Jeannot Krecké au sujet de l'accord sur la réforme du pacte de stabilité et de croissance

Carole Schimmer No enger Marathonssëtzung vun den EU-Finanzministere gouf gëschter zu Bréissel en Accord iwwer d’Reform vum Euro-Stabilitéitspakt fonnt. Dësen Accord hält d’Haaptcritère vum Stabilitéitspakt fest, dat heescht eng maximal Statsverscholdung vu 60% an e Budgetsdefizit vun 3% vum PIB. D’Initiativrecht vun der Kommissioun bleift och erhalen. Fir äis iwwer den Accord ze informéieren, si mir elo mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké verbonnen. Gudde Mëtteg, Här Krecké.

Jeannot Krecké: Bonjour.

Carole Schimmer: Här Krecké, no enger Marathonssëtzung gëschter gouf en Accord iwwer de Stabilitéitspakt fonnt, et gëtt méi Flexibilitéit accordéiert am Fall vu Budgetsdefiziter. Wat sinn d’Haaptpunkte vun dësem Accord?

Jeannot Krecké: Also, et ass net, datt do elo noutgedronge méi Flexibilitéit ass, mä et ass an der Interpretatioun wou mir probéieren, der Realitéit e bëssche méi nozekommen. Déi dräi Haaptpunkte sinn déi, déi schaffen déi eenzel Institutiounen op deem Punkt do zesummen, dat intresséiert de Public manner. Mä deen zweete Punkt ass, wéi kënne mir kucken, datt mir éischter agräifen, fir datt et net zu engem Defizit kënnt, dat heescht, mir hunn eng Verstäerkung gemaach vun deem wat een nennt, de präventiven Aarm vum Pakt, dat heescht, wat fir Moossname mussen ageluegt ginn, beispillsweis a gudden Zäiten, fir sécherzestellen, datt déi Suen net nëmmen a Fonctionnementskäschte ginn, mä datt se och gebraucht ginn, wann eng Schold do ass, fir déi Schold zréckzeféieren. An deen drëtte Punkt ass deen, wann exzessiv Defiziter do sinn, wéi ginn déi an Zukunft behandelt? Mir hunn näischt geännert, wat de Pakt als solches ubelaangt, dat heescht, contrairement zu deem, wat an der Press gesot gëtt, bleiwe mir bei deenen 3%, d’Kommissioun huet also d’Obligatioun e Rapport ze maachen. Dat Eenzegt, wat elo ännert, dat ass, datt mir kucken, souwuel op der Säit vun der Kommissioun wéi awer och herno d’Ministeren, wéi appreciéiert een elo wann do den Defizit méi wéi 3% ass? Souwisou kommen nëmme mildernd Ëmstänn a Fro, wann een no bei deenen 3% ass, a wann et nëmmen temporär ass, dat heescht, nëmme fir eng kuerz Zäit.

Dat gëtt dann a Consideratioun gezunn, da ginn esou Elementer gezunn wéi beispillsweis, ass dat fir Infrastrukture verwant ginn, ass et verwant ginn fir Struktur-reformen ze maachen, ass et well een eng grouss Contributioun muss ginn, gegebenefalls fir Elementer, déi zur Lissabon-Strategie beispillsweis gehéieren.

An dobäi ass komm, datt mir unerkannt hunn, datt fir déi Däitsch d’Wiedervereinigung e ganz grousse Käschtepunkt all Joer nach weiderhin ass, an datt dofir déi Däitsch dat kënnen zu engem gewëssene Moment evoquéieren. Dat gëtt net erausgerechent aus den initiale Rechnungen, mä et gëtt an der Consideratioun, wéi et duerno weidergeet awer gekuckt, op do net mildernd Ëmstänn sinn, an déi kënne mat sech bréngen, datt een eventuell e Joer méi Zäit kritt, fir datt een den Defizit resorbéiert kritt.

Carole Schimmer: Et gouf jo och gesot, datt d’Délaien ze kuerz wiere fir Equiliberen ze fannen. Wéi ass et mat den Delaie konkret elo?

Jeannot Krecké: Ben, konkret ass schwéier soen. Et gi verschidde Cas de figuren, et gi verschidde Zeenarien, an déi sinn och alleguer am Artikel 104 virgesinn. Ech kann déi net alleguer opzielen, well do sinn 12 Punkten dran, mä jee nodeem wéi elo d’Situatioun gelagert ass, a wat fir enger Situatioun ee sech befënnt, huet een 1, 2, 3, dat ka bis 4, heiansdo souguer bis 5 Joer goen, wou een Zäit kritt, fir dat zréckzeféieren. Et hänkt och dovun of, wou een den Zäitpunkt gesäit, wann een d’Berechnung kuckt. Ass et dee Moment, wou den Defizit festgestallt ginn ass, well dann ass ee jo schonn e Joer mindestens, wann net méi laang, schonn an där Situatioun. Dofir, déi Berechnung ass eng ganz komplizéiert, mä et ass op alle Fall esou, datt mir gesot hunn, mir géingen de Leit, an domat de Regierunge méi Zäit loossen, wann et gutt Grënn ginn, fir erauszekommen.

Carole Schimmer: Wéi wäit ass dann och dëse Pakt herno applicabel a wéi wäit ass e konkret genuch, fir net zevill Diskussiounen opzewerfe bei senger Interpretatioun?

Jeannot Krecké: Ech mengen, et ginn der elo manner wéi et der virdru gi sinn. An mir hunn eng ganz Rei Saache kloer gestallt, déi natierlech sech aus der Experienz gewisen hunn, sou al ass de Pacte de stabilité jo nach net, an et huet een an der Praxis gesinn, datt eng Rei Saachen einfach net propper genuch am Text formuléiert waren. Dat hu mir elo probéiert ze redresséieren. Ech wëll net behaapten, datt mir alles vläicht zu 100-prozenteger Satisfactioun redresséiert hunn. Ech mengen, Lëtzebuerg hat seng eege Positioun. Et ass och net alles vun äis esou deementspriechend dran, mä bon, dat ass eben e Bestanddeel vun engem Kompromëss, an do muss een op eng Rei Saache verzichte kënnen.

Carole Schimmer: Dir sidd jo och Wirtschaftsminister. Wéi gesidd Dir eigentlech elo d’Ännerung par rapport zu dësem Accord um Niveau vum Wuesstëm? Ass dat eng gutt Saach fir de Wuesstëm oder net?

Jeannot Krecké: Et ass mat Sécherheet méi eng intelligent Appreciatioun déi gemaach gëtt, an déi och mat sech bréngt, datt den C deen och am Pacte de stabilité ass, dat gëtt oft vergiess, nämlech fir Croissance, fir Wuesstëm, datt deen elo vläicht besser berücksichtegt doranner ass. Ech menge schonn, wann ee seet, datt ee Politikelementer mat kann ugerechent kréien, asoufern d’Appreciatioun viséiert ass, déi loosse mir soen, eng laangfristeg Strukturreform beinhalt, da fannen ech, datt dat fir Wuesstëmsimpulser scho gutt ass.

Carole Schimmer: Villmols Merci, Här Minister.

Jeannot Krecké: Jo, ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour