Jean Asselborn au sujet de la Présidence luxembourgeoise du Conseil de l'Union européenne

Maurice Molitor: Invité ass haut, mir respektéieren d’Hierarchie, eng Woch nom Premier ass et haut de Vizepremier an Ausseminister Jean Asselborn. Här Asselborn, Ausseminister si jo souwisou ëmmer vill ënnerwee, mä a Presidencezäite ganz besonnesch. Wann Dir moies wakreg gitt, wësst Dir ëmmer direkt, wou Dir dru sidd?

Jean Asselborn: Also, et sinn Zäiten, do sicht een e puer Sekonnen, mä et ass faszinant, selbstverständlech, mä et ass natierlech och e wéineg opreiwend. Et si Wochen dobäi, wou ee sech schonn e wéineg méi an de Bësch verlagert wënscht, mä gutt, d’Aarbecht ass do, si muss gemaach ginn.

Maurice Molitor: Den Aktivitéitsberäich vun den europäeschen Ausseministeren, dee fänkt jo am Fong do un, wou d’Europäesch Unioun ophält. An déi Baussegrenze vun der Unioun, déi réckelen nun eemol ëmmer méi wäit ewech. Elo a 14 Deeg solle d’Bäitrëttstraitéë mat Bulgarien a Rumänien ënnerschriwwe ginn, et bleift jo dobäi?

Jean Asselborn: Jo, dat hänkt dovun of, op mir Feu vert kréie vum Europaparlament. D’Europaparlament mécht den 13. ee Vote, bon, d’Kommissioun vun den Affaires étrangères am Europaparlament huet gudd Signaler ausgestrahlt, ech sinn och iwwerzeegt, datt dat klappt. Dat war geplangt, datt dat am Tandem soll sinn, zwee Länner zesummen. Mir wëssen iewer, datt dat eent, Bulgarien, méi wäit elo fortgeschratt ass wéi Rumänien, mä mir versiche politesch do zesummen ze halen, an dann hoffen ech, datt mir da kënnen de 25. Abrëll hei zu Lëtzebuerg definitiv dann ënnerschreiwen, fir datt déi Länner den 1.1.2007 Member ginn.

Maurice Molitor: Esoubal déi national Parlamenter an och d’Europaparlament déi Traitéë ratifizéiert hunn.

Jean Asselborn: D’Europaparlament muss virdru säin Accord ginn.

Maurice Molitor: Virdrun, jo. Kroatien war um Sprong, nach net fir an d’Unioun, mä fir emol ze verhandelen iwwer en eventuelle Bäitrëtt. Bon, et ass du fonnt ginn, d’Kroate géifen net genuch mam internationale Krichsverbriechertribunal zesummeschaffen. Gëtt ënner Lëtzebuerger Presidence nach eng Kéier doriwwer geschwat? Fällt och do nach eng Kéier eng Decisioun eventuell?

Jean Asselborn: Jo, also Kroatien ass jo e ganzt wichtegt Land am Balkan. Mir haten, mir si praktesch als zukënfteg Presidence, am Dezember d’lescht Joer gedrängt gi vun de Kroaten, fir de 17. Mäerz, dat war deen Datum, wou mir sollten ufänken, festzehalen am Conseil "Affaires générales". Nun, mir hu gesot, datt full cooperation, dat heescht, 100-prozenteg Kooperatioun mat ICTI, mat dem TPY, also dem Tribunal zu La Haye, wat sech beschäftegt mat eben de Krichsverbriechen aus dem Ex-Jugoslawien, aus all deene Länner misst bestoen.

D’Madame Del Ponte war hei zu Lëtzebuerg beim Premier a bei mir, de Procureur vun deem Tribunal, d’Madame, déi jo weltbekannt ass, mengen ech, duerch de Milosevic. Bon, du war ech och zweemol zu Den Haag bei hir, si huet mir och dräi Bréiwer ginn, an an deenen dräi Bréiwer ass all Kéier doraus ervirgaangen, datt déi full cooperation, datt déi Zesummenaarbecht net gutt genuch wier. Do ass eng ganz, ganz laang Diskussioun ugaangen, Dir musst wëssen, an der Europäescher Unioun ass et jo esou, datt d’Sensibilitéite vun der Geschicht vun aneren, déi ëmmer do matspillen, zum Beispill alleguer déi Länner ëm Kroatien, Slowenien, Slowakei, Ungarn, awer och Éisterräich, ware ganz staark intresséiert, datt direkt géing ugefaange ginn, anerer hu gesot, neen, déi Zesummenaarbecht muss sinn, a mir als Presidence hunn elo, also ech hu perséinlech eng flott Charge fir elo eng Troika, déi ganz besonnescher Natur ass, do ze presidéieren, do ass dann den Jack Straw dran, déi zukënfteg Presidence, den engleschen Ausseminister an d’Madame Ursula Plassnik, dat ass déi Presidence ab 1. Januar vum Joer 2006, zesumme mam Solana, mam Här Solana a mam Här Oli Rehn. Mir gesinn äis elo deen Dag nom 25. Abrëll hei zu Lëtzebuerg, do hu mir nach eng Reunioun fir d’éischt mat der Madame Del Ponte an dann uschléissend eng Reunioun mat der kroatescher Regierung, et puis, on verra.

Ech wëll mech als Presidence och elo net zevill do engagéieren, ech wëll nëmmen zwou Saache soen. D’Dier steet op fir d’Kroaten, dat wëll jiddwereen, mä de Schlëssel läit och bei de Kroaten. Si mussen, de Generol Gotovina, muss Dir wëssen, ass an Deeler vu Kroatien, gëtt hien helleg gesprach, gëtt en als Held gefeiert, mä an der Europäescher Unioun muss ee wëssen, et kann een net Krichsverbriecher engersäits, loosse mir emol soen, zevill ubieden nach a soen, et ass alles richteg, wat déi do gemaach hunn, an déi aner Manéier dann, an engem Lien kommen, an dat ass de wichtege Punkt och, déi Unioun wëllt jo an hirer neier Verfassung och d’Charte vun de Lois fondamentales mat integréieren. Also, ech hoffen, datt mir et ronn kréien, et wier wichteg, e wichtegt Signal fir de Balkan, mä et geet net automatesch. Also, mir mussen do kucken no der éischter Reunioun, wat sech dann do ergëtt, an eventuell, Dir hutt mech gefrot, an eiser Presidence op dat nach méiglech wier, dat hänkt wéi gesot net vun äis of, mir mussen do eng Unanimitéit hunn, all Länner mussen domat d’accord sinn, a mir schaffen op jiddefall drop, datt mir dat fäerdeg bréngen, mä nach eng Kéier, mir alleng sinn do net ausschlaggebend, dat ass virun allem Kroatien selwer.

Maurice Molitor: D’Kroate behaapte jo awer, si wéissten net wou de Generol Gotovina wier. Dat schéngt awer keen hinnen ze gleewen.

Jean Asselborn: Also, et ass esou: Si hu ganz kloer de Generol Gotovina eng ganz Zäit lokaliséiert gehat, si hunn et schwiereg fonnt, aus Grënn, déi ee kéint um innepolitesche Plang verstoen, fir deemools den decisive Schrëtt ze maachen. Si hunn ëmmer gehofft, datt de Generol sech géif volontairement stellen. Déi Regierung, déi e festhält an transferéiert, där mag et innepolitesch net gutt goen a Kroatien, an dofir muss elo, de Gotovina brauch net zu La Haye ze sinn, mä Kroatien muss beweisen, datt et wierklech alles mécht, fir de Gotovina wéinstens ze lokaliséieren, wann net, wéinstens alles ze maachen, all Moyenen zur Verfügung ze stellen an och ze kooperéieren mat dem Tribunal fir, wann dat erreecht ass, da mengen ech, steet näischt méi am Wee, mä do brauch een awer e Fräifahrtsschein, entweder muss déi Kommissioun dat dann elo kënnen op Éieren a Gewësse fixéieren, deen huet d’Madame Del Ponte héieren an och d’kroatesch Regierung héieren huet, oder et mussen nach Efforte gemaach gi vun der kroatescher Säit. Déi zwou Saache mussen openaner, iwwerenaner stëmmen. Menger Meenung no ass et machbar.

Maurice Molitor: Mat Mazedonien klappt och nach eng aner Republik um Balkan un d’Dier vun der Europäescher Unioun. Jo, an dann den éiwege Fall vun der Tierkei. Wéi ass et mat den Tierken?

Jean Asselborn: Mä Mazedonien ass jo intressant, zemol haut. Mazedonien huet haut, ass eng Propositioun gemaach ginn op der UNO. Dir wësst, Mazedonien, dat ass jo eng Regioun, déi och a Griechenland eragräift, an do ass jo dee Sträit mat Mazedonien un Ex-Jugoslawien a Mazedonien dann, dofir heescht dat jo net offiziell Mazedonien, et heescht Arem oder Fyrom, fréier, an esou weider. Bon, elo ass jo eng Positioun do a Siicht, wou d’UNO proposéiert huet, eng Kommissioun, fir ze soen, datt dat d’Republik vu Mazedonien an da Skopje hannendrun. Dat alt ass jo dann eigentlech méi Saloniki, wat déi gréisser Stad ass an d’Haaptstad ass vu Mazedonien op griichescher Säit. Bon, also ech mengen, och do kéint een dat, mä wat wichteg ass, och bei Mazedonien, déi hu vun der Kommissioun, si hunn elo Donnéën eraginn, si wëllen eventuell nach dëst Joer och do Feu vert kréien, net méi an eiser Presidence, mä vläicht an der englescher Presidence. Et ass e Land, wat jo och couragéis Decisioune geholl huet, bei deem Referendum dee se haten, wou se wierklech, d’Leit jo gewisen hunn, datt se wëllen op de Wee vun der Demokratie goen. Op déi aner Manéier waren elo Walen do, Lokalwalen, déi waren net grad wéi Auditen, dat heescht, wéi déi Iwwerwachungskommissioun dat fixéiert huet, waren net grad ganz kauschent.

Maurice Molitor: Bon, d’Tierkei, ech hu se kuerz virdrun ugeschwat. Am Moment huet ee bal den Androck, d’Tierken hätte schonn e Kräiz iwwer hiren EU-Bäitrëtt gemaach. Gleewe se selwer net méi drun?

Jean Asselborn: Also, iert mir elo, zur Tierkei just ee Saz nach. Mir hunn 2003 all de Länner um Balkan eng Perspektiv ginn, dat ass immens wichteg, och elo, wa mir hei zu Lëtzebuerg iwwer d’Flüchtlingsproblematik schwätzen, Kosovo, mir hunn nach Albanien, den Ausseminister war d’lescht Woch bei mir, wat e Land ass, wat immens aarm ass, wou vill Leit musse mat manner wéi engem halwen Dollar Revenu den Dag liewen, mir hu Bosnien-Herzegovina a mir hu Serbien, mir hu Montenegro, all déi Länner hunn eng Perspektiv kritt. Dat ass net a 5 Joer, mä dat ass awer op méi laang Siicht, muss een dat am A behalen, well eng Destabiliséierung do erëm, e Krich an där Regioun, dat géif ganz Europa ganz vill schueden.

Bon, mir sinn iwwer d’Tierkei, si mir jo eigentlech, déi ganz Geographie vun Europa hu mir iwwersprongen, fir an d’Tierkei ze kommen. Ech fannen et perséinlech richteg wat mir maachen, ech fannen et richteg. Wa mir et géife fäerdeg bréngen, eis Zivilisatioun mat der Zivilisatioun, eis Kultur mat der Kultur vun deem Land do déi Bréck ze bauen, dat wier en Zeechen, wat immens intressant wier fir, mengen ech, méi Fridden, méi Versteesdemech, méi Toleranz am 21. Joerhonnert op der Welt. Kuriéiserweis, wann Dir kuckt, den neuseelänneschen Ausseminister war bei mir, virun e puer Wochen, an och den australeschen. An déi si ganz staark intresséiert wat mir mat der Tierkei maachen. Si sinn an enger geographesch net anerer Positioun, mä si hu jo, si ganz no bei Indonesien an och do dee Link, dee si maachen, hir Welt mat Indonesien, wat jo och eng moslemesch Welt ass éischter, dat ass schonn intressant fir do déi Parallel, déi si zwee gezunn hunn, all Kéier opzebauen.

D’Tierkei ass en Datum, den 3. Oktober, wou mir wëllen ufänken ze verhandelen. Also ech war an der Tierkei am Mäerz, uganks Mäerz, an Dir wësst dat, mir hunn do mam Oli Rehn an och mam Denis McCain, den englesche Minister fir Europa, hu mir äis ganz, ganz staark an d’Broscht geheit. Wéi mir mueres op der Televisioun, huet ee gesinn, wéi d’Tierken mat där Manifestatioun vu Fraen, Demonstratioun vu jonke Fraen, um Dag vum internationale Fraendag ëmgaange sinn. De Gül, den Ausseminister hat verstanen. Allerdéngs, den Erdogan, Premierminister, hannendrun, huet erëm e wéineg méi, trotzdem d’Force de l’ordre, ech soen elo net protegéiert, mä méi Versteesdemech opbruecht an et huet ee gesinn, datt dat e Land ass, wat um Pabeier immens vill Efforte gemaach huet, wat vill Gesetzer geännert huet, wou d’Doudesstrof ofgeschaaft ginn ass, an alle Situatiounen, dat ass, virun 10 Joer wier dat net méiglech gewiescht, och nach net viru 5 Joer, wou och d’Fraerechter ufänke verbessert ze ginn, wou d’allgemeng Rechter ufänken op eng Piste bruecht ze ginn, wou d’Torture jo, Nulltoleranz, wéi se dat nennen. Mä do, wou se nach mussen an der Tierkei immens Efforte maachen, dofir ass dee Bäitrëtt vun der Tierkei och net fir haut a muer, dat ass mat der Implementéierung, mat der Mise en œuvre vun deene Reformen, déi se maachen.

Maurice Molitor: Si sinn nach mat deem selwechten Éifer dobäi wéi virum Sommet vum leschten Dezember?

Jean Asselborn: Jo, also den Ausseminister huet mir op der Pressekonferenz dann och do gesot, mir ware bis elo gedopt, dat heescht, mir hunn elo, bis mir deen Datum gehat hunn, hu mir wierklech alles gemaach, an elo op eemol schéngt d’Loft e wéineg erauszesinn. Dat wier e falscht Zeechen. Si musse wierklech virufuere mat hire Reformen. Mir hunn och an der Tierkei, wann ech dat dierf soen, ouni mech natierlech an dat Land anzemëschen, hu mir e wéineg eng Situatioun wéi wa mir, do ass eng Partei, do ass d’CSV näischt dogéint. Eng Partei, déi wierklech alles dominéiert. An ech soen dat am Géck, ech mengen, dat acceptéiert Dir, et ass keng Koalitiounsregierung méi do, et ass also praktesch, all Pouvoire sinn an den Hänn vun enger Partei. Et ass net där hir Schold, déi elo do ass, mä déi aner Parteie sinn zerstridden, dat heescht, och deen Austausch vun demokratescher Konfrontatioun an esou engem grousse Land wéi dat do, ass net do de Moment. An dat kann herno ëmschloen, och an der Mentalitéit.

Bon, et muss een, ech soe grad eng Kéier als Ausseminister awer och als intresséierte Bierger, sinn ech wierklech ganz positiv agestallt, datt dat geet. D’tierkesch Diplomate si mat déi Bescht, déi et op der Welt gëtt. D’tierkesch Politiker musse léieren, datt déi Kultur, déi mir an Europa hunn, wann een engem d’Wuert ginn huet, dann ass dat e Wuert, da kann een net erëm eng Kéier eppes anescht uféieren. D’Tierke mussen och wëssen, datt eng Léisung muss fonnt gi mat Zypern, mä dat ass och net den Tierken hire Problem alleng, dat ass och den Zypern hiren. All dat wäert sech an dësem Joer klären. Et ass terribel intressant, fir ze kucken, wéi dat weider evoluéiert.

Maurice Molitor: Bon, vläicht ass d’Tierkei jo awer dozou verdaamt, fir éiweg nëmmen en Noper vun der Europäescher Unioun ze bleiwen, wie weess? Dat gëtt mir d’Geleeënheet d’Kéier ze huele bei en nächsten Aspekt vun eisem Gespréich, déi sougenannt Politique de voisinage vun der Europäescher Unioun. Dat ass also, d’Relatioune vun Europa mat deenen neien Noperen, déi mir hunn. An een Noper, dee gréissten, vläicht esouguer dee wichtegsten, dat ass natierlech Russland. Russland, d’lescht Woch war, de russeschen Ausseminister Sergej Lawrov war hei zu Lëtzebuerg an Dir hat en, hutt en zesumme mat der Madame Benita Ferrero-Waldner gesinn um Sennenger Schlass. E puer Informatiounen dozou an engem kuerze Reportage.

[Reportage iwwert d’Visite vum russeschen Ausseminister]

Maurice Molitor: Ass dat Ganzt nach fragil, Här Asselborn, déi Relatioune mat Russland? Et héiert sech jo gutt un, wat Dir do gesot hutt.

Jean Asselborn: Also, Russland ass nach ëmmer eng Weltmuecht a mengen Aen, obschonn datt se jo immens Stäerkt verluer hunn, nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun. Mä dee gréisste Feeler, deen ee kéint maachen, dat wëssen esouguer d’Amerikaner, dat wier Russland an den Eck stellen. Et ass dat gréisste Land vun der Welt nach ëmmer, an ech mengen, datt mir musse probéieren, net nëmmen eens ze gi mat Russland, mä Russland mat an d’Woo ze kréien.

Quasi an deene véier Espacen, wat Dir jo och elo explizéiert hutt, sinn et der zwou, do fanne mir Léisungen, wa mir eng besser Zesummenaarbecht iwwert de kulturelle Plang, an och um economesche Plang fanne mir Léisungen. Déi extern Sécherheet ass dee schwieregste politeschen, mä och dee vum JAI, "Justice et affaires intérieures", d’Visafräiheet, d’Réckféierung vu Leit déi aus Russland, déi bei äis kommen, an esou weider, dat ass och net ganz, ganz einfach. Mä wat et ass, dat ass, d’Russe soen zum Beispill, Moldawien, dat war nach ëmmer en Noper vun äis, dofir ass dat näischt Neies, bal ëmmer, zënter datt eben elo Russland an deene Grenze besteet wéi et elo zënter 15 Joer besteet, während fir iech, doduerch datt Rumänien a Bulgarien dobäi kommen, gëtt Moldawien en neien Noper. Dofir hu mir do misse wierklech äis de Kapp zerbriechen, jo mir hu misse versichen, wéi mir dann elo do kéinte soen, new neighbourhood, op englesch, do hu mir dann du fonnt, datt dat do ebe Länner wieren, déi adjacent sinn zu Russland an zu der Europäescher Unioun.

Wann Är Fro, déi Dir mir stellt, ass, mengen ech, eng kapital Fro, och wéi Europa sech developpéiert. Wou steet Russland? Steet et méi no bei Europa, geet et erëm an de Konflikt mat Amerika? Dee gréisste Feind vu Russland ass héchstwahrscheinlech d’Weit. Sënn vun der Strategie ass China. Dir wësst wéi dat, dat Land, dat a voller Emergence ass wéi, wéivill Influenz datt et och schonn huet a Sibirien zum Beispill. An dofir ass et elo, wat 2003 zu St. Petersburg decidéiert ginn ass, fir eben déi véier Espacë, déi Partnerschaft op deene véier Espacen ze maachen, ass och elo dee leschten Délai an eiser Presidence. De Premier, deen, mir gi jo do elo den 9. Mee, si mir, oder den 10. Mee si mir zu Moskau, deen Dag no de Feierlechkeete vum Enn vum Krich, an do gëtt fir mech zu 99,9%, hu mir an de Virbereedungen esou gutt geschafft, elo, datt mir kënnen ofschléissen. Et bleift elo nach, de Luc Frieden huet nach eng Reunioun mam Commissaire Frattini elo mat de Russen, fir ze kucken, fir nach déi Geschicht JAI z’affinéieren, mä dat ass awer machbar.

Wann Dir elo sot, Knackpunkt ass net nëmmen Moldawien an Transnistrien, et si ganz vill Knackpunkten, Georgien ass net einfach, dee ganze Südkