Nicolas Schmit au sujet du référendum sur la Constitution européenne en France

Frank Goetz: Bei der Diskussioun iwwert déi Europäesch Verfassung gëtt jo gäre vergiess, wéi eng Importenz d’Volleksofstëmmung Enn Mee a Frankräich huet, zumools well et gutt méiglech ass, datt d’Fransousen an hirem Referendum dëse Verfassungsvertrag oflehnen. Am Studio begréissen ech elo den delegéierten Aussen- an Immigratiounsminister, Nicolas Schmit. Gudden Owend.

Nicolas Schmit: Gudden Owend.

Frank Goetz: Här Schmit, wat geschitt dann elo wann d’Fransousen den 29. Mee ieren Nee soen zu där Verfassung?

Nicolas Schmit: Ier ech op déi do Fro äntwerten, well ech emol fir d’Éischt soen, datt ech net vun där Hypothese ausginn. Ech mengen, mir hu momentan Sondagen, déi effektiv weisen, datt den Nee majoritär ass, déi eng 52, bis esouguer 55%. Dat si Sondagen, dat sinn eigentlech Momentopnahmen, ier de wierklechen Debat iwwert d’Constitutioun ugefaang huet. Duerfir placéieren ech mech éischter an eng Hypothese, datt dat sech nach wäert änneren, well et gëtt och nach zousätzlech Sondagen zu deenen do… [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Mä ass dat dann net e bëssche gewot dat ze denken?

Nicolas Schmit: Nee, ech mengen, wann een en plus fir eng Saach antrëtt, da geet ee jo net dovun aus, datt de Sondage schonn d’Realitéit reflektéiert. Ech mengen, et geet elo drëm, den Debat richteg, och a Frankräich, ze situéieren an dat gëtt jo och versicht vun deene Leit, déi dovun iwwerzeegt sinn, datt et besser ass fir Jo ze stëmmen.

Frank Goetz: Wann awer elo awer d’Fransouse géifen Nee soen, wat géif dat eigentlech bedeiten? Heescht dat dann, datt mir Lëtzebuerger am Fong geholl den 10. Juli guer net méi brauche wielen ze goen, well jo een Nee vun de Fransousen eigentlech de ganze Projet jo a Fro stellt?

Nicolas Schmit: Do wier ech e bëssche méi reservéiert. Ech mengen, d’Constitutioun gesäit natierlech vir, datt all Land déi Constitutioun och muss ratifizéieren. Si gesäit an enger Declaratioun vir, datt wann ee Land oder méi et net maachen, datt sech da politesch driwwer ausernanergesat gëtt, wat soll geschéien. Ech mengen, all Land soll sech expriméieren, och wa virdrun ee Land sech dogéint expriméiert huet, soll dat net automatesch heeschen, datt déi aner opginn. Ech mengen, et muss dann ebe gekuckt ginn, wéi een aus där Situatioun erauskënnt.

Frank Goetz: Gëtt ee sech net elo esou lues kloer, datt et vläicht  keng esou eng ganz gutt Iddi war, iwwerhaapt ee Referendum iwwert de Verfassungstext ze maachen?

Nicolas Schmit: Wann een natierlech ëmmer nëmme géif Referendume maachen, wou ee sécher wier, datt ee se géif wannen, da wier dat e bësschen eng komesch Conceptioun vun der Demokratie. Ech hunn dee Beitrag vun de Leit vum Forum mat Intresse gekuckt, déi soen: mir wëllen dat et een Debat soll ginn iwwert d’Constitutioun, een Debat iwwer Europa. Ech mengen, mir brauchen op eng ganz urgent Aart a Weis deen Debat, a Frankräich doudsécher, mir gesinn et, mä och hei zu Lëtzebuerg.

Frank Goetz: Hätt een deen Debat dann net schonn éischter gebraucht? Hätt een net vläicht esouguer mussen ee Referendum iwwert déi lescht grouss Erweiderung maachen oder war ee sech do méi sécher, datt den Nee méi sécher wär?

Nicolas Schmit: Ech mengen, eng Erweiderung ass een anere Prozess wéi eng Verfassung oder wéi deen Text, deen ons elo virläit. Eng Erweiderung, dat ass ee komplizéierte Prozess, wou et natierlech schwiereg ass, ee Referendum driwwer ze maachen, obwuel a verschiddene Länner an der Vergaangenheet och iwwer Erweiderunge Referendume gemaach gi sinn.

Frank Goetz: Souwäit emol iwwert de Referendum iwwert d’Verfassung.

Dernière mise à jour