Jean Asselborn au sujet de la politique étrangère et européenne

Jay Schiltz: Samschdeg, 19. Mäerz 2005. Gudde Mëtteg an der Emissioun "Riicht eraus" um Radio 100,7. D’Europa- an d’Aussepolitik stinn haut am Mëttelpunkt vun dëser Emissioun. Déi nächst Woch ass zu Bréissel den Tëschesommet vun den europäesche Staats- a Regierungschefen, am Eurogroupe probéiert de Lëtzebuerger Premier, Jean-Claude Juncker, mar eng Eenegung ëm d’Reform vum Stabilitéitspakt ze fannen, et ass Halbzeit an der Lëtzebuerger EU-Presidence. Zäit deemno och fir een éischte Bilan ze maachen, respektiv ze kucken, wat da bis Enn Juni nach op d’Presidence esou duerkënnt, net zulescht och am Hibléck op de Referendum vum 10. Juli. Ze diskutéiere gëtt et also genuch a fir dat ze maachen, ass haut de Mëtteg de Vizepremier an Ausseminister Jean Asselborn eisen Invité am Studio. Gudde Mëtteg, Här Minister.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Här Schiltz.

Jay Schiltz: A merci, datt Dir Zäit fir äis hat, trotz Äre sécherlech villen Obligatiounen. Erlaabt mer fir d’Éischt eng perséinlech Fro. Wéi geet et Ärem Aarm?

Jean Asselborn: Gutt, en ass haut plakech. Ech hunn ugefaange gëschter e wéineg Kiné schonn ze maachen an ech hoffen, datt dat elo geschwe vergiess ass. Et ass genuch doriwwer geschwat ginn.

Jay Schiltz: Mir sinn, wéi gesot quasi op der Halschent vun der Lëtzebuerger EU-Presidence. Här Asselborn, generell, wéi géift Dir déi éischt 3 Méint dovunner resuméieren, ier mer herno am Detail drop zréckkommen?

Jean Asselborn: Et ass natierlech schwéier, wann ee selwer am Coup ass, fir Bilan elo ze zéien. Et ass, mengen ech, ugaangen, mat engem Tsunami, wéi en Tsunami och. Mir hunn dunn äis misste konzentréieren op d’amerikanesch Visite, mir hunn all déi Themen, déi wichteg sinn, déi mer elo am Juni traitéieren, déi mer elo am Mäerz traitéieren an och am Juni traitéieren, sinn direkt op äis zoukomm. Dir hutt et gesot: Stabilitéitspakt, da selbstverständlech och d’Lissaboner Agenda, de Prozess vu Lissabon an dann d’Perspectives financières, déi äis héchstwahrscheinlech net verloosse bis zum Schluss. Also, bis elo, dann den Elargissement och, Kroatien, Bulgarien, Rumänien, d’Tierkei, wou mer och schonn hu missen dru schaffen. Also, et ass spannend, et ass intensiv. Mir musse kucken, datt mer ee Maximum erausgeschloe kréien.

Jay Schiltz: Wat interpelléiert Iech dann elo am meeschten? Europa oder déi grouss Welt?

Jean Asselborn: Fir d’Éischt ass ee Lëtzebuerger Ausseminister, deen elo d’Chance huet, kënnen [an der] Presidence do matzeschaffen. Europa ass faszinant, komplex, komplizéiert, mä mir wëssen hei zu Lëtzebuerg, mengen ech, alleguerten, datt et dat eenzegt Instrument ass, wat mer hunn, fir datt an 100 Joer och nach vu Lëtzebuerg ka geschwat ginn. Et ass dat, wou mer kënnen eis Zukunft als Land ofsécheren. An dann déi grouss Welt, bon, déi ass vill méi kleng ginn, an deem Sënn, datt mer jo och als Europa musse kucke fir ze hëllefen op deenen nevralgesche Punkten, wéi am Noen Osten, wéi och am Irak, am Iran, och am Kosovo, also och um Balkan, awer och an Asien a Südamerika fir ze hëllefen, datt Stabilitéit, méi Stabilitéit, méi Mënscherechter an da selbstverständlech och méi Cohesioun ze bewerkstellegen ass.

Jay Schiltz: Op all déi Punkte gi mer am Laf vun dëser Emissioun an. Loosse mer awer dann, fir unzefänken, vläicht e Bléck op d’Aktualitéit heiheem an dobausse riichten. D’Carole Schimmer huet Neiegkeeten.

Norichte vum Carole Schimmer: CEPAL, Conciliatioun bei TDK, Reportage iwwert den Nee zum Referendum vum Comité Non à la Constitution européenne.

Jay Schiltz: Dir hutt elo e wéineg de Kapp gerëselt, Här Ausseminister, wéi Dir deen Extrait do héieren hutt, wat äntwert Dir dann deene Leit, déi sech géint d’Verfassung mobiliséieren?

Jean Asselborn: Also, fir d’Éischt wëll ech soen, datt ech selbstverständlech komplett déi Positioune respektéieren, wann och net deelen, an ech hunn och keng Angscht fir mech mat deenen Argumenter do ausernanerzesetzen. Dat Alleréischt dat ass, mir hunn als Regierung d’Aufgab, esou wéi aner Länner, déi de Referendum organiséieren, d’Fransousen, d’Spuenier hunn dat nämlech gemaach, fir d’Leit objektiv ze informéieren iwwert dat, wat am Traité drasteet. Deen Traité hu mir net erfonnt. Deen Traité ass an engem Konvent ausgeschaftt ginn, do souzen Europadeputéierten dran, national Deputéierten dran, d’Kommissioun war vertrueden, d’Regierunge ware vertrueden. Do ass anerhalleft Joer dru geschaft  ginn an dunn ass et ugeholl ginn um Conseil européen, an et ass dann dunn ënnerschriwwe ginn den 29. Oktober vun alle Regierungen, déi 25 Regierungen, zu Roum. Wann ech also gesot hunn, objektiv informéieren, heescht dat iwwert den Inhalt vun deem, wat am Traité drasteet an do maache mer, dat huet den Här Kremer jo elo och nach eng Kéier bestätegt. Ech soen Iech dat dann och nach eng Kéier, do maache mer elo am Mäerz, loosse mer soen, méi ee vereinfachten Depliant, fir datt d’Leit wëssen, hei, dat an dat sinn déi grouss Objektiver vum Traité a mir maache fir Mëtt Mee ongeféier, op 12 Säiten an an dräi Sproochen, kréien d’Leit den Inhalt nach vill méi explizit dann explizéiert a jiddwereen, deen den Traité selwer wëllt liesen, dee kritt en elo schonn, vun elo un, kritt en en iwwer Internet an e kann en och ufroe beim Staat an e kritt en da geschéckt.

