Le Premier ministre, Jean-Claude Juncker, au sujet de son entrevue avec le Président de la République française, Jacques Chirac le 7 février 2005 à Paris

Eric Ewald: Dir hutt also mam Jacques Chirac gëschter eng länger Diskussioun gehat, wou de franséische President, wéi gesot, op een Neits e speziellen Traitement fir bestëmmten Depensë gefrot huet. Genee dogéint war Dir awer den 18. Januar bei enger Reunioun zu Bréissel vun de Finanzministeren. Ass do iergendwéi awer e Kompromëss a Siicht?

Jean-Claude Juncker: Ech gesinn dee Kompromëss a Siicht, obschonn dee Kompromëss schwiereg bleift. Déi nächst Sitzung vun de Finanzministeren am Februar wäert iwwregens weisen, esou spieren ech dat no Gespréicher an och an deem ech mech probéieren eranzefillen an déi aner. Am nächsten Ecofin, also am Februar, wäert dat erëm e bësschen ausernee lafen, fir dann erëm am Mäerz zesummenzelafen. Dee franséische Wonsch, eenzel Ausgabebléck aus dem Uwennungsberäich vum Stabilitéitspakt eraus ze léisen, ass eng Idee, déi Frankräich mat Insistenz ëmmer erëm virbréngt. Ech bleiwen dogéint fir dat ze maache, well och wann et gutt Grënn dofir gëtt, fir Ausgabe fir d'Fuerschung an d'Entwécklung, fir Verdeedegungsausgaben an anerer virzegesinn, ass et esou, datt all Land seng eege Virstellungen dovun huet, wat misst eraus gerechent gi, fir emol an deem Jargon ze bleiwen. Dat gëtt eppes Onméigleches. An dofir hunn ech dem President gëschter Owend nach eng Kéier erkläert, datt ech dat net wäert proposéieren, well ech inhaltlech net dovun iwwerzeegt sinn a well ech weess, datt dat een an e ganzt geféierlecht Waasser brengt. Mä mir ginn eis do eens.

Eric Ewald: Komme mir dann bei d'Finanzperspektive fir d'Unioun an de Joren 2007 bis 2013. Och do huet Frankräich e bësschen eng aner Vue. De Budget vun der Unioun soll net iwwer 1% vum PIB erauslafen. D'Kommissioun dogéint ass jo der Meenung, datt dee Budget misst 1,24% ausmaachen. Ass do mat iergendwéi eppes ze rechnen, wat sech kéint méi no kommen?

Jean-Claude Juncker: Mir mussen am Juni een Accord fannen am Europäesche Rot. Een Accord am Juni musse mir hunn, well mir bis am Dezember alleguer déi Gesetzer an Europa mat dem Europaparlament an dem Ministerrot mussen duerchbréngen, déi mir brauche, fir den 1. Januar 2007 d'Fuerschungsprogrammer an aner Programmer kënnen – haaptsächlech an den neie Länner – ze lancéieren. Frankräich bleift bei der Positioun, datt de Budget net däerf iwwer 1% goen. Dat ass eng Propositioun, déi een dezenterweis net kann oprecht erhalen, esou datt ech dem President nach eng Kéier erkläert hunn, datt dat ee Wee wier, deen een net kéint goen.

Eric Ewald: Eng drëtte Fro ass déi, ob och gëschter iwwert de franséische Referendum iwwert d'EU-Constitutioun an Äre Gespréicher Riets gong mam President Chirac engersäits a mam Premier Raffarin anerersäits. De Jean-Pierre Raffarin hat gëschter op France Inter gesot, e Refus vum Constitutiounstext duerch d'Fransouse géif d'Politik vu Paräis vum nom Zweete Weltkrich a Fro stellen. An dat géif e grousst politescht Biewen an Europa provozéieren. War dat en Diskussiounsthema gëschter? A gouf dobäi kloer, wéini den Datum fir dee franséische Referendum ass?

Jean-Claude Juncker: De President huet mech net autoriséiert ze soe wéini datt de franséische Referendum ass. Mä et mierkt een an de Gespréicher mat deene Kollegen an deene Länner, wou e Referendum ass, datt dat natierlech ganz staark op d'politesch Agenda dréckt. Déi Länner probéieren eng Rei vun Decisiounen, déi méi schwiereg ze erkläre sinn, net während hirer Referendumscampagne ze huelen. Ech hat a menger Ried virum Europaparlament däitlech gemaach, datt ech géif mengen, datt déi Tatsaach, datt Referenden kommen, déi europäesch Agendaë géife ganz staark beaflossen an deem se d'Diskussioune géife verlängeren. De President ass der Meenung, datt dee Referendum ka gewonne ginn, verkennt awer net déi grouss Schwieregkeeten, déi domat verbonne sinn. D'Schwieregkeeten, déi d'Leit hu mat de Referende sinn natierlech Schwieregkeeten, déi mir mussen an déi Timingsgestaltung vun eiser Presidentschaft mat ophuelen. Dat ass eppes wat éischter stéiert wéi hëlleft, mä dat ass de Präis vun der Demokratie.

Eric Ewald: Här Juncker, villmools Merci fir dës Explicatiounen.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour