Jean-Claude Juncker au sujet de l'accord sur la réforme du pacte de stabilité et de croissance

Frank Goetz: Här Staatsminister, fir d’Éischt emol Gratulatioun… [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Merci.

Frank Goetz: Well esou een Echec, dat wier jo awer schonn eng kleng Katastrof gewiescht fir d’Lëtzebuerger Présidence, oder net?

Jean-Claude Juncker: Ob dat eng Katastrof gewiescht wier, weess ech net. Ech hunn ëmmer gesot, wa probéiert gëtt een Accord iwwert d’Reform vum Stabilitéitspakt nëmmen dann ze kréien, wann een d’Stabilitéit vergësst a wann een den Euro méi schwaach mécht, da gëtt et keen Accord an esou een Accord wier et och net ginn, dann hätten Eenzelner dat, besonnesch zu Lëtzebuerg, wéi ech konnt liesen an deene leschte Wochen, als ee groussen Echec, net vun der Presidence, mä vum Juncker gesinn, mä dat ass eppes wat mech net iwwerméisseg belaascht huet. Et ass drëm gaangen eng anstänneg Reform vum Pakt ze maachen, déi méi Stabilitéit bréngt, wann et der Wirtschaft guttgeet, méi Flexibilitéit wann et der Wirtschaft schlecht geet, ouni d’Grondwäerter, 3% Budgetsdefizit a 60% Staatsverschëldung ze touchéieren a wann den Defizit vun 3% depasséiert gëtt, deen nëmmen zouzeloossen, wann en aus gudde Grënn geschitt a wann e ganz no bei 3% ass. Dat verlaangt d’Stabilitéit vun der Währung.

Frank Goetz: Mä trotzdem d’Fro, wéi zefridde sidd Dir dann? Ëmmerhinn hutt Dir jo awer missen eng ganz Parti Waasser an Äre Wäin schëdden, virun allem wat d’Unerkennung vun der Däitscher Reunificatioun ugeet?

Jean-Claude Juncker: Et war den däitsche Wonsch zanter Méint, de Gesamtkäschtepunkt vun der Däitscher Eenheet aus dem Uwendungsberäich vun dem Stabilitéitspakt erauszehuelen, genau dat geschitt net. Ënnert deene ville Facteuren, déi erugezu ginn, d’Méiglechkeet déi et och schonn am Vertrag gëtt, fir ze moossen ob een Defizit iwwer 3% een exzessiven Defizit ass, deen ee muss verbidden, bekämpfen a bestrofen, gëtt och mat erugezunn net de Käschtepunkt vun der Däitscher Reunificatioun, mä gëtt der Tatsaach Rechnung gedroen, datt laut Erkenntnisser vun der Europäescher Kommissioun duerch déi Däitsch Neesvereenegung d’Wirtschaftswuesstëm an Däitschland zwee Drëttel vu senger Kraaft verluer huet. Et ass also de wirtschaftlechen Impakt vun der Däitscher Reunificatioun deen a Betruecht gezu gëtt, insoufern wéi deen zu finanzielle Méibelaaschtunge gefouert huet, mä net dee ganze Käschtepunkt gëtt erausgerechent, et gëtt iwwerhaapt näischt erausgerechent, mä et ass een Element, mat villen aneren zesummen, wat gekuckt gëtt.

Frank Goetz: Dat do ass eng Saach vun der Formuléierung. Mä Dir waart jo awer am Ufank net ganz waarm fir dat doten iwwerhaapt als solches ze consideréieren?

Jean-Claude Juncker: Ech war net waarm fir de Käschtepunkt vun der Däitscher Reunificatioun als solchen aus dem Uwendungsberäich vum Stabilitéitspakt erauszehuelen. Dat maache mer och net. Mir kucke just d’wirtschaftlech Konsequenzen dovun. Dat ass eng Dispositioun, dat steet eigentlech néierens an den Zeitungen, déi wuel Däitschland mengt, mä net op Däitschland hi formuléiert ginn ass. Dat Wuert, Däitsch Neesvereenegung, steet op kenger Plaz an déi wirtschaftlech Konsequenze vun der Reunificatioun a vun deem Effort, dat sinn der, déi och mar mussen a Betracht gezu ginn, wann et op Zypern zur Reunificatioun kënnt. Et ass also e bëssche méi reng wéi et um däitsche Fernseh duergestallt gëtt.

Frank Goetz: Zu Berlin an zu Paräis misste se jo elo och eigentlech zefridde sinn, well se jo wesentlech méi laang Zäit kréien am Fall, wou hire Budget nees an d’Rei ze kréien, esouguer duebel esoulaang Zäit wéi dat am Maastrichter Vertrag  virgesi war?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt dat richteg ass, fir ze soen, datt Länner, déi zu den Defizitssënner gehéieren elo zweemol méi Zäit hätten wéi virdrun, well och schonn ënnert dem aktuelle Pakt an ënnert dem aktuelle Vertrag, an deen ass net geännert ginn, haten d’Länner 4 Joer Zäit zur Verfügung, wa bestëmmte wirtschaftlech Akzidenter sech an engem Land presentéiert hun. Et gëtt eigentlech just eng Verlängerung ënner ganz strengen Oplagen vun engem Punkt.

Frank Goetz: Besonnesch sollt jo d’Preventioun gestäerkt ginn, dat heescht, datt e Land a wirtschaftlech gudden Zäite méi spuere muss. Mä wéi wëllt Dir dat kontrolléieren oder ass dat reng op Vertrauensbasis opgebaut?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn ee ganze Koup vu strenge Regelen opgestallt, déi mussen applizéiert gi vun de Länner an Zäite wou et der Wirtschaft gutt geet, besonnesch vun deene Länner, déi héich Defiziter hunn an déi héich Scholdestänn hunn. Déi ginn obligéiert, dat huet de Pakt bis elo net gemaach, dofir ass et falsch fir ze soen, de Pakt wier nëmme flexibiliséiert ginn, déi ginn obligéiert, 0,5% vun hirem Bruttoinlandprodukt strukturell an engem Joer ze verbesseren. Dat heescht, de Budgetsdefizit muss all Joer 0,5% vum PIB, am lëtzebuergesche Fall  wier dat a Lëtzebuerger Frangen ausgedréckt 5 Milliarden d’Joer spueren, dat musse se maachen. Ech gesinn, datt dat jo ënnerschiddlech Kommentéierung fënnt. An Holland zum Beispill gëtt ganz staark Gewiicht op deen Deel geluecht an op d’Tatsaach geluecht, datt den Defizit, falls en als net exzessiv ageschat gëtt, sech net wäit iwwer 3% däerf bewegen. An Däitschland a Frankräich liesen se dat e bësschen anescht. Eigentlech ass déi Reform vum Pakt ee schrecklechen Dementi fir d’däitsch, d’franséisch an aner Budgetspolitiken, well déi Länner, déi wéi d’Wirtschaft gutt gaangen ass, an de Joren 98, 99, 2000 näischt gespuert hunn, mä nach méi Scholde gemaach hunn, déi kréien hei eng ferme gewéitscht, doduerch datt se gesot kréien, wann déi nächste Kéier et erëm esou ass, datt et der Wirtschaft guttgeet, dann dierft dir iech net méi esou behuelen, wéi dir iech déi leschte Kéier an der Héichkonjunktur beholl hutt. Et ass kee Luef fir Däitschland, Frankräich an och keng Erliichterung fir Däitschland, Frankräich. Wann et mar der Wirtschaft erëm schrecklech gutt géif goen, dann dierften Däitschland a Frankräich net ufänke mat ëffentleche Steiergelder Cadeauen ze maachen, mä da wiere se obligéiert, forcéiert, gezwong, hir Defiziter an hir Scholdestänn no ënnen ze corrigéieren.

Frank Goetz: Op alle Fall kënnt Dir, Här Staatsminister, mar de Fréijoerssommet mat enger grousser Suerg manner ufänken?

Jean-Claude Juncker: Also, ech hu léiwer mir ginn esou op dee Sommet, well d’Finanzministeren hir Aarbecht gemaach hunn, wéi datt mer als Premieren erëm bei null ufänken. Et ass Zodi genuch, deen doten, dee konnte mer äis erspueren.

Frank Goetz: Här Staatsminister, villmols Merci.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Frank Goetz: Souwäit also de Jean-Claude Juncker zum Accord iwwert d’Reform vum europäesche Stabilitéitspakt, een Thema deen also d’Staats- a Regierungschefen op hirem Fréijoerssommet mar an e Mëttwoch hei zu Bréissel net méi belaaschte wäert an domat aus der belscher Haaptstad bei schéinem Fréijoerswieder zréck op de Kierchbierg.

Dernière mise à jour