Dat Zweet, dat ass de Vote an der Chamber. Also, mir liewe jo an enger representatvier Demokratie. Mir loossen net, souwuel d’Chamber ass domadder d’accord, wéi och d’Regierung, dee Prozess vun deem Gesetz sech ofschléissen. Normalerweis wësst Dir jo, datt een éischte Vote an der Chamber ass, da gëtt een zweete Vote, normalerweis, déi normal Prozedur, wann net d’Chamber entbonne gëtt vum zweete Vote vum Conseil d’Etat, an dann ënnerschreift de Grand-Duc, gëtt promulgéiert, sanktionnéiert an da publizéiert. Hei gëtt een éischte Vote gemaach vun der Chamber, well d’Chamber, do sëtzen d’Vertrieder vum Vollek, déi solle jo och eng Meenung doriwwer hunn, wat se zu deem Traité soen an dann, do duerno, virun deem zweete Vote, deen d’Chamber da soll maachen, gëtt d’Vollek gefrot. An dee Referendum ass den 10. Juli fixéiert, also, ech mengen, do ass guer näischt dobäi, wat elo kéint negativ do interpretéiert ginn. D’Vollek seet seng Meenung, an ech soen Iech ganz éierlech och zu deem drëtte Punkt, mir sollten äis hei konzentréieren, dat ass op jidde Fall meng Positioun, op d’Substanz. Et geet hei fir de Leit ze soen, do ass fir déi nächst 50 Joer, ass dat d’Basis wat mir, wéi Europa sech soll organiséieren, och am Intérêt vun äis Lëtzebuerger an duerfir soll ee sech wierklech, ech soen et nach eng Kéier, op d’Substanz dovunner konzentréieren. A ville Länner, zum Beispill a Frankräich, do gesitt Dir datt, elo eng Evolutioun am gaangen ass, wou déi ganz Sozialkonflikter aus deem Land mat an Erwägung gezu ginn. An Holland wäert et och doudsécher net einfach sinn, fir d’Nationalpolitik erauszeloossen. Mir kënnen dat hei maachen, et ass méi einfach, ech soen et ganz kloer, fir deen Traité duerch d’Parlament alleng ze stëmmen, mä wann een awer wëllt eng gewëssen Ambitioun hunn a fir déi nächst 50 Joer, wéi ech dat gesot hunn, eng nei Dynamik an d’Europapolitik och hei zu Lëtzebuerg erabréngen, ass dee Wee awer dee richtegen, fir iwwer ee Referendum ze goen an duerfir, Här Schlitz, ganz kloer, komm mir konzentréieren äis op d’Substanz, mir schwätzen net vu Folgen, wann et soll Nee sinn, komm mer maachen alles fir datt et Jo gëtt an ech sinn iwwerzeegt, datt mer dat och hei zu Lëtzebuerg fäerdeg bréngen.

Jay Schiltz: Mä wat d’Folgen ubelaangt vun engem Nee, do hutt Dir e Sonnden um LSAP-Kongress, hutt Dir Iech fir ee Jo zu där Verfassung, hutt Dir méi wéi eng Lanz gebrach an dobäi och opgezeechent, wat dat fir Lëtzebuerg, ënner Ëmstänn, bedeite kann. Ech proposéieren Iech nach eemol, deen Extrait ze lauschteren.

Matschnëtt vum Jean Asselborn senger Ausso um LSAP-Kongress.

Jay Schiltz: Do hutt Dir awer elo den Däiwel e wéineg un d’Wand gemolt, oder net?

Jean Asselborn: Nee, dat ass net den Däiwel un d’Wand [gemolt], dat ass d’Realitéit. Ganz kloer fir mech: Europa geet virun och ouni Lëtzebuerg. Mä ob Lëtzebuerg an deem Sënn, wéi mir et nom Krich opgebaut hunn, virugeet ouni Europa, dat stellen ech a Fro. Mir bremsen net d’europäesch Integratioun. Wa 24 Länner Jo soen a mir soen Nee, da si mir net méi am Kontext vun Europa dran, da fuere mer net nëmme méi, wéi ech gesot, hunn, net vir am Täissel mat, mä mir sinn hannen op enger Käerchen, wou mer just nach dat kënnen da maachen, wat anerer äis virschreiwen. Dofir muss ee wëssen, fir et elo ëmzedréien, menger Meenung no de Schlëssel vun deem Ganze wäert de Vote a Frankräich sinn. Wann d’Fransousen natierlech, wat e Pays fondateur ass an ee Land mat immens vill Gewiicht, wann déi géifen Nee soen, da komme mer an eng Situaitoun, wou muss nei iwwerduecht ginn, wat elo geschitt. Mä gleeft mer, wa Lëtzebuerg oder ee baltescht Land oder och nach keen esou ee Land mat esouvill Gewiicht wéi déi grouss Länner an Europa Nee soen, da fiert den Zuch virun an dat musse mer äis bewosst sinn. Ech fannen och bei de Leit, déi Nee soen, an ech soen, ech ignoréieren absolut net hir Argumenter, mä do ass ëmmer eppes wat feelt: Dat ass, wat setze mer dann a Plaz, wat ass dann d’Alternativ vum Nee soen? Si soe, mer kënnen net Jo soen, da gëtt da gesot, Europa gëtt militariséiert, et gëtt liberaliséiert bis zum Vergasen an esou weider, mä wat setze mer dann entgéint? Wat ass dat da, wou mir hei zu Lëtzebuerg, ech schwätzen elo vu Lëtzebuerg, kënnen entgéint setzen, fir datt dat Europa besser gëtt? An duerfir, dat war net den Däiwel un d’Wand gemolt. Ech wëll mech och elo, ech soen et nach eng Kéier, konzentréieren, fir datt deen Nee net zustane kënnt, mä wa sollt een Nee zustane kommen, da musse mir d’Konsequenzen dovunner och wëssen, wat déi sinn an dat muss een de Leit och soen, datt dann, ganz kloer, Europa virugeet ouni äis.

Jay Schiltz: Mä wat wieren dann d’Konseqeunzen heiheem, wa Lëtzebuerg den 10. Juli owes seet, nee, mir sinn, wat weess ech, 51 Prozent dogéint? Wat maacht Dir dann als Ausseminister?

Jean Asselborn: Jo, wat d’Konsequenze fir äis sinn, jo lauschtert, wann esou eng Situatioun sech géing bilden, da kënne mer net alleguerte soen, elo gi mer Zalot stiechen.

Jay Schiltz: Den Häuptling huet dat awer schonn ugekënnegt.

Jean Asselborn: Jo, also dat geet net a mengen Aen. Mir kënne jo dann net einfach alles dohinner geheien a soen, hei elo gi mer Zalot stiechen, oder? Nee. Komm mir maachen alles virdrun, wierklech alles, datt dat net zustane kënnt a komm mir konzentréieren äis dorobber. Mir hu mat der Presidence immens vill ze dinn, mir hunn nëmmen 10 Deeg Zäit fir dann äis ze konzentréieren op den 10. Juli. Ech weess, datt deen 10. Juli keen idealen Dag ass, mä mir wollten awer och net dee Referendum elo vermësche mat de Gemengewalen, déi am Hierscht sinn. Mir wollten och net am Joer 2006, iergendwéi do mat deene Leschten dat maachen an duerfir musse mer deen Datum do elo eescht huelen, mir musse schaffen dorobber. Mir däerfen net ënnerschätzen, datt et Kräfte kënne ginn, déi d’Leit dinn Nee soen, mä et mussen awer och alleguerten déi, ech hunn awer vill Hoffnung, déi 4 gréisst Parteien hei zu Lëtzebuerg, déi och an der Chamber vertruede sinn, déi si jo awer dofir an déi kenne jo och d’Konsequenzen dovunner, vun engem Neen, an duerfir géif ech mengen, datt ee sech net soll an esou eng Hypothese stellen. Sollt déi Hypothese antrieden, selbstverständlech, da gëtt et nach ëmmer eng Verantwortung vun deenen, déi d’Land ze regéieren hunn an da mussen déi Moossnahme geholl ginn, déi ze huele sinn, fir datt mer doriwwer ewechkommen. Wann ee sech d’Saach elo zevill einfach mécht, da seet een, dat hu jo och eng Kéier d’Ire gemaach an d’Däne gemaach, do hu se eng zweet Chance kritt, ech hunn dat jo och ugeschnidde gehat, mä ass dat wierklech am Intérêt vu Lëtzebuerg, datt mer ee Joer laang dann eis Innepolitik lähmen, also wierklech lähmen an datt mer all Credibilitéit, déi mer hunn an Europa, och elo an eiser Presidence, dat hu mer jo awer äis an deene leschte Joren, net mir, net déi Generatioun vu Politiker, déi elo hei ass, mä all déi Leit, déi nom Krich fir Europa geschafft hunn an zu Bréissel, zu Stroossbuerg an hei zu Lëtzebuerg, deenen hir Aarbecht géife mer jo mëssuechten an ech mengen dofir, komm mir probéieren dat dote rationell ze kucken, selbstverständlech eescht ze huelen, well ee Referendum ass ëmmer eescht ze huelen, zumol an engem Land, wou mer keng Traditioun hu mam Referendum, eescht ze huelen, mä och elo net äis ze crispéieren an aus dem Referendum iergendwelch, an och nëmmen de loin ee Plebiscite ze maachen, dat wier dee gréisste Feeler, dee mer kéinte maachen.

Jay Schiltz: Mä dat riskéiert et awer ënner Ëmstänn ze ginn. Ugeholl, wann d’Fransousen, d’Fransouse maache, jo, do rutscht déi Diskussioun ëm d’Verfassung mëttlerweil an een innepolitesche Règlement de compte mat der Regierung Raffarin aus, dat kënnt jo een néphaste Signal fir de Rescht, och fir Lëtzebuerg, ënner Ëmstänn, ginn?

Jean Asselborn: Jo, och do ouni elo den Däiwel un d’Wand ze molen, ech mengen d’Fransouse stëmmen of, wann ech gutt elo am Bild sinn, den 29. Mee, da stëmmen se of. Dat ass deen Datum. Elo ass een éischte Sondage gemaach ginn a mir wësse jo awer wéi präzis an onpräzis Sondagë kënne sinn, wou dann 51% géifen nee soen an nëmmen 49% géife Jo soen. Ech sinn och iwwerzeegt a Frankräich, wou déi grouss demokratesch Parteien, vun der lénker a vun der rietser Säit, wou déi sech jo awer och ausschwätze fir de Jo, op jidde Fall déi Haaptachse vun deenen zwou Parteien.

Jay Schiltz: Dat war awer am PS [Parti socialiste] net evident.

Jean Asselborn: Am PS ass ganz kloer ee Referendum gemaach ginn, gëscht huet de François Hollande nach mat mer geschwat an en huet mer gesot, fir si ass et ganz ganz kloer, datt si eng aktiv Campagne maachen, dat ass d’Responsabilitéit, déi de PS a Frankräich huet, fir de Oui. Et gëtt Decheten, wann ech esou däerf soen, et gëtt Leit, déi dat anescht gesinn am PS an dat ass ganz schwéier ze handhaben, selbstverständlech, mä ech géif awer mengen, datt wann d’Fransousen den 29. ofstëmmen, datt se och do wëssen, wat den Enjeu ass. Si hunn et bei Maastricht gemaach, ënner schwieregste Bedingungen an deemols huet och de franséische President, an ech huelen un, datt et och elo esou gemaach gëtt, mat der Regierung a mat de Forcen, och op der Gauche, datt déi sech duerchsetzen an d’Leit dovun iwwerzeegt kréie, fir Jo ze stëmmen. Wann a Frankräich, ech hunn dat ugedeit, wann et do géif schief goen, dann ass selbstverständlech, muss ee sech d’Fro stellen, ob déi Verfassung, déi elo ausgeschafft ginn ass, ob een da ka virufueren, wéi wann näischt wier. Dat stellen ech a Fro, effektiv.

Jay Schiltz: Vläicht och nach ee Wuert zum Inhalt. D’Géigner vun der Verfasssung féieren eng Militariséierung vun Europa an d’Feld, mir hunn dat elo héieren, Broch vu sozialen Acquisen an esou weider. Wat kann een deene Leit da soen, wann déi Verfassung, wann dat de beschtméiglechste Konsens ass, kann een dat dann herno änneren a wéi eng Garantië kann d’Politik ginn, datt dat geännert gëtt?

Jean Asselborn: Jo, also, Militariséierung, dat ass awer nun grond-, grondfalsch duerch d’Verfassung. Europa huet sech op eng Schinn beginn, an dat ass och eng richteg Schinn, datt Europa kann och eng Muecht sinn an der Welt, fir Konflikter z’evitéieren a wa Konflikter stattfonnt hunn, fir dann herno Konflikter ze geréieren, nodeem se eriwwer sinn. Dat hu mer jo awer op e puer Plaze jo elo scho gesinn, wou mer aktiv do mathëllefen, wann een u Bosnien denkt. Mir missten och héchstwahrscheinlech, kuckt emol, gëschter war den Här Pronk bei mir aus dem Sudan. Am Sudan geschéien esouvill Atrocitéiten. Am Darfour, awer och tëscht dem Norden an tëscht dem Süde vum Sudan. Do gëtt et Campen, wou bis 150.000 Leit ënnert der Sonn, a fierchterleche Conditioune mussen an deene Campen do hirt Liewe maachen. Déi Afrikanesch Unioun bréngt et net fäerdeg, genuch Militär a Sécherheetsleit op d’Been ze kréien, fir do Atrocitéite vun deenen, déi do plënneren an d’Leit mäerden, se ëmbréngen, fir dat ze verhënneren. Och do, zum Beispill, zum Beispill musse mir ënnert dem Präbbli ëmmer vun der UNO, ech mengen et kann ëmmer nëmmen d’UNO sinn, et kann net iergend een anert Land sinn, ënnert dem Präbbli vun der UNO, misste mer och als Europa et fäerdeg brénge fir ze hëllefen, fir datt déi Atrocitéiten ënnerbonne ginn an duerfir alles, wat an Europa sech entwéckelt um Niveau Militär, Niveau Sécherheet, dat muss alles an de Kontext gestallt ginn, fir eben, wéi ech gesot hunn, Konflikter ze verhënneren oder, wann der entstane sinn, fir déi ze geréieren. D’Konflikter net ze geréieren, mä dann herno wann de Fridden ausgeschafft ginn ass, fir dann ze kucken, datt een net erëm eng Kéier zréckfällt. Dat ass dat Eent.

Dat Zweet, dat ass den Neoliberalismus. Wann Dir gesitt, déi Diskussioun, déi elo gefouert ginn ass ëm d’Bolkestein-Directive. Do gesäit ee jo, datt dat Europa guer net esou onsozial ass, wéi dat ëmmer dohinner gestallt ginn ass. An dat huet jo iwwerhaapt näischt, déi Directive mat der Europäescher Verfassung ze dinn. Et ass eng Initiative vun der Kommissioun an Dir gesidd, datt d’Kommissioun net domadder duerchkënnt, weder déi al ass domadder duerchkomm, nach déi nei kënnt domadder duerch. A wann déi Leit, déi an der Kommissioun [sinn], dat si jo lauter Politiker an dichteg Politiker, wa se wësse, wat fir eng Sensibilitéiten, datt do mat där Bolkestein-Directive, déi jo Frankenstein vu ville Leit genannt ginn ass, sech entwéckelt huet, da soll een elo soen, komm mir halen elo op a mir kucken eng nei Propositioun ze maachen, ouni elo villes do oder komplett alles elo do ze soen, et wier alles falsch doranner. Dach, et war falsch fir de Leit virzegaukelen, datt ee ka méi Sozialpolitik, eng besser Sozialpolitik, besser Leeschtungen an de Servicer kréien, doduerch datt ee villes futti schléit, wat bis elo gutt fonctionnéiert huet. Esou geet et net an ech mengen dat ass een Europa, wat d’Leit net verstinn. Mä do huet jo awer d’europäesch Gewerkschaftszeen jo eng formidabel Aarbecht do gemaach, och a ville Regierungen, och Regierungen, déi net elo sozialdemokratesch alleng sinn, mä kuckt, wann Dir d’Positioune vu Frankräich kuckt, déi sech jo awer do och investéiert hunn, fir net d’Sozialcohesioun mat esou enger Directive an Europa ze zerschloen. Ech mengen, mir als Lëtzebuerger hunn dat och ganz kloer gesot an duerfir géif ech net mengen, datt déi Verfassung, et kéint een elo nach vill méi wäit goen, ech soen Iech just nach zwee Stëchwierder. An der Verfassung ass d’Tripartite verankert: Europäesch Unioun, déi eenzel Staaten an d’Sozialpartner, wat a kenger anerer Verfassung an Europa bis elo steet an et ass och gesot, datt mer d’Cohésion sociale, d’Exclusioun verhënnere sollen, d’Exclusioun an d’Cohésion sociale op engem méiglechst héigen Niveau mussen an Europa garantéieren, dat steet an der Verfassung. Wann also Wierder wierklech nach ee Sënn hunn, dann däerf een se net einfach mat esou Slogane wéi déi, déi een elo héiert, datt domadder géif all Sozialpolitik an Europa ënnergruewe ginn, duerch déi Verfassung. Dat ass ze einfach, dat geet net. Ech mengen, do muss ee sech selbstverständlech, wéi ech nach eng Kéier soen, mat deenen Argumenter ausernanersetzen, se konteren, mat deem, wat wierklech an där Verfassung drasteet, wat de Geescht ass a wat d’Texter sinn.

Jay Schiltz: Et geet weider mat der Aktualitéit, och enger europäescher, Sujeten, iwwert déi mir herno am Detail wäerten agoen.

Norichte vum Carole Schimmer: Reunioun vun den EU-Finanzministeren, Manifestatioun vum Europäesche Gewerkschaftsbond zu Bréissel, Relatiounen tëscht der EU a Moskau, Reform vun der UNO, Regierungsbildung am Irak, Portrait vum NS-Architekt Albert Speer

Jay Schiltz: Et ass genee halwer eng, Suite vun der Emissioun "Riicht eraus" um Radio 100,7. Invité haut de Mëtteg de Vizepremier an Ausseminister Jean Asselborn. Här Asselborn, mir komme bei déi grouss europäesch Enjeuen, déi dëser Deeg zu Bréissel wäerten diskutéiert ginn, ënnert anerem de Stabilitéitspakt, dat schéngt déi Noss ze sinn, déi de Premier a Finanzminister Jean-Claude Juncker an dëser Presidence ze knacken huet. Muer ass d’Treffe vum Eurogroupe zu Bréissel. Wéi stinn dann d’Chancen elo, virum Sommet déi nächst Woch, do Neel mat Käpp ze maachen?

Jean Asselborn: Jo, also ech géif ganz kloer soen, wann de Lëtzebuerger Premier, dee mat all senger Erfahrung an deem Gebitt do, wann deen et net fäerdeg bréngt, do de Konsens erbäizeféieren, da weess ech net, ween et de Moment an Europa ka fäerdeg bréngen, mä mir wëssen, datt et keng Stabilitéit gëtt ouni Croissance an och keng Croissance ouni Stabilitéit. Hei weist sech a mengen Aen ganz kloer, wat déi sougenannte Grouss vun Europa, iwwer Europa denken a wat fir e Konzept datt se vun Europa hunn. Et geet jo net wierklech, datt Frankräich an Däitschland, fir déi zwee Länner ze huelen, datt déi versiche sech ewechzedrécken, während op aner Länner wéi Portugal, méi kleng Länner oder Griechenland, et kann een der nach e puer nennen, datt do da géife Sanktioune prasselen. Also, heimadder beweist sech, ob wierklech d’Politik an der Zukunft an Europa just aus enger nationaler Optik gekuckt gëtt, an esou enger wichteger Fro wéi dem Stabilitéits- an dem Wuesstëmspakt. Wann dat aus deem Brëll gekuckt gëtt, da misst et fäerdeg bruecht ginn, misst et fäerdeg bruecht ginn, fir zu engem Konsens ze kommen. Et läit esouvill um Dësch, et sinn esouvill Usätz, déi kënnen ëmgesat ginn an ech sinn och nach iwwerzeegt, datt wann et net e Sonndeg rëtscht, dann awer um Conseil européen, well déi Leit, déi Europa e wéineg kennen an där sëtzen der jo vill do um Dësch, déi wëssen, datt ouni eng Léisung am Stabilitéitspakt et immens, immens schwéier wäert ginn, fir eng Léisung ze fanne bei de Perspektiven. An da stéing net Lëtzebuerg no senger Presidence schlecht do, mä d’ganz Europäesch Unioun. An dat muss verhënnert ginn an dofir sinn ech och iwwerzeegt, datt deen europäesche Gedanken, awer an alle Reflexer, déi do da wäerte spillen, datt déi um Conseil européen, datt déi wierklech do kënnen an déi Richtung gedriwwe ginn, déi Europa wierdeg ass.

Jay Schiltz: Mä hutt Dir dann den Androck, datt Leit wéi Gerhard Schröder oder Jacques Chirac deen Enjeu och wëssen oder aart dat do elo zu engem Combat de Goliath géint David, déi Kleng géint déi Grouss aus?

Jean Asselborn: Nee, dat gleewen ech net. Ech mengen, si kennen den Enjeu, mä gutt, Europa ass eng Bühn, wou och déi Grouss virun allem sech wëlle produzéieren. Mir wësse wat fir Enjeuen dat a Frankräich ustinn, wat fir Enjeuen dat an Däitschland och ustinn an eben an där Mediewelt, wou mir dra sinn, wou alles dann zur Chefsache direkt declaréiert gëtt, muss een dovunner ausgoen, datt déi grouss Gewiichter an dat geet dann op d’Käschten eben och vun enger Presidence an et kann och op Käschte goe vu villen anere Länner, datt déi sech do musse selwer produzéiere fir ze weise, wéi gudd a wéi schéin a wéi staark datt si sinn.

Jay Schiltz: Nom Verhandlungsmarathon vun de Wirtschafts- a Finanzministeren d’lescht Woch zu Bréissel hat de Jean-Claude Juncker allerdéngs och net ausgeschloss, datt de Pakt esou géif bleiwe wéi en ass. Besteet déi Méiglechkeet dann a wier dat als Echec ze wäerten op dësem Dossier?

Jean Asselborn: Ech mengen, de Jean-Claude Juncker weess an éischter Plaz selwer, datt wa mer keen Accord kréien, datt de Pakt da gestuerwen ass.

Jay Schiltz: An dat hätt fatal Konsequenzen, en Echec?

Jean Asselborn: Doudsécher.

Jay Schiltz: A wéi enger Hinsicht? Wat wieren déi Konsequenzen dann?

Jean Asselborn: Majo, ech hunn Iech versicht ze soen, ech mengen dann, wa mer dat net fäerdeg bréngen elo, da weess ech net, wéi mer et fäerdeg brénge mat enger gewëssener Serenitéit un déi rieseg Aufgab ze goen, déi d’Finanzperspektiven uginn an duerfir war et richteg an eiser Presidence fir ze kucken, datt mer ganz kloer de Pacte de stabilité elo am Conseil vum Mäerz géifen evacuéieren. Dat huet jo och liicht eppes ze di mat Lissabon an dann, datt ee sech ka konzentréiere fir eng Léisung ze fannen, déi jiddwereen och wëllt a jiddweree seet, mir mussen ënner Lëtzebuerger Presidence eng Léisung fanne bei de Finanzperspektiven, datt mer dat och kënne fäerdeg bréngen.

Jay Schiltz: Dir hutt et elo schonn ugeschwat, en anert Stëchwuert, dat ass déi ominös Lissabon-Strategie. Loosse mer emol vläicht e puer Wuert doriwwer verléieren, Här Asselborn, a virop emol kuerz erklären, wat dat dann eigentlech ass. Am Joer 2000 haten déi europäesch Staats- a Regierungschefen e Plang guttgeheescht, mat deem bis 2010 d’EU soll zum kompetitivsten an dynameschste Wirtschaftsraum op der Welt gemaach ginn. Käerpunkter sinn dobäi méi a besser Aarbechtsplazen, sozial Cohesioun, Bannemaart, ökologesch nohaltege Wuesstëm. Elo si mer 2005, op der Halschent also vun deem Lissabon-Agenda. Um Sommet am Juni soll Bilan gezu ginn. Huet den Elan vun der Strategie dann awer net mëttlerweil ferme nogelooss?

Jean Asselborn: Jo, also Dir hutt, d’Introductioun ass wichteg, datt Dir déi gemaach hutt. Et kann een nach vläicht dobäi awer soen, datt zu Göteborg, dat war 2001, dunn do déi ecologesch Komponent nach dobäi komm ass. Mir hunn an eiser Presidence gesot, datt déi Charakteristiken, déi bestanen hunn um Ufank, nämlech déi dräi Pilieren, d’Economie, also d’Competitivitéit, d’sozial Cohesioun an eben dann och den Environnement, deen zu Göteborg dobäikomm ass, datt déi alleguerte gläich sinn, datt déi op der nämmlechter Stuf musse stoen. Mir sinn haut an aneren Zäite wéi 2000. Wann Dir Iech erënnert, 2000 hate mer hei zu Lëtzebuerg eng Croissance vun, mengen ech, iwwer 9% an et huet wierklech a ville Länner vun der Europäescher Unioun, huet et gefluppt an do ass dann dunn, déi vläicht e wéineg iwwerdriwwe Virstellung komm, datt mer kéinte bis 2010 déi competitivsten Economie de la connaissance op der Welt ginn.

Dir wësst, d’Economien an der Europäescher Unioun, wat d’Croissance ugeet, si vill méi schwaach wéi an anere Regioune vun der Welt, vu China schwätzen ech net a vun Indien, mä och wéi an Amerika an op anere Plazen. De Chômage ass drastesch eropgaangen. Wann ee bedenkt, a Frankräich an an Däitschland, d’Chômagezuel zesumme gekuckt, dat ass d’Awunnerzuel vun Éisterräich, dat sinn 8 Milliounen an dat ass ee formidable Chiffer an duerfir muss ee wëssen, datt op deem Punkt hei muss reagéiert ginn. Ech mengen et sinn dräi Aspekter ëmmer erëm wichteg an déi mer och als Lëtzebuerger Presidence wäerten an de Virdergrond stellen: dat ass dat Éischt, dat ass d’Innovatioun, d’Recherche. 3% vum PIB gëtt ugestrieft, publique an och eben dann déi privat, also an de Betriber, 3% vum PIB. Dann een zweete Punkt ass better regulation wéi dat heescht, virun allem fir déi Kleng- a Mëttelbetriber, datt déi déi administrativ Hürden, dat ass jo och een Thema, wat mer hei zu Lëtzebuerg kennen, kënnen huelen, datt net d’Marée blanche wierklech iwwerweit. Datt et also ka schnell zu enger Decisioun kommen, och datt doduerch d’Investissementer, den Espace fir d’Investissementer unzezéien, datt deen attraktiv ass. An dann deen drëtte Punkt, dat ass d’Cohésion sociale. Also mir hunn een Titel an eise Positioune stoen an ech hoffen, ech hoffen, ech hoffe wierklech, datt deen net ëmgedréit gëtt, deen Titel heescht „la croissance et l’emploi au service de la cohésion sociale“, net ëmgedréint, Cohésion sociale net au Service vun der Croissance a vum Emploi an duerfir, dat ass dat Konzept, wat mir hunn. Dee soziale Modell wëlle mer bäibehalen. Mir kënnen äis net virstellen, datt wann een dee soziale Modell zerschléit, datt een do da méi kompetitiv ass. Also, et ass falsch fir ze soen, Europa ass elo gutt an dem Environnement a gutt staark par rapport zu anere Géigenden an der Sozialpolitik a schwaach an der Compétitivitéit, also einfach déi zwee aner musse mer zerschloen, fir datt dee vun der Compétitivitéit besser gëtt. Dat ass eng Rechnung, déi kann net opgoen, mä mer wëssen, datt do ënnert deene 25 och verschidde Nuancë sinn.

Also, wat wichteg ass, och bei dem Lissabon-Prozess, de Leit vläicht e wéineg z’explizéieren, wat dann elo soll geännert ginn, eigentlech an de Prozeduren virun allem, d’Gouvernance dovunner, wéi dat heescht, d’Implementéierung vun deene Moossnahmen. Also, mir hunn elo de Conseil européen am Mäerz. No deem Conseil européen vum Mäerz, ënnert der Conditioun, datt mer äis eens ginn iwwert d’Strategie, iwwert d’Prozedur, gëtt, schafft dann d’Kommissioun un deene Lignes directrices intégrées heescht dat. Also, déi schafft da wierklech Linnen aus, och fir all Land, wat dann all Land och soll maachen an dann den Hierscht, sinn dann déi national Reformpläng, esou nenne mir se, déi eng Zäitdauer da vun dräi Joer hunn, déi sollen dann ugeholl ginn an all Land, och an de Parlamenter selbstverständlech diskutéiert ginn an ugeholl ginn, mat Akzenter wéi gesot, d’Recherche, wéi ech gesot hunn, de Marché intérieur muss fäerdeg gemaach ginn, lifelong learning, all déi Elementer déi mer kennen do derbäi, an da misst op Grond vun där Aarbecht, misst eng Strategie fir dräi Joer an all Land existéieren, dat heescht, et muss een net bei all Wandstouss dann erëm d’Rad an eng aner Richtung geheien, mä Dir wësst, hei derbäi gëtt eng ganz grouss Responsabilitéit och op den nationalen Niveau geluecht. Zu Bréissel oder zu Stroossbuerg oder hei zu Lëtzebuerg, an den europäeschen Haaptstied kann net d’Strategie festgesat ginn, wéi een d’Economie kann an deenen eenzelne Länner verbesseren. All Land huet seng Particularitéit, mä all Land muss dann awer och, och mir hei zu Lëtzebuerg, dat muss ech soen, mir kommen net gratis do dovunner, och mir mussen äis Gedanke maache, wéi mer eis Economie, wéi mer eis, ouni d’Cohésion sociale selbstverständlech ze zerschloen, wéi mer kënnen do op nei Weeër goen, fir eben dann och méi Croissance fäerdeg ze bréngen am Intérêt vu méi enger grousser Cohésion sociale.

Jay Schiltz: A wéi enger Hisiicht, d’Lissaboner Strategie ass, Dir hutt gesot, ënner economesch virdeelhafte Viraussetzunge geschafen, op d’Bee gesat ginn, haut ass et aneschters. Dir hutt et gesot, Milliounen Aarbechtsloser an Europa, dynamesch ass den europäesche Wirtschaftsraum allen Uschäin no och net oder net genuch, déi sozial Cohesioun räisst a ville Länner of, Däitschland zum Beispill, ass dat dann elo de Wee? Gëtt elo Waasser an de Wäi geschott oder ass déi Zilsetzung 2010 realistesch dann nach z’erreechen?

Jean Asselborn: Also, ech géif 2010 wierklech virsiichteg sinn fir elo nach eng Kéier 2005, op Lëtzebuergesch gesot, esou déck Téin ze späitzen, fir ze soen, mir sinn elo déi Bescht vun der Welt, dat brénge mer jo héchstwahrscheinlech iwwerhaapt net fäerdeg, an dat ass jo och net d’Zil. Zil ass eent, dat ass, méi Leit Aarbecht ze ginn. Mir hunn och 10 000 Leit, déi hei zu Lëtzebuerg keng Aarbecht hunn. Dee Chiffer, deen ech Iech gesot hunn, Däitschland, Frankräich deen ass erschreckend an dat ass jo net alles. Mir wëssen, datt mer de Moment och net kënnen à la longue een Europa bauen, wou am Westen Aarbechtsplazen ofgebaut ginn an transferéiert ginn an den Osten. Ech mengen, och am Osten hunn d’Leit Recht op Standarden, souwuel wat d’Aarbechtsbedingungen ugeet wéi wat d’Paien ugeet. Si kënnen net dat Nämmlecht verdinge wéi, direkt elo, wéi mir, well mer jo aner Liewensniveauen hunn, mä do gëtt et awer, menger Meenung no, och grouss, grouss Aufgaben, déi op Europa zoukommen, fir déi sozial Standarden, ënner deene mir hei am Westen zanter dem Krichsenn, déi mer opgebaut hunn, fir déi och ze deele mat deene Länner am Osten an duerfir hunn ech Iech och gesot virdrun, Stabilitéitspakt, Lissabon, Perspectives financières, alles hänkt zesummen. Do geet et virun allem ëmmer ëm eent, wéi solidaresch ass Europa, wéi kohärent ass Europa a senger Politik an dorunner, dat ass een immense Chantier, wouru mer ze schaffen hunn. Mir ginn hei de Point de départ un, fir déi nächst 5 Joer, wat d’Lissaboner Strategie ugeet, mir léisen se jo net hei, mir ginn ee Point de départ. Dir wësst jo och vläicht, datt an all Land soll, de Jeannot Krecké ass et jo hei, eise Wirtschaftsminister ass hei vun der Regierung nominéiert ginn, fir Monsieur Lissabon ze sinn, de Koordinator ze sinn. Dat ass schonn ee Prozess, wou mer zwou Saachen musse wëssen: Europa alleng bréngt et net fäerdeg, mä all eenzelt Land och alleng bréngt et och net fäerdeg, also geet et nëmmen zesummen.

Jay Schiltz: Kohärent Europa, wéi kohärent dat ass, dat huet dës Woch zu Bréissel Kroatien ze spiere kritt, et krut emol virleefeg déi europäesch Dier op d’Nues geknuppt, och wann Dir gesot hutt, déi Dier wier net zou, esou muss et fir d’Kroaten awer iergendwéi wéi gedoen hunn, op der Nues mengen ech. Wéi geet dat dann elo do weider?

Jean Asselborn: Jo, also zwee Sätz doriwwer nach. Dat war eng wichteg Sitzung, déi mer haten an et ass och ee wichtege Prozess, dee mer do gemaach hunn. Europa ass, d’Europäesch Unioun ass net nëmmen, loosse mer soen, eng Entitéit, wou mer kucken wéi mer economesch kënne besser virukommen oder wéi mer kënnen d’Liberté de circulation vun de Capitauxen assuréieren. Et ass och eng Gemeinschaft a mir soen et an eiser Verfassung, déi mer äis elo wäerte ginn an Europa, datt mer d’Menscherechter, dat Humanitärt, d’politesch Hygiene, alles wat domadder zesummenhänkt, datt mer déi musse ganz, ganz staark respektéieren. Elo soen ech net, datt Kroatien an hir Regierung eng Regierung ass, déi ee soll mëssuechten, doudsécher net. Ech mengen, déi Leit hunn ee Problem ze léise gehat, deen net einfach ze léisen ass, a wann an engem Land een, deen heescht Gotovina, fir déi eng een Held ass, ee Krichsheld ass, fir déi aner ee Kriminellen, muss ee kucken elo mol fir d’Alleréischt, d’Leit op eng Linn do ze bréngen, mä kloer ass et, et kann een net an Europa kommen an op déi aner Manéier Krichsverbriecher verteidegen. Gutt. Dat war, mir waren an engem Prozess dran, wou d’Kroate selwer gesot hunn, am Dezember 2004, mir si fäerdeg domadder, mir kooperéieren bis de 17. Mäerz, an da kënne mer mat de Verhandlungen ufänken. Déi Zesummen-aarbecht ass net honnertprozenteg gewiescht mat dem Tribunal zu La Haye an dofir war keng Unanimitéit, de loin keng Unanimitéit ënnert den Ausseministeren am Conseil "Affaires générales" vun deene 25 Länner fir Feu vert ze ginn. Als Presidence hunn ech misste kucken, datt mer dat och anstänneg geréiert hunn, mir hunn dat och fäerdeg bruecht an dee Message, dee mer un d’Kroate ginn hunn, ass jo net deen, datt elo einfach et Schluss ass, nom 16., no där Decisioun. Mä ganz konkret hu mer hinnen ugebueden, wann Dir esou viru fuert, wéi Dir dat an deene leschten 3 Woche gemaach hutt, da komme mer zu engem Resultat. Dat seet och d’Madame del Ponte zu Den Haag, hoergenee deen nämmlechte Langage an ech fannen et elo net gutt, datt de Premier an aner Politiker aus Kroatie soen, wat mir do gemaach hunn, dat wier ee Feeler vun Europa a kee Feeler vu Kroatien. Esou eppes wëll ech och net kommentéieren, ech wëll dat och iwwerhéieren. D’kroatesch Regierung soll elo dat maache, wat se ugefaangen huet, da komme mer zu engem Resultat an da kënne mer an deenen nächste Wochen, nächste Méint, kënne mer mat deem Land ufänken ze negociéieren iwwer déi 35 Punkten, déi ze negociéiere sinn, wann ee wëllt Member gi vun der Europäescher Unioun.

Et war eng interessant Diskussioun och an deem Sënn, datt sech ganz kloer erausgeschielt huet, datt vun elo un d’Europäesch Unioun, géif ech mengen, awer trotzdem eng Lat gesat huet fir op deem Punkt do, bei alle Länner aus dem Balkan ze weisen, wou et langgeet, dat zielt fir Serbien, dat zielt fir Albanien, dat zielt fir de Kosovo, dat zielt fir alleguerten déi Länner, fir Bosnien selbstverständlech och, all déi Länner, déi 2003 vun der Europäescher Unioun eng Perspektive kritt hunn, fir kënnen eng Kéier an d’Unioun eranzekommen, ass dee Punkt do vum Respekt vun, wéi ech gesot hunn, vun, datt ee muss een Ënnerscheed maache fir Leit, déi ebe kriminell Dote gemaach hunn am Krich a Jugoslawien, déi musse sech stellen zu La Haye an déi mussen dann och kënnen da bestrooft ginn, wa se schëlleg sinn, datt dat dee wichtegste Punkt ass, net nëmmen an den Aussoen, mä och an den Doten. An ech mengen, dat ass eppes, wou mer net falsch leien an ech hoffen elo, datt a Kroatien d’Regierung, de Premier an alleguerten déi Leit, déi sech ganz vill agesat hu fir hirt Land an Europa ze bréngen, datt se elo sech konzentréieren a mat hirer ganzer Energie, mat hirem ganzen Engagement am Land selwer, fir dat ze maache, wat se wësse wat se musse maachen an net d’Schold siche bei aneren. De Schlëssel ass bei hinnen a mir si bereet, fir och an eiser Presidence nach se mat zwee Äerm opzehuele, fir Negociatiounen unzefänken.

Jay Schiltz: Gëtt et ënner Lëtzebuerger Presidence och nach een neien Ament an de Relatioune mat der Tierkei? Mir sinn hei net op engem Teppechmaart, hutt Dir am Dezember gesot, fir domat op de provokante Verhandlungsstil vun den Tierken iwwert den Optakt vu Bäitrëttverhandlungen ze reagéieren. Et huet een esou den Androck, wéi wa jiddwereen ëmmer nees frou wier, d’Tierke kënnen e bësselchen ëm e puer Méint nees ze vertréischten.

Jean Asselborn: Also, an der Presidence kann een net esou schwätze, wéi wann een d’Presidence net huet, mä ech géif awer mengen, datt an der Tierkei, an ech hunn dat jo elo selwer erlieft mat där Troika, déi mer elo hate viru 14 Deeg an deem Land, datt do och nach a Saache Mënscherechter an och d’fräi Expressioun nach e gutt Stéck Aarbecht virun deene läit. Et geet net duer an engem Land wéi d’Tierkei, datt een d’Gesetzer ännert. Dat ass schonn immens vill, datt een d’Gesetzer reforméiert, mä et muss een se och kënnen applizéieren. Also, jiddwereen, deen déi Biller gesinn huet, wou sonndes zu Istanbul eng paisibel Manifestatioun war, vu virun allem vu jonke Fraen am Kontext vun dem internationale Fraendag, wéi déi Manifestatioun, déi Manifestante geknëppelt gi sinn, wéi se mat Féiss gerannt si ginn, wéi se schonn um Buedem louchen, dat war decourageant an dat war net wierdeg engem Land, wat wëllt Member gi vun der Europäescher Unioun. An duerfir hu mer jo och dat ugeprangert, mir hunn dat gesot, mir hunn och Gehéier fonnt, mir hu Gehéier fonnt bei dem Ausseminister, bei den Autoritéiten. Et sinn, wann ech richteg am Bild sinn, och Sanctioune schonn ergraff ginn an dat muss geschéien, dat muss onbedingt geschéien, soss kann ech mer net virstellen, datt mer äis den 3. Oktober zesummesetzen a maache, wéi wann näischt wier. Mir mussen och elo, no där Decisioun, déi a Kroatie geholl gëtt an ech wëll net Kroatie vergläiche mat der Tierkei, mä mir musse wëssen, datt an der Opinion publique an och a ville Käpp mer elo eng Lat geluecht hunn an déi Lat, déi läit elo héich an duerfir, wa mer och de Leit soen, elo an eiser Campagne, och hei zu Lëtzebuerg, datt Europa eng Communauté de valeurs ass, wou et näischt ze radette gëtt, wat wierklech d’Mënscherechter ugeet a wou Länner, déi net zeideg sinn oder net wierdeg sinn, fir dat ze assuréieren, datt déi keng Plaz hunn, op Basis vun de Critèrë vu Kopenhagen, datt een dann dovunner muss augoen, fir dat och konsequent dann z’applizéieren.

Ech wëll awer zur Tierkei nach eppes soen: verstitt mech net falsch, ouni den Drock vun der Europäescher Unioun wier fir 70 Milliounen, déi an deem Land wunnen, d’Mënschrechter net op eng Stuf gestallt ginn, wou se elo scho sinn, op jidde Fall op déi Stuf vun der Aarbecht um legislative Plang. An deen Drock, dee musse mer weider behalen. Wa mir deen Drock net maachen, hei aus Europa, da mécht keen deen Drock an do ass scho villes, villes geschitt um Niveau vun Tortur, d’Doudesstrof ass ofgeschaaft ginn an esou weider. Et kann een net vun engem System verlaangen wéi d’Tierkei, déi awer eng ganz aner Vergaangenheet huet wéi mir an deene leschten zwee, dräi Jorzingten oder an der leschter Zäit, datt déi vun engem Dag ëmschalten elo, vun engem Staat, deen eigentlech net vill iwwreg hat fir déi individuell Rechter vun de Leit, datt déi dat fäerdeg bréngen an enger Zäit vun e puer Méint. Deen Drock, dee Reformdrock musse mer weider op d’Tierkei behalen a mir mussen och kucken, d’Implementéierung, d’Ëmsetzung vun deene Gesetzer, déi se reforméiert hunn, wéi déi an der Wierklechkeet dann och ze veräntwerten ass.

Jay Schiltz: Vun Europa nach vläicht ee Bléck an déi grouss Welt. Här Asselborn, viru bal op den Dag genee zwee Joer souze mer hei an dësem selwechte Studio ze diskutéieren iwwer Sënn an Onsinn vu Kricher, Kricher am Irak, mir sinn duerno op d’Demo gaangen. Bis haut huet sech vill geännert, de Saddam Hussein ass net méi do, Dir sidd Ausseminister ginn a promenéiert Iech mat der amerikanescher Ausseministesch Condoleezza Rice duerch d’Weltgeschicht. Huet se Iech ieren och d’Levite gelies zum Beispill iwwert Är Positioun vu virun 2 Joer, wat deen onséilege Krich do ugeet?

Jean Asselborn: Also, Aussepolitik ass jo eppes Sériöses, awer et kann een och heiansdo selbstverständlech kucken, datt ee sech selwer net zevill sériös hëlt an ech huelen un, datt d’Amerikaner och am gaange sinn, trotzdem anzegesinn, datt een déi transatlantesch Bezéiunge muss verbesseren, fir selch selwer vläicht ze schützen, fir erëm eng Kéier Feeler ze maachen, déi geschitt sinn a Saachen Irak. An ech mengen, d’Amerikaner, no de Walen, waren Demandeure fir an Europa ze kommen. Den 22. Februar, wéi se hei waren, hu mir selbstverständlech iwwert d’Zukunft geschwat vun eise Relatiounen a mir hunn als Europäer zanter, géif ech soen, dem Hierscht vum leschte Joer, versicht, déi grouss Spaltung, déi mer haten an déi ongesond war, net nëmme fir Europa, mä fir d’ganz Stabilitéit op der Welt, fir déi erëm ze kitten an ze kucken, wat kënne mer dann elo zu 25 maachen, egal wéi eis Positioun war während der Krichszäit, fir ze kucken, eng gemeinsam Positioun erëm ze kréien. An déi gemeinsam Positioun ass ganz einfach, wat den Irak ugeet: ënnert dem Präbbli, nach eng Kéier, ënnert dem Lead, wéi dat ausgedréckt gëtt, vun den Nations unies, wëlle mer als Europäesch Unioun alles maache fir d’Sécherheet vun de Leit, déi am Irak liewen, ze verbesseren, fir de Rechtsstaat erëm hirzestellen, fir economesch erëm eng nei Aktivitéit, een neien Dynamismus eranzekréien an net dat ënnert der Schirmherrschaft maache vun engem Land, ob se militäresch dru sinn, ob se net militäresch dru sinn. Dat soll ënnert dem Kofi Annan, ënnert der UNO, soll dat geschéien. Dat ass d’Positioun an do si mer alle 25 och op enger Linn. Esou. D’Madame Condoleezza Rice, déi war hei zu Lëtzebuerg, déi war net hei zu Lëtzebuerg, well mir esou een dichtegt Land sinn, déi war hei, well mir d’Presidence hunn a mir hu se hei mat der Troika, mam Här Solana a mat der Madame Benita Ferrero-Waldner, Représentant vun der Kommissioun, empfaangen, iwwregens den 20. kënnt se nach eng Kéier heihinner, erëm eng Kéier Troika.

Jay Schiltz: Si huet dann awer een Af un Iech gefriess, oder net?

Jean Asselborn: Nee. Si huet ganz kloer vu mir ze verstoe kritt, datt déi Positioun, déi d’Lëtzebuerger Regierung, ech kann dat jo och elo soen, ech perséinlech, d’Lëtzebuerger Regierung hat, no enger grousser Debatte, déi och hei zu Lëtzebuerg stattfonnt huet, datt déi an eisen Aen déi eenzeg richteg war, well all déi Konsequenzen, déi negativ Konsequenzen, ware virauszegesinn, déi sech jo och dann du produzéiert hunn. Elo ware Walen, mir musse jo elo an d’Zukunft kucken,  et ware Walen am Irak an et muss ee soen, Chapeau fir déi Leit, fir d’Iraker, datt se ënnert deene Conditiounen, déi heiansdo wierklech Conditioune ware, wou se hirt Liewe mat op d’Spill gesat hunn, wou se hirt Walrecht ausgefëllt hunn, si hu gewisen do, datt se effektiv aus deem Schlamassel do wëllen erauskommen. Si hunn och gewisen, datt se wëllen eng nei Constitutioun op d’Bee stellen. Mir maachen och Drock, datt net nëmmen d’Schiiten, mä och d’Sunniten do mathëllefen, datt kann am August déi Verfassung fäerdeg sinn an datt kënne Wale stattfannen an deem Land, am Dezember, an datt dann eng normal Regierung dohinner kënnt. Ech muss Iech och soen, datt, ben, ech muss Iech net soen, mä ech wëll Iech soen, datt ënner Lëtzebuerger Presidence d’Aussiichten och ganz grouss sinn, datt mer, wann déi nei Regierung steet, datt mer um Niveau vun der Troika, als Presidence wäerten op Bagdad och goen an do och weisen, wierklech, datt mer als Europäesch Unioun wëlle mathëllefen de Rechtsstaat erëm hirzestellen mat deene Mëttelen, déi mir mengen, déi déi richteg wieren, déi net d’Amerikaner, net d’Russen, net d’Chinese mengen, mä déi mir als Europäer mengen, déi richteg wieren.

Jay Schiltz: Vum Irak vläicht och nach ee Wuert iwwert den Iran. Am Irak huet et deemols geheescht, et wiere Massevernichtungswaffen do, déi di ganz Welt kéinten an d’Lut sprengen. Bis elo sinn déi Waffen net fonnt ginn, se sinn also nach ëmmer gutt verstoppt. Op déi selwecht Manéier mengt een, elo gëtt argumentéiert, fir den Terrain ze preparéieren, ënner Ëmstänn, och an den Iran randaléieren ze goen. Wéi eng Roll spillt d’EU dann, d’Lëtzebuerger Presidence an deem Kontext? Wat sot Dir dann der Madame Rice, wa se elo nach eng Kéier kënnt, mat deem Säbelgerassels elo nees a Richtung Iran?

Jean Asselborn: Ech soen der Madame Rice dat an ech soen Iech dat elo: Am Iran ass et esou, do däerf een net ënnerschätze, wat sech do ofspillt. Do ass eng Initiative ergraff gi vun dräi europäesche Länner. Dat eent, dat war Däitschland, dat ass Däitschland, dat ass Frankräich, dat ass Groussbritannien, wou déi dräi Ausseministeren herno och elo zanter Dezember mam Solana dobäi, wou déi sech bekëmmert hunn, fir eng Léisung ze fannen, an dat däerf een net ënnerschätzen, dat ass net einfach aus der Loft gegraff. D’Iraner, et muss verhënnert ginn, datt am Iran op eemol sech eng nuklear, eng Atombomm, op Lëtzebuergesch gesot, entwéckelt. Dat ass d’Zil dovunner. Dat wëllen d’Amerikaner net an dat wëllen d’Europäer net an dat wëllen och alleguerten déi Länner net, déi do an där Regioun liewen. Bon, et waren zwee Weeër fir elo dohinnerzekommen. Dat eent ass de Wee vun den Europäer, wann ech esou däerf, fir ze vereinfachen, soen, fir ze soen, mir proposéieren den Iraner een Dialog, Niveau Mënscherechter, Niveau Politik en général an och Niveau économique. Sou, déi Gespréicher, déi schwiereg, extrem schwiereg sinn, sinn am gaang. Ech kann Iech awer och soen, an dat weess ech elo net vun der Madame Rice, wou Dir mech schonns ugeschwat hutt, mä vum däitschen Ausseminister, vum engleschen Ausseminister, vum franséischen Ausseminister, datt et net aus der Loft gegraff ass, d’Iraner, et am Iran Tendenze gëtt, fir eben de Kontroll vun der Internationaler Atombehörd, fir deen ze… [Opnahm ënnerbrach]

Dernière mise à jour