Le ministre de l'Économie, Jeannot Krecké, au sujet de l'intérêt du Luxembourg pour les entreprises étrangères

Marc Linster: Gëscht koum d'Meldung, datt d'Firma TDK zu Käerjeng bis 230 Leit ofbaue géif an Dir hutt och esouguer vun Entloossunge geschwat. Sidd Dir dann vun dëser dramatescher Nouvelle, och wéi d'Gewerkschaften dat soen, iwwerrascht ginn?

Jeannot Krecké: A sengem Ausmooss a wat den Detail ubelaangt, schonn, sinn ech eréischt gëschter Moien a Kenntnis gesat ginn. Um halwer aacht war déi éischt Reunioun mat enger Delegatioun vun TDK.

Marc Linster: Dat heescht, déi fackelen also net laang.

Jeannot Krecké: Jo, ech war allerdéngs scho méi laang au courant, datt Problemer do wieren. Esou wéi ech au courant sinn, datt och an anere Betriber nach Problemer sinn iwwert déi een dann net noutgedrongen direkt schwätzt, bis een dann emol Sécherheet huet. A wéi een och haaptsächlech probéiert, och ob et dann onbedéngt zu sou engen Massenentloossunge muss kommen. Ech hat een anere Fall wou ech bis an d'iewescht Direktioun vun enger Multinationale hu misse goen fir emol erëm eng Kéier Ausstand ze kréien. Dofir, do schwätzt een net vill driwwer, do schafft een.

Marc Linster: Dir schwätzt awer elo zimlech Kloertext. Dir schwätzt och vun Entloossungen. Soss huet ee jo ëmmer d'Gefill bei Politiker, datt se emol alles méi harmlos maachen. Dat war och bei der Arcelor de Fall, bei der virechter Regierung. Hutt Dir do eng aner Taktik?

Jeannot Krecké: Ech hu keng aner Taktik. Mä et huet kee Wäert, datt ee ronderëm de Bräi ried. Et muss ee soen, d'Situatioun esou wéi se elo ass, a wéi se mir elo vun TDK duergeluecht ginn ass, ass dat fir méch eng mëttler Katastrof an dann huet et kee Wäert, datt ee laang ronderëm schwätzt. Hei ginn et mat Sécherheet Entloossungen, well mir hu keng Produktiounslinn déi dat do kënnt ersetzen, déi si eis géingen offréieren. Dat dauert, wa mir iwwerhaapt esou eppes kréien, si hunn esou eppes an Aussiicht gestallt, mä dat dauert zwee, dräi Joer bis mir esou eppes hunn an dozwëschent ze iwwerbrécken, dat ass bal net dran.

Marc Linster: Hätt een dann dës Entwécklung bei TDK net scho misste laang virausgesinn? Well et ass jo awer esouguer fir de bluddege Laie kee Geheimnis, datt d'Videokassetten um Ausstierwe sinn, well Dir hutt jo bestëmmt och een DVD?

Jeannot Krecké: Ech hunn och een DVD. An ech ginn awer och dovun aus, datt deen DVD och net déi nächst 20 Joer hällt, mä dee gëtt doudsécher duerch iergendeppes Neits ersetzt. Et muss een einfach sech astellen, datt mir haut esou Produktpaletten hunn, déi einfach méi eng kuerz Zäit hunn, wou se wierklech wichteg sinn. Wéini wäerte mir erëm eppes hunn wéi eng Palplanche oder e Gereiträger, dee Joerzéngte quasi e Schlager ass. Ech gleewen net dodrun, datt mir nach villes esou fannen a virun allem alles wat an d'Branche geet vum Audiovisuellen, alles wat an déi nei Technologie geet, ass ganz kuerzlieweg. An do läit d'Gefor dran, well d'Betriber hunn d'Tendenz dann, wann ee Produkt zum Enn kënnt, a si musse souwisou eng ganz Produktiounslinn erneieren, sech ze iwwerleeën, ob se dat dann hei maachen oder anzwousch anescht.

Marc Linster: Besteet dann net iwwerhaapt de Risque, Dir hutt et schonn ugeschwat, datt och nach aner auslännesch Entreprisen an Zukunft hir Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg massiv ofbauen? Dat well hir Productioun a Länner delocaliséiert gëtt, wou se méi gënschteg Konditioune fannen ass wéi hei, zum Beispill a puncto och Loun- a Lounniewekäschten. Stéchwierder hei Dupont, eventuell och Good Year, wou och ëmmer gemunkelt gëtt, déi géifen iergendwou a Polen oder esou goen.

Jeannot Krecké: Also ech muss jo soen, datt mir regelméisseg a Gespréicher mat hinne sinn. Et ass sécher, datt et schwiereg gëtt nach vun esou Betriber nei Produktiounslinnen ze kréien. Ech hunn awer lo gutt Hoffnung elo awer trotzdem. Mä déi do Betriber viséieren ech awer elo net. Dat ass net do wou mir déi meeschte Suergen am Moment kommen.

Marc Linster: A wéi enge Beräicher sinn dann déi meeschte Suergen? Ouni elo villäicht Firmen dann ze nennen?

Jeannot Krecké: Jo, an deene wou mir virdru riets haten. Do wou esou Produkter sinn, déi elo wierklech zum Enn kommen. An dat do sinn och relativ responsabel Firmen, déi och laang am viraus mat engem schwätzen iwwert Méiglechkeete fir aner Recherchemodulen oder esou, op Lëtzebuerg ze kréien. Et begéint een net nëmmen äiskal Leit do. Et begéint een och Leit, déi sech reell Suerge maachen. Mä ech stellen einfach fest, datt déi bescht Methode am Moment nach déi ass, déi Aarbechtsplazen, déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, ze halen. Well ech fannen et ass nach ëmmer méi einfach, dat hunn ech elo gesinn an deene puer Méint wou ech aktiv sinn, méi einfach eng Aarbechtsplaz hei zu Lëtzebuerg ofzesécheren, wéi honnerten Aarbechtsplazen hei op Lëtzebuerg ze kréien. Dat stellt ee fest, an dofir musse mer onbedéngt kucken, déi di sech hei wuel fillen, déi mengen, si kéinten och hei bleiwen, déi dann Ausbauméiglechkeeten hunn, dierfe mir eis elo net zevill glott weisen, an deenen déi onméiglechsten Oplage maachen. Well dann ass et evident, datt se soen, datt se anzwousch anescht ginn. Et sinn der, déi hunn de Site Lëtzebuerg wierklech appreciéiert, wëllen och zum Deel ausbauen. Mir haten e bësschen d'Tendenz krut, do ganz restriktiv ze ginn an ze soën, dat do wëlle mir net, dat do wëlle mir net, oh nee dat hei kënne mir net akzeptéieren. Ech muss Iech soen, mir mussen do e Schrëtt zréck goen a mir musse méi verstänneg doranner ginn, well si stinn net virun der Dir ze waarde, fir bei eis ze kommen.

Marc Linster: Dir sot, si stinn net virun der Dir, fir bei eis ze kommen. Wat sinn dann elo awer Atouten mat deene mir dann déi auslännesch Investisseuren hei zu Lëtzebuerg kënnen dozou incitéieren auszebauen?

Jeannot Krecké: Et hängt och dovun of, wou se hirkommen. Wann een en typesch amerikanesche Betrib kuckt, dee sicht gewéinlech iergendeng Plattform, vu wou en aus hei probéiert, den europäesche Maart ze bedéngen. Do si mir éischtens gutt situéiert. Bon, hautdesdaags vläicht net méi grad esou an der Mëtt. Mä trotzdem gutt situéiert. Mir sinn e klengt Land a "Made in Luxembourg" stéiert weder e Fransous nach en Englänner a virun allem och keen Däitschen. Während si wëssen, datt wann se vläicht "Made in Germany" sinn a si wëllen a Frankräich e bëssche méi aktiv ginn, dat e bëssche méi schwéier ass. Dat ass haut nach e bësschen esou. Do hu mir e Risenavantage, déi Neutralité commerciale déi mir kënne virweisen. Mir kënnen hinne soen, datt mir bei eis manner Stonne verluer ginn duerch Streiker. Mir hunn eng Aart a Weis matenaner emzegoen. Mat de Sozialpartner déi mir hoffentlech och an deem Mooss kënnen erhalen. Dat ass een Atout no baussen. A mir probéieren awer och nach ëmmer hinne kloer ze maachen – déi Leit, déi hei waren, hunn dat gemierkt –, datt mir awer Leit hunn, déi eng anstänneg Formatioun hunn, och wa mir déi musse nach verbesseren an eenzelne Beräicher. Mä trotzdem awer schonn eng anstänneg Formatioun hunn. An déi Villsproochegkeet dat ass, eenzel Betriber sinn dorop ugewisen, déi wëllen d'Sprooch vum Client schwätzen an do brauche se Leit, déi Sprooche kennen. Et bleift weiderhinn een Atout. An da muss ee soen, d'Aart a Weis, wéi mir se hei empfänken. Mir musse kucken, datt mir déi Investisseuren, déi intresséiert sinn, och anstänneg bedéngen wa se heihinner komme, musse se kënnen ronderëm engem Dësch all Spezialisten hunn, déi noutwënneg sinn, déi hinnen Äntwert ginn, iwwert wat fir eng Autorisatiounen, iwwer wat fir eng Regelen déi mir hunn, fir datt se sech schnell kënnen decidéieren. Mir musse schnell Weeër hunn, kuerz Weeër hunn, och wa mir mol nee soen, da solle mir et direkt soen, mir sollen d'Leit net hinhalen a mir solle weisen, datt se wëllkomm sinn.

Marc Linster: Sinn dann eis Loun- a Lounniewekäschten ze héich, wéi ëmmer behaapt gëtt vu Patronssäit aus?

Jeannot Krecké: Jo, am Verglach zu Polen si se ze héich, am Verglach zu China och. Mir bréngen et jo net fäerdeg muer, an ech hoffen, datt mir net wëlles hunn, dat ze maachen, eis Léin a Gehälter erofzeschrauwen op den Niveau, deen déifste Niveau vun engem Land, wou awer och, dat wäert Dir gesinn, an nächster Zäit den Zouwuess vun de Léin ganz grouss ass. An deene neie Länner déi bei eis komm sinn, do ass zwëschen 10 a 15% Zouwuess vun de Léin elo dëst Joer ze mellen. Also dat Ganzt gläicht sech lues a lues aus. Et ass elo just am Ufank wou deen Ënnersched esou ass. Mir mussen ebe kucken, datt mir aner Trompen déi mir hunn, datt mir déi vis-à-vis vun den Investisseuren ausspillen. A mir musse wéi gesot eis vis-à-vis vun hinne weisen, datt mir gewëllt sinn een Dialog ze féieren mat de Sozialpartner an och mat hinnen, fir awer ze kucken, wou sinn déi Positiounen, déi hinne wéi dinn, wou mir hinne kënnten entgéintkommen, wou si vläicht Fraisen hunn, déi si op enger aner Plaz net hunn. Mä si mussen och alleguerte wëssen, wa mir géingen higoen och hei, d'Léin an d'Gehälter esou erofschrauwen, si brauche jo och nach Leit, déi di Produkter kafen. An dat gëtt weltwäit de Problem. Wa mir eis erof wëlle setzen op den Niveau vu Gehälter aus Asien wéi China, da muss eng Good Year wëssen, wee keeft dann hir Pneuen nach? Et ass evident, datt dat e Problem ass. Si mussen nach ëmmer sech bewosst sinn, datt déi Leit, déi och vill verdéngen och vill consomméieren a si consomméieren schlussendlech déi Produkter, déi hei hiergestallt ginn.

