Le ministre des Affaires extérieures et président du Conseil de l'UE, Jean Asselborn, au sujet des élections en Iraq

Frank Kuffer: Déi éischt fräi Walen zanter iwwer 50 Joer am Irak sinn also gelaf. Et gouf awer och een deiere Präis bezuelt. Net nëmme gëschter si vill Leit ëmkomm, mä all d’Affer, déi et zanter dem Ufank vum Krich an deem Land gouf, war et dat wäert, géift Dir haut soen?

Jean Asselborn: Jo, ech mengen engersäits, wéi Dir richteg gesot hutt virdrun, wann dat déi éischt pluralistesch Walen elo waren zanter 53, dann ass dat absolut positiv, mä anerersäits wann d’Leit, déi wiele ginn, wann déi a Liewensgefor sinn, wann déi sech agesat hunn, nach vill méi an och déi Leit, muss ech wierklech de Courage bewonneren, déi um Terrain déi Walen do organiséiert hunn. Mä et gëtt kee Wee laanscht fräi Walen, dat ass een éischte Schrëtt dee primordial ass, fir datt den Irak eng Chance kritt, erëm ee Rechtsstaat ze ginn.

Frank Kuffer: Gëtt dat Land dann elo, nodeem gewielt gouf, méi sécher oder hëlt Ärer Meenung no d’Gewalt esouguer nach zou? Déi gewielte Politiker riskéiere wahrscheinlech elo all Dag hirt Liewen, oder net?

Jean Asselborn: Jo, dat ass och elo, ech mengen ob et méi secher gëtt, do ass et ganz ganz schwéier optimistesch elo ze sinn. Et ass jo een Zil vun der Politik, fir dat Land méi sécher ze maachen, mä engersäits hält doudsécher déi blann Gewalt, den Terror net op, an anerersäits, déi Dynamik déi entsteet, déi kann entstoen, déi ass ganz geféierlech, datt am Norden d’Kurde gestëmmt hunn, d’Schiiten hu gestëmmt, d’Sunniten, déi awer 30% vun der Bevölkerung duerstellen, déi hunn net gestëmmt an duerfir ass och vun der EU aus et richteg, datt mer soen, dat hei war elo eng Wal fir eng Assemblée constitutionnelle. Am August soll déi Constitutioun dann ausgeschafft sinn, da soll ee Referendum stattfannen am Oktober 2005 an dann d’Parlamentswalen, eigentlech déi richteg Parlamentswalen sollen am Dezember 2005 stattfannen an do muss déi sunnitesch Minoritéit, déi muss mat dobäi sinn, wann iwwert déi nei Verfassung geschwat gëtt, fir datt all Deeler vun der Bevölkerung am Irak kënnen dorunner deelhuelen.

Frank Kuffer: Ech huelen un, d’Situatioun am Irak ass och ee Sujet haut um Conseil vun den Ausseministeren zu Bréissel, deen dir jo presidéiert. Wéi soll et der EU no dann elo do virugoen? Wéini sollen, mussen d’Amerikaner an d’Britten dann aus dem Land eraus?

Jean Asselborn: Jo, et muss ee fir d’éischt emol wëssen, datt mer vun der Europäescher Unioun, a mir wëllen dat haut och staark betounen, 2003, 2004 hu mer 300 Milliounen Euro fir d’Reconstructioun vum Irak zur Verfügung gestallt. Et kommen elo nach 200 Milliounen zesummen. Mir ware gëschter Owend mam Här Solana a mat der Madame Ferrero-Waldner zesummen, wou dat och nach eng Kéier ënnerstrach ginn ass. Alleng 30 Milliounen hunn d’Europäer bezuelt fir d’Organisatioun vun de Walen. Ech mengen de Geescht ass ganz kloer, hei si mer am Geescht vun där berühmter Resolutioun vun der UNO, 1546, déi am Juni geholl ginn ass a wou och déi 25 europäesch Staaten alleguerte sech solidaresch domadder erkläert hunn. An do sinn zwou wichteg Saachen dran, dat ass, d’Iraker hunn ee Recht hirt Schicksal selwer ze bestëmmen, dat heescht, si brauche keen Tuteur dobäi, dat heescht dann och, datt déi méi friem, loosse mer soen Autoritéiten, déi am Land sinn, datt déi sech wierklech, wann den Irak elo d’Autonomie erëm, wann den Irak erëm sech selwer ka bestëmmen, an datt en och Institutiounen huet, datt déi sollen erausgoen. An zweetens ass et am Kader vun der UNO, datt do déi international Communautéit hëlleft, datt wirtschaftlech, sozialpolitesch d’Reconstructioun stattfënnt, fir datt een eben e sécheren an ee stabilen an een demokrateschen Irak kann opbauen a mir als Europäesch Unioun si ganz staark implizéiert, fir um Niveau vum Rechtsstaat matzehëllefen, fir d’Zivilisatioun erëm opzebauen, fir och d’Police opzebauen, net am Irak selwer, mä ausserhalb vum Irak an dat ass déi Aufgab, déi mer elo hunn. Déi aner Länner, déi do nach präsent si mat militäresche Capacitéiten, ech mengen, déi hu jo och sech mussen an de Geescht setze vun der UNO-Resolutioun 1546 an ech hoffen, datt do och dann déi richteg Konsequenzen zum richtegen Zäitpunkt gezu ginn.

Frank Kuffer: Dat heescht, déi Konsequenze wieren, datt se dann awer relativ séier missten aus dem Land dann eraus?

Jean Asselborn: Selbstverständlech, ech mengen, hei sinn elo Wale gewiescht, et gëtt eng Verfassung ausgeschafft. Wann déi Verfassung ausgeschafft ass, ginn Parlamentswalen organiséiert. Spéitstens um Enn vun dësem Joer dierft keng Ursaach méi sinn, fir nach präsent am Irak mat militäresche Mëttelen ze sinn.

Frank Kuffer: Jean Asselborn, ech mengen, Dir hutt ëm 8 Auer schonn eng éischt Reunioun zu Bréissel, Dir sidd och e bësschen erkalt. Merci fir datt Dir Iech awer nach séier an esou fréi fir eis Zäit geholl hutt an eng gutt Besserung.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour