Le ministre de la Santé, Mars Di Bartolomeo, au sujet de la réunion du comité quadripartite

Frank Goetz: E schéine gudden Owend. Ugefaange mat der Krankekeese-quadripartite déi haut um Kierchbierg beienee war an déi viru Minutten elo op en Enn gaangen ass. An der Haaptsaach goung et ëm déi aktuell Finanzsituatioun woubäi haut besonnesch Wäert op d'Ausgab vun de Spidäler geluegt gouf. Kee Wonner och, op d'Spidäler falen ëmmerhin bal d'Halschent vun den Ausgabë vun de Kranke-keesen an den Naturalleeschtungen. An elo direkt no der Sëtzung bei mech komm, ass de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Gudden Owend.

Mars Di Bartolomeo: Gudden Owend.

Frank Goetz: Véier an eng hallef Stonn Reunioun. Ass dat normal? Oder gouf et onerwaart Problemer?

Mars Di Bartolomeo: Nee, keng onerwart Problemer. Mir hunn eben eng [inaudible] Problemer, fir dat beschtméiglecht Gesondheetswiesen finanzéierbar ze halen. Et si ganz gutt Diskussioune gewiescht. An dee partnerschaftleche Geescht, dee viru fënnef Méint entaméiert ginn ass, deen ass weider gaang. Gutt Diskussiounen, gutt ConClusiounen a Motivatioun, fir um Wee weiderzefuere, well sech éischt Resultater weisen.

Frank Goetz: Gutt Diskussiounen hält ee jo net gären op. Mä wat sinn dann déi éischt gutt Resultater?

Mars Di Bartolomeo: Ma jo, et gesäit een, datt dee Versuch, fir d'Leit méi ze responsabiliséieren, fir op Problemer anzegoen, se ze erfaassen an Äntwerten ze ginn, datt déi eppes bréngen. Mir hunn ëmmer gesot, et misst ee sech, wann een un de Krankekeesen hält, misst een sech ëm si këmmeren. Mir hunn elo gesinn un engem klenge Beispill oder un zwee klenge Beispiller, datt am Beräich vun de Kuerzzäitkrankeschäiner et zu enger ganz seriöser Berouegung komm ass. Mir hu gesinn, datt no där Campagne iwwert de gudde Gebrauch vun den Antibiotiquen, dat heescht net, net-méi-Gebrauch, mä dee richtege Gebrauch, datt mir am Vergläich zu 2003 am leschte Joer 13% manner Antibiotiquë gebraucht hunn. Net elo reng aus enger Spuerapproche, mä mir hunn eppes fir d'Gesondheet vun de Leit gemaach, well déi Antibiotiquen elo richteg agesat ginn, oder besser agesat ginn. A mir hunn eppes fir d'Keese gläichzäiteg gemaach, well déi Antibiotiquen, déi net gebraucht ginn, well se net gebraucht ginn, déi brauchen och dann och net bezuelt ze ginn. An enger ganzer Rei vun anere Beräicher kann een datselwecht maachen. Dofir éischt Resultater. Et weist sech, datt eis Schätzungë fir d'Entwécklung vum Budget 2005 vun de Krankekeesen net ze optimistesch waren, et bestätegt sech. An aus där Entwécklung zéie mir d'Motivatioun fir dann un déi aner Problemer, een nom aneren, nom Mëller-Prinzip erunzegoen.

Frank Goetz: E Schratt an d'Zukunft ass jo och de Conseil scientifique. Mir bleiwen also beim Thema. Iwwerdeems et am Ausland Universitéite gëtt, déi jo als Referenzzentrum gëllen, wat elo déi wëssenschaftlech Basis-Elementer ubelaangt, hunn d'Doktere bei eis am Land bis ewell éischter nom Prinzip, un deem wat si fir gutt a richteg ëmpfannen, behandelt. Elo am Kader vun der Quadripartite, wéi gesot, ënnert deem neie Gesondheetsminister war dofir eben decidéiert ginn, och hei zu Lëtzebuerg esou ee Conseil scientifique an d'Liewen ze ruffen. An deem seng wichtegst Aufgab dora besteet, international unerkannte wëssenschaftlech Donnéeën ze sammelen an dës Recommandatiounen dann och un hir Dokter-kollegen weiderzeginn. Wéi elo dësen neie Gremium an der Praxis fonctionnéiert, erkläert eis d'Monique Pütz.

[Reportage vum Monique Putz iwwer de Conseil scientifique]

Frank Goetz: Jo, wann dee Conseil scientifique dann elo zur Conclusioun kënnt, datt mir méi Suen an d'Medezin musse stiechen, wat dann?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, dat ass net d'Aufgab vum Conseil scientifique. D'Haaptaufgab vum Conseil scientifique ass, den Dokteren ze hëllefen, fir dat nëtzlecht an dat noutwennegt Kënnen mat enger wëssenschaftlecher Begrënnung ze verschreiwen. Dat heescht also, dat wat de Patient brauch an net dat, wat de Patient net brauch. Datt do eng Erspuernis erauskënnt ass ganz gutt. Mä mir wëllen dat méi realistesch ergreifen. Et ass also net esou, datt dee Conseil scientifique eis dat wäert soen. Dat musse mir eis selwer soen. Well d'Haaptaufgab vun eiser Demarche ass fir ze kucken, wou Geld wirkungslos verpufft, ouni datt et zu enger Verbesserung vun der Qualitéit kënnt. Wa mir dat erausfonnt hunn a wa mir jiddwereen dozou bruecht hunn, fir datt e responsabel mat deene Keesen ëmgeet an, et ass iwwerhaapt kee Grond fir elo Entwarnung ze maachen, well mir hunn nach ongeféier 50 Milliounen Euro anzespueren, déi mir eis zum Zil gemaach hunn an dësem Joer anzespueren. Wa mir also gesinn hunn, wou eppes wirkungslos verpufft an déi Lächer zougemaach hunn a mir gesinn, wat mir wierklech brauche fir eist Gesondheetswiesen, da fällt et engem vill méi einfach, fir déi Mëttelen anzetrieden, fir dat ze verteidegen, déi Investissementer an déi Besoinen, wéi wann ee virgeworf kritt, jo, dir maacht jo näischt fir onnëtz verpuffend Gelder ze recuperéieren. A meng Philosophie ass ganz einfach, datt all notzlos ausginnden Euro… [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Sot eis wann ech gelift emol e Beispill.

Mars Di Bartolomeo: Majo, ech ginn Iech e Beispill, dat direkt aliicht. Wann ech 20% vun de Medikamenter net opgemaach an de Sondermüll bréngen, da sinn dat 20 verbëtzte Prozent, déi ech kéint gebrauche fir eppes Aneschters. Also, an deem Sënn oder wann ech dräimol déi selwecht Analyse gemaach kréien, wann ech dräimol duerch e Scanner gedréit ginn, well mir net kënnen deen ee consultéieren. Dann ass dat e wechgeworfent Geld. A mir sinn net an Zäite, wou mir Geld kënnen ewechwerfen. Dat Geld, wat also notzlos verpufft, dat feelt eis fir de noutwënnege medezinesche Progrès. An d'Medezin gëtt net méi bëlleg. Dat ass exclus. An dofir brauche mir déi Gelder, déi nëtzlech an noutwënneg am Gesondheetssystem sinn, an déi kréie mir doduerch, datt mir keng verbroden an datt mir d'Leit invitéieren, d'Assuréën fir sech net ze bedéngen, nëmme well se mengen, datt et näischt kascht. Et kascht eppes. Si bezuelen, de Staat bezillt. Indirekt bezuele si nach eng Kéier iwwert d'Cotisation patronale. An datt d'Dokteren net esou maachen wéi datt se egal wat kënne verschreiwen. Dat maachen déi mannst. Mä d'Dokteren och musse soen, ech verschreiwe mengem Patient dat, wat e brauch an net dat, wat e sech wënscht. An ech huele keng Argumentatioun déi seet, wann ech em et net verschreiwen, da verschreiwt den Noper ëm et. An dat ass, mengen ech, e Pakt, dee mir zësumme geschloss hunn, wou mir soen, am Intérêt vun der beschtméiglecher Gesond-heetsversuergung, am Intérêt vun där beschtméiglecher Prise en charge déi mir hei hunn, well et ass déi weltwäit beschte Prise en charge, musse mir dee System versuergen, jiddwereen Eenzelne fir sech selwer, well soss gëtt en eis futti gemaach. An da kommen op eemol déi einfach Rezepter déi doropper erauslafen Leeschtunge kierzen, Participatioun ouni Differenz an d'Luucht hiewen, oder, oder, oder. Dat sinn déi einfach Rezepter an déi wëll ech net. An dofir maache mir eis extrem vill Méi. An ech kann Iech soen, zanter an deene leschte fënnef Méint sinn 30 bis 40 Sëtzungen dropgaang fir dat doten ze erreechen. Mä et ass derwäert. Mir hunn dat beschtméiglecht Gesondheetssystem, dee beschtméigleche Finanzement. A fir dat ass et derwäert fir ze streiden. Haut hu mir eis méi ëm de Spidols… [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Ech wollt nach kuerz doropper zréckkommen. Op effektiv de Spidol, mir hunn et ufanks gesot, d'Halschent vun den Ausgaben ginn effektiv an d'Spidäler. Dir hutt de Scanner ugesprach. Dat ass also d'Spidol. Wat wëllt Dir hei an Zukunft dann änneren?

Mars Di Bartolomeo: Mir hu mat de Spidäler driwwer diskutéiert, datt déi Ausgaben an de Spidäler sech an deene leschten néng Joer verduebelt hunn. Dat ass extrem vill. Dee Chiffer, deen ass extrem héich. A wann een d'Spidäler als solch huet mat den Dokteren, mat den Akte vun den Dokteren stelle se bal 70% duer vun de Gesamtausgaben vun der Krankekeess. Haut si mir wäitgehend mat de Spidäler iwwert eng gemeinsam Demarche eens ginn. Dat heescht, mir sëtzen e gemeinsamen Aarbechtsgrupp an. Mir hunn d'Spidäler motivéiert, fir eng gemeinsam Akafszentral ze maachen, wou wann se zësumme kafen, se méi grouss Quantitéite kënne kafen a bei de Frais variables vill Geld kënne spueren. Mir hunn fir méi Transparenz plaidéiert beim Erfaasse vun de medezinesche Leeschtungen an de Spidäler, fir datt mir kucken: wat gëtt gemaach, gëtt dat Richtegt gemaach? Mir hu mat de Spidäler ofgemaach, datt se weider solle fueren a Richtung Aufgabendeelung amplaz eng Rivalitéit déi kengem eppes bréngt. A mir hunn insistéiert, datt d'Doktere méi enk mat de Spidäler zësummeschaffen, méi enk sech an dee Gesamtbetrib integréieren. Mir maachen dat bei der Neidefinitioun vun de Servicer, fir datt mir verhënneren, datt mir zwar ee grousst Spidol hunn, mä honnert oder méi kleng Microentreprisen, déi eigentlech mat deem ganzen näischt ze dinn hunn a wou deen een net weess, wat deen anere mécht. Also méi Transparenz an erëm eng Kéier déi selwecht Demarche. Net einfach hei eppes ewechschloen an do eppes ewech-schloen, mä soe wou gi Gelder richteg ausginn, richteg investéiert, wou entsprécht dat, wat realiséiert gëtt, och de Besoinen, a wou ginn eventuell Suen duerch double, triple Emploi notzlos investéiert. An dat musse mir recupéréieren fir dann erëm eng Kéier zur Conclusioun ze kommen, dat do brauche mir an dofir streide mir fir déi Mëttelen och ze kréien, fir datt mir och am Spidolsecteur dat Beschtméiglecht kënnen ubidden.

Frank Goetz: Et ass also op alle Fall ee grousse politesche Chantier, dat doten.

Mars Di Bartolomeo: Dat do ass ee Chantier, wou ech mir gewënscht hätt, datt e scho virdrun ugepackt gi wier. Mä dat mécht eis awer keng Angscht.

Frank Goetz: Mars Di Bartolomeo, villmools Merci fir de Besuch.

Mars Di Bartolomeo: Villmools Merci.

Dernière mise à jour