Jean-Claude Juncker au sujet de la réforme du pacte de stabilité et de croissance, la révision de la stratégie de Lisbonne et la directive "Bolkestein"

Marco Goetz: Jean-Claude Juncker, gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Marco Goetz: Um EU-Sommet dës Woch zu Bréissel gouf et vill Luef fir d’Lëtzebuerger  EU-Présidence an de Conseilspresident Jean-Claude Juncker. Sidd Dir zefridden?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Marco Goetz: Luef gouf et besonnesch, well d’Reform vum europäesche Stabilitéits- a Wuesstëmspakt konnt ofgeschloss ginn. Dat schéngt keen einfachen a selbstverständlechen Exercice gewiescht ze sinn. War et do vu Virdeel, datt Dir Finanzminister sidd a gläichzäiteg Premier?

Jean-Claude Juncker: Onofhängeg vun der handelnder Persoun, mengen ech net, datt et engem, deen net an enger Persoun Premier- a Finanzminister ass, méiglech gewiescht wier, déi Reform vum Stabilitéitspakt esou ze maachen, datt net d’Staats- an d’Regierungschefen sech hätte missen iwwert all Detail bécken. Et war vun engem grousse Virdeel, well een esouwuel bei de Finanzministere konnt agéieren an déi wosste jo alleguer, datt ee gläichzäiteg President vum EU-Conseil ass an datt ee konnt mat Kollegen, déi Premierminister sinn, dauernd schwätzen, well déi wësse jo och, datt ee Finanzminister ass. Doraus ergi sech strategesch Brécke-méiglechkeeten, déi keen  aneren an där Form dann eben zur Verfügung hat.

Marco Goetz: Wéi hutt Dir et da fäerdeg bruet, datt um Schluss esouwuel déi, déi eng méi flexibel Interpretatioun vum Pakt wollten hunn, wéi och déi, déi eng méi streng Handhab wollten, jo gesot hunn a méi nach, och nach zefridde waren?

Jean-Claude Juncker: Jo, doduerch, datt mer am preventiven Deel vum Pakt, besonnesch wann et der Wirtschaft gutt geet, d’Schrauf bäigedréint hunn, fir däitlech ze maachen, datt ee méi Stabilitéit brauch a méi spuere muss, wann et engem Land an enger Wirtschaft gutt geet an doduerch, datt mer fir wirtschaftlech méi schwaach Zäiten zousätzlech Flexibilitéitselementer agebaut hunn. D’Reform vum Pakt ergëtt sech aus enger Dosis méi Stabilitéit, wann et der Wirtschaft gutt geet, iwwerpréifbarer Stabilitéit, an aus enger Dosis méi Flexibilitéit, wann et der Wirtschaft schlecht geet, agegrenzte Flexibilitéit.

Marco Goetz: Däitschland a Frankräich, esou soe Kritiker, hu sech duerchgesat op Käschte vun den initiale strenge Prinzipie vum Pakt. Ass dat esou?

Jean-Claude Juncker: Ech kann dat net an deem Ëmfang erkennen, wéi dat an Däitschland an a Frankräich elo kommentéiert gëtt. Däitschland a Frankräich haten eng Hellewull vu Fuerderungen, déi net zréckbehale gi sinn, haten eng Rei vun Uleies, déi zréckbehale gi sinn an déi och vun anere Memberstaaten heiansdo gedeelt gi sinn. Ech halen net vill dovun, wann europäesch Léisungen herno eenzeg an alleng doropshinn ofgeklappt ginn, wee sech duerchgesat huet a wee verluer huet. Europa an d’Stabilitéit vum Geld insgesamt hu gewonn an ech bedeelege mech net un deem kontinentale Wonnelecken do.

Marco Goetz: Kritik gouf et och aus Ärer politescher Bluttgrupp, vun der CDU/CSU-Oppositioun an Däitschland. Dir hutt dës Woch zu Bréissel d’Angela Merkel an den Edmund Stoiber gesinn. Krutt Dir se iwwerzeegt, datt hir éischt Impressioun vun der  Reform eng falsch war?

