Nicolas Schmit au sujet de la Présidence luxembourgeoise du Conseil de l'Union européenne

André Dübbers: Gudde Mëtteg. D’Michèle Straus huet et elo just gesot: Lissabon-Agenda, Stabilitéitspakt, Bolkestein-Directive, Finanzperspektiven an de Referendum iwwert déi Europäesch Constitutioun, dat sinn d’Sujeten, déi di Lëtzebuerger EU-Presidence dominéieren. An iwwert dës Themae wëlle mir an der nächster Stonn schwätzen oder si op d’mannst emol uschneiden an dat mat engem Mann, deen duerch seng jorelaang Experienz als Ambassadeur bei der EU zu Bréissel, Europa kennt wéi keen aneren, den delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit. Gudde Mëtteg, Här Schmit.

Nicolas Schmit: Gudde Mëtteg.

André Dübbers: Herrr Schmit, Dir sidd delegéierten Ausseminister. An deem Kontext sidd Dir wahrscheinlech schonn dacks gefrot ginn, wat dat dann ass, en delegéierten Ausseminister. Dee Posten huet et bis elo jo nach guer net ginn. Firwat ass dee Posten do geschafe ginn?

Nicolas Schmit:  Ech muss Iech leider corrigéieren, deen huet et emol eemol an der Vergaangenheet ginn an zwar beim Här Thorn, well deen Ausseminister war, hate mer och ee Moment een delegéierten Ausseminister, mä dat ass schonn eng Rei Joren hier. Ech mengen, Dir hutt elo eng ganz Rei grouss Sujeten ugeschwat, zitéiert. Dir gesitt jo och e bësschen, wat esou een delegéierten Ausseminister mécht. Ech mengen Dir suivéiert dat jo e bësschen. Vill Europa, ech si jo net nëmmen delegéierten Ausseminister, ech sinn och delegéierten Immigratiouns-minister. Dat heescht, ech versiche mech och mat deem heiklen Thema ausernanerzesetzen. Also ech mengen, och en delegéierten Ausseminister ass scho beschäftegt.

André Dübbers: Kënnen d’Aufgaben tëschent dem Ausseminister an dem delegéierten Ausseminister dann esou kloer opgedeelt ginn? Gëtt et do net forcément Iwwerschneidungen? Dir hutt elo just gesot, Dir sidd och fir d’Immigratioun zoustänneg, wéi den Här Asselborn jo och.

Nicolas Schmit: Nee, ech mengen, do gëtt et keng Iwwerschneidungen. Mir schaffen do enk zesummen an engem Team an dat fonctionnéiert gutt.

André Dübbers: Här Schmit, Dir waart jo fréier Fonctionnaire an Ambassdeur an hutt mat de leschten Nationalwalen elo de Schratt gemaach vun der Administratioun an d’Politik eran. Ass dat fir e Politiker ee grousse Virdeel, wann en aus deem Metier do kënnt?

Nicolas Schmit: Bon, ech mengen, et ass schonn ee Virdeel, wann een aus enger gewëssener professioneller Erfahrung eraus an d’Politik geet. Et muss een natierlech op där aner Säit dat politescht Handwierk méi léieren. Ech mengen, et huet ee Virdeeler, mä et muss een awer och e bëssche sech ëmstellen, well et ass schonn een anere Beruff, et ass schonn eng aner Saach, och wann ee virdru vill mat deenen nämlechten Dossieren ze dinn hat.

André Dübbers: Fir nach eng Kéier vläicht op d’Opdeelung ze kommen tëscht dem Ausseminister an dem delegéierten Ausseminister: Gesidd Dir Iech dann éischter an der Roll vun deem, deen explizéiert? Virgëschter op der Pressekonferenz a Saache Referendum soutzt Dir jo mam Jean Asselborn zesummen um Dësch. Ech hat do éischter d’Impressioun, datt d’Aufgaben do opgedeelt waren: De Jean Asselborn huet d’Informatiounscampagne politesch, loosse mer soen, verkaaft, fir et emol esou labber auszedrécken, Dir hutt d’Detailer an d’Nuancen explizéiert. Ergänzen sech do déi zwee Ministeren Asselborn a Schmit?

Nicolas Schmit: Si ergänzen sech do. Ech mengen, ech hat vill mat där Constitutioun ze dinn. Ech war am Konvent, ech hunn och an där Regierungskonferenz un deenen Texter geschafft, dann ass et natierlech e bësschen, da läit et e bësschen op der Hand, datt ee sech och weider mat der Substanz a mat der Explicatioun, wéi Dir dat esou schéi sot, beschäftegt. Ech mengen, wéi ech virdru gesot hunn, mir schaffen an engem Team a mir deelen ons d’Aarbecht esou op wéi se kënnt an Aarbecht ass momentan genuch do.

André Dübbers: Här Schmit, op de Referendum, respektiv op d’Constitutioun wäerte mer herno nach ze schwätze kommen. Elo awer fir d’éischt d’Aktualitéit mam Jean-Claude Wolff.

[Nooriichten]

André Dübbers: Här Schmit, Europa ass net erfonnt ginn, fir deene schaffende Leit alles ewech ze huelen, seet de Premier Jean-Claude Juncker a schwätzt bei der Bolkestein-Directive, op déi mer herno nach in extenso zréckkommen, vun engem neoliberalen Husarerëtt. Mä, wann et dann esou ass, firwat konnt d’Directive sech bis haut esou, loosse mer soen, etabléieren?

Nicolas Schmit: Fir d’éischt, ech deelen dat wat de Staatsminister do gesot huet. Den Här Bolkestein, ech mengen, huet sech versicht am Enn vun där leschter Kommissioun hei, e liberalt oder ech géif esouguer soen, en ultra-liberalt Denkmal ze setzen. Den Här Bolkestein huet och ni en Heel draus gemaach, datt heen een Ultra-Liberalen ass. Wat e bëssche verwonnerlech schéngt, dat ass, datt esou eng Directive duerch eng Kommissioun geet, ouni Diskussioun, well an där Kommissioun ware jo net nëmmen Ultra-Liberaler. Do ware jo och Leit mat aneren Iwwerzeegungen an dat stellt fir mech eng grouss Fro, wat de Fonctionnement vun där Kommissioun ubelaangt, vun där aler. Vun där neier weess ech nach net, wéi déi genau fonctionnéiert, mä dat stellt effektiv d’Fro, wéi fonctionnéiert eng wichteg Institutioun wéi d’Kommissioun. Mir wëssen alleguer, datt d’Kommissioun net eng Additioun vun Individuen ass, mä dat soll ee Collège sinn, wou d’Decisioune kollektiv diskutéiert a geholl ginn an et kann een nëmme verwonnert sinn, datt esou eng Directive, déi esou wesentlech Froen opwerft, wéi déi effektiv vum sozialen Dumping, datt déi an engem Husarerëtt, fir d’Formel nach eemol ze gebrauchen, konnt geholl ginn.

André Dübbers: Mä wann een dat esou gesäit, geet d’Kommissioun Barroso jo awer, op d’mannst emol fir den Ament, op deene selwechte Weeër an deet sech do immens schwéier, der Bolkestein-Directive do Äddi ze soen.

Nicolas Schmit: Bon, ech mengen, dat muss ee vläicht e bëssche méi nuancéiert kucken. Éischtens, géif ech emol soen, d’Bolkestein-Directive, esou wéi se vun der Kommissioun Prodi presentéiert, proposéiert ginn ass, well hei geet et ëm eng Propositioun ier se adoptéiert gi wier, ass jo souwisou nach ee ganz laange Wee, wou och d’Europaparlament säi Wuert matzeschwätzen huet, ass jo elo an där do Form inakzeptabel ginn a wäert och ni an där do Form kënnen adoptéiert ginn. Firwat ass dat esou? Ech mengen, well sech iwwerall an Europa Stëmme staark gemaach hunn, fir ze soen, dat do kann net d’Projektioun vum zukünftegen Europa sinn. Mir kënnen net d’Adhesioun vun eise Bierger gewannen, andeem mer en als Perspective effektiv de sozialen Dumping dohistellen. Dat ass fir mech och eng positiv Lektioun, well dat weist, datt u sech Europa net nëmme vu Bürokraten dirigéiert gëtt, net nëmme vun engem Gremium, fir deen ech ganz vill Respekt par ailleurs hunn, wéi d’Kommissioun, mä datt de Bierger awer säi Wuert hei ka matschwätzen. A wann déi Directive elo blockéiert ass, dann ass dat well d’Gewerkschaften an allgemeng e breet Biergermouvement, wann ech dat emol esou dierf soen, sech géint déi Directvie do breet gemaach hunn.

André Dübbers: Ass d’Bolkestein-Directive da ganz genee déi falsch Visioun vun engem Wirtschaftsraum Europa?

Nicolas Schmit: Et gëtt Elementer an där Bolkestein-Directive, déi net falsch sinn. Ech menge mir musse probéieren, och wat d’Servicer ubelaangt, ee gemeinsame Maart ze creéieren. Mä dee gemeinsame Maart kann net op Käschte vu sozialen Errungenschaften, vu soziale Critèren, vu soziale Rechter goen. Also hei ass een Equiliber gefuerdert an deen Equiliber ass doudsécher an deem Text, deen am Ufank do proposéiert ginn ass, net vorhande gewiescht.

André Dübbers: Ganz kuerz, gitt Dir der Directive dann nach eng Iwwerliewenschance?

Nicolas Schmit: Ech ginn där Directive an enger völleg anerer Versioun eng Chance, awer net dann, wann net kloergestallt ass, datt déi sozial Komponent, datt déi Komponent, wat déi ëffentlech Déngschtleeschtungen, wat haaptsächlech och d’Gesondheetsuleies, wann déi net aus där Directive erausgeholl ginn.

André Dübbers: Villmols merci, Här Schmit. Weider geet et elo mam Jean-Claude Wolff an enger Thematik, déi bal all Dag an der Aktualitéit ass, dem Konflikt am Noen Osten.

[Reportage iwwert d’Situatioun am Noen Osten]

André Dübbers: Här Schmit, ass dat nach ëmmer esou, datt déi verschidden Opfaassungen, respektiv Geschichtsvuen, dee groussen Obstakel fir ee permanente Fridden am Noen Osten sinn?

Nicolas Schmit:  Ech mengen als Europäer wësse mer, datt an der Vergaangenheet d’Geschichtsbicher ganz oft schonn d’Preparatioun ware fir déi zukünfteg Konflikter, respektiv zukünfteg Kricher. Duerfir ass natierlech d’Duerstellung vun der Geschicht ee wesentlecht Element, fir wann ee wëll zu engem Fridden, wann ee wëllt zu enger Versöhnung kommen. An dat, wat Dir do presentéiert, mengen ech, ass een intressanten Usaz fir effektiv een anere Bléck op deen aneren ze geheien, fir ze kucken, datt deen aneren net esou ass, wéi een dat eigentlech ëmmer presentéiert krut. Dat gëlt fir d’Israelis an hire Relatioune mat de Palästinenser, dat gëlt natierlech och fir d’Palästinenser, wa si op d’Israelis kucken. Et ass een Usaz fir dem zukünftege Fridden, op dee mer jo ganz staark zielen, am Kontext och vun deem neie Friddensprozess, dee lancéiert gouf, fir hei deen op eng aner, méi zolidd Basis ze setzen.

André Dübbers: Géif et Iech dann net reizen, deene Jonken Äre Point de vue am Kader vun enger Konferenz ze vermëttelen? Iwwerloossen d’Politiker d’Opkläerungsaarbecht net zevill deene méi oder manner qualifizéierten Experten?

Nicolas Schmit: Ech mengen, mir sinn allegueren intresséiert, a méi wéi intresséiert, besonnesch un deem Konflikt. Ech mengen, dat ass ee Konflikt, dee geet ons all no. E geet ons no, well mer vill Sympathien hunn a Matgefill fir d’palästinensescht Vollek, fir dee Leidenswee, deen dat Vollek elo säit 60 Joer, bal 60 Joer do geet, mä awer och Verständnis fir d’israelescht Vollek, vun der Geschicht hier, och vun deene Menacen, vun deene Leiden, déi dat israelescht Vollek matmécht. An ech mengen, déi eenzeg Léisung ass de Fridden, esouwuel fir d’Palästinenser wéi fir d’Israelis an net ee kale Fridden. D’Geographie huet gemaach, datt déi zwee Völker ganz no beienee musse liewen, praktesch aneneen, verengt zesumme musse liewen an dofir muss ee kucken, wéi een e wierkleche Fridden do opbaut. Ech si bereet, mat där ganz modester Positioun déi ech hunn natierlech och iwwert deen Dossier mat hei zu Lëtzebuerg oder wou och ëmmer ze diskutéieren.

André Dübbers: Zu engem aneren Thema, et hätt eng ganz erfreelech Nooriicht kéinte ginn, d’Liberatioun vun der italienescher Geisel, Jean-Claude Wolff.

[Reportage iwwert d’Liberatioun vun der Journalistin Giuliana Sgrena]

André Dübbers: Här Schmit, Dir waart langjähregen Diplomat a sidd et nach ëmmer. Wann Dir vun engem Evènement wéi der bluddeger Liberatioun vun der italienescher Journalistin do héiert, deet dat Iech dann net ganz immens schudderen?

Nicolas Schmit: Ech mengen, dat ass een tragescht Evènement, well u sech hätt, wéi Dir dat esou richteg gesot hutt, et hätt missen en extrem erfreelecht Evènement sinn. Dat do weist déi Tensioun, déi am Irak momentan nach ëmmer besteet an do kann ee sech natierlech och Froe stellen, wéi déi ganz Operatioun do preparéiert war, wéi do d’Informatioun weidergaangen ass. Dat ass eppes, wat méi wéi regrettabel ass, an ech mengen, dat weist, datt am Irak nach vill ze geschéien huet fir och an deem Land méi eng roueg Situatioun antrieden ze loossen an datt effektiv déi Reaktiounen, wéi d’amerikanesch Zaldoten do gewisen hunn, datt esou Situatiounen an der Zukunft evitéiert kënne ginn.

André Dübbers: Zu Bréissel huet den amerikanesche President Bush versicht ze vermëttelen, datt d’USA net méi de Weltsheriff wéilte spillen. Wéi credibel ass dann d’Ausso no dem Tëschefall elo mat der italienescher Journalistin.

Nicolas Schmit: Jo, ech mengen dat soll een elo net vermëschen. Dat doen ass eng Iwwerreaktioun wahrscheinlech vun amerikaneschen Zaldoten. Mir wëssen alleguer, datt déi amerikanesch Zaldoten, déi am Irak sinn, iwwerfuerdert sinn. Si sinn iwwerfuerdert, well ganz vill vun hinne scho ganz laang Dingscht do maachen. Mir wëssen och alleguer wéi d’Tensioun, d’Menacen, permanent Menacë vun Attentater do op d’Psychologie vun engem Zaldot sech auswierken, dofir soll een net aus däer do Situatioun esou globalpolitesch Schlëss zéien.

André Dübbers:  Eng weider Escalatioun zeechent sech dann och tëscht den USA an dem Iran of, Jean-Claude.

[Reportage iwwert d’Spannungen mam Iran wéinst der iranescher Atompolitik]

André Dübbers: Här Schmit, ass dat esou, leeft ouni d’Amerikaner näischt op der Welt? Mir Europäer ware jo dach no der Visite vum Här Bush zu Bréissel an der Madame Rice hei zu Lëtzebuerg esou houfreg, datt mir vun den USA als gläichberechtegte Partner sollen unerkannt ginn.

Nicolas Schmit: Ech menge, wichteg Dossiere lafe sécherlech net einfach ouni d’Amerikaner. Dat trëfft zou fir de Mëttleren Osten. Ech mengen, et kann ee sech net virstellen, datt sech do ee Fridde mécht, ouni Matabezéiung an esou ee Friddensprozess vun den Amerikaner, mä ech géif awer dobäi soen, och net ouni d’Abezéiung vun den Europäer. Ech mengen, hei ass een Equiliber noutwenneg, hei ass eng enk Zesummenaarbecht tëschent Europa an Amerika noutwenneg. Wat elo den Iran ubelaangt, ass et jo esou, datt d’Amerikaner bereet waren, déi europäesch Initiative ze ënnerstëtzen. De Ball ass eigentlech net am Camp vun den Europäer, de Ball ass am Camp vun den Iraner. Si maachen hei ee geféierlecht Spill vu kal a waarmen Duschen, déi mer all Dag kréien. Eemol si se bereet ze verhandelen, da kënnt erëm just de Géigendeel. Ech menge si musse wësse wat se wëllen: Entweder versichen se an där Verhandlung mat deenen dräi europäesche Staaten, plus den Här Solana, eng negociéiert Solutioun ze kréien an ech mengen hei hunn d’Amerikaner näischt dogéint auszesetzen, dat war ganz kloer, datt si dat och ënnerstëtzen; oder si refuséieren esou eng Solutioun an da muss ee kucken op wat fir ee Wee, datt een da geet. Ech mengen, dann ass deen nächste Schrëtt natierlech deen, datt mer bei de Sécherheetsrot wäerte kommen. Also, d’Iraner musse wëssen, datt hei eng wichteg Verhandlung gefouert gëtt an datt si awer dee wesentlechsten Undeel un där Verhandlung hunn an datt si och entscheeden, ob déi Verhandlung een Echec oder eng Reussite gëtt.

André Dübbers: Här Schmit, wéi eng Roll spillen d’Russen an deem Atompoker, déi jo wëlles hunn elo och nach sechs Atomreakteren am Iran opzeriichten?

Nicolas Schmit: Ech mengen, et ass jo net d’Fro, datt d’Iraner net kënne friddlech Atomenergie notzen. Dat ass jo net d’Fro. D’Fro ass déi, kann am Rahme vun engem Atomprogramm och hei Gebrauch gemaach gi vun Technologien, déi zu enger net-friddlecher Notzung vun der Atomenergie kënne gebraucht ginn, dat heescht zum Bau vun Atombommen. Dat ass d’Fro. An hei muss natierlech jiddweree matwierken, och d’Russen, fir datt eben dat, wat mer Nonproliferatioun nennen, dat heescht net d’Méiglechkeet ginn fir esou Atomwaffen ze developpéieren, datt déi Garantien och an der Zukunft wäerte bestoen. Hei huet jiddwereen eng grouss Responsabilitéit, y compris natierlech och d’Russen.

André Dübbers: Ganz aner Suergen huet den Ament déi däitsch Economie, Jean-Claude.

[Reportage iwwert d’Wirtschaftslag an Däitschland]

André Dübbers: Här Schmit, hutt Dir een Tuyau fir den däitsche Kanzler Schröder an de Finanzminister Eichel, fir aus deem Dall do nees erauszekommen?

Nicolas Schmit: Wann ech deen Tuyau hätt, dann hätt ech wahrscheinlech dat schonn utiliséiert an ech wier wahrscheinlech dann och ee Kandidat fir deen nächsten Nobelpräis a Wirtschaftswëssenschaften. Ech mengen, dat ass, do gëtt et keen Tuyau. Dat ass ee komplizéierten, laangwierege Prozess, deen net vun haut op muer wahrscheinlech och Resultater bréngt. Et si Reformen an Däitschland am gaang. Et ass kloer, datt sech erweist, datt déi Reformen net esou schnell Resultater bréngen wéi een dat hätt kënnen hoffen. Wichteg ass natierlech all Méiglechkeeten ze gebrauchen, fir datt déi däitsch Wirtschaft, déi jo awer déi gréisst Wirtschaft am Euroraum ass a vun där mir jo och ganz staark ofhänken, ech mengen och Lëtzebuerg hänkt vill vun der däitscher Wirtschaft, wat onse gréissten Ofsazmaart ass, of, datt eben déi däitsch Wirtschaft erëmTrëtt kritt, datt eben hei d’Perspektiven, wat Wuesstum, mä awer och wat den Emploi ubelaangt, datt déi sech erëm verbesseren.

André Dübbers: Bleiwe mer nach kuerz an Däitschland an dat mam däitsche Schrëftsteller Günter Grass. Sidd Dir e Frënd vum Auteur?

Nicolas Schmit: Ech sinn ee Lecteur vum Günther Grass, dat ass richteg, ech muss awer soen, datt ech an der leschter Zäit och säi Passage hei zu Lëtzebuerg leider verpasst hunn.

André Dübbers: Da proposéieren ech, datt mer elo eng ganz aner Säit vum Günter Grass hei entdecken, Jean-Claude.

[Reportage iwwert de Besuch an eng Ausstellung vum Günter Grass]

André Dübbers: Här Schmit, wäert Dir d’Ausstellung dann nach kucke goen?

Nicolas Schmit: Déi ass jo net ganz wäit ewech vun onsem Ministère an ech mengen, de Grass ass och een Deel vun onser Jugend alleguer. Ech mengen, däitsch Literatur, wou een déi entdeckt huet, déi huet een entdeckt mat der Blechtrommel, mat Katz und Maus, mat den Hundejahre an ech wäert schonn déi Ausstellung kucke goen.

André Dübbers: Domat ass et elo 12 Auer 28 an domat si mer och um zweeten Deel vu "Riicht eraus" ukomm. Invité haut ass den delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit. Lissabon-Agenda, Stabilitéitspakt, Bolkestein-Directive, Finanz-perspektiven a schlussendlech de Referendum iwwert déi Europäesch Constitutioun, dat sinn d’Sujeten, déi déi Lëtzebuerger EU-Presidence dominéieren an iwwert déi Themaen wëlle mer elo och nach an der nächster halwer Stonn schwätzen.

Fänke mer mam Referendum iwwert déi Europäesch Constitutioun un, Här Schmit. Den 10. Juli ass de Referendum hei am Land, fir iwwert déi Europäesch Constitutioun dann ofzestëmmen. Am Virfeld lancéiert d’Regierung elo eng grouss ugeluechten Informatiounscampagne. Sinn d’Leit dann nach net genuch opgekläert? Hutt Dir Angscht, datt d’Leit sech, loosse mir soen, falsch decidéieren?

Nicolas Schmit: Ech géif net soen, datt mer Angscht hunn, datt d’Leit sech falsch decidéieren, mä mir froen d’Leit zu engem Text, dee sech Europäesch Constitutioun nennt, Jo oder Nee ze soen. Dat ass ee wichtegen, demokratesche Prozess an ech mengen, wann een d’Leit freet, da muss een e soen, ëm wat et do geet, da muss een en all Elementer op den Dësch leeën. Dat ass net esou ganz einfach, well dat ass ee laangen Text, mat vill Elementer. Et muss een also probéieren, dat esou gutt wéi méiglech ze presentéieren. Dat ass net aus Angscht, mä ech mengen, dat ass einfach een normaalt demokratescht Verständnis, datt d’Leit wëssen iwwer wat se mussen decidéieren. Wa si gefrot ginn ze decidéieren, da musse se och en connaissance de cause dat kënne maachen.

André Dübbers: Da gouf et jo nach eng aner Diskussioun am Virfeld iwwert d’Procédure vum Referendum. Fir d’éischt wäert jo d’Chamber iwwert d’Constitutioun stëmmen, da gëtt d’Vollek gefrot, schlussendlech läit d’Decisioun awer nees bei der Chamber. Béis Zonge schwätzen hei scho vun engem Sondage, aplaz vun engem Referendum.

Nicolas Schmit: Nee, absolut net. Ech mengen, et muss een ons eege Constitutioun natierlech respektéieren. Mir kënne jo net eng Europäesch Constitutioun adoptéieren, andeem mer net ons eege Constitutioun voll respektéieren. Dofir muss een dat an de Prozedurë genau och esou respektéieren wéi dat eben erfuerderlech ass. D’Parlament huet, schwätzt sech fir d’éischt aus. De Bierger kritt dann d’Wuert a wann de Bierger, wat ech net mengen, wouvun ech eigentlech guer net ausginn, géif soen Nee, da misst natierlech d’Parlament doraus och absolut d’Konsequenzen zéien. Dat ass also net e Sondage, dat ass e Referendum mat engem extrem wichtege politesche Gehalt an, ech mengen, wann d’Bierger, dat heescht, all Lëtzebuerger, sech do ausgesprach hunn, dann hu se sech domat kloer ausgesprach an do sinn och politesch Konsequenzen dann ze zéien.

André Dübbers: Den 29. Mee maachen elo d’Fransousen de Referendum. Wat wier da méi grave: en Nee vun de Fransousen oder een Nee vun de Lëtzebuerger?

Nicolas Schmit: Ech géif soen, déi zwee si grave. Déi zwee sinn d’ailleurs, wann een dat reng juristesch kuckt, hunn dee gläichen Effet. Ech hoffen, datt esouwuel d’Fransousen ewéi d’Lëtzebuerger déi Europäesch Constitutioun approuvéieren.

André Dübbers: Dat heescht, et kann ee sech dann och op d’Versprieche vum Jean Asselborn verloossen, datt d’Regierung, respektiv d’Chamber de Wielerwëllen wäert och respektéieren, fir ze soen, mir respektéieren elo de Referendum an dat ass kee konsultative Referendum?

Nicolas Schmit: Juristesch ass et e konsultative Referendum, well dat an onser Constitutioun esou virgesinn ass. Politesch ass et ganz kloer, datt d’Wuert vum Wieler, d’Wuert vun de Lëtzebuerger muss eescht geholl ginn an och déi richteg Konsequenzen doraus gezu ginn. A wann, wat ech nach eemol net, vun deem ech net ausginn, dat et en Nee-Vote wier, da kann net einfach zur Dagesuerdnung iwwergaange ginn, an et muss een also och do deem dann absolut Rechnung droen.

André Dübbers: Nach eng Kéier, wéi eng Konsequenzen hätt dann en negative Vote?

Nicolas Schmit: Bon, ech menge, wann zu Lëtzebuerg elo een negative Vote wier, da mécht dat, datt ee Land där Constitutioun net zougestëmmt hätt an da muss ebe gekuckt ginn, wéi d’Situatioun ass a wéi probéiert gëtt awer do ee Changement ze maachen. Mä, ech mengen, do si mer net. Dat sinn alles Spekulatiounen. Mir schaffen drop, datt d’Lëtzebuerger verstinn, datt déi Constitutioun eng grouss Wichtegkeet huet fir Europa, mä och fir Lëtzebuerg an datt se eben iwwerzeegt sinn a ginn, och an hirem Vote där Constitutioun Jo ze soen.

André Dübbers: Firwat hunn d’Leit dann, kënnt Dir Iech dat virstellen, firwat hunn d’Leit dann Angscht virun enger Europäescher Constitutioun? Ass d’Wierk ze grouss, ze gewalteg mat 400 Säiten, datt jiddweree mengt, do kann ech guer näischt domat ufänken an dat ass mir einfach ze grouss?

Nicolas Schmit: Ech mengen, do gëtt et vill Elementer. Sécher ass dat Wierk, wéi Dir et nennt, relativ grouss, obwuel déi grouss Linnen vun dem Fonctionnement, vun den Objektiven, schonn an deem éischten Deel kloer duergeluecht ginn. Den zweeten Deel dat si jo u sech, dat ass d’Charte vun de fundamentale Rechter, an deen drëtten dat ass e bësschen, géif ech soen, d’Mécanique, wéi dat Ganzt fonctionnéiert. Bon, dat ass alles zesummegeluecht ginn, well déi Constitutioun ass natierlech och ee Kompromëss. Dat ass net déi Constitutioun déi ee sech hätt vläicht kënnen erdreemen, et ass e Kompromëss am Endeffekt tëschent 25 Memberstaaten. Mä, ech mengen, wat dobäi kënnt, dat ass d’Veronsécherung, ganz kloer, wat fir een Europa eigentlech d’Leit wëllen. Dir hutt virdrun, hu mer iwwer Bolkestein geschwat. Do gëtt et natierlech Vermëschungen, wou d’Leit e bësschen d’Gefill hunn, datt déi Constitutioun eppes mat der Bolkestein-Directive ze dinn huet, datt déi Constitutioun eppes mat anere Saachen, déi kënnen Aarbechtslosegkeet, Delocalisatioun, eppes ze dinn huet. Dat ass awer net de Fall. Ech mengen, hei muss ee kloer explizéiere, wat de But vun der Constitutioun ass a wat aner Aspecte vun der europäescher Politik sinn.

André Dübbers: Mir ass déi lescht Deeg och opgefall, Dir maacht och eng Nuance tëscht den Termen Traité a Constitutioun. Firwat ass d’Nuance esou wichteg fir Iech?

Nicolas Schmit: Ech maachen déi Nuance an deem Sënn net esou, ech soen den Titel ass jo en Traité, deen eng Europäesch Constitutioun instituéiert. Ech schwätze vun enger Europäescher Constitutioun. Et gëtt Leit, déi schwätze vun engem Traité constitutionnel, ee constitutionnelle Vertrag. Dat mag vläicht fir gewësse Juristen dat richtegt Wuert sinn, mä d’Ziel vum Konvent war, Europa eng Constitutioun ze ginn. Mir kënnen awer nëmmen Europa eng Constitutioun ginn iwwert een Traité, well Europa nach bis haut, emol virrangeg, och vu Staaten zesummegesat ass. Mä ech soen de Leit kloer, et geet hei ëm eng Europäesch Constitutioun.

André Dübbers: Vläicht dann och ganz kloer, wéi ass dann Äre Prognostik wat elo d’Resultat vum Referendum ugeet?

Nicolas Schmit: Mäi Prognostik, bon, ech mengen, ech wëll elo hei keng Sondagë viraussoen. Ech war beandrockt vun dem Resultat wat ons spuenesch Frënn haten. Dat war natierlech een héicht Resultat, d’Jo-Stëmme waren iwwer 70%. Et muss een natierlech kucken, datt a Spuenien d’Participatioun nettement méi gereng wäert sinn wéi déi zu Lëtzebuerg, well a Spuenie keen obligatorescht Walrecht ass, mä ech hoffen datt d’Lëtzebuerger zu enger grousser Majoritéit, an dat géif ech awer iwwer 60% situéieren, där Constitutioun hirt Jowuert ginn.

André Dübbers: Här Schmit, manner positiv schéngt jo den Tëschebilan vum Strategiepabeier vu Lissabon ze ginn, deen d’Lëtzebuerger Presidence nach wëllt elo virum Juni zéien. E Méindeg an en Dënschden ass d’ailleurs zu Bréissel ee Conseil „Compétitivité“.

Nicolas Schmit: Jo, ech mengen, dat ass ee Conseil, dee mat dru bedeelegt ass, eben dee Conseil, eben deen Europäesche Rot vun de Staats- a Regierungschefen ze preparéieren, deen déi Woch, deen den 20. stattfënnt. Competitivitéit ass een Deel vun där ganzer Lissabon-Strategie, et ass een Deel, et ass net deen Eenzegen. Et muss also eng nei Lissabon-Strategie définéiert ginn, déi e gudden Equiliber ass wat d’Wirtschaft ubelaangt. Dir hutt virdru vun der Situatioun an Däitschland geschwat, déi fënnt een och an anere Länner. Op där anerer Säit kann een dat awer net ofkoppele vun de soziale Preoccupatiounen, och vum soziale Volet. D’Competitivitéit ass net eppes, wat dat Sozialt soll erdrécken an natierlech muss een dat och an Aklang brénge mat deenen ecologesche Suergen. Ech mengen, Europa huet déi dräi Facetten an dat ass jo eben d’Originalitéit vun onsem Modell, deem europäesche Modell, datt mer wëllen eng Wirtschaft, déi performant ass, déi competitiv ass, déi dynamesch ass, déi innovativ ass, mä awer och eng Wirtschaft, déi de Mënsch respektéiert, wou d’Aarbechtslosegket niddreg ass, wou déi sozial Rechter garantéiert sinn an dat Ganzt an engem Kader wou och, ech mengen, an dozou si mer einfach obligéiert, déi ecologesch Belanger genügend a Rechnung geholl ginn. Ech mengen, dat ass Lissabon an och déi Strategie vu Lissabon wëlle mir erneieren, fir deen nächsten Europäesche Rot.

André Dübbers: Mä hält ee sech dann net zevill un den dräi Pilieren do fest, fir sech net mussen anzegestoen, datt d’Lissabon-Agenda seriös dann awer een Echec ass?

Nicolas Schmit: D’Lissabon-Strategie ass doudsécher keng Reussite. Et ass net an allen Dimensiounen een Echec, mä et ass net déi Reussite, déi sech eigentlech 2000, dat heescht vru 5 Joer, erwaart ginn ass. Do spille vill Facteure mat. Do spille wahrscheinlech och iwwerdriwwen Hoffnunge mat. Duerfir geet et jo elo méi realistesch und dat Ganzt erunzegoen, mä méi realistesch heescht net, déi dräi Dimensiounen, ech schwätze léiwer vun Dimensiounen wéi Pilieren, déi dräi Dimensioune wëllen elo auserneezerappen oder eng Dimensioun alleng ze privilegiéieren. Déi Saache gräifen aneneen an dat Aneneegräifen, dat soll och préservéiert ginn, esouguer géif ech soe, renforcéiert ginn.

André Dübbers: Mä wat muss een dann ënnerhuelen? De Premier a Staatsminister Jean-Claude Juncker huet jo gemengt, et misst een dee Strategiepabeier einfach méi transparent maachen, mä wéi?

Nicolas Schmit: Et muss een e méi transparent maachen, andeem ee méi kloer essentiel Objektiver definéiert, essentiel Prioritéiten definéiert, a sech natierlech d’Moyenë gëtt, fir och déi Prioritéite besser an d’Wierklechkeet ëmzesetzen. D’Prioritéit ass natierlech eng performant Economie an Europa, eng innovativ Economie, eng Economie, déi op nei Technologië positiv reagéiert, déi och en Effort de recherche huet, dee méi grouss ass, fir ebe kënnen an enger globaliséierter Weltwirtschaft hir Positioun ze verbesseren, mä iwwert dee Wee muss een awer och kucken, wéi d’Leit, wéi d’Mënschen an déi Economie besser integréiert ginn an do spillt natierlech den Aarbechtsmaart e wichtege Rôle, do spillt den Emploi en zentrale Rôle. Mir hunn an Europa en zevill héige Prozentsaz vu Leit, déi keng Aarbecht hunn oder déi schlecht an den Aarbechtsmaart integréiert sinn an et kann een net een europäesche Sozialmodell iwwer Jore consolidéieren, verbesseren, wann ëmmer méi Leit aus deem Sozialmodell erausfalen, wa se net am Aarbechtsmaart integréiert ginn. Do ass also och een Effort wat d’Educatioun ubelaangt, dat ass och eng Saach, déi ons besonnesch hei zu Lëtzebuerg um Häerz läit. Mir sinn an enger Wirtschaft, wou een net haut e Beruff léiert fir déi nächst 30 Joer. Jiddweree muss sech ëmmer erëm nei bilden, nei adaptéieren un d’Ufuerderunge vun enger Technologie, déi vill méi schnell geet, lifelong learning, léieren, säi ganzt Liewe laang, dat ass eng Erausfuerderung, mä dat kann awer och ganz gutt eng Beräicherung sinn. Dat sinn also Elementer fir déi Strategie besser z’organiséieren a besser ze cibléieren.

André Dübbers: Heescht dat, datt déi economesch Situatioun respektiv Problematiken elo an Europa ewell een europainterne Problem gi sinn? Am Kontext vum Lissabon-Strategiepabeier huet ee sech och emol un den USA gemooss, ech mengen do och an deem Kontext d’Fro, firwat si mer dann esou wäit hannendrun un den Amerikaner?

Nicolas Schmit: Ech mengen, déi eesäiteg Comparaisoun mat den Amerikaner ass net déi beschte Manéier fir och iwwert d’Lissabon-Strategie ze diskutéieren. Sëcher muss ee kucke wat an Amerika geschitt. D’Amerikaner hunn a ganz ville Secteuren haut nach ëmmer eng dominant Positioun. Do geet et haaptsächlech ëm nei Technologien, déi natierlech Aarbechtsplaze creéieren, mä déi awer och sech an all déi aner Wirtschaftssecteure verbreeden. Dat heescht, wann Dir wëllt gewësse Secteure competitiv halen, da musst Dir ganz schnell déi nei Technologien an och an déi Secteuren integréieren. Eng Sidérurgie, déi brauch haut Informatiouns-technologien, dat heescht, deen, deen déi Informatiounstechnologien developpéiert an déi iwwersëtzt a Secteuren, méi sougenannten traditionell Secteuren, wéi Sidérurgie oder Automobilindustrie oder anerer, deen huet natierlech och hei competitiv Avantagen. Mä einseiteg op d’Amerikaner sech elo fixéieren wier schlecht. Ech mengen, och d’Amerikaner hunn hir Faiblessen. Wann ee kuckt, wat d’Defiziter ubelaangt, och wann déi elo net direkt sech momentan op hire Wuesstum auswierken, wat awer och den amerikanesche Sozialmodell ubelaangt. Ech mengen, do géif ech awer net soen, datt mer an Europa gutt gestallt wieren, wa mer dat sollten imitéieren.

André Dübbers: Här Schmit, wou kann dann d’Lëtzebuerger Presidence da konkret hei Impulser ginn, aplaz nëmmen de Constat ze maachen?

Nicolas Schmit: Mir schaffen natierlech, ech mengen de Constat ass largement gemaach, et gëlt elo net hei laang economesch Analysen ze maachen. Et muss ee kucken, wat sinn d’Haaptakzenter fir déi nächst 5 Joer. Ech hu gesot, et muss een d’Prioritéite fixéieren. Eng vun de grousse Prioritéiten ass natierlech d’Recherche. Europa muss méi a seng Recherche investéieren. Europa muss besser a säin Educatiounssystem investéieren. Ech soen Europa, do gëtt et Länner, déi souwisou do scho relativ gutt do stinn. Ech mengen, mir kennen alleguer PISA, do gëtt et Länner déi besser do sti wéi anerer. Mä global gesinn ass dat eng grouss Erausfuerderung. Europa muss och probéieren ebe seng industriell Basis, seng industriell Capacitéite méi schnell ze erneieren. Mir brauche méi Investissementer an Europa, mir brauchen och nach ëmmer besser Infrastrukturen. Dat ass also fir déi wirtschaftlech Säit an dat muss zesummegoen och mat dem europäesche Sozialmodell a besonnesch och d’Gestioun vum Aarbechtsmaart.

André Dübbers: Ass dann d’Schwieregkeet, datt d’Opfaassungen iwwert déi economesch Strategien an Europa zevill divergent sinn? Däitschland huet op d’Stabilitéit gesat, mam Zil d’Inflatioun niddreg ze halen, elo awer mam Resultat vun engem Rekord-Chômagetaux. Parteifrënn vun Iech, wéi de Robert Goebbels, fuerderen, nees massiv z’investéieren fir d’Economie gesond ze maachen. Mä wouhir soll een d’Sue fir d’Investissementer dann huelen?

