Le ministre de l'Emploi, François Biltgen, au sujet de la situation de l'emploi au Luxembourg

Marc Linster: Manner Loun fir den Index auszegläichen, ass dat elo déi leschte Versioun vum Patronat, fir déi gehaassten automatesch Lounupassung ze neutraliséieren?

François Biltgen: Dat ass op alle Fall déi Siicht, déi d’Gewerkschaften hei ganz däitlech hunn. Wat jo och erkläert, datt se eng Partie Manifestatiounen och hunn, ech mengen de Mëtten hunn d’Gewerkschaften bei Dupont manifestéiert. Mir wëssen, datt nach aner schwiereg Kollektivverträg ausstinn. Et ass esou, datt d’Gewerkschaften effektiv mengen, et wier System hannendrun, fir eben och déi Diskussioun iwwert d’Kompetitivitéit zu Lëtzebuerg an deem Sënn ze beaflossen. Elo soen ech ganz däitlech, datt mer an der Kompetitivitéit iwwert alles musse schwätzen, och, ech mengen dat huet ni een ausgeschloss, fir iwwert den Index ze schwätzen, et muss een awer och ëmmer la part des choses maachen. Et ass engersäits richteg, datt besonnesch am Ausland, dat ass ee ganz komesche System, gekuckt gëtt. Et muss een awer kucke, wat an anere Länner geschitt. Och an anere Länner gëtt et Systemer, fir ee gewëssenen Inflatiounsausgläich ze maachen. Ech mengen, dofir soll een, wa mer iwwer Kompetitivitéit schwätzen, elo net nëmmen do Index schwätzen, mä mir sollen alles schwätzen. Ech mengen et si jo 10 Pisten, déi wëllt de Wirtschaftsminister ugoen an dat solle mer och esou maachen. Fir de Rescht, mengen ech, hu mer Kollektivverträg, wou ech iwwregens ganz frou sinn, datt mer dat neit Kollektivvertragsgesetz hunn, wat och eng Partie Pisten och bitt, fir och kloer Fronten ze schafen, de part et d’autre, vun Instrumenter, déi kënne benotzt ginn an ech sinn nach eng Kéier frou, datt ech mech duerchgesat hunn an datt d’Chamber do wierklech mat enger ganz grousser Majoritéit mat mer gaangen ass, fir ze soe, mir brauche staark Gewerkschaften. Well Sozialdialog, dat ass och dat doten, do muss een d’Argumenter mateneen echangéieren, de part et d’autre, an ech mengen dat ass normal, datt d’Patronat seng Vue dohinnerleet, besonnesch wann een an engem internationale Konzern ass, da kritt een och Benchmarken opgesat an esou weider an et ass awer op der anerer Säit awer och richteg, datt d’Gewerkschaften do hir Roll spillen.

Tom Graas: De Wirtschaftsminister schafft jo och de Moment, am Optrag vun der Regierung, un enger Reform vum Index. A wéi eng Richtung geet dat dann oder kéint dat goen?

François Biltgen: Déi Diskussioun déi mer an der Tripartite haten, an dofir wëll ech och elo hei e bëssen ofwieren, net datt elo gemengt gëtt, elo géif alles hei zur Dispositioun stoen. Mir haten eng Diskussioun an der Tripartite, och mat de Sozialpartner, iwwert verschidden Aspekter, nämlech deen Aspekt, wa mer d’Steieren eropsetzen, zum Beispill op Benzin, zum Beispill op Tubak, fir verschidde spezifesch Finanzéierungen ze maachen, datt dat net misst sech am Index repercutéieren. Dat hu mer och an der Vergaangenheet gemaach. Mä nach eng Kéier, et ass net esou, et ass net esou wéi et schonn ugeklongen ass, datt elo d’Regierung géif klammheimlech iwwert een anere Wee den Index ofschafen. Ech mengen, do sinn d’Aussoe kloer genuch vum Premier, vum Wirtschaftsminister a vun aneren.

Tom Graas: Et ginn och net iergendwelech Plafonge bei engem maximalen Akommes, datt do den Index anescht ass?

François Biltgen: Dat ass jo eng Diskussioun, déi jo iwwregens d’Patronat lancéiert huet, nodeem, wëll ech awer och soen, d’Gewerkschafte viru Joren och eng Kéier mat deem doten Argument komm sinn. Dat kann an d’Diskussioun mat afléissen, mä et ass net esou, datt géif klammheimlech de Wirtschaftsminister hei den Index auserneen huelen.

Marc Linster: Ass et dann esou, wéi d’Gewerkschaften dacks mengen, datt d’Problemer an de Betriber héichgeschaukelt ginn, fir datt da kann am Kader vu Kollektivvertragsverhandlungen eng sougenannten Nullronn duerchgezu ginn, fir de Profit ze maximéieren?

François Biltgen: Dat ass eng Diskussioun, op déi ech net kann d’Äntwert ginn. Ech mengen, do muss een an all Betrib eenzel kucken. Wat mäin Uleies ass, a mir komme vläicht am Laf vun der Diskussioun nach drop zréck, dat ass, datt een Element muss sinn an Zukunft bei de Kollektivvertragsverhandlungen, do mussen awer d’Gewerkschaften wéi d’Patronat matspillen, datt mer vill méi och d’Beschäftegung kucken a vill méi wäit d’Beschäftegung kucken, wéi dat elo de Fall war. Dat steet zanter 1998 am Kollektivvertragsgesetz a mir hunn dat och net erausgeholl, obwuel do [inaudible] war fir ze soen, et muss manner an d’Kollektivvertragsgesetz  kommen, Dir iwwerfracht d’Sozialpartner mat all deene Punkten. Mä ech mengen, et ass extrem wichteg an Zukunft, mat de Restrukturéierungen, datt dauernd och iwwert d’Beschäftegung geschwat gëtt an och eventuell Gefore bei enger Beschäftegung gekuckt gëtt, a gekuckt gëtt, wéi kann een déi elo schonn ofsécheren, déi Plazen, respektiv, wat nach ëmmer meng gréissten Hoffnung ass, wéi kënnen nei Plaze geschaaft ginn.

Tom Graas: Gutt, wa mer vun der Beschäftegung schwätzen, Här Biltgen, 4,5% ass den Taux vum Chômage, dat si bal 10 000 Leit. Wéi entwéckelt dat sech da weider, Ärer Meenung no?

François Biltgen: Also, et ass esou, datt am Mount Januar den Taux de chômage nach eng Kéier dierft an d’Lut goen; an da geet en erof. Dat wëll ech elo einfach soen, fir weder a Panik op där enger Säit, nach an herno an op d’Schëllerklappen op där anerer Säit ze verfalen. Mir hunn eng saisonnier Entwécklung. Wat mech intresséiert…

Marc Linster: Dat hu mer all Joers.

François Biltgen: Dat ass all Joer, dat ass déi saisonal Entwécklung, déi mer hunn. Dofir wa mer kucken, den Taux de chômage am Joer 2004, dee war 4,2%, dat war d’Moyenne am Joer 2004, d’Joer 2003 waren 3,7%. Et ass also nach an d’Lut gaangen, net méi esou séier an d’Lut gaangen wéi am Joer 2003. Trotzdem sinn do e puer Entwécklungen, déi mer ganz vill Suerge maachen, wann ech op d’Ziffere kucken, déi mer haut am Comité de conjoncture beschwat hunn. Engersäits ass et déi Deceleratioun vum Chômage, dee bis den Oktober nach de Fall war, datt e wierklech net méi esou séier geklommen ass, déi huet den November, Dezember opgehalen. Dat wëllt net onbedéngt och soen, datt dat elo esou weidergeet, mä et muss een dat awer kucken. Virun allem maache mer Suergen, da komme mer schonn op d’Restrukturéierungen e bësselchen, maache mer déi Leit Suergen, déi eng Indemnité de chômage kréien, déi eigentlech Chômeuren, déi Zuel ass ëm 4,5% an d’Lut gaangen. Wann ech déi 9.500 huelen, déi eng Schaff sichen, dovu sinn nëmmen d’Halschecht, déi och eng Indemnité de chômage kréien. Dat heescht, dat sinn awer déi Leit, déi hir Aarbechtsplaz verluer hunn, soit well restrukturéiert gouf, soit ganz vill awer och well befristet Kontrakten Enn vum Joer regelméisseg oflafen. Déi Zuel, déi vill zréckgaangen ass, déi ass awer elo erëm wierklech erëm am gaang ze klammen an dat seet mer och, datt sech nach an de Betriber nach ganz villes deet, net nëmmen an deene vun deene mer schwätzen, mä an aneren och. An dann ass déi Fro, déi den Aarbechtsminister sech muss stellen, hu mer e Problem mat der Struktur vun eisem Chômage, mat dem Laangzäitchômage? Mir hunn nach ëmmer deen niddregste Laangzäitchômage a ganz Europa.

