen ass?

Jean Asselborn: Also, wann een vun Tel Aviv iwwer Jerusalem an de Gaza-Sträife fiert, dofir brauch ee maximal 2 Stonnen, do kënnt een aus enger Welt, déi eiser gläicht, zu Tel Aviv, a méi eng orthodox, Jerusalem an da Gaza, dat ass d’drëtt, dat ass d’véiert Welt, do sinn zwou Kulturen déi openaner praffen, zwou Welten och déi openaner praffen, wéi selen op enger anerer Plaz op der Welt. Politesch Angscht huet een, datt deen dote Problem tëscht den Israelien an de Palästinenser, wann en net géif geléist ginn, datt dann d’Courbe vum Terrorismus op der Welt nach géif eropgoen, anstatt datt se gebrach géif ginn.

Monique Kater: Mir hunn de Leit nach net gesot, datt mer haut guer net live sinn, Dir fuert nämlech direkt virun an Amerika, de Flashback vun haut ass opgeholl, Dir kënnt also während der Sendung net méi matmaachen. Mä dofir ware mer an de leschten Deeg ënnerwee, fir Iech Är Meenung ze froen. Kann dëse Konflikt iwwerhaapt eng Kéier geléist ginn, gëtt et eng reel Chance op Fridden an der Regioun, dat wollte mer vun de Leit wëssen, an d’Äntwerten déi mer kruten, waren allgemeng pessimistesch.

[…]

Monique Kater: Wéi gesidd Dir dat dann? Ass Fridde méiglech?

Jean Asselborn: Also an Israel wëllen d’Leit virun allem Sécherheet hunn, a Palästina wëllen d’Leit virun allem Dignitéit hunn. Et gëtt an Israel keng Sécherheet, ouni datt d’Palästinenser Dignitéit kréien an et gëtt keng Dignitéit a Palästina, ouni datt d’Leit an Israel Sécherheet kréien. De Fridden ass dat wat kann déi zwou Säite virubréngen an dofir sinn ech trotzdem optimistesch. Elo wou eng nei Regierung an Israel do ass, déi zwar précaire nach ass vläicht an den nächste Méint, mä do ass de Wëllen do wierklech, a mengen Aen op jidde Fall, en neien Ufank ze maachen a virun allem, dat wat sech elo zougedroen huet, zanter dem Doud vum President Arafat, déi Transitioun, déi wierklech gutt eriwwerkomm ass, tëschent dem Doud an elo de Wale vum 9. Januar, wou een neie President gewielt ginn ass. Deen neie President huet eng aner Astellung wéi de President Arafat eng hat, an deem Sënn, datt hee viru 40 Joer matgehollef huet d’Fatah grënnen, mä ni op d’Violence gesat huet, se ëmmer ewechgewisen huet, ni op Terror gesat huet, fir weiderzekommen. An och no mengem Gespréich wat ech mat em hat, sinn ech iwwerzeegt, datt mir als Europäer och eng Missioun hu wierklech ze kucken, déi zwou Säiten erëm un en Dësch ze kréien an datt erëm iwwert dat geschwat gëtt, wat mer d’Feuille de route nennen, d’Roadmap nennen, fir op de Fridden hinzesteieren.

Monique Kater: Elo hutt Dir mer d’Stëchwuert am Fong ginn, dat ass dat grousst Ziel, datt béid Säiten erëm mateneen schwätzen, dat ass och eng vun de Prioritéite vun der Lëtzebuerger EU-Présidence. De Minister Asselborn, dee wéi gesot an deem Kontext dës Woch fir eng kuerz Visite an der Kriseregioun war, huet a senger Funktioun als EU-Conseilspresident am Numm vun der Unioun probéiert ze vermëttelen.

Reportage vum Sascha Georges:

Mam neie Palästinenser-President, Mahmud Abbas, oder Abu Mazen, wéi en zu senge PLO-Zäite genannt gouf, schéngt sech eng Geleeënheet ze bidden, fir den No-Ost-Friddensprozess ze relancéieren. Eng Wafferou mat den Extremisten, dat ass awer d’Conditioun, déi Israel stellt, fir sech iwwerhaapt mam neie Mann un der Spëtzt vun de Palästinenser-Autoritéiten un de Verhandlungsdësch ze setzen. Ma dëse schéngt och déi néideg Schrëtt ze entaméieren.

Jean Asselborn: En huet déi entscheedend Leit, och vum Hamas, zesummegeruff an en ass ganz optimistesch, datt een Accord méiglech ass, datt agesi gëtt, datt wierklech do eng Upak elo besteet, wou och vun hinnen aus hei agesi gëtt, datt een net kann op zwee Piedë trëppelen. Et kann een net prett si fir Negociatiounen ze féieren an op der anerer Säit nach ëmmer parallel da Violence gebrauchen. Déi Leit, déi dat maachen, dat sinn och d’Feinde vun der palästinensescher Autoritéit, esou wéi et och d’Feinde sinn, selbstverständlech an engem Sënn, vun Israel an dat si Leit, déi wëllen de Friddensprozess boykottéieren. Deen neie President, deen elo hei gewielt ass a Palästina, huet d’Autoritéit, d’Legitimatioun, en ass demokratesch dohinner gesat ginn, mat senger Regierung, fir kënnen dat ze iwwerwannen.

Sascha Georges: Nieft Gespréicher mat de radikale Gruppéierungen versicht den Abbas och d’Attacken op Israel direkt ze ënnerbannen, dofir ginn nees palästinensesch Sécherheetstruppen an d’Grenzgebidder vun der Gaza-Sträif geschéckt. Israel bleift awer skeptesch. Rezent Escalatioune vu Gewalt sabotéieren d’Efforte vun der palästinensescher Regierung an den israelesche Premier, Ariel Sharon, huet och net gezéckt fir op en Neits mat Militäroffensiven ze dréien. De Lëtzebuerger Ausseminister an EU-Conseilspresident wor op alle Fall zu engem ganz wichtegen Ament an der Kriseregioun, well d’Friddensbeméiunge sinn nach esou fragile, datt béid Konfliktparteien, Israelien a Palästinenser, zolidd ënner Drock stinn an et dowéinst wichteg ass, datt d’Europäesch Unioun hiren Intérêt un enger friddlecher Léisung fir dës Nopeschregioune vum erweiderten Europa verstäerkt weist.

Monique Kater: Firwat ass et dann esou wichteg fir Europa, datt dohanne Fridden ass? Dat kéint eis jo och am Endeffekt egal sinn?

Jean Asselborn: Nee, dat däerf eis jo net egal sinn, well eng Stonn Flug vun Tel Aviv ass een an Zypern, ass een an Europa. Elo mat der Erweiderung ass eigentlech den Noen Osten jo an eisem Backyard, wann ech esou däerf soen.

Ech mengen, Europa huet zwou wichteg Rollen ze spillen. Dat Éischt, ech hunn Iech am Ufank gesot, Sécherheet, denkt all Mënsch éischter un Amerika wéi un Europa. D’militäresch Capacitéitë vun Amerika sinn anerer wéi déi vun Europa. Dignitéit, denkt awer vläit jiddweree méi un Europa. An déi Dignitéit, wann ee kuckt am Gaza-Sträifen, ënner wat fir Conditiounen datt d’Leit do musse liewen. De Gaza-Sträifen, dat ass 40 Kilometer laang, 10 Kilometer breet, ongeféier 380 Quadratkilometer. Do wunnen 1,2 Millioune Leit. Do si 70% Aarbechtslosegkeet. Déi eenzeg Chance, déi een huet, fir do eng Aarbecht ze fannen, ass entweder wann ee fir d’Autoritéit schafft oder ee klenge Commerce huet. Een Drëttel vun deem Territoire an der Gaza gëtt vun de Siedler, vun den israelesche Siedler occupéiert. Een Drëttel vum Terrain. Do wunnen 8 000 Leit. Déi 8 000 Leit consomméiere 70% vun der ganzer Consommatioun vum Waasser am Gaza-Sträifen. Ech mengen, dat seet alles aus. Et muss een deene Leit do, déi eng Croissance och hunn, all Joer vun 3 bis 5%, dat heescht an 20 Joer ass déi Zuel verduebelt, wann näischt geschitt, et muss een en erëm eng Perspektiv ginn, eng economesch Perspektiv, eng sozial Perspektiv ginn, soss bleift dat Polferfaass bestoen.

Dofir eis Roll ass et, wa mer wierklech vun Dignitéit, vu Mënschlechkeet aus Europa wëllen dohinner exportéieren, datt mer dru gleewen, wierklech dru gleewen, datt et net duergeet fir sech als israelesch Regierung aus dem Gaza-Sträife fortzezéien, erauszegoen an dann datt de Chaos do entsteet, mä datt dat ee Stéck ass vun der Roadmap an datt mir Europäer, economesch gesinn, awer och wat d’Sécherheet ugeet, wat d’Reformen ugeet a Palästina, datt mer do mussen hëllefen. Net nëmmen alleng mat Geld, mä och eist Ugebued wat mer fir d’Capacitéiten u Reforme fäerdeg ze bréngen, dat musse mer oprecht erhalen.

Monique Kater: Mä datt d’Palästinenser op eis lauschteren, dat schéngt jo evident, mä wéi ass et da mat der israelescher Säit? Ass et do net, wéi Dir selwer sot, d’USA, déi de fin mot hunn?

Jean Asselborn: Nee, also d’Israelië wëssen och, wann een elo mol iwwert d’Joer erauskuckt, vläit an 10, 20 Joer, datt si net kënne weider op enger Insel liewen, wou all Länner ronderëm se, ausser Ägypten a Jordanien, eigentlech hir Feinde sinn. Demographesch och gesinn, si se do wierklech den arabesche Leit ënnerleeën. Och si, wa se wëllen a Sécherheet liewen, dat wëssen se och, dat wëssen alleguerten déi Leit an Israel, an et gëtt der ganz vill, déi opgeschloss sinn, wëssen, datt et selbstverständlech hirt Recht ass, fir ze fuerdere vun de Palästinenser, datt se mussen ophéieren mam Terrorismus. Mä datt duerno awer ee Schratt muss kommen fir ee Fridden auszehandelen an ech mengen, mir sinn op engem Punkt do ukomm, wou elo muss wierklech, praktesch een Divorce tëscht deenen zwee Länner  stattfannen. Jiddweree muss kënnen a Fridden a senge Grenze liewen. Well mat der Integratioun komme mer net méi virun. Dofir gleeft mer, och an Israel, a mir hu jo och e wéineg mat Leit do geschwat aus der Gesellschaft, net nëmme mat politeschen Autoritéiten, ass de Wëllen och do an ass d’Iwwerzeegung och do, datt muss elo, an där Situatioun wou mer dra sinn, déi Fënster vun der Opportunitéit, déi elo besteet, déi däerf een net verpassen, fir kënnen erëm nei sech un en Dësch ze setzen an ze verhandelen.

Monique Kater: Hutt Dir, eng kleng Fro elo à part, mä hutt Dir och mat der israelescher Regierung diskutiert iwwert dee Projet vun der Lëtzebuerger Cooperatioun, deen do zerstéiert gi war? Iwwerhuele si do d’Käschten oder wat ass do d’Resultat vun deene Gespréicher?

Jean Asselborn: Also de Problem, deen ass, datt jo aus Gaza eraus, an dofir huet den Abu Mazen jo wierklech elo probéiert, fir sech mat der Hamas, mat dem Jihad islamique an och mat den Al-Aqsa-Brigaden en Accord ze fannen, fir dee Cessez-le-feu, loosse mer esou soen, fir deen, datt deen agehale gëtt. An aus där Regioun, wou mir do wierklech ee wonnerbare Projet installéiert haten, si Rakéite geschoss ginn op Sederot an op aner Dierfer an Israel an do ass vun israelescher Säit reagéiert ginn, militäresch esou reagéiert ginn, datt dee Projet beschiedegt ass. Mir hunn direkt den Ambassadeur och zu Bréissel, den israeleschen Ambassadeur zu Bréissel, an d’Bild gesat. Den Ausseminister huet och drop reagéiert, op eng Fro vum Francis Wagener, dee se gestallt hat an ech mengen, datt mer och do ganz  kloer de Message ginn hunn, datt mir wëllen an enger Négociatioun, déi frësch ugeet, och iwwert dee Punkt do diskutéieren. Well et geet net alleng dorëm, datt de Projet elo futti geschlo ginn ass. Mä do hunn och erëm, wann et nëmmen, 10, 20, 30 Leit, déi do een Akommes domadder haten, och dat ass erëm zerstéiert ginn an dat muss gekuckt ginn, datt esou Saachen evitéiert ginn.

Monique Kater: Kann de Lëtzebuerger Ausseminister dohannen eppes bewierken? Déi Fro, déi hu mer och de Leit dobausse gestallt, an och hei ware se net grad optimistesch.

[…]

Monique Kater: Wat ass dann elo weider geplangt? Do geet jo riets vun där Friddenskonferenz, déi den Abu Shad, also den Ausseminister, Iech selwer gefrot huet. Maache mer déi?

Jean Asselborn: Also, et muss ee jo wëssen, wann ech just däerf eng Sekonn reagéieren, wann de Lëtzebuerger Ausseminister elo dohinner geet, da geet en dohinner am Numm vum allgemenge Rot, vun dem Conseil européen geet en dohinner, also vun den Ausseministere geet en dohinner, Conseil des Affaires générales, an e gëtt do de Message net vu sengem Land alleng, mä e gëtt de Message vun Europa. Mä dat däerf een net vergiessen, datt mer da mussen, an ech hunn och esou, selbstverständlech als Lëtzebuerger Ausseminister, mä als President och vum allgemenge Rot sinn ech do empfaange ginn an ech mengen, dat huet scho Gewiicht. Dat ass Europa, wat dann do schwätzt, duerch deen, deen dann dee Moment Ausseminister ass. Ech géif mengen, datt mer als Europäer, wierklech hei déi Chance net däerfen eis entgoe loossen a kucken, datt net nëmme Gespréicher, wéi vläit gesot ginn ass vun enger Fro, do stattfonnt hunn, mä datt dat Gefill eriwwer kënnt, datt mer solidaresch si mat där Géigend vun der Welt, déi et extrem schwéier huet fir erëm a Fridden zesummenzeliewen. Et ass elo zu London geplangt, den 1. Mäerz, eng Reunioun, wou d’Israelien allerdings net dobäi sinn, wou den Tony Blair dat initiéiert huet wéi e bei enger Reunioun war beim President Bush. Ech vertrieden dann och do d’Ausseministere vun der Europäescher Unioun [gëtt ënnerbach]

Monique Kater: Mä kann et sinn, datt de Sharon do nach nogëtt, datt en awer vläicht géing goen, wa sech elo alles calméiert?

Jean Asselborn: Et ass net geduecht, datt déi sollen dohinner goen an dofir muss een och wëssen, datt och net d’palästinensesch Autoritéit um héchsten Niveau do vertrueden ass. Esou ähnlech Reunioune fannen och elo statt, Déi hunn am Dezember zu Oslo stattfonnt. Et geet och virun allem drëm, wee sinn d’Donneuren? Wee sinn déi Leit, déi sech investéieren, och finanziell, fir a Palästina matzehëllefen? Ech kann Iech awer och soen, datt deen neie President, Abu Mazen, meng Invitatioun akzeptéiert huet, fir op Bréissel ze kommen, den 21. Februar an de Conseil „Affaires générales“, a wou mer da mat deene 25 Ausseministeren zesumme mat him eis kënnen ënnerhalen iwwert déi Positioun, déi heen dann dee Moment huet. Seng éischt Prioritéit ass elo do ze bleiwen a sur place ze kucken, mat deene méi extremistesche Kreesser a Palästina, datt wierklech de Fridden eng Chance kritt, dat heescht, datt den Terror gestoppt gëtt, vun hirer Säit aus an erëm nei unzekommen. Dat schéngt mer dat Allerwichtegst ze sinn.

Monique Kater: Hutt Dir elo vläicht Loscht oder Iddi Iech extra z’engagéieren an där doter Saach. Et huet een awer d’Gefill, datt dat Iech och e bësse matgeholl huet dat Ganzt. Äre Virgänger, de Jacques Poos, deen hat extrem Méritten. Wëllt Dir do vläicht e bëssen elo noäifferen?

Jean Asselborn: Jo, ech mengen och nom Jacques Poos, hee selbstverständlech och, mengen ech, d’Madame Polfer an och den Här Goerens an ech perséinlech selbstverständlech och, well do spiert een, do geet et net alleng fir Fridden ze schléissen tëscht zwee klenge Völker. Well Israel a Palästina ass jo eigentlech, wat d’Dimensioun ugeet, souwuel geographesch wéi och d’Zuel vun de Leit, näischt Gewalteges. Mä hei geet et drëm fir Fridden ze stëften, op engem Punkt vun der Welt, wou all Terror ka gestoppt ginn, op jiddwer Fall ee ganz héige Prozentsaz oder wou den Terror weidergeet. An dofir, perséinlech selbstverständlech, also am léifste géif een, wann een dat do gesäit, Politik Politik si loossen an et géif ee selwer dohinner goen a probéieren, och perséinlech kënne mat unzepaken. Mä mat deene Moyenen, déi ech awer hunn an och mat deene Relatiounen, déi ech elo lues a lues opgebaut hunn, och eben duerch d’Europäesch Unioun, wëll ech alles maachen, fir datt mer do deene Leit an d’Gewëssen arieden op deenen zwou Säiten, fir datt se sech erëm un en Dësch setzen.

Monique Kater: Mir wäerten d’Saach am A behalen. Mir maachen deen Dossier awer fir haut elo emol zou a ginn op déi aner Säit vum grousse Pull. Den 2. November war heen op sengem Poste confirméiert ginn an en Donneschdeg gouf den George Walker Bush virum Kapitol eng zweete Kéier vereedegt. Als 43. President vun den USA versprëcht de Bush a senger Untrëttsried all Form vun Tyrannei an Ënnerdréckung ze bekämpfen an d’Fräiheet och an déi däischterst Ecke vun der Welt ze bréngen.

Reportage iwwert d’Vereedegung vum George W. Bush a seng Politik

Monique Kater: D’Relatioune mat Europa, vun den USA, sinn déi esou witzeg, wéi dat do elo ausgesäit? Wahrscheinlech net, ne?

Jean Asselborn: Nee. Et ass net am Intérêt vun Amerika an net am Intérêt vun Europa, datt se witzeg sinn, mä datt se vill méi intensiv ginn, wéi se an deene leschte Jore waren. Mir hunn an Europa et fäerdeg bruecht, an deene leschte Méint eng kloer gemeinsam Linn opzestellen, wéi mer eis Relatioune mat Amerika erëm nei wëllen definéieren.

Monique Kater: Et gëtt ëmmer gesot oder spekuléiert, de Bush géing am Fong just säin Toun änneren, awer am Fong nach ëmmer esou weiderfueren, wéi hee Loscht huet?

Jean Asselborn: Also, ech kann dat elo net jugéieren, ech weess just, datt déi Decisioun, déi de President Bush elo geholl huet, als Bush 2 Administratioun, fir an Europa ze kommen, dat ass schonn ee wichtegt Zeechen an ee positivt Zeechen an et soll d’Condoleezza Rice gewiescht sinn, wat en ugespornt huet, fir dee Voyage ze maachen. E kënnt do bei d’NATO, si si Member an deem Veräin, dofir geet e mueres fir d’éischt bei d’NATO. Mä méi wichteg ass et a mengen Aen op jiddwer Fall, datt e Mëttes bei d’Europäesch Unioun kënnt [gëtt ënnerbach]

Monique Kater: Dat huet en awer och scho virdru gemaach. E war schonn eng Kéier [gëtt ënnerbach].

Jean Asselborn: Nee, e war nach ni bei den Institutioune vun der Europäescher Unioun, war nach nie en amerikanesche President [get ënnerbach]

Monique Kater: Awer schonn am Kader vu Conseilen a Schweden, mengen ech, war awer eng Kéier [gëtt ënnerbach].

Jean Asselborn: Jo, mä do kënnt en elo wierklech op Bréissel, do wou d’Institutioune sinn an dat ass ee positive Punkt. An ech mengen dovunner musse mer profitéieren, fir am Joer vum major event, mir sinn am Joer 2005, do schwätze mer am September, Oktober, wäerte mer ganz vill iwwert d’Ziler vun der UNO schwätzen. D’UNO ass am gaangen ënnert sengem Secrétaire général Kofi Annan  ze kucken an der Rumm vum major event, éischtens emol d’Securitéit op der Welt, wat selbstverständlech wichteg ass, mä zweetens awer och d’Coopératioun tëscht deenen Aarmen an deene Räichen, an drëttens d’Reform vun den Institutioune vun der UNO. An all dat, dat ass de berühmten, dat ass de Multilateralismus. Dat ass de Contraire vun Unilateralismus, fir et nach eng Kéier ze soen, an ech mengen Amerika huet elo säin neie President installéiert, datt dat e wéineg patriotesch hirgeet, dat ass hiert gutt Recht fir dat ze maachen, mä hei an Europa muss de Message ee sinn, datt wa mer wëlle méi Stabilitéit op der Welt hunn, mer hu vum Noen Oste geschwat, mir kéinten och vum Kosovo schwätzen, mir kéinte vun Afrika schwätzen, da mussen Amerika an Europa sech komplementar sinn. Net déi eng Schinn an déi aner Schinn. Europa muss solidaresch sinn a mat Amerika zesumme kucken, d’Stabilitéit erëm hirzestellen.

Monique Kater: Et war jo emol eng Kéier spekuléiert ginn, e kéim eventuell op Lëtzebuerg? Gëtt et do eppes Neits?

Jean Asselborn: E kënnt op Bréissel.

Monique Kater: Net heihinner? Dir waart jo scho beim amerikaneschen Ausseminister Colin Powell, wéi gesidd Dir dann elo seng Nofolgerin? Do gëtt jo ëmmer gesot, déi ass e bësselche méi Bush-trei, manner kritesch. Wéi mengt Dir, geet dat do virun, déi Relatioun?

Jean Asselborn: Jo, also ech hunn déi zwee Leit gesinn, ech hat wierklech och ee Kontakt mam Colin Powell, deen eben an der Virbereedung vun eiser Présidence ganz normal war, datt mer matenaner, och wa wichteg Saachen ustoungen, och elo an der Tsunami-Kris nach, datt mer matenaner diskutéiert hunn a gekuckt hunn, fir eis ofzestëmmen. Ech hunn d’Madame Rice och gesinn zu Washington, wéi ech do war. Datt si wierklech och de Message dem President iwwerbruecht huet fir an Europa ze kommen, gesinn ech als ee positive Message. Mir hunn zevill an ze laang iwwert déi negativ Bezéiunge geschwat tëscht Amerika an Europa. Dat ass Geschicht, ech gesi wierklech och fir d’Zukunft e ganz aneren Niveau vu Relatiounen do, an dat kann nëmmen am Intérêt si vum Fridden op der Welt.

Monique Kater: Sondagen an Amerika, do war ee ganz grousse vun der New York Times, do ass erausfonnt ginn, datt 49% nëmme vun den Amerikaner wierklech zefridde si mam Bush senger éischer Amtszäit. A wann een elo vergläicht mam Reagan oder mam Clinton, déi haten awer 60% Zoustëmmung. Dat ass jo, war och schonn interessant. Mir kucken eis awer elo emol eng Ëmfro vun der BBC un, déi an 21 Länner realiséiert gouf. Hei iwwerweit kloer d’Äntwert negativ. An der Tierkei soen dat zum Beispill 82% vun de gefrote Leit. Däitschland, Frankräich a souguer Groussbritannie si skeptesch, datt sech d’Sécherheet op der Welt wäert verbesseren a just op de Philippinnen, an Indien an a Polen mengen d’Leit, d’Welt géif méi sécher a méi friddlech gi mat engem Bush. Wat sot Dir dann?

Jean Asselborn: Ech kann nëmme just soen, datt mer op deene zwou Säite musse schaffen, datt se méi friddlech gëtt. Si ass de Moment net friddlech. An Amerika an d’Europäesch Unioun hunn esouvill Potenzial, esouvill Gemeinsamkeeten aus hirer Geschicht, och esouvill Gemeinsamkeeten an der Approche, an der ethescher Approche, wéi ee Politik mécht. D’Chance déi een der Diplomatie muss ginn, d’Chance déi ee muss ginn, fir datt d’Völker sech iwwerall do fräi kënnen entfalen, ouni militäresch mussen anzegräifen, wéi si dat fir richteg emfannen, all dat ass an dem major event vun den Nations unies anzebetten an et gesäit ee jo och, wann ech dat just däerf soen, datt och am Irankonflikt esouguer, am Irakkonflikt, pardon, datt esouguer ee grousst Land wéi Amerika net dolaanscht kënnt, elo wou de Krich eriwwer ass, fir op déi international Organisatiounen ze setzen, fir de Fridden dann och ze gewannen, net nëmmen de Krich, mä och de Fridden ze gewannen. An dat muss een Zeeche sinn, dat och an Amerika an d’Käpp erageet.

Monique Kater: Hunn dann d’USA näischt geléiert aus dem Irakkonflikt, well se elo erëm den Iran menacéieren? Ass dat eng richteg Menace?

Jean Asselborn: Jo. Eischtens emol, ech ka mer dat guer net virstellen, datt et iwwerhaapt eng ass [gëtt ënnerbrach].

Monique Kater: Dat sot Dir schonn emol an engem interview.

Jean Asselborn: Jo, ech sot dat an ech bleiwen, ech soen et och elo hei bei Iech.

Monique Kater: Mä dee Journalist, deen dat geschriwwen huet, deen ass anscheinend ganz credibel.

Jean Asselborn: Mä loosst mech just zwou Saachen do soen, dat Eent, dat ass, d’Europäer déi hate scho virun 2 Joer eng aner Vue, dat nennt een an der Diplomatesprooch mam Iran procedéiere mat „carrots and sticks“, dat heescht, eng Muert an dann och de Knëppel. D’Muert dat ass, mir hunn dem Iran, dat waren déi 3 grouss Länner, EU3 plus Solana, wéi dat genannt ginn ass, England, dann Däitschland a Frankräich, ugebueden eng besser wirtschaftlech Cooperatioun mat Europa ze bewerkstellegen an op déi aner Manéier Pressioun op si ze maachen, datt se de Fanger ewechloosse vun der Atombomm. D’Amerikaner waren ëmmer op enger anerer Schinn, déi gesot hunn, et gëtt nëmmen ee Wee, si musse virun de Conseil de sécurité, mä do brauch nëmmen ee Land säi Veto anzeleeën, dann ass dat Ganzt eriwwer. Ech mengen, an dat ass, wat ech Iech elo soen, weess ech aus éischter Hand, datt de Staatssekretär am State Department, den Ausseminister also an Amerika, datt dee ganz kloer am Bild war, wat Barnier, Fischer a Straw och mat den Iraner ausgehandelt hunn, och de Solana, deen do dobäi war. E war also, iwwer all Schrëtt war en informéiert, dofir verstinn ech net, datt elo op eemol, just am Kontext, wou déi nei Regierung dann installéiert gëtt, datt da soll alles do op d’Kopp gestallt ginn an op eemol do mat militäreschen Operatioune soll gedréit ginn. Ech ka mer net virstellen, datt dat offiziell Kreesser, déi dat propagéiert hunn, waren. Ech hunn och gelies, gëschter wéi ech aus Israel rëmkomm sinn, datt den Här Cheney gesot soll hunn, Israel géif elo den Iran attackéieren. Ech mengen, et soll een dat elo si loossen an et soll ee wierklech drop setzen, datt mer mat der Diplomatie am Kader vum Multilateralismus och deen dote Problem eescht huelen. Et ass een eeschte Problem, wierklech, do géif nach alles feelen wéi wann d’Iraner och nach d’Atombomm kriten an där Regioun do, datt een do wierklech kuckt als Europäer,eis Aarbecht gutt ze maachen, an dann zesumme mat den Amerikaner [gëtt ënnerbach]

Monique Kater: Wat géife mir da maachen, wa wierklech do eppes géif geschéien, wann d’USA géifen ugräifen?

Jean Asselborn: Wat mir musse maachen, dat ass, datt näischt, nee, éischtens emol, musse mir et fäerdeg bréngen, den Iraner net d’Méiglechkeet ze ginn an alles ze maachen, datt dat verhënnert gëtt, well Iran läit méi no bei Europa wéi bei Amerika, fir dat ze ënnerbannen. Wann esou eppes géif geschéien, an déi Hypothese setzen ech mech net, well dat ass contraire zu aller Logik, souguer schonn am Platon sengem Mythe vun der Caverne, do ass jo schonn ugedeit, datt d’Leit aus Erfahrung léieren an ech gleewen och, datt am 21. Jorhonnert, an deem groussen Amerika, och d’Leit aus Erfahrung geléiert hunn.

Monique Kater: Majo, ech schléisse mech där Hoffnung am Fong da mat un. Jean Asselborn, merci, datt Dir bei eis waart. Dat war et nämlech dann erëm fir de Flashback vun haut.

Dernière mise à jour