Nicolas Schmit: Ben, ech mengen, d’Inflatioun ass an Europa momentan kee wierklecht Thema. Mir hu Stabilitéit. Mir hunn ee staarken Euro, mir hunn eng Inflatiounsrat, déi relativ, déi niddreg ass, déi natierlech e bësschen ënnert dem Drock, besonnesch elo vun de Petrolspräisser leid, mä global gesinn ass d’Stabilitéit an Europa assuréiert. Elo kann een eng grouss Stabilitéit hunn mat engem héige Chômage a mat niddrege Croissancen. Da freet ee sech natierlech: Zu wat ass Stabilitéit gutt? Stabilitéit kann net dozou déngen, Millioune Leit, iwwer fënnef Milliounen an Däitschland, an d’Aarbechtslosegkeet ze stierzen. Dat kann net de Sënn vu Stabilitéit sinn. Et muss een also hei ee besseren Equiliber maachen an der Wirtschaftspolitik. Ech mengen, dat gëtt jo elo versicht, andeem een effektiv emol de sougenannte Stabilitéits- a Wuesstumspakt, wou dat Wuert Wuesstum ëmmer vergiess gëtt, mir schwätzen ëmmer nëmme vum Stabilitéitspakt a mir vergiessen dobäi de Wuesstum an dat war awer e wesentleche Terme, deen dobäigefléckt ginn ass 1997, fir ebe méi eng equilibréiert Wirtschaftspolitik ze maachen. Méi Investissementer, ech hunn et virdru gesot, Europa brauch méi Investissementer, mir mussen also och de Kader fir d’Investissementer an Europa verbesseren, mir mussen d’Konditiounen, wéi een och, net nëmmen a grouss Industrien, a grouss Entreprisen, mä och a kleng Entreprisë méi favorabel kann investéieren. Hei ass wahrscheinlech ee Retard an Europa par rapport zu Amerika. Mir gi Leit, déi Entreprisë wëlle creéieren, an ech denken och do un nei Technologien, manner Chancen, manner Facilitéiten, wéi dat zum Beispill an Amerika de Fall ass. Mir mussen also hei e bësschen ëmdenken, mir mussen ons Strukturen hei e bësschen adaptéieren.

André Dübbers: Mä wéi realistesch sinn dann d’Proposë vum Robert Goebbels oder gëtt et ee Rezept fir aus dem Däiwelskrees erauszekommen? Wa mer elo d’Amerikaner kucken, déi hunn anscheinend jo d’Rezept elo fonnt: d’Economie wiisst, de Chômagetaux geet erof.

Nicolas Schmit: Ech mengen, allgemeng Rezepter, och do, gëtt et net. Ech mengen, effektiv d’amerikanesch Economie wiisst, de Chômage ass op engem méi niddregen Niveau, wéi dat an Europa de Fall ass. Et muss een natierlech kucken, datt d’Amerikaner gläichzäiteg héich Defiziter hunn, esouwuel wat hiren Haushalt ubelaangt, dat ass deelweis och elo duerch deen Irakkrich bedingt. Op där aner Säit och en héigen Defizit, wat hire Commerce extérieur, hiren Aussenhandel ubelaangt. Et gëlt och net deen amerikanesche Wee komplett ze imitéieren. Europa muss hei säin eegene Wee fannen. Mir musse kucke, wéi mer déi Ressourcen, déi et an Europa largement gëtt, och wann dat net ëmmer an de Budgete besteet, de Fall ass, besser asetzen, fir méi Wuesstum ze kréien, fir méi produktiv Investissementer ze mobiliséieren. Do, mengen ech, ass Europa vill zevill virsichteg, vill zevill ängschtlech, fir och hei méi couragéis virzegoen. Dat ass wahrscheinlech d’Rezept vun den Amerikaner. Si si méi couragéis, si kucke méi an d’Zukunft wéi mir. Si si psychologesch méi op wéi mir, a Wirtschaftspolitik ass och een Deel vu Psychologie. Wann een de Leit natierlech ëmmer erëm Pessimismus virun d’Aen hält, dann ass natierlech och hir Bereetschaft fir an d’Zukunft z’investéiere manner grouss, hir Bereetschaft, méi ze consomméiere manner grouss. Hei gëlt et och, an dat ass eng, géif ech soe, Fonctioun vun der Lissabon-Strategie, eng méi optimistesch Visioun vun Europa, vun der europäescher Economie an d’Zukunft ze projezéieren. An dat soll och mathëllefen, d’Energien, d’Ressourcen, déi et an Europa gëtt, ouni Zweifel besser fir Wuesstum an Aarbecht ze mobiliséieren.

André Dübbers: Vläicht eng generell oder philosophesch Fro, wann Dir erlaabt, och bei äis klëmmt de Chômagetaux, sinn déi gëllen Zäiten dann eriwwer?

Nicolas Schmit: Dir sot mer also, ech hunn elo just vun Optimismus geschwat. Ech ginn Iech also keng Äntwert an ech soen, déi gëllen Zäite sinn eriwwer, mir kommen elo an een däischtert Lach. Ech mengen, dat ass net de Fall. Sécher ass d’wirtschaftlecht Ëmfeld méi schwiereg. Mir hänke vun all deenen aneren europäesche Wirtschaften enk of. Et kann een also net soen, datt déi Zäit, wou et wahrscheinlech méi einfach war, einfach esou kann an d’Zukunft projezéiert ginn, mä dat wëll awer net soen, datt net och hei zu Lëtzebuerg eng nei wirtschaftlech Dynamik méiglech ass. Et muss een natierlech kucken, och déi Chifferen, déi mer elo hunn, déi fir Lëtzebuerg relativ ongewéinlech sinn, wat de Chômage ubelaangt, datt ee schnell reagéiert, mä dat kann nëmme geschéien duerch eng dynamesch Wirtschaftspolitik, duerch eng Politik, déi net d’Investissementer an d’Zukunft negligéiert an an där Perspektive, géif ech soen, huet Lëtzebuerg absolut, och fir d’Zukunft, eng gutt Chance, eng dynamesch Wirtschaft mat enger héiger, oder ech géif gäre soen, mat enger Vollbeschäftegung erëm ze ginn.

André Dübbers: Loosse mer nach eng Kéier iwwert d’Bolkestein-Directive schwätzen. Am Kontext vum Lissabon-Agenda geet et jo nieft der Competitiviétit och ëm déi sozial Kohäsioun, dat heescht d’Solidaritéit an awer och déi sozial Ofsécherung. An Däitschland schéngt de Sozialdumping mat Hartz IV hausgemaach, mä wéi gesäit et mat der Bolkestein-Directive aus, déi dem Sozialdumping jo d’Dieren opmécht? Ass déi ëmstridden Directive elo geschwë ganz vum Dësch oder gëtt si a modifizéierter Form nees reaniméiert?

Nicolas Schmit: Dir schwätzt ëmmer wéi wann déi Bolkestein-Directive esou wéi se konzipéiert ginn ass vum Här Bolkestein, ech ka bal net soe vun der Kommissioun, vu datt verschidde Commissairen se elo eréischt ufänken ze liesen… [gëtt ënnerbrach]

André Dübbers: Duerfir heescht se jo och Bolkestein-Directive.

Nicolas Schmit: Voilà, ech menge, si huet och nëmmen den Numm vum Här Bolkestein kritt, wéi wann déi nach ëmmer tel quel um Dësch wier. Si ass net méi um Dësch esou wéi se konzipéiert ginn ass. Ech mengen, et muss een elo kucken wat an där Directive positiv ass, wat d’Dynamik vun der europäescher Wirtschaft ubelaangt. Dat heescht, do wou effektiv mer mussen den europäesche Maart, wat d’Servicer ubelaangt, kënne verbesseren, dat ass eng Saach, mä et kann net sinn, datt déi Verbesserung op Käschten, dat hunn ech virdrun och scho gesot, op d’Käschte vun der sozialer Sécherung an Europa geet. An deem Sënn, wann dat d’Optioun ass, ass d’Bolkestein-Directive vum Dësch. Wann et drëm geet, e gudden Equiliber ze hunn, zwëschen de soziale Rechter, de Suerge fir méi Beschäftegung an Europa ze creéieren an eben engem besser fonctionnéierende Maart vun den Déngschtleeschtungen, dann ass eng Chance do fir och enger Directive, déi net méi Bolkestein heescht, doudsécher, fir där eng Chance ze ginn.

André Dübbers: 12 Auer 52, Dir sidd weiderhin ageschalt beim 100,7 an der Emissioun „Riicht eraus“. Invité ass haut den delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit. Nicolas Schmit, an zwou Woche gesinn déi europäesch Staats- a Regierungschefe sech fir den Europäesche Conseil. Wéi wäit si mer da mat der Reform vum europäesche Stabilitéitspakt?

Nicolas Schmit: Ech menge, mir sinn nach an den Diskussiounen. Den Här Juncker gëtt sech ganz vill Méi, fir hei zu engem Resultat ze kommen, um Conseil européen a 14 Deeg. Ech menge, jiddweree muss sech hei senger Responsabilitéit bewosst sinn. De Stabilitéits- a Wuesstumspakt, ech betounen dat, huet eng gewësse Wichtegkeet. En Echec, hei en Accord ze fannen, wier en Echec fir Europa, dat wier natierlech net kohärent. Et kann een net op där enger Säit eng erneiert Lissabon-Strategie, fir Europa méi Dynamismus ze ginn, méi Emploi ze ginn, méi Innovatioun ze ginn, méi Investissementer ze ginn, kann een net hei positiv ofschléissen an um Stabilitéitspakt déi Diskussiounen, an ech géif soen, déi Streidereie scho bal, weiderféieren. Dat huet alles, dat hänkt alles zesummen. Mir brauchen eng nei Dynamik, eng nei wirtschaftlech Dynamik an Europa. Dozou gehéiert sowuel d’Relance vun der Lissabon-Strategie, déi muss erneiert ginn, wéi och e bessere Stabilitéits- a Wuesstumspakt. Déi zwou Saachen, déi solle weisen, datt Europa zréck ass fir eng besser Wirtschaftspolitik.

André Dübbers: Nach emol ganz konkret mam Stabilitéits- a Wuesstumspakt. Wäert de Juncker-Modell oder besser d’Juncker-Propose sech dann duerchsetzen, d’Formule also, a besseren Zäiten ze spueren, fir a moeren Zäiten eng finanziell Stäip ze hunn?

Nicolas Schmit: Ech mengen, dat ass eng ganz gutt Approche, fir eben deen Equiliber ze halen zwësche Stabilitéit a Wuesstum, fir eng dynamesch Finanzpolitik ze maachen, déi awer net an onmaîtriséiert Defiziter ausgeet. Ech mengen, Defiziter maachen ass mat Momenter positiv, och hänkt dat dovun of, firwat een Defiziter mécht. Wann ee reng déi Consommatiounsausgabe steigert, da sinn dat Suen déi fort sinn an ni méi an d’Wirtschaft erëmkommen. Wann et awer drëms geet, gezilt positiv Investissementer ze maachen, da muss een dat och qualitativ kënne bewäerten an ech mengen, an deem Sënn ass schonn déi Approche, déi de Staatsminister gewielt huet, déi richteg an am Enn wäert dat och déi sinn, déi zréckbehale gëtt.

André Dübbers: Apropos Finanzen, do wëllt d’Lëtzebuerger Presidence jo nach den europäesche Budget fir d’Joren 2007 bis 2013 ficeléieren, nach bis Juni. Wéi grouss ass dann den Zuchzwang, d’Finanzperspektiven op d’Been ze stellen bis zu dësem Zäitpunkt? D’Spuenier wëllen de Finanzbudget jo blockéieren, sot den Här Zapatero jo ganz däitlech.

Nicolas Schmit: Nee, ech mengen, den Här Zapatero huet net gesot, si géifen d’Finanzperspektive blockéieren. Den Här Zapatero huet gesot, datt heen ee valable Kompromëss hei wëlt. Ech mengen, och hei geet et drëm een Equiliber ze fannen. D’Spuenier ware grouss Beneficiairë vum europäesche Budget, wat notamment d’Cohesiounsfongen ubelaangt. Si sinn natierlech haut an enger vill besserer economescher Lag. D’spuenesch Economie huet sech positiv entwéckelt an deene leschte Joren, deelweis och duerch déi Cohésiounsfongen. Haut sinn natierlech 10 nei Länner dobäi, dovu sinn eng Rei Länner vill méi aarm wéi d’Spuenier. Et muss also eng nei Verdeelung vun deene Fonge kommen. Dat kann natierlech net esou geschéien, datt mer vun engem Dag op deen aneren déi aktuell Länner, déi vun deene Cohesiounsfonge beneficiéiert hunn, soen, bon, fir Iech ass elo d’Saach aus.

Fir den Delai, ech mengen ech kann net soen, dat reusséiert, dat reusséiert net. Mä ech wëll op dat zréckkomme, wat ech virdru gesot hunn. Fir d’Kohärenz vun der europäscher Politik, ech hunn dat och vru puer Deeg zu Bréissel gesot, et kann een net soen, Lissabon-Strategie mat engem groussen Ziel, méi an d’Recherche investéieren, méi an d’Solidaritéit investéieren, méi an d’Infrastrukturen investéieren, dat am Kader vun engem renouveléierte Stabilitéitspakt a wann een dann zum europäesche Budget iwwergeet, ëm dat et jo eigentlech an de Finanzperspektivë geet, dat heescht Finanzperspektiven, dat ass eng pluriannuell Programmatioun vum Budget, da seet een, nee, do kënne mer keen Accord fannen, do ass dann d’Recherche net méi wichteg, well do geet et och ëm Recherche, do geet et ëm déi Sommen, déi Europa bereet ass an deenen nächste siiwe Joren an d’Recherche ze stiechen. Wann een also net zu engem Accord kënnt, dann ass dat net besonnesch kohärent an dann ass dat och net besonnesch credibel. Hei ass also awer en Drock fir politesch Léisungen ze sichen an och ze fannen. Deen Drock, mengen ech, ass och grouss an hei geet et awer och e bësschen ëm d’Glaubwürdegkeet vun deem Prozess, an deem mer haut an Europa sinn, deem economesche Prozess.

Dernière mise à jour