Jean-Claude Juncker au sujet des trois premiers mois de la Présidence luxembourgeoise du Conseil de l'Union européenne

Maurice Molitor: Här Staatsminister, Här President muss ech an dësem Kontext jo wuel soen, wéi presidéiert sech dat neit Europa vun de 25 eigentlech?

Jean-Claude Juncker: Am Prinzip esou wéi dat vu 15 an dann ass et awer ganz anescht, well et sinn der méi ronderëm den Dësch, et kennt een d’Leit net méi esou ganz gutt wéi fréier, well, besonnesch an deem mëtteleuropäeschen Deel vun der Europäescher Unioun, d’Regierungen nawell eng Tendenz hunn, séier ze wiesselen. Et mierkt een ënnerschiddlech Sensibilitéiten, där, déi engem d’Liewe méi schwéier maachen, där, déi engem d’Liewe méi einfach maachen. Bref, et ass spannend.

Maurice Molitor: Vläicht hutt Dir mir d’Äntwert op meng nächst Fro elo scho ginn, mä ech wollt trotzdem Iech schwätze vun engem Androck, deen ech hat, wéi ech d’Biller gekuckt hunn, déi am Reuniounssall gedréint gi sinn, just ier de Sommet ugefaangen huet. Ech hu mer déi alleguerten ugekuckt an do gesäit een, datt d’Vertrieder aus deenen neie Länner e bëssche bedubbert, e bëssche verluer do sëtzen, et huet een den Androck allzäit, während déi aner, déi scho méi laang derbäi sinn, nach ronderëm ginn, sech Bonjour soen, sëtzen déi aner schonn do. Ass dat ee Bild mat Symbolcharakter?

Jean-Claude Juncker: Nee, ech mengen och, datt dat, wann et esou ee Bild ginn huet, ee Bild ass, wat awer dann net typesch wier, well mat deene meeschte Kollegen, ech kann do just fir mech schwätzen, aus deenen neie Länner, hunn ech awer, ech schwätze vun de Premieren, déi wiesselen net esou séier wéi d’Finanzministeren, ganz enk Relatiounen an och frëndschaftlech, déi heiansdo ganz laang zréckginn. Et sinn haut Leit Premierminister a Mëtteleuropa, ech huelen d’Beispill vum slowakesche Premier, deen hunn ech gesinn, wéi en an der Oppositioun war an der Slowakei, wéi e just aus dem Prisong komm war, a just erëm ier en an de Prison gaangen ass. Dat sinn Etappen op Liewensweeër, déi bleiwen an nee, nee, dat Verhältnis ass schonn enk.

Maurice Molitor: Loosse mer vläicht déi éischt 3 Méint vun der Presidence kuerz Revue passéieren. Deen éischte politeschen Héichpunkt, géif ech soen, war wahrscheinlech d’Visite vum amerikanesche President George W. Bush. Et war net jiddweree frou an Europa doriwwer. Bon Dir hutt gesot, wat hätte mer da gemaach oder wat hätte mer gesot, wann e fir d’Éischt an Asie gaange wär? Ass erëm alles wéi virdru mat den Amerikaner?

Jean-Claude Juncker: Dat géif ech net soen, datt alles ass wéi virdrun, mä et ass wiesentlech besser wéi et virun e puer Méint nach war, well den amerikanesche President, en huet mer dat de 5. Januar um Telefon gesot, d’Decisioun gemaach huet, direkt no senger Neesasetzung, an Europa ze kommen an domat ze weisen, datt et awer am transatlantesche Verhältnis tëscht Amerika an Europa eppes Spezielles un de Relatioune gëtt, wat d’Relatioune vun den Amerikaner mat aneren Deeler vun der Welt net esou fierwt wéi déi Relatiounen, déi se mat äis hunn.

Déi Sitzung mam amerikanesche President ass och gutt verlaf, huet allerdengs ganz gewalteg Virbereedungsaarbecht kascht, esouwuel mat den Amerikaner selwer, wéi mat all eenzelnen Europäer, deen do war. Dat huet jo mussen organiséiert ginn, net nëmmen den Oflaf, mä och déi inhaltlech Gestaltung vun där Sitzung, net datt herno géif d’Impressioun entstoen, mir hätten nach méi Sträit wéi virdrun. Et ass iwwert alles geschwat ginn, et sollt iwwert alles geschwat ginn. Mir hunn awer probéiert am Virfeld d’Spannungen, déi et ginn huet, déi si jo och bekannt gewiescht, ofzebauen.

Dat war natierlech een Evenement an der Presidence, mat deem mer net gerechent hunn nach de 25. oder 26. Dezember, wat awer vill Zäit an Usproch geholl huet, d’Virbereedung. An och den Tsunami war jo logescherweis eppes, woumadder een net rechne konnt, wat äis och déi éischt 14 Deeg vun der Presidentschaft ganz staark a Beschlag geholl huet, fir elo emol nëmme bei deenen internationalen Evenementer ze bleiwen, déi net virgesi waren an déi äis ganz staark an Usproch geholl hunn.

Maurice Molitor: Fir vläicht kuerz nach eng Kéier op déi transatlantesch Relatiounen zréckzekommen: ass et iwwerdriwwe sensibel ze fannen, datt et den Amerikaner awer heiansdo u Fangerspëtzegefill feelt? Zum Beispill mat der Nominatioun vum Här Wolfowitz, wat jo een Hardliner war an der Irakfro, vis-à-vis vun den Europäer?

Jean-Claude Juncker: Den Här Wolfowitz, denn ech jo och begéint hunn dëser Deeg, fir eng Sitzung tëscht den Europäer an him ze leeden, huet natierlech ee Ruff an Europa, wat en net a priori predestinéiert huet fir President vun enger Weltbank, vun der Weltsolidaritéitsbank ze ginn. Déi laang Gespréicher, déi ech awer mat em um Telefon hat an och déi Gespréicher, déi mer während de Sitzungen zu Bréissel haten, hunn awer gewisen, datt et ee Mann ass, deen, vläicht kann ech dat esou soen, sech séier ëmzestelle weess an dee scho gesäit, datt en elo muss fir 184 Länner schaffen an net nëmme fir eent, fir säin eegent Land, ee Mann deen an de Sitzungen op d’Fro hin däitlech gemaach huet, datt en och bereet ass, géint d’amerikanesch Positioun opzetriede, wann déi net an d’Logik vun deene Politiken afléisst, déi an der Weltbank developpéiert ginn. Ech mengen, datt dat, wann e virufiert gutt nozelauschteren, eng Zesummenaarbecht gëtt, déi éischter positiv ass.

Maurice Molitor: Mir si wéi gesot elo an der Halschent vun där Presidence. Zwou vun den dräi Prioritéite kënnt Dir schonn ofhaken: déi, fir déi Dir dat meeschte Luef kritt hutt, ass d’Reform vum Stabilitéitspakt, quitte datt et och do Stëmme ginn, déi di Saache méi kritesch gesinn. Tatsaach ass jo, datt de Stabilitéitspakt haut net méi eng Schabloun ass, déi ee kann op d’Staatscomptabilitéit leeën a wou ee genau erausliest, wou iwwerdriwwe gouf oder net?

Jean-Claude Juncker: Jo, dat war een zolidd Stéck Aarbecht an um Enn vun där Aarbecht stoungen net nëmme Luef, mä och vill Kritik, besonnesch aus dem däitsche Raum hierkommend. Ech war jo derbäi, wou mer deen éischte Stabilitéitspakt gemaach hunn, do ware mer zu 15 an et war scho schwiereg. Elo si mer zu 25. Vun deene 25 sinn der 12 an der Eurozone, déi hunn den Euro, anerer sinn am sougenannten zweeten europäesche Währungssystem an erëm anerer, déi, déi nei bäigetruede sinn, virun allem, déi sinn nach méi wäit vum Euro eweg an da gëtt et d’Englänner, déi eng Ausnahmeklausel fir sech hunn an d’Dänen an d’Schweden, déi refuséiert hunn, no Referenden bäizetrieden, dat heescht, dat gëtt ee ganze Koup vu widdersprechlechen Astellungen, Ëmpfannungen, Erwaardungen, Horizontbildungen. Fir dat op een Nenner ze kréien ass esou einfach net. Dat hu mer awer fäerdeg bruecht. Dat war net ëmmer einfach an et ass och net drëm gaang, fir elo just Däitschland oder Frankräich zefriddenzestellen, wéi ech dat och an eenzelnen iwwerflächleche Kommentaren hei zu Lëtzebuerg d’Geleeënheet hat ze liesen. Et ass jo net, datt déi 23 aner einfach ëmgefall waren. Et ass jo net esou, datt just Däitschland a Frankräich dichteger sinn an déi aner lauter Eefalte sinn. Also déi Virstellung, datt déi 23 anerer do direkt d’Schachtel agepakt hätten a just nach opgeschriwwen hätten, wat Däitschland a Frankräich gesot hunn, ass natierlech eng Fernbetrachtung, déi mat der Realitéit näischt ze dinn huet.

Et ass äis am Wiesentlechen drëm gaang, eppes däitlech ze maachen: Budgetspolitik, Wirtschaftspolitik an dann d’Interpretatioun vum europäesche Stabilitéitspakt muss anescht sinn an Zäite, wou et der Wirtschaft schlecht geet, wéi an Zäite, wou et der Wirtschaft gutt geet. Geet et der Wirtschaft gutt, esou hu mer dat och ëmmer heiheem gemaach, muss gespuert ginn, fir datt ee Suen huet fir déi Zäite, wou et der Wirtschaft méi schlecht geet. Dat hu mer elo an Europa duerchgesat. Dat kléngt selbstverständlech, dat ass et awer fir déi wéinegste Länner gewiescht. Dat huet musse plädéiert ginn an da kënnt et drop un, wann een d’Budgetssituatioun a virun allem de Budgetsdefizit vun engem Land beuerteelt, datt een dat net mechanesch mécht, onofhängeg dovun, ob een a gudden an a schlechten Zäiten ass, an onofhängeg vun den Deelpolitiken, déi an engem Land ëmgesat ginn an onofhängeg vun der allgemenger europäescher Politik. Mir maachen d’Lissabon-Agenda jo, wann d’Länner se ëmsetzen, brauche se dofir ganz dacks Suen, da muss een dat an engem gewëssene Mooss zur Kenntnis huelen.

Dann ass et och drëm gaangen, eng Rei vun e bësschen iwwerzunnenen Virstellungen zréckzedrécken op een erträglecht Mooss, op ee fir déi aner erträglecht Mooss. Däitschland a Frankräich wollte bei der Interpretatioun vun dem Pakt a bei der Bemiessung vun dem 3%-en Defizit e ganze Koup vun Ausgabebléck einfach erausrechnen. Dat hunn déi aner net wollt an duerfir huet ee musse probéieren, do eng Bréck ze schloen tëscht Däitschland, Frankräich an Italien iwwregens engersäits, an deenen aneren anerersäits. Dee Succès, tëscht Gänseféisercher, vun deem Accord, dee mer fäerdeg bruecht hunn, versteet een eréischt richteg, wann ee sech virstellt, wéi dann d’europäesch Presselandschaft an d’Stëmmung an Europa haut wier, wa mer gescheitert wiere mat där Reform. Ech muss domat liewen, datt elo Deelaspekter dovu kritiséiert ginn. Dat huelen ech och gären op mech. Ech kann dat am Detail vertrieden, mä als lëtzebuergesch Presidence an als Lëtzebuerger Land hätte mer mat enger massiver Kritik misse liewen, wa mer déi Reform net fäerdeg bruet hunn. Et soll een och emol vläicht heiansdo drun denken, wat da geschitt wier, wa mer gescheitert wieren.

Maurice Molitor: Firwat setzt Dir de Succès dann tëscht Gänseféisercher?

Jean-Claude Juncker:  Well ech net wëll den Androck ginn, dat wier eng individuell Leeschtung vun engem gewiescht.

Maurice Molitor: Dat, wat Iech beim Stabilitéitspakt stéiert, dat foxst Iech vläicht och am Kontext mat der Decisioun, déi a Saache Bolkestein-Directive geholl gëtt, nämlech  datt vill Commentateuren dat als ee Succès vun Däitschland a Frankräich verbuchen, bon, et sief. Quant au fond, déi Bolkestein-Directive, déi ass jo net geschriwwe ginn, fir d’Gewerkschaften ze ploen, se ass och net geschriwwe ginn, fir dem Här Chirac d’Liewe mat sengem Referendum schwéierzemaachen, si ass geschriwwe ginn, fir zu der wirtschaftlecher Relance bäizedroen. Wéivill Wuesstëmpotenzial stëcht dann nach an där Directive, wann zum Beispill de wesentleche Prinzip vum Ursprongsland fale gelooss gëtt?

Jean-Claude Juncker: Fir d’Éischt emol wëll ech soen, datt dat wierklech net elo déi Decisioun fir substanziell Modificatiounen un där Directive bäizebréngen, nëmmen op Däitschland a Frankräich zréckzeféieren ass. Vläicht erënneren eenzel Leit sech drun, datt ech virun eise Walen an enger Televisiounsemissioun ganz hefteg géint déi Directive opgetruede war an och gesot hunn, Deeler dovu missten an d’Dreckskëscht gehäit ginn. Déi 4 Méint duerno ass ëmmer ëffentlech driwwer polemiséiert ginn, firwat datt dat dann net géif geschéien. Dat ass elo geschitt, ech wollt just eng Kéier dorop opmierksam maachen. Den Déngschtleeschtungssecteur, d’Servicer, musse mer fir d’Konkurrenz an Europa opmaachen. Grad mir als ee Land, wat enorm vill Servicer exportéiert, brauchen oppe Mäert fir eis Servicer kënnen unzebidden an dofir soll een net mengen, datt de Prinzip vum Pays d’origine, vum Herkunftsland, total verschwënnt aus dem Beräich vun dem Opmaache vun dem Déngschtleeschtungssecteur. Dat bleift schonn dobäi, datt déi Leeschtung, déi vu Lëtzebuerg aus verkaf gëtt, no eiser Regele ka verkaaft ginn. Do, wou ech mech ëmmer dogéint gewiert hunn a wou och anerer, Dir hutt se genannt, sech dergéint gewiert hunn, ass datt doduerch, datt een de Prinzip vum Herkunftsland, vum Pays d’origine, verabsolutéiert, ee besonnesch um soziale Feld kann a Bedrängnis kommen, regelrechte sozialen Dumping ka provozéieren. Wann eng Firma, déi an Estland sëtzt, no estneschen aarbechtsrechtlechen a Lounkonditiounen hir Aarbecht zu Lëtzebuerg kann ubidden, dann huet dat fir mech näischt méi mat Europa ze dinn. Et ass eng naiv Virstellung, esouguer vun Europa, fir ze mengen, dat wier de Wee, deen ee kënnt goen. Ech si séier domadder d’accord, datt ee muss deenen neie Länner allméiglech Hëllefstellunge ginn, wat hire wirtschaftlechen Opschwong an d’Ophuele vun deem risege Retard tëscht hirem Wirtschaftsraum an eisem, deen elo een ass, ubelaangt, mä dat däerf net op Käschte vun deene Leit goen, déi géint Loun a Gehalt schaffen. Dat féiert dozou, datt een, géif een dat maachen, dat geschitt jo net, géif een dat maachen, datt hei Leit riskéieren hir Aarbecht ze verléieren, hei ee gewëssenen Drock op d’Léin kënnt, fir déi méi niddreg ze kréien, fir datt mer besser kënne konkurréiere mat deenen, déi nach vill méi niddreg kënnen hir Aarbecht ubidden an doraus entsteet eng sozial Stëmmung, déi sech total géint Europa, géint d’europäesch Iddi selwer wendt. Mir hunn Europa net erfonnt, fir datt mer no 60, 65 Joer europäeschen Integratiounsprozess an no där historesch noutwenneger Erweiderung, elo an eng Situatioun kommen, datt mer an ee Wettbewerb aklammen, ween déi méiglechst niddreg Léin an Europa huet. Duerfir hu mer dat net gemaach an dofir fënnt dat och net statt, dee Prinzip vum Pays d’origine, vum Herkunftsland, dee fënnt keng Uwendung do, wou mer an eng Situatioun erakommen, wou sozialen Dumping déi éischt Konsequenz vun der Ouverture vun de Marchéë wier.

Maurice Molitor: Mä kënne mer erëm äis wirtschaftlech erkrabbelen an och behaapte weltwäit, dat ass jo awer d’Ambitioun an eis sozial Standarden esou halen, wéi mer se hunn? Ass dat net eng Utopie?

Jean-Claude Juncker: Enfin, ech hu mech jo schonn emol an der Vergaangenheet schonn öfters zu deene Froe geäussert, ob een den héige Pensiounsniveau zu Lëtzebuerg kann halen, egal wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. Dat huet jo regelméisseg dozou gefouert, datt gesot ginn ass, ech wier ee Mënsch ouni Häerz an datt sech net mat dem Fong vun deene Saachen auserneegesat ginn ass. Wat brauche mer an Europa, wat brauche mer och doheem? Heiheem manner iwwregens wéi an Europa, mä awer och heiheem. Mir mussen haut eng Rei vu Reforme maachen, déi éischtens sécherstellen, datt eis Sozialversëcherungssystemer dauerhaft finanzéiert sinn, datt mer net d’Brout vun eise Kanner iessen. Mir mussen déi Reforme maachen, déi mussen haut gemaach ginn, fir datt d’Wettbewerbsfähegkeet, d’Competitivitéit vun der europäescher Wirtschaft erëm uschléisst un déi Competitivitéitsvirspréng, déi d’Amerikaner an déi anerer hunn. Net datselwecht maache wéi d’Amerikaner. Ech sinn iwwerhaapt kee Mënsch, dee blann ubiedend virum amerikanesche Wirtschaftsmodell géif sëtzen. Am Géigendeel: ech mengen, datt et grouss Differenze gëtt tëscht deem, wat mir ökonomesch Gerechtegkeet nennen a sozial Verpflichtung nennen an Europa an zu Lëtzebuerg an deem, wat d’Amerikaner sech dozou afale loossen. Dat ass guer net meng Virstellung, datt mer hei sollen Europa veramerikaniséieren. Am Géigendeel, mir brauchen ee staarkt Euopa fir an enger globaliséierter Welt sécherzestellen, datt mer net an de Sog komme vun deene méi einfache sozioeconomeschen Denkschemen, wéi se op anere Plaze vun der Welt zur Uwendung kommen.

De Mënschen haut erklären, datt mer haut Reforme brauche, fir datt mar séchergestallt ass, datt déi, déi da liewen, Zougang zum europäesche Sozialmodell behalen oder den Zougang zum europäesche Modell erëmkréien, dat ass d’Exigenz vun der Stonn an et ass esou onwahrscheinlech schwiereg, ech hunn dat dacks hei am Land erlieft, fir ze soen, elo musse mer haut eppes maachen, obscho keen agesäit firwat, datt mer dat elo musse maachen, well et geet jo alles gutt, fir datt et mar och nach gutt geet an dat ass, wat déi Lissabon-Agenda ass, déi mer jo och an eiser Presidentschaft elo beim Sommet am Mäerz hu mussen unter Dach und Fach bréngen, d’Viraussetzung ze schafen, datt Europa méi ka wuessen. Mir wuessen einfach net séier genuch als europäesch Economie. Mir hunn een onwahr-scheinleche Wuesstëmsréckstand op d’Welt. Kuckt emol wéi de Welthandel an d’Weltwuesstëm regelrecht explodéiert sinn déi lescht 2 Joer a wéi mickreg, datt déi europäesch wirtschaftlech Performancë sinn. Eise potenzielle Wuesstëm, dat méiglecht Wuesstum wat mer kënnen hunn, dat bewegt sech tëscht 1,7 an 2% a ganz Europa. Dat geet bei wäitem net duer, wa mer dat net no uewe corrigéiert kréien, fir sécherzestellen, datt an Zukunft an Europa och nach Aarbecht kann ugebuede ginn, fir ze probéieren d’Aarbechtslosegkeet anzedämmen, fir sécherzestellen, datt eis Sozialversëcherungssystemer a Pensiounssystemer, d’Krankekeesen net an eng Situatioun geroden, wou se net méi bezuelbar sinn. Mir mussen agéieren an dat musse mer als Europäer gemeinsam maachen.

Maurice Molitor: An dat kann och wéi dinn, Fragezeichen? De Wim Kok, dee jo den Zwëscherapport gemaach huet iwwert déi Lissabon-Strategie, huet gesot, Lissabon ass ee Pak vu Reformen, Reformen, déi déi eng wäerte kaschte, wat se deenen anere bréngen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt et an Europa eng Rei vu Reforme gëtt, déi drop erauslafen, datt mer äis mussen zréckhuelen, datt een net ëmmer kann dobäisetzen. Wann d’Niveauen héich genuch sinn, wéi dat bei äis zum Beispill de Fall ass, da muss jo och net all Politik dra bestoen, fir nach ëmmer méi ze kréien, wann d’Gefor vum ëmmer méi kréie géif doranner bestoen, datt déi, déi no äis kommen, wiesentlech manner kréien. Wa mer net méi staark wirtschafltech wuessen, ass et à terme net méiglech eis Systemer z’erhalen. Well et awer noutwenneg ass, aus Grënn vun dem Gläichgewiicht an eiser Gesellschaft, aus Grënn vum harmonesche Wuesse vun eiser Regioun an der Welt, och an Zukunft den europäesche Sozialmodell an all senge Facetten z’erhalen, dofir muss een eng Rei vu Reforme maachen, och heiheem, wouriwwer mer äis da mat de Sozialpartner wäerten am Hierscht, am Kader vun der Tripartite, ënnerhalen, a woumat mer och d’Parlament wäerte befaassen.

Maurice Molitor: Majo, ech wollt froen, déi Lissabon-Strategie, bon, si behält een europäesche Volet, do hutt Dir ganz staark drop insistéiert, mä si gëtt awer och méi staark nationaliséiert, also déi eenzel Länner gi repsonsabiliséiert. Bei äis schéngt et jo dorop erauszelafen, datt mer ee Minister „Lissabon“ an der Persoun vum Wirtschaftsminister kréien. Wéi wäert dee konkret un deen Aktiounsplang, dee mir jo och musse virleeën, erugoen? Wéi muss ee sech dat virstellen?

Jean-Claude Juncker: Mir hu bei der Regierungsbildung ee Minister, en l’occurrence de Wirtschaftsminister zum Lissabon-zoustännege Minister erkläert. Et war een ausdréckleche Wonsch, deen ech deemols hat an elo probéiere mer, andeem mer elo lues a lues ufänken, mat de Sozialpartner äis op de Wee ze maachen, fir esou ee Lëtzebuerger Reformprogramm stoenzekréien, deen een am Hierscht da muss verabschieden an do gëtt d’Tripartite, wéi sou dacks schonn an der Vergaangenheet, gefuerdert, fir dat ze maachen. Déi Lissabon-Agenda, déi Reformagenda, déi jo dem Zweck dingt, datt d’sozial Cohesioun erhale bleift, anstatt datt ee machtlos nokuckt, doduerch datt een näischt mécht, wéi se lues a lues zerfällt an zerbréckelt, déi muss ee gemeinsamt Uleies gi vun der Regierung, vum Parlament, vun de politesche Parteien an och vun de Sozialpartner a vu groussen Deeler vun der Zivilgesellschaft an dofir musse mer dat am Wirtschafts- a Sozialrot undiskutéieren, do ginn Deeler dovun haut schonn diskutéiert an da musse mer dat an der Tripartite esou zesummeféieren, datt jiddweree sech doranner erëmfënnt. Et ass een Zukunftssécherungsprogramm, dee mer musse virleeën an dee musse mer gemeinsam gestalten.

Maurice Molitor: Bon, Lissabon wäert och Geld kaschten an dat erlaabt äis, d’Kéier ze huele bei dee Sujet, deen Iech déi nächst 3 Méint wäert beschäftegen: d’Finanzperspektiven 2007/2013. D’Positioune leie grosso modo 0,24 Prozent-punkten auserneen. Dir hutt gesot, d’Wouerecht läit derzwëschent, net onbedingt an der Mëtt. Geet et ëm ee Prozentsaz an där Debatt oder geet et esouguer méi wäit, datt grondsätzlech de Finanzéierungsmodus vun der Unioun kéint reforméiert musse ginn?

Jean-Claude Juncker: Et geet ëm 3 Saachen: et geet fir d’Éischt ëm d’politesch Inhalter. Wat wëlle mer zesummen an Europa an där Zäit tëscht 2007 an 2013 maachen? Wat fir Politike gi gestäerkt, wat fir Politike ginn ofgebaut, wou leien d’Akzenter vun der europäescher Politik? Dat ass also eng inhaltlech Fro. Wëlle mer méi Fuerschung oder wëlle mer manner Fuerschung? Mir wëllen der méi, also brauche mer och méi Suen. Musse mer d’Agrardepensen zréckhuelen? Jo, mä mir däerfen d’Solidarleeschtung fir d’europäesch Landwirtschaft net ausser Betruecht loossen. Wëlle mer méi gemeinsam Aktiounen ausserhalb vun der Europäescher Unioun och finanziell begleeden, europäesch Aussen- a Sécherheetspolitik? Jo, dat wëlle mer an da musse mer also och dofir bezuelen. Esou kënnt ech duerch dee ganz Gaart vu méiglechen europäesche Politikberäicher goen, fir ze weisen, datt dat also eng inhaltlech Sachdiskussioun fir d’Éischt ass. Dat Zweet ass, wéivill Suen huele mer, wann ech mech kann esou ausdrécken, obschonn dat falsch ausgedréckt ass, dem Nationalstaat ewech, fir kënnen deen europäesche Politikcortège do ze bezuelen? Huele mer 1% vum Bruttosozialprodukt, huele mer 1,24, 1,27, 1,12, 1,11? Do musse mer probéieren eng Léisung ze fannen. An drëttens, wéi brénge mer déi Suen op? Wee bezillt wéivill an ënnert wat fir enger Form an déi gemeinsam europäesch Keess? Do gëtt et der, déi sinn Nettobezueler, esou wéi mir. Do ginn et der, déi sinn Nettoempfänger, esou wéi vill anerer an do gëtt et der, déi leien tëscht deenen zwou Welten an da gëtt et d’Englänner, déi hunn den englesche Scheck, dat heescht d’Englänner bezuele manner an, wéi se eigentlech missten abezuelen, opgrond vun enger Regelung, déi se 1984 zougestane kritt hunn, déi doranner besteet, datt de Beitrag, deen England misst bezuelen, iergendwou un d’Stoppe bruecht gëtt an da mussen déi aner dat, wat iwwregbleift, an dat, wat d’Englänner hätte misse bezuelen, iwwerhuelen. Dat ass ee System, dee muss iwwerduecht ginn. Also d’Finanzéierung vum Budget, wee bezillt wéivill a wéi, de Gesamtmontant vun der europäescher Budgetsdepense, wéivill Suen hu mer insgesamt zur Verfügung fir Politik ze maachen an drëttens, wat fir Inhalter, an dat ass déi éischt Fro, déi ee sech muss stellen, solle finanziell bedingt ginn? An dat ass eng Affär, déi fuerchtbar komplizéiert ass, wou d’Meenungen tëscht de Staaten enorm wäit ausernee ginn, wou se zwar am Dezember 2004 alleguer gesot hunn, Lëtzebuerger, maacht Dir dat während Ärer Presidentschaft a wou se elo een nom aneren, fir och ëmol Lëtzebuergesch ze schwätzen, Waasser zéien, well se ganz genau mierken, datt dat net ouni Affer fir déi eng a fir déi aner iwwert d’Bühn geet. Dat gëtt eng tough Affär an ech maache mer net allze vill Illusiounen driwwer, datt mer dat kënnten nach ënner lëtzebuergescher Presidentschaft fäerdeg bréngen.

Maurice Molitor: Mä ënner englescher Presidentschaft seet all Observateur, wäert et bestëmmt net geléngen, da si mer schonn 2006.

Jean-Claude Juncker: Jo, all Observateur seet dat, obschonn 1993 déi lescht Finanzregelung ënner englescher Presidentschaft gemaach ginn ass, dat wëllt ech just niewebäi bemierken.

Maurice Molitor: Et gëtt jo awer eng Deadline.

Jean-Claude Juncker: Deadline ass eigentlech de Punkt, wéini datt et muss fäerdeg sinn, Juni 2005, well mer nëmmen dann, wa mer da fäerdeg wieren, kënnen d’Gesetzesgebungsmaschinn a Bewegung bréngen, déi mer mussen a Bewegung bréngen, well tëscht Conseil, dat heescht de Memberstaaten an dem Europäesche Parlament a Co-Decisioun, a gläichberechtegter Matbestëmmung, eng Rei vu Gesetzer musse gestëmmt ginn, fir datt mer déi nei Programmer an déi nei Initiativë kënne fir den 1. Janur 2007 lancéieren. Fir dat kënne virzebereeden, brauch d’Kommissioun dat ganzt Joer 2006 fir déi Aarbecht ze maachen. Mä och déi leschte Kéier, 93 war déi virleschte Kéier, déi leschte Kéier war et 99 zu Berlin, hu mer dat och eréischt am leschte Moment gemaach, iwwregens a schlechte Conditiounen, well dat gëtt ni ganz gutt Léisungen, wann een an der Hetz an ënnert dem Drock vun den Evenementer an ënnert dem Gejäitz muss esou Léisungen duerchzéien. Ech hätt léiwer, mir géifen an aller Rou dorunner schaffen, dat wier besser fir jiddwereen, mä wéi gesot, ech maache mer net allze vill Illusiounen.

Maurice Molitor: Bon, dee kierzte Sommet vun Ärer Carrière, deen hutt Dir jo schonn hannert Iech, dee längsten, dee steet Iech vläicht dann nach ënner Lëtzebuerger Presidence och bevir.

Jean-Claude Juncker: Ech kann dat net ausschléissen, obschonn déi lescht Sommeten iwwer d’Finanzéierung, 93, Edinburgh, déi virleschte Kéier also, an 99, dee Berliner Sommet, schrecklech laang gedauert hunn. Mä op d’mannst am Mäerz ware mer a 5 Stonne fäerdeg. Dat war effektiv dee kierzesten, un deem ech deelgeholl hunn.

Maurice Molitor: Vläicht nach fir ofzeschléissen eng méi perséinlech Fro. Et ass jo, wann een esou wëll, een extreemt spannend Kapitel an Ärem Beruffsliewen, wat Dir am Moment am gaang sidd z’erliewen. Dir begéint Perséinlechkeeten, déi Dir och soss begéint, mä Dir begéint se elo als EU-President, ech weess net, vläicht hunn déi eng aner Attitude, bon, et sief, et ass eng ganz spannend Zäit. Kënnt Dir dat och e bëssche genéissen?

Jean-Claude Juncker: Genéissen am Sënn, datt dat mer elo schrecklech gutt deet, net. Dat ass eng Aarbecht, déi ee muss maache fir d’Europäesch Unioun, dat heescht, datt een do awer kontinental Suergen ze bewegen huet, net nëmmen an deene Punkten, déi apparent ginn, déi op der Televisioun sinn, déi an der Zeitung kommen, mä do ass villes hannendrun, wouriwwer ni geschwat gëtt, wat awer och muss gemaach ginn, soss explodéiert et iergendwann an dann hu mer een décke Problem, an dat ass eng Aarbecht, déi ee muss maachen, wéi gesot, mat deene kontinentale Suergen am Hannerkapp an am feste Wëssen drëm, datt Lëtzebuerg  als Land bemooss a bewäert gëtt. Et handelt een do net fir sech selwer. Et steet een do am Optrag vun engem Land, dat seng lescht Presidence muss anstänneg hannert sech bréngen an ech sinn awer, tjo, déck zefridden, wann ech gesinn, wéi grouss Deeler vun der Press, wann och net alleguer, a sämtlech aner Regierungen déi Aart a Weis positiv erwähnt hunn, wéi mer dee leschte Sommet presidéiert hunn a wéi mer e virbereet hunn. Ee President vun enger grousser Nopeschrepublik huet gesot, en hätt vun 1995 un, esou laang ass en elo derbäi, nach kee Sommet gesinn, deen esou gutt virbereet ginn ass an deen esou gutt ofgewéckelt ginn ass. Dat ass ville Leit egal, datt en dat seet. Mir net.

Maurice Molitor: Ech wënschen Iech dann, datt Dir dat am Juni vun deene selweschte Leit nach eng Kéier héiert.

Jean-Claude Juncker: Oh, do hunn ech ganz grouss Zweifel drun.

Dernière mise à jour