Marc Linster: Mä och déi Fro ass net nei.

François Biltgen: Allerdings gesinn ech Entwécklungen, déi mer Suerge maachen. Wann ech erëm eng Kéier d’Zifferen huele vum Dezember, stelle mer fest, datt net nëmme relativ gesinn, mä och en Chiffres absolus, manner Jonker ageschriwwe sinn. Mä déi iwwer 40, déi klammen. Ech gesinn och, datt manner Leit mat Bac+ ageschriwwe sinn, net nëmme relativ, och en Chiffres absolus. Mä déi, déi keng Qualificatioun hunn, déi Zuel déi klëmmt. An do, Alter, Net-Qualificatioun, do gesinn ech ganz vill Geforepotenzial fir d’Zukunft, fir ebe Leit ze hunn, déi een net méi zréck op den Aarbechtsmaart kritt, déi ausgemustert ginn, well se keng Qualificatioun am Ufank haten oder well hir Qualificatioun haut net méi benotzt gëtt a wann déi dann ee gewëssen Alter hunn, ass dat nach vill méi schwiereg, vill méi schwiereg nach wéi bei deene Jonken, déi keng Qualificatioun hunn, fir se op eng Schaff ze kréien. An do hu mer eng ganz Partie vu Viraarbechte schonn ugefaangen an do musse mer resolut dorunner schaffen.

Marc Linster: Komme mer nach eng Kéier zréck op d’Betriber selwer: drécken da wierklech d’Léin an d’Lounniewekäschten esou op d’Kompetitivitéit hei zu Lëtzebuerg?

François Biltgen: Also d’Kompetitivitéit, soen ech nach eng Kéier, ass eppes, wat ganz large ass. Ech hu jo vill Kontakter mat Betriber an et ass natierlech ëmmer esou, datt all Betrib mat deem ech schwätzen, mer seet, deen Index, deen hunn ech net gären an d’Léin sinn héich, mä et sinn ëmmer aner Avantagen, déi mer zu Lëtzebuerg kënnen an d’Fënster setzen. Et ass elo nach esou een internationale Ranking erauskomm iwwert d’wirtschaftlech Fräiheet, wou mer do ganz vir waren. Et kommen der och, wou mer e bëssche méi hanne sinn, mä mir hunn eng ganz Partie vun aneren Atouten. Et muss ee wëssen, datt mir een Héichlounland sinn an datt mer och dofir verschidde Konsequenzen dovunner mussen droen. Eng Konsequenz déi d’Regierungen, d’Regierungen soen ech, an all deene leschte Jore wierklech geholl hunn, dat ass fir ze kucken, datt d’Lounniewekäschten esou niddreg wéi méiglech sinn, well dat mat sech bréngt, datt d’Leit hei vill netto verdingen, de Patron dann awer ee Brutto huet, deen oft dann awer vill méi akzeptabel ass wéi am Ausland. En zweete Punkt, deen een einfach muss am Kapp hunn, dat ass, wa mir, a mir hu keen anere Choix wéi een Héichlounland och an Zukunft ze bleiwen, wa mer dat wëlle bleiwen, da musse mer dauernd nei Produkter entwéckelen, nei Servicer entwéckelen, déi een héige Méiwäert hunn. Dat heescht, mir mussen och an Zukunft  wëssen, dat dauernd restrukturéiert gëtt an dohir mäi Wonsch och op Dossieren, déi ech scho virun 2 Joer lancéiert hunn, een Dossier, deen ech genannt hunn „maintien de l’emploi, intelligent Restrukturéierung“, datt mer wierklech schwätzen, wéi mer d’Restrukturéierung  anticipéieren a wéi mer se begleeden, ouni d’Leit op d’Strooss ze setzen. Dat hat ech lancéiert an enger Tripartite am Joer 2003, do sollten d’Sozialpartner ënnert sech diskutéieren, déi sinn net eens ginn, just virun de Walen hu se mer dat matgedeelt. Mir hunn am Regierungsaccord do 4 Punkten zréck-behalen, wat mer solle maachen an do hu mer elo een neien Iddiëkatalog virbereet, deen och d’Sozialpartner virun zwou Woche kritt hunn. Et ass also net esou, datt während der Présidence dem Aarbechtsminister seng Leit net géife schaffen. Mir hu ganz vill Viraarbecht an deene leschte Méint gemaach a mir musse vill op Bréissel goen, mä mir sinn och hei zu Lëtzebuerg.

Tom Graas: Gutt Wuert, Restrukturatiounen, Dir hutt et elo just gebraucht. Et dierf net automatesch gläichbedeitend si mat Massenentloossungen, dat sot gëschter och de President vum OGBL, Jean-Claude Reding, op enger Pressekonferenz nom Nationalvirstand vu senger Gewerkschaft.

Jean-Claude Reding (O-Toun): Dat wäer nämlech u sech de lëtzebuergesche Sozialmodell positiv diskutéiert, net géint eng Politik vu Restrukturéierung ze sinn, géint eng Politik si vu Moderniséierung vun Entreprisen, mä déi Restrukturéierung esou ze maachen, datt Leit net a précaire Liewenssituatiounë gestouss ginn, mä datt se eng Ofsécherung hunn an dat wär och e Lien mat der Kompetitivitéitsdiskussioun gemaach, well eng héich Produktivitéit déi bedeit och eng héich Motivatioun an eng héich Motivatioun, déi hues de net, wann s de Angscht hues. A wann d’Leit Angscht hunn ëm hir Aarbechtsplaz, dee Moment da komme mer an eng Situatioun, wou de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg e Konfliktstanduert ka ginn a Konflikter, dat  si jo net nëmmen d’Konflikter, déi dann a Sozialkonflikter sech ausdrécken, dat ass och d’Vereenzelung vun de Leit, dat ass d’Belaaschtung vun deene eenzelne Leit, dat ass Stresssituatiounë mat hiren Auswierkungen op d’Gesondheet vun de Leit, dat ass awer och aner Froen, wou eng Gesellschaft amgaangen ass, deen Ament lues a lues ausenanerzebréckelen. Och dat ass ee soziale Konfliktstoff, dee muss gekuckt ginn an deen ee Lien huet mat den economeschen Entwécklungen.

Marc Linster: Här Biltgen, wéi soll dann elo deen originelle Lëtzebuerger Modell a puncto Restrukturéierungen ausgesinn, wou Dir jo och schonn Är Virstellungen hutt, wéi Dir gesot hutt.

François Biltgen: Ma jo, mir hu 4 Punkten, déi mer zréckbehalen hunn, am Kader vum Regierungsaccord op mäi Virschlag hinn, wou mer mengen, datt ee kéint wierklech proaktiv schaffen. Deen éischte Punkt ass de Sozialaudit, datt een ier, datt een iwwerhaapt vu Sozialplang schwätzt, ech denken och u kleng Betriber, déi sech keen Audit kënne leeschten, grouss Betriber kënne sech een Audit leeschten, datt een do regelméisseg géif ee Sozialaudit vum Staat mat finanziell begleeden, fir eben op Problemer opmierksam ze maachen. Mir kréien dauernd, nach haut am Comité de conjoncture, Betriber, déi op eemol Schwieregkeeten hunn, wou een se hätt kënne virausgesinn, wann ee sech mat Zäiten ëm déi Betriber bekëmmert hätt.

Tom Graas: Erlaabt mer déi Zwëschefro, musse mer da mat enger Well vu Restrukturatioune rechnen den Ament? Gesäit et esou aus?

François Biltgen: Also ech soen nach eng Kéier, datt d’Produkter all Moment änneren. De Wirtschaftsminister mengen ech hat et eng Kéier gesot, Här Linster, bei Iech op der Antenn [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Leschte Samschdeg, effektiv.

François Biltgen: Gereiträger, ee Produkt wat éiweg dauert, dat ass net méi esou an Zukunft. Mir mussen dauernd kucken, d’Denger weider ze entwéckelen, d’Produkter an d’Servicer, dofir hunn ech jo och perséinlech, war ech ganz frou, datt ech net nëmmen Aarbechtsminister, mä och Rechercheminister sinn. Well bei enger ganzer Partie vun deene Betriber, vun deene mer och schwätzen, ech wierklech vill och mat wëll hëllefen an och scho gehollef hunn, fir ebe Recherche op Lëtzebuerg ze kréien. Dat erlaabt nämlech, datt déi Betriber och hir Produkter weider entwéckelen an eben hire Standuert zu Lëtzebuerg och halen.

Zweet Element fir ze hëllefen, dat ass dat vum Outplacement. Datt mer aplaz de Leit vill Sue ginn, datt mer kucke, fir se op eng nei Plaz ze féieren, do ginn et ganz vill Méiglechkeeten. Do ginn et gutt Modellen am Ausland, mir hunn der iwwregens och schonn zu Lëtzebuerg, hu mer der gemaach.

Dann een drëtt Element, dat ass dat vum Prêt de main-d’œuvre. Wann ee Betrib, dat huet een heiansdo, datt ee Betrib, aus oft, aus finanzielle Schwieregkeeten, op eemol, am Bau kënnt dat regelméisseg vir, Schwieregkeeten huet, anerer ginn awer nach gutt, datt een da géif soen, ma jo, an deem Secteur maache mer, kann een déi Leit einfach un aner Betriber ausléinen, bis datt ee gesäit, wat mat deem Betrib geschitt oder mat deem Betrib net geschitt.

An déi véiert Piste, dat ass déi vu punktueller Aarbechtszäitverkierzung, déi awer zum Beispill soll begleet gi mat Ausbildung. Mir sinn elo, mir hu vläicht ee Betrib an deenen nächste Méint, wou een dat dote ka maachen, wou et sech vläicht erausstellt, datt eppes net méi gemaach gëtt, eppes aneschters gëtt gemaach a wou dann de Staat géif während deene Méint, wou d’Leit, déi betraffe Leit, am Leerlauf sinn, géif do Formatioun bezuelen, fir datt d’Leit kënnen herno erëm an hirem Betrib bleiwen a Produktioun maachen.

Nach eng Kéier, dat si Begleetmoossnahmen, déi de Staat kéint ubidden, mä d’Sozialpartner mussen dat awer ëmsetzen an d’Sozialpartner mussen d’Accord sinn.

Tom Graas: Gëtt dat an ee Gesetz gefaasst, déi 4 Punkten do?

François Biltgen: Ech ginn dovunner aus, datt mer se an ee Gesetz faassen. Mir versichen elo schonn, dat eent oder dat anert, wéi zum Beispill déi Formatiounsgeschicht, mat eisen aktuelle Budgetsmëttelen ze maachen, souwäit mer do Budgetsmëttelen hunn. Mä wa mer dat wierklech wëllen als neit Instrumentarium vun intelligenter Restrukturéierung ëmsetzen, da musse mer ee Gesetz maachen. Wéi gesot, besonnesch d’Patronatssäit war bis elo ëmmer ganz ganz  reservéiert, well se och soen, mir mussen oppassen, datt do net eng Geschicht kënnt vun Aides d’état à l’entreprise an esou weider a sou fort an d’Betriber mussen heiansdo, muss gebotzt ginn an deem engen oder anere Secteur, mä mir fueren awer resolut domadder weider. Nach eng Kéier, et ass wichteg, datt d’Sozialpartner dann herno déidoten Instrumenter an hiren Negociatioune benotzen.

Marc Linster: Mä stellt sech awer net och ee Problem dohir, well déi meescht Restrukturéierungen, déi elo musse passéieren, dat geschitt a Lëtzebuerger Filialë vu Weltkonzerner, d’Decisioune falen net hei zu Lëtzebuerg. Huet dann d’Politik nach iwwerhaapt do eng Chance, sidd Dir net einfach machtlos?

François Biltgen: Nee. Et ass ganz kloer, datt et vill méi schwiereg ass, wann de Konzern iergendwou hannert engem Atlantik sëtzt, wéi wann d’Konzernspëtzt hei ass. Et ginn awer vill Betriber, et ginn awer vill Betriber, wou awer dauernd déi dote Kontakter lafen hei zu Lëtzebuerg a wou eben am Virfeld och déi Leit, déi hei fir de Betrib Verantwortung hunn, och an engem Sënn vu Responsabilité sociale des entreprises, ee Konzept wat ech och wëllt méi thematiséieren, och bei d’Regierung kommen, an déi wëlle jo och hire Standuert halen an déi wëlle sech jo och verkafe bei hirem Mammenhaus an dat bréngt och mat sech, datt d’Regierung, eng ganz Partie vu Ministeren, regelméisseg och kucken, fir och do ee Klima ze schafen, datt déi Leit soen, ma jo, Lëtzebuerg bitt awer eng ganz Partie vun Hëllefstellungen, fir datt een hei kann an d’Zukunft plangen. De soziale Fridden ass nach ëmmer eng wichteg Saach.

Ech kommen op d’Recherche zréck, also ganz villes kann een awer do vun Ambiente ubidden, fir ebe Betriber hei ze hunn. Mir hunn zur Zäit net onbedingt eng Delokaliséierungswell vu Betriber, déi géife Lëtzebuerg verloossen, fir a Bëlleglounlänner ze goen. Et ass awer richteg, datt Produktiounen, wéi eben déi Kassetten, datt déi keng Zukunft méi hunn, iwwregens net nëmme méi zu Lëtzebuerg, si hunn op der Welt keng Zukunft méi. Ech sinn an deem Sënn, wann ech TDK huelen, wou ech net ganz frou sinn iwwert d’Aart a Weis, well ech och eréischt Mueres informéiert  gouf, do ass eng aner Betribskultur hannert dem Atlantik wéi hei, mä op där anerer Säit muss ee sech awer och soen, datt et awer scho gutt ass, an deem Sënn, datt net d’DVD an d’optesch Dengen ewechgeholl gi sinn. Déi ginn zu Lëtzebuerg ausgebaut, do gouf och viru kuerzem vun der TDK hei investéiert an dat heiten ass een Auslafmodell an ech hat virun 2, 3 Joer war ech selwer och an de Betrib, wou mer dat gekuckt hunn. Do muss een och wëssen, datt dee Betrib zwëschen 2001 an 2004 schonn 200 Leit ofgebaut huet, ouni datt et awer, wéi dës Kéier, zu Entloossunge komm ass an dat ass eben dat, wat mir hei an dësem Dossier wierklech déi meeschte Suerge mécht, well iwwer 200 Leit, dat ass net einfach, fir déi Leit einfach vun haut op muer eppes Neies ze fannen.

Tom Graas: D’Zäit leeft eis e bëssche fort, duefir nach eng kuerz Äntwert vun Iech op déi lescht Fro: Dir sidd amgaang un engem sougenannte Code du travail ze schaffen, wéi wäit beaflosst dann esou een Aarbechtsgesetzbuch och de Standuert Lëtzebuerg, de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg?

François Biltgen: Also de Code du travail, d’Aarbechtsgesetzbuch, dat huet een eenzegen Zweck: alles schéi logesch beieneen ze stellen. Do gëtt näischt geännert um Droit. De Prinzip vun engem Code ass, datt näischt geännert gëtt.

Tom Graas: Gëtt keng Opweechung gemaach?

François Biltgen: Do gëtt keng Opweechung, och keng Verhäertung, weder an deem engen nach an deem anere Sënn, mä et gëtt einfach, fir d’Rechtspraktiker gëtt et méi einfach an ech mengen do si vill Leit, d’Betribschefen, esou gutt wéi d’Delegéierten an aner Leit, déi sech da méi, besser am Aarbechtsrecht erëmfannen, wéi dat haut awer heiansdo de Fall ass.

Tom Graas: Voilà, merci, Här Biltgen, fir de Besuch haut den Owend.

Dernière mise à jour