Marc Linster: Mä musse mir eis net awer a Koalitiounsverhandlungen an Zukunft op Null- a Minusfronte gefaasst maachen?

Jeannot Krecké: Dat ka sinn a Secteuren, et ass nämlech ganz ënnerschiddlech, a Secteure wou vläicht eng ganz héich Lounsteigerung war, kann et emol sinn, datt ee Moment gesot gëtt, mä dat sollen d'Sozialpartner aushandelen. Dat ass et am Ausland jo alt emol scho ginn, wann ee probéiert huet, ee Moment méi lues ze maachen fir ze kucken, datt ee weiderhinn kompetitiv bleift. An do sinn d'Léin natierlech een Deel dran. Et hängt dovunner of, wat fir ee Secteur, wat fir eng Entreprise. Et si Betriber, do ass d'Lounmass wichteg. Et sinn anerer, do ass et net esou wichteg. Dofir, dat hängt dovunner of. Dofir mussen d'Sozialpartner, dat ass op alle Fall mäi Wonsch, kucken, datt se verstänneg Solutioune fanne fir d'Leit awer och fir d'Weiderliewe vum Betrib. Well Dir gesitt, hei war et net, datt de Problem vun de Léin elo ustong, hei war et einfach e Produkt, wat net méi esou um Maart gefrot gëtt. Mä et sinn och Betriber, wou et heiansdo hir Fraisen sinn an do hoffen ech, datt se Verstand genuch, esouwuel d'Patronat, wéi och d'Gewerkschaften weisen, fir zu Eenegungen ze kommen, fir datt mir déi Aarbechtsplazen hei ofgeséchert kréien. Wéi gesot, et sinn net honnerten Aarbechtsplazen, déi virun der Dir stinn.

Marc Linster: Muss dann net iewer iergendwann déi helleg Kou Index dach geschluecht ginn?

Jeannot Krecké: Also, mäi Gefill ass am Moment, also den Index gëtt zwar héichgespillt. Dat ass esou wéi zu Lëtzebuerg de Pensiounsproblem héichgespillt ginn ass, eng Zäit huet ee geduecht, et géif soss kee Problem hei zu Lëtzebuerg ginn wéi d'Pensiounen. Wann een d'Situatioun haut gesäit um Aarbechtsmaart, an der Wirtschaft, do kann een de Kapp jo nëmme rëselen iwwert eenzel Diskussiounen déi, mir trotzdem gefouert hunn [gëtt ënnerbrach].

Marc Linster: Jo, mä d'FEDIL hält sech jo awer och drunn wéi de Geck un de Bengel.

Jeannot Krecké: Jo, sécherlech, si sinn ënner Drock och vun enger Rei Betriber, déi dat maachen. Mä bis elo hunn ech nach net kënne feststellen, mir sinn awer am Gaang, dat e bëssche méi wëssenschaftlech ënner Mauer ze kucken, hunn ech net kënne feststellen, datt dat dee grousse Problem elo direkt war. Et ass natierlech esou, datt et och atmosphäresch heiansdo stéiert. Wa mir an der Regierung decidéieren, datt mir d'TVA eropsetzen op den Zigaretten, oder och d'Accisen op den Zigaretten méi deier wëlle maachen, datt d'Leit manner fëmmen. Da kënnen d'Betriber schlecht verstoen, datt si doriwwer eraus, iwwert den Index dann, dat musse bezuelen. Wa mir, wéi erneierbar Energien, deen Effort wëlle maachen an dat sech ëmleet op d'Taxen wat d'Elektrizitéit bei de Privatleit a bei de Betriber ubelaangt, da gesinn déi net an, firwat datt se eng Kéier bezuelen, well se méi deier hir Energie mussen akafen an zweetens nach eng Kéier iwwert den Index. Do sinn eng Rei Saachen, do muss een och reell driwwer schwätzen, an dat mécht se rosen. An dofir muss een déi Punkten, déi franchement rosen se mecht, a wou een och Verständnis heiansdo dofir huet. Da muss ee kucken doriwwer ze schwätzen. Mä den Index en tant que tel huet bis elo net zu Dérapagen hei zu Lëtzebuerg gefouert. Et huet dozou gefouert, datt mir awer Rou behalen hunn, an dat och vill Wäert huet, dofir hunn ech och gesot, et ass ee vun den Atouten vun eiser Plaz.

Marc Linster: Mä et gëtt awer och Indicen, datt d'Regierung dach och iwwert, soe mir mol eng Reform, eng kleng Reförmchen vum Index nodenkt.

Jeannot Krecké: De Wuerekuerf gëtt regelméisseg jo iwwerkuckt. Mir hunn elo [get ennerbrach]

Marc Linster: Doriwwer eraus.

Jeannot Krecké: Jo, mä et geet awer dorëms. Et ass d'Fro, ob een d'Zigaretten an där Mooss am Wuerekuerf léisst. Ass et richteg, datt een op der Pei eppes bäikritt, wann d'Zigaretten an d'Luucht ginn, souwuel déi di net fëmmen wéi souguer déi di fëmmen? Ass et richteg, vu datt et eppes Gesondheetsschiedleches ass, datt dat de Fall ass? Et kënnt ee sech virstellen, datt d'Criterë vum Développement durable vun der Gesondheet, datt déi eventuell Afloss kéinte fannen an Zësummesetzung vum Wuerekuerf. Dat schléissen ech net aus, datt een iwwer esou Saache soll nodenken. Ech mengen, soss soll een awer oppassen, datt een d'Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Wirtschaft net erofkanzelt just op de Punkt Index.

Marc Linster: Stëchwuert: Kompetitivitéit. De franséischen Economiesprof Lionel Fontagné huet am Dezember eng Etude iwwert d'Kompetitivitéit presentéiert. An deem Kader huet den Economist zéng Propositioune gemaach, fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft méi fit ze maachen. Hutt Dir dann d'Impressioun, datt d'Sozialpartner wierklech gewëllt sinn, sech domadder ausernaner ze setzen. An eventuell Conclusiounen ze decidéieren, well do gi jo awer munech Acquisen a Fro gestallt. Dat Éischt oder bal dat Eenzegt, wat een elo vu Gewerkschaftssäit héieren huet, war, Dir krut de Reproche gemaach, datt Dir eng Pressekonferenz gemaach hutt a fir d'éischt d'Ëffentlechkeet emol informéiert huet. Hätte si léiwer gehat, dat wier erëm an der Tripartite gemauschelt ginn?

Jeannot Krecké: Also, ech sinn net der Meenung, datt ee Rapport, deen och wann et d’Tripartite ass, mä deen d'Regierung an Optrag ginn huet, datt een deen am Tirang soll leie loossen. Ob ech deen elo hätt misste fir d'éischt mat de Sozialpartner beschwätzen an dann fënnef Minutten duerno eng ëffentlech Versammlung, et war nämlech net eng Pressenkonferenz. Et war eng ëffentlech Veranstaltung, wou mir de Sozialpartner alleguerten dat virgestallt hunn. Ech fannen dat normal. Et ass bezuelt vun der Regierung. Och de Public huet menger Meenung no d'Recht, dat ze wëssen. Ob d'Reiefolg elo déi richteg war, wann dat awer elo eisen eenzege Problem ass, da muss ech soen, dann hu mir der net vill. An dofir soen ech, mir mussen eis ausernaner setzen, an dat hunn ech d'Impressioun, datt dat awer geschitt mat den Thesen, déi de Mann opgestallt huet. En huet jo fir d'éischt emol eng Rei Saache festgestallt an dann huet en eis eng Rei vu Propositioune gemaach. Ech wier emol frou, wa mir eis kënnten eens ginn iwwer dat, wat e festgestallt huet. Dat heescht, wat fir eng Indicateure kucke mir, wie muer d'Kompetitivitéit, dat ass jo am Fong geholl d'Konkurrenzfähegkeet vun eiser Wirtschaft, wéi [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Wat sinn dann Ärer Meenung no déi wichtegst Punkte bei deem Constat vum Wirtschaftsprofesser?

Jeannot Krecké: Deen éischte Constat, deen e gemaach huet, datt e seet, ouni vill ze investéieren an d'Wëssensgesellschaft, ouni Universitéit, huet am Fong geholl Lëtzebuerg awer fäerdeg bruecht, quasi dat, dat sinn zwar Chiffren, déi och contestéiert sinn, mä eent vun deene gréissten Akommes pro Kapp op der Welt ze kréien. Hie seet, dat ass keng normal Saach. Dat ass also entstanen duerch eppes Aneschter. Dat kann also net sinn, datt dat Land méi clever Leit huet elo, a se besser ausgebild huet. Dat ass duerch aner Elementer komm. An déi aner Elementer huet hien och kloer festgestallt. Dat ass d'Finanzplaz. An an der Finanzplaz war et och net, datt mir elo esou schrecklech innovativ waren. Mir hunn schnell, gutt reagéiert. Mir hu besser reagéiert wéi di aner. Doduerch hate mir een Avantage. Mir hu probéiert, Know-how heihinner ze kréien. Dat war och gutt. Mä et muss een awer och soen, datt et ganz oft war, well anerer Feler gemaach hunn an hiren Decisiounen Feler ënner Gänseféisercher, déi mir ausgenotzt hunn, déi eis gehollef hunn. Dat seet en och ganz kloer. "Vous n’avez pas bougé, les autres ont bougé. Ceci fait la différence." An do muss ech soen, wann een op esou Saachen opbaut, da muss ee wëssen, datt et op wacklege Féiss ass. Mir hunn eis hei an der ganzer Gesellschaft, an der ganzer Bevëlkerung, an dat ass och richteg esou, hu mir eis kënne Saache leeschten, déi di aner Länner sech net kënne leeschten. Ech mengen, mir hunn ee Sozialnetz. Ech kenne kee bessert wéi dat wat mir hunn. Mir hunn eng Sécurité sociale, mir hunn eng sozial Hëllefstellung, déi keen huet. Mä déi kënne mir eis leeschte well mir op enger Plaz [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Wéi laang nach?

Jeannot Krecké: Ech maachen nach fäerdeg. Op enger Plaz esou vill verdéngt hunn, datt mir konnten dat doranner investéieren. An déi aner Länner hunn déi Suen net fir doranner ze investéieren. An dofir musse mir wëssen, datt dat awer opgebaut ass, eben haaptsächlech op d'Finanzplaz. An dofir muss ee wësse, wéi een och mat där Finanzplaz ëmgeet. Dat ass awer am Moment ganz vill „la vache à lait“ gewiescht, déi eis erlaabt huet, niddreg TVA ze hunn, niddreg Sozialversécherungen. Déi hunn eis erëm eng Kéier erlaabt kompetitiv ze sinn vis-à-vis vun anere Länner an eenzelne Sparten, esou ass dat boule de neige ginn – am positiven. Mir musse just oppaassen, datt et net boule de neige gëtt am negativen, dat heescht et geet och, wann deen ee Pfeiler, wann dee bréckelt, da geet et ganz schnell op aneren. An dofir, mir hunn opgebaut an Dir kënnt Iech erënneren, datt ech dat do Enn 1995 a mengem Budgetsrapport scho gesot hunn. Et ass ee Choix de société. Mir musse wëssen, mir hunn hei mat engem Client ze dinn, op dee mir schrecklech mussen oppassen.

Marc Linster: A wou mussen, Ärer Meenung no, dann nach prioritär Hiewelen ugesat ginn? Mee Dir hutt mir och nach net, soss hu mir dat erëm vergiess, op d'Fro vun de Sozialsystemer geäntwert. Wéi laang kënne mir déi nach finanzéieren?

Jeannot Krecké: Mir kënnen déi esou laang finanzéieren, wéi mir kapabel sinn, héicht Wuesstum ze hunn, wéi mir kapabel sinn, déi zwee, dräi Secteuren déi ganz vill Suen abréngen, wéi mir kapabel sinn, dat ze halen. Mir verdéngen ganz vill op den Accisen: Tubak, Alkohol, Benzin. Mir verdénge ganz vill op der Finanzplaz, dat ass sécher. Mir hunn nach zwee oder dräi esou Secteuren am E-Commerce wou mir vill Geld erakréien an de Budget. Esoulaang wéi dat geet, kënne mir eis dat do och leeschten. Dat heescht, da kënne mir esou Saache finanzéieren. Wann déi Quellen bis op een normalt Verhältnis kommen, da gëtt et schwiereg a spéitstens dann sinn Decisioune fälleg. A wat de Fontagné jo seet, Dir sidd kapabel am Moment aus enger gudder Situatioun nach, relativ gudder Situatioun eraus kënne Reforme maachen an no vir ze kucken, an ze soe mir bereeden dat hei Land drop, fir wa vläicht mol eng Kéier méi schwiereg Zäite kommen. Well et gesäit een, datt dat jo net u Lëtzebuerg erlaanscht geet. An hie proposéiert dofir eng Rei Saachen ze maachen, déi elo bei rouege Gewässer méi einfach sinn, wéi wann ee mam Réck zur Mauer steet.

Marc Linster: A wéi ee Politiker traut sech dann de Leit dat ze soen?

Jeannot Krecké: Mir hunn, de Mann huet dat virgestallt an ech hunn dofir gesuergt, datt dat an de Public komm ass. Deen huet eng Rei Wourechte gesot. Et muss een net mat all senge Conclusiounen d'accord sinn. Hien huet awer eng Rei Wourechte gesot, sou wéi och aner Leit, de Wim Kok an anerer Wourechte soen. Ech weess, mir héieren dat net gär. Mir maachen dann [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Och an Ärer Partei net, well do sinn et der, déi mir soen: de Krecké ass well schwéier liberal ginn.

Jeannot Krecké: Ech weess net, ob ech méi liberal gi sinn. Mä ech hunn einfach Kenntnis vun enger Rei Entwécklungen, déi sech maachen an der Wirtschaft, an ech muss Iech soen, déi maache mir einfach Suergen. Wann dat aner Leit keng Suerge mécht, ob dat elo bei mir an der Partei oder anzwousch anescht ass, da musse si sech selwer Froe stellen. Ech maache mir op alle Fall iwwer eng Rei Saache Suergen. An dat wat ech a menge Suerge heiansdo vläicht sybilinesch ugekënnegt hunn, zeechent sech an deene leschten Deeg a Wochen awer of. Et ass awer net vun Dommheet, wou ech déi Saachen alleguerte gesot hunn. Och wann een do net Panikmache muss maachen. Ech gleewen awer un eng Rei Saachen. A mir sinn awer amgaang un enger Rei Saachen ze schaffen, ouni datt ech domadder grouss Pressekonferenze maachen. A mir hoffen doduerch eng Rei Saachen, net elo hei wesentlech ze verbesseren, mä ofzeschwächen an hiren Effeten, an ech hoffen, datt dat eis geléngt.

Marc Linster: Sitt Dir da gewëllt, de Leit déi Wourechten ze soen, op d'Gefor hin, datt Dir a fënnef Joer net méi Minister sitt.

Jeannot Krecké: Also, ech mengen ech si bekannt, datt ech dat esou soen wéi ech denken. Ech weess, datt ech mir net ëmmer Frënn, inklusiv bei mir an der Partei, gemaach hunn. Mä ech hu bis elo nach ëmmer esou fonctionnéiert. Mä ech weess awer och wat meng Responsabilitéit ass vis-à-vis vu menger Partei a vis-à-vis vun de Sozialpartner. Et ass awer och net fir hei déi ganz grouss Onrou ze veranstalten. An et muss ee bedächteg doriwwer goen anstatt grouss Panikmache elo ze maachen, probéiere mir jo ze kucken, datt d'Gespréich oprecht erhale gëtt. Den 3. Februar gesinn ech d'Sozialpartner nach eng Kéier an ech weess, datt se vill op deenen Äntwerten op de Rapport Fontagné schaffen. An da brénge si am Fong geholl hir Géigenthesen dozou oder vläicht ënnerstëtzen se sech. Je n'en sais rien. Mir hunn och de Professer Fontagné dohinner geholl, fir datt hien direkt à chaud ka reagéieren. Et ass nëmme wa mir driwwer schwätzen, wa mir kënne maachen, also wa mir d'Ae wëllen zoumaachen, moi, je veux bien, mä dat ass ganz schwiereg mat mir ze maachen.

Marc Linster: Eng lescht Fro nach. Dir sitt elo een déckt halleft Joer Wirtschaftsminister. Hat Dir Iech Ären Job méi einfach virgestallt?

Jeannot Krecké: Ech muss soen, ech hat d'Situatioun, hunn ech net genau sou iwwerbléckt, wéi ech se elo iwwerblécken. Dat huet mir jo Suerge genuch gemaach. Mä et ass een Job, deen ass extrem intensiv, wann een en esou wëll maachen. Wann een d'Dossiere wëll kënnen. Wann een net just ofhängeg wëll si vu senge Beamten. Ech hunn exzellent Beamte, mä ech wëll net ofhängeg dovunner sinn, dann ass et ganz, ganz haart. Mä ech muss soen, et mécht ganz vill Freed. An ech hänken net un deem Stull. Mëttlerweil kommen ech an den Alter wou ech och ka soen, no deene fënnef Joer hei, muss ech d'Politik an där Form net méi hunn. Ech muss op alle Fall net an enger Regierung sinn. An dofir wäert ech deen Job esou maache, wéi ech e fir gutt fannen. Esou wéi en am Avantage vun deem Land hei ass. Esou gesinn ech et op alle Fall. An da mussen d'Leit jugéieren. Ech mengen, an ech verstinn duerchaus, datt een net d'accord ass mat mir an esou ausdréckt dann iwwert de Vote. Mä bon, dat ass eben esou. Wann ee sech deem Beruff do higëtt, da weess een, datt d'Leit herno jugéieren. An d'Leit kënnen herno soen, dat do wëlle mir net an da muss ech dat kënnen akzeptéieren. Ech sinn net verluer op der Welt. Ech kann och nach aner Saache maachen.

Marc Linster: Ass et da méi einfach Oppositiounspolitiker ze sinn, wéi dach wierklech Responsabilitéit an der Regierung ze hunn.

Jeannot Krecké: Éierlech gesot, hunn ech jo ëmmer behapt, datt ech keen Oppositiounspolitiker sinn an ni ee wäert ginn, dofir ass et fir mech méi agreabel an der Majoritéit ze sinn. Ech sinn ee Mënsch, dee gär eppes mécht, dee gäre konstruktiv schafft. An ech sinn een, deen am Fong geholl ganz schwiereg ass, wann et heescht, nëmme kritiséieren, an ech awer net d'Hiewelen hunn fir eppes anescht besser ze maachen. Elo hunn ech se. Ech hoffen, datt et mir geléngt, dat och ze maachen.

Marc Linster: Eng Fro nach a puncto Fräizäit. War Dir schonn op Ärem Schëff zënter datt Dir Minister sidd?

Jeannot Krecké: Jo, ech war Chrëschtdag e puer Deeg dohinner, mä ech sinn net domat erausgefuer. Ech hunn emol missten drop schaffen. Well et ass evident, datt esou ee Schëff och, an dat mécht mir och ganz vill Spaass, datt ech e bësschen handwierklech do aktiv sinn. Eppes wat ech heiheem ni maachen.

Marc Linster: Merci, Jeannot Krecké, fir de Besuch am Studio.

Dernière mise à jour