Jean-Claude Juncker: Ech hu se net dovun iwwerzeegt kritt, mä hu se konfrontéiert mat de sachleche Festleeungen, déi et an der Reform vum Stabilitéitspakt gëtt an déi ee groussen Deel vun hire Kritiken als iwwerzunne Kritiken erschenge loossen.

Marco Goetz: Grousst Thema um EU-Sommet war dann, nom Feu vert fir de Stabilitéitspakt, d’Revisioun vun der Lissaboner Strategie. Déi Strategie, déi gëtt et zanter 2000, ma si huet bis haut net dat bruet, wat sech erwaart gouf. Wéi gouf se dann elo revitaliséiert, fir datt een erreecht, wat ee sech als EU virgeholl huet, weltwäit déi stäerksten a kompetitivste Wirtschaftsmuecht ze ginn, mat méi wirtschaftlechem Wuesstëm, sozialer Kohesioun an dat alles mat positiv nohalteger Wierkung fir d’Ëmwelt?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn d’Strategie vu Lissabon, wat eng grouss Reformustrengung vun der Europäescher Unioun a vun hire Länner ass, mengen ech, doduerch elo relancéiert, datt mer se rezentréiert hunn an datt mer ëmmer erëm op d’Wichtegkeet vun der Wettbewerbsfähegkeetssteigerung vun der Europäescher Unioun opmierksam gemaach hunn an op d’Noutwendegkeet, déi et gëtt, d’Wuesstëmspotential vun der Europäescher Unioun däitlech ze stäerken, duerch Reformen, déi mussen ugeluecht ginn an déi Ustrengunge bei Competitivitéit a Wuesstëm net als Ziler beschriwwen hunn, déi sech selwer duerginn, mä als Ziler, déi mussen der Finalitéit vun der Stäerkung vun der sozialer Cohesioun an alleréischter Linn dingen an och der nohalteger Entwécklung vun der Ëmwelt a vun der Schounung vun den natierleche Ressourcen. Mir hunn dräi konkret Achsen, 10 konkret Handlungsberäicher an 100 konkret Eenzelmoossnahmen an d’Schluss-folgerung vum Europäesche Rot kënnen ophuelen, an déi kënnen elo besser, well nämlech méi iwwerpréifbar, ëmgesat ginn, wéi dat virdrun de Fall war, doduerch, datt mer elo d’Memberstaaten, déi 25, zwéngen een dräijährege Reformprogramm, nationale Reformprogramm virzeleeën, wou schéi muss déi eenzel Punkte besicht ginn, déi an der Reformagenda stinn. Mir wäerten och doheem, wa mer un déi Aarbecht kommen, gesinn, datt do erhiefleche Reformbedarf an alle Länner vun der Europäescher Unioun festgestallt ginn ass an datt ee muss Aktiounen ënnerhuelen, fir wierklech op Dauer Wuesstëm a Beschäftegung ze sécheren a fir wierklech op Dauer ze garantéieren, datt all Mënsch Zougang fënnt zu deem soziale Modell, dee mer wëllen halen an dee muss mat Reformen a senger Erhalungsfähegkeet  elo ënnerluecht ginn.

Marco Goetz: Stëchwuert, also d’Strategie gëtt vun den EU-Bierger besonnesch  op Hand vun der Entwécklung um Aarbechtsmaart gemooss, do si mer EU-wäit bei ronn 19 Millioune Chômeuren, notamment an Däitschland schéngt déi Entwécklung dramatesch. Vläicht méi konkret, wéi setzt een déi nei Lissaboner Nouten dann elo esou a Musik ëm, datt se dem schaffende Vollek an d’Ouer geet?

Jean-Claude Juncker: Mir hu jo keng Stonn Zäit fir doriwwer ze schwätzen, well Aarbechtsmaartpolitik an adequat op den Aarbechtsmaart a seng Bedürfnisser orientéiert Wirtschaftspolitik si jo Themeberäicher, déi sech nëmme breet behandele loossen. D’Aarbechtsmäert musse méi flexibel ginn, ouni awer déi noutwendeg Securitéit, déi d’Aarbechtsrecht och muss garantéieren, a Fro ze stellen. Do däerf een net all Reform maachen, just well et modern ass se ze maachen. Alleguer déi Lockerungsübungen, déi beim Kënnegungsschutz gemaach gi beispillsweis, hunn erkennbar an eenzelne Länner zu méi Entloossungen an net zu méi Neiastellunge gefouert. Et ass eréischt aus dem Gesamte vun der Lissabon-Agenda, wou sech déi Sprongkraaft ergëtt, déi d’Aarbechtsmäert brauchen. Wa mer méi a Richtung Fuerschung an Entwécklung investéieren, wa mer äis méi intensiv mat dem Thema liewenslänglech Aus- a Weiderbildung beschäftegen, wa mer äis méi mam Thema Reform vun eisen educative Systemer beschäftegen, wa mer äis méi mat dem  Sachkomplex ofginn, datt een eppes dogéint muss maachen, datt esouvill jonk Leit, och zu Lëtzebuerg, d’Schoul verloossen ouni en Ofschloss ze hunn. Aus all deene Punkten ergëtt sech déi Dynamiséierung vun der europäescher Aarbechtswelt, déi mer brauchen, fir datt méi Leit a Beschäftegung kënne kommen.

Marco Goetz: Als falschen Toun an deem do Kontext gëtt déi sougenannte Bolkestein-Directive gewäert, déi d’Liberaliséierung vun den Déngschtleeschtungen zum Zil huet, wéi muss dat Instrument da gestëmmt ginn, fir datt een op där enger Säit  déi wichteg wuesstëmsfördernd Komponent bäibehale kann, op där anerer Säit awer verhënnert, datt den europäesche Sozialmodell a Gefor geréit an datt et zu Sozialdumping kënnt?

Jean-Claude Juncker: Mir brauchen eng Öffnung vun den europäeschen Déngschtleeschtungsmäert. D’Déngschleeschtungen an Europa stelle 70% vum geschafene Mehrwäert duer. Ee Land wéi Lëtzebuerg, wat och Déngscht-leeschtungen exportéiert, huet alles ze gewanne bei enger méi breeder Öffnung vun deene selwechten, mä mir wëllen net, datt dat esou gemaach gëtt, datt d’Sozialrechter, am Ufank ouni datt een et mierkt a wann een et mierkt, ass et ze spéit, no ënne corrigéiert ginn. Dofir dee Saz vu mir schonn den 12. Januar am Europaparlament bei der Virstellung vun eisem Aarbechtsprogramm, datt mer Jo soen zur Öffnung vun de Mäert an datt mer Nee soen zum sozialen Dumping. Et kann een Europa net op Käschte vun de schaffende Leit weiderdreiwen.

Marco Goetz: Do gesäit et net duerno aus, wéi wa jiddwereen iwwerzeegt wier, datt d’EU d’Intresse vun de schaffende Leit am Kapp an hiert Wuel virun Aen huet. Dat heescht, do feelt et u Vertrauen an d’europäesch Politik. Läit dat drun, datt et europäeschen Decisiounen dacks un der néideger klorer Visibilitéit feelt oder ass zevill schlechte Wëllen dobäi?

Jean-Claude Juncker: Oh, doriwwer denken ech vill an dacks no. Ech mengen och déi national Politik, eis an déi vun deenen aneren, steet am Feier vun der ëffentlecher Kritik. D’Leit di sech schwéier domat sech virzestellen, datt Politiker an hirem Intresse schaffen, well et jo zum gudden Toun gehéiert  esou ze maache wéi wann d’Politiker just am eegenen Intresse géifen handelen a wann dat dann europäesch Decisioune sinn, da géifen d’Leit gäer méi genau wëssen, wéi eppes ze verstoen ass, wéi  eppes geduecht ass, wee wat wou a fir wéi lang an ënnert wat fir Ëmstänn decidéiert huet. Europa ass relativ wäit ewech vun de Leit, vun de Leit, déi eigentlech och d’europäesch Politik kontrolléiere mussen. An et ass komplizéiert, eng Europäesch Unioun mat 25. Ech sinn elo duerch deen Dall gaange vun deene komplexe geographesche Verrenkungen. Mir hunn den éischte Stabilitéitspakt gemaach 1996, do ware mer zu 15 Memberstaaten. Wéi mer de Maastrichter Vertrag gemaach hunn, do ware mer zu 12. Kee war nach an der Eurozone, well den Euro war nach net do, wéi mer de Vertrag gemaach hunn an de Stabilitéitspakt. Haut hu mer der 12 an der Eurozone, esouvill wéi mer der haten, wéi mer de Maastrichter Vertrag gemaach hunn. Mir hunn der e puer, déi no dru sinn, a mir hunn der, déi wäit eweg sinn an et sinn der am ganze 25. 25 national Sensibilitéiten, 25 national Geschichten, fir dat op een Nenner ze bréngen, a wirtschafltech schwieregen Zäiten, dat ergëtt  vun der Problemdichte hir, déi et ze beschaffe gëlt, onwahrscheinlech komplizéiert Léisungen, an déi duerzestellen ass bal eng Saach vun der Onméiglechkeet. Wann een awer déi komplizéiert Weeër net geet, wann een dee Versuch net ëmmer erëm start, alles mat opzehule wat et un Empfindungen, vu Befindlechtkeeten an der Europäescher Unioun gëtt, da brécht de ganze System auserneen. Do gëtt et der jo vill, déi mengen et wier gutt, wann de System géif auserneebriechen, mä da brécht de Kontinent auserneen.

Marco Goetz: Mä bitt d’Europäesch Verfassung als Perspektive eng besser Visibilitéit an eng méi staark Vertrauensbasis?

Jean-Claude Juncker: D’Institutioune fonctionnéiere méi einfach a si fonction-néieren och no baussen hi méi kloer a méi verständlech. Et gëtt eng Rei vun neie Politikberäicher ugeluecht, wou mer äis haut schwéier dinn se kënne korrekt ze  beschaffen. Ech mengen, datt déi Europäesch Verfassung, bei allem Schlechten déi se och huet, wann ech eng alleng ze schreiwe gehat hätt, wier se anescht  ginn, mir musse jo awer zu 25 virgoen, ech menge schonn, datt déi Europäesch Verfassung d’Decisiounssträng méi kloer mécht.

Marco Goetz: An datt de Manktum u Vertrauen an déi europäesch Politike munnech ee kéint dozou bréngen, déi Verfassung ofzelehnen, dat héiert Dir net gär?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mer iwwert den Zoustëmmungsgrad, och vun de Lëtzebuerger, zur Europäescher Verfassung ni Illusioune gemaach. Ech weess aus dausende Gespréicher mat de Leit heiheem, wéivill Bedenken datt et gëtt, wéivill Onverständnins et op ville Pläng gëtt, fir dat, wat an Europa als Politik ugebuede gëtt. Nee, fir Europa muss een all Dag nei opstoen an nei kämpfen an nei untrieden. Europa, well de Krich och schonn esoulaang eriwwer ass, gëtt haut als eng Selbstverständlechkeet ëmpfonnt, fir déi ee sech net brauch anzesetzen. Wann der vill ophale sech aktiv fir europäesch Saachen anzesetzen, da kënnt den Dag an d’Stonn, wou se an hirem Nationalstaat alleng net méi eens ginn an dat  musse mer och de Leit  doheem soen, net belehrend, net drohend, net se verängschtegend, mä weisen, datt mer op engem Punkt vun der kontinentaler Geschicht ukomm sinn, wou ee sech nei muss zesummenhuelen, fir dat Wierk do virunzedreiwen. Deen Dag, wou mer stoebleiwen bei der europäescher Konstruktioun, obschonn ech net zu deene gehéieren, déi se wëlle bis hannenhinner dreiwen, gi mer zréck an da fanne mer déi al Dämone vun den Nationalstaaten, déi géinteneen untrieden, ganz séier erëm.

Marco Goetz: Elo steet Ouschtere mol virun der Dier, do wäert Dir Iech ausrouen an duerno déi nächsten 3 Méint vun der Lëtzebuerger EU-Presidence attackéieren. E grousse Steen um Wee zu engem weidere Succès ass d’Finanzperspektive, dat heescht, wéi a mat wéivill d’europäesch Politik vun 2007 bis 2013 finanzéiert gëtt. Wa mer et iwwerspëtzt formuléieren, da gesäit et elo dono aus, wéi wann d’Memberlänner zwar méi EU wëllen, ma net bereet sinn, dofir méi an d’Täsch ze gräifen. Et ass ee Bild, op deem Wierklechkeet an Usproch wäit auserneeklaffen. Wéi wëllt Dir do d’Enner beienee kréien?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt mer am Juni esou ee grousse Succès kënnen hunn, wéi mer deen dës Kéier am Mäerz haten, well d’Meenunge ganz wäit ausernee ginn an iwwregens och a ville Länner an der Bevölkerung iwwerhaapt keng  Bereetschaft do ass, méi fir Europa ze bezuelen. Et ass jo net, datt d’Regierunge just an hirem Numm schwätzen. Do gëtt et der schonn ee ganze Koup, déi hu gutt verstanen, datt d’Stëmmung an hire Länner net esou ass, datt d’Leit bereet sinn, méi déif an d’Täsch ze gräife fir europäesch Projeten ze finanzéieren an dofir muss ee mat ënnerschiddleche Rieden a mat ënnerschiddlecher Geschwindegkeet an deenen eenzelne Staaten vun der Europäescher Unioun ëmmer erëm déi europäesch Cause an den europäesche Projet ëmmer nei begrënnen.

Marco Goetz: Mengt Dir net och, datt et vläicht dru läit, datt d’Leit et net agesinn oder datt et schlecht vermëttelt gëtt, wat d’Europäesch Unioun wierklech bréngt?

Jean-Claude Juncker: E Fridden, et ass alt dat.

Marco Goetz: Wann een dat esou géif agesinn, da wäer ee jo awer vläicht bereet, méi an d’Täsch ze gräifen?

Jean-Claude Juncker: D’Leit hu vergiess, mengen ech, besonnesch an eiser Generatioun, wat eng Stonn Krich kascht.

Marco Goetz: Eng leschte Fro, ënner Lëtzebuerger EU-Presidence sollt de 17. Mäerz ugefaange gi mat Kroatien iwwert de Bäitrëtt ze verhandelen, dat gouf verréckelt. Wéini soll et elo lassgoen? Geet et nach ënner Lëtzebuerger Presidence?

Jean-Claude Juncker: Mir hu jo eng Decisioun op dësem Europäesche Conseil geholl a Saache Kroatien. Nämlech hu mer ee Grupp vu Länner, dorënner och Lëtzebuerg, mat eisem Ausseminister un der Spëtzt agesat, déi sollen iwwerpréifen an direkte Gespréicher, esouwuel mam Ex-Jugoslawien-Tribunal zu Den Haag wéi och mat der kroatescher Regierung, ob Jo oder Nee d’kroatesch Regierung genügend  staark mat dem internationale Geriicht zu Den Haag zesummeschafft. Et wier mäi Wonsch, datt een déi Verhandlungen, wann dee Beweis bis erbruecht ass, datt dat effektiv esou ass, datt se gutt zesummeschaffen, nach ënner lëtzebuergescher Presidentschaft kënnt ufänken.

Marco Goetz: Jean-Claude Juncker, merci fir d’Explicatiounen.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour