Le ministre de l'Environnement, ministre des Transports, Lucien Lux, au sujet de l'entrée en vigueur du protocole de Kyoto

Fränk Kuffer: E Mëttwoch, also iwwermuer, trëtt deen ominéise Kyoto-Protokoll a Kraaft an dat iwwer siwe Joer nodeem de Prinzip vun deem Accord am japanesche Kyoto festgehal gi war. D'Länner, déi de Protokoll ratifizéiert hunn, engagéieren sech, hir Zäregasen, also CO2-Emissioune, bis 2012 ëm 5,2% par rapport zum Niveau vun 1990 ze reduzéieren. D'Länner aus der Europäescher Unioun sollen esouguer e Minus vun 8% erreechen a Lëtzebuerg als Klassebeschten hat sech d'Zil gesat, déi ëmweltschiedlech Gasen esouguer ëm 28% ze reduzéieren. Et hat laang gedauert bis genuch Länner de Protokoll ratifizéiert hunn. Notamment déi grouss Industrienatiounen hu sech fléiwe gelooss. An Amerika zum Beispill, ass nach ëmmer net mat dobäi. Egal wéi, duerch d'Ënnerschrëft vu Russland am November kann et elo, nee muss et elo, iwwermuer richteg lass goen. De Lëtzebuerger Ëmweltminister Lucien Lux ass dann och de Moien live Invité hei bei eis am Studio. Gudde Moien, Här Lux.

Lucien Lux: Gudde Moien.

Fränk Kuffer: Ech hu gesot, Klassebeschten. Et ass awer an der Zwëschenzäit kloer, datt déi 28% net erreecht ginn. Kréie mir elo eng Datz oder wat muss, wat ass da realistesch? Wéivill Prozent packe mir dann?

Lucien Lux: Ech mengen, fir d'éischt muss ee soen, déi 28%, déi musse mir erreechen. Dat ass een internationalt Engagement, wat mir geholl hunn an och ratifizéiert hunn. Ob mir et eleng packen duerch national Mesuren; ech mengen dat ass déi ëntscheedent Fro. Wichteg ass allerdéngs, datt mir prioritär, an dat läit mir ganz vill um Häerz, dofir suergen, datt mir hei zu Lëtzebuerg national Efforte maache, fir déi Bilanz do ze verbesseren. Dofir musse mir a bastele mir all Dag un engem Konzept, wat sech aus villen Elementer zësummesëtzt. Vun Energie spueren, vun Energieeffizienz, vun erneierbaren Energien, vu Förderung vu Passiv- an Niddregenergiehaiser, vu Verbesserung vum ëffentlechen Transport an esou weider. An dann, wa mir dat Zil net national eleng packen, ech mengen dann bedeelege mir eis un deem sougenanntenen Emissiounshandel als Land an och déi eenzel Entreprisen. Dat ass u sech näischt Pejoratives, well d'Atmosphère kennt jo mat Sécherheet keng Grenzen. An ech mengen, et ënnerstëtzt och e Prinzip vum Kyoto-Protokoll, nämlech op déi economeschst Aart a Weis dat beschte Resultat fäerdeg ze bréngen. Wa mir also Projete maachen an anere Länner, a Länner vun Osteuropa oder an afrikanesche Länner, da brénge mir et fäerdeg duerch eisen Apport iwwer Emissiounsrechter, déi mir akafen fir op deene Plaze trotzdem ze hëllefen, datt d'Atmosphère manner verschmotzt gëtt. An ech mengen, datt dat dem Esprit vum Kyoto-Protokoll gerecht gëtt.

Fränk Kuffer: Dir hutt et ugeschwat. Den Emissiounshandel, dat heescht krass gesot, mir ginn eis do e Recht kafe, fir eis Loft kënnen ze verknaschten. Wéivill kascht dat dann eis dann ongeféier déi nächst Joren?

Lucien Lux: Ech menge mir wëssen, datt mir an deene Joren wou et drop ukënnt, elo ass jo emol déi éischt Phase ass jo eng sougenannten Testphase, déi elo ugeet, wéi gesot e Mëttwoch. Déi dann dauert bis den 31.12.2007. An da kënnt déi eigentlech Periode vun 2008 bis 2012. An deene fënnef Joer musse mir ronn all Joer ëm déi 3 Milliounen Tonnen CO2-Emissiounen reduzéieren. Wann ee weess, datt eng Tonn haut am Emissiounshandel ëm déi 8 Euro, 8 bis 10 Euro kascht, bon, da kéint ee soen, wa mir se alleguer, all déi Tonnen do misste reduzéiere, bräichte mir 5 mol 3 Milliounen Tonnen mol 8,59 Euro, ech mengen da kéint een eng Rechnung maache, wat dat ongeféier kascht. Ech ginn dovun aus, datt mir et jo awer fäerdeg bréngen och e gudden Deel selwer ze reduzéieren. Ech mengen, wann ee fir d'EU, déi da wéi Dir richteg gesot hutt, sech virgeholl huet fir 8% ze reduzéieren. Mir leien am Moment bei enger Reductioun vu -3, déi mir bis elo fäerdeg bruecht hunn. Dir sot, dat ass net vill, mä ech mengen mir hunn awer wéinstens emol an den EU-Länner en Ëmkehr, mir ginn zréck a vill Länner stagnéieren. Ech mengen, datt dat awer emol en éischt Resultat ass.

Fränk Kuffer: Ass dat dee Präis dann iwwerhaapt wäert? Wéivill decaléiere mir de Problem Klimaverännerung dann no hannen, wann de Kyoto-Protokoll à la lettre erfëllt gëtt?

Lucien Lux: Ech mengen, et muss ee wëssen, datt, an déi Zuele si jo d'lescht Woch publizéiert ginn, vum Institut for Space Studies zu New York, déi eis soen, datt 2004 ass dat véiertwärmstent Joer säit der Industrialiséierung gewiescht. Nach eng Kéier ass d'Erderwärmung ëm 0,48 °C an d'Luucht gaangen. An dat wat gefaart gëtt an dat ass zum Beispill och an enger Studie ganz rezent och vun der Organisation de météorologie mondiale, déi dat säit laange Jore kontrolléiert, datt mir am Gaange sinn och irreversibel Schied ze maachen, datt et keen Ëmkehr méi gëtt an der Entwécklung vun der Erderwärmung. An elo kënnt ee laang schwätze wat dat heescht, déi Erderwärmung do. Wat dat zum Beispill heescht um Niveau vun der alimentairer Ketten an afrikaneschen oder asiatesche Länner. Wat dat heescht an Augmentatioun vum Mieresspigel. Et gëtt gerechent, datt 2050, wann d'Augmentatioun vum Mieresspigel esou weider geet, ëm déi 125 Millioune Leit op der Flucht wäerte sinn, well se, wann ech mir dat esou däerf erlaben, ersaufe kënnen. An ech mengen, datt all déi Problemer do, mengen ech mussen ugepaakt ginn, dofir gëtt et, mengen ech, keng Alternative a vill Leit zum Beispill, ee wéi den Tony Blair a vill anerer hunn erkannt, datt de Klimawandel, datt dat dee gréissten Défit wäert ginn vum 21. Joerhonnert, méi grave wéi Terrorismus an aner Geforen déi op d'Mënschheet zoukommen. An dofir, mengen ech, ass de Kyoto-Protokoll déi richteg Methode. Natierlech dee gréisste Verschmotzer vun der Atmosphère, d'Amerikaner, sinn net dobäi. Dat soll eis awer, mengen ech, net den Alibi ginn fir aus der Logik déi, einfach fir d'Mënschheet a fir déi zukünfteg Generatioune fir eis Kanner an déi di duerno kommen, einfach enorm wichteg ass.

Fränk Kuffer: Vläicht nach eng Fro. Wat kann ech dann als Privatleit, wat kënnen déi da maache fir do aktiv eppes dozou bäizedroen? Ausser elo méi fir hire Sprit bezuelen, dat mussen se jo fir de Kyoto-Fong ze speisen.

Lucien Lux: Ech menge virun allem ass dat eng Veranstaltung, déi eis alleguer ugeet. Et ass net nëmmen natierlech virun allem och eng vun eis politesch responsabel fir déi richteg Décisioune fir d'Zukunft ze huelen. Mä ech menge mir sinn allegueren dorunner implizéiert. Dat geet un, datt een den ëffentlechen Transport kann huelen, aplaz all Dag an op all Plaz an all Meter mam individuellen Auto ze maachen. Hei zu Lëtzebuerg ass den Transport, déi Emissiounen déi duerch den Transport, Camionen, Individualverkéier ass bei weitem dee gréisste Problem, dee mir hunn. Dofir maache mir enorm vill Efforten fir den ëffentlechen Transport weider kënnen auszebauen an attraktiv ze maachen. Dat geet domadder un, datt een doheem Energie spuert. Datt een net dovun ausgeet, datt dee Stecker, wou mir dovunner profitéieren Energie ze hunn, datt dat eppes ass, wat ineluctabel ëmmer do ass an ëmmer an engem relativ käschtegënschtege Mooss kann ugebuede ginn. An ech mengen dat ass och, datt an deem Programm vun erneierbaren Energien, déi mir jo elo nei op d'Wee leeën, datt ee profitéiert fir och a sengem Haus oder wann een nei baut, datt ee Moossnamen hëlt, fir energieeffizient ze bauen an natierlech domadder probéiert, eis CO2-Bilanz jiddwereen eenzel och ze verbesseren.

Fränk Kuffer: Lucien Lux, merci fir de Besuch am Studio a bonne chance da beim Ëmsëtze vum Kyoto-Protokoll.

Lucien Lux: Merci och, dat wäert ech brauchen.

Dernière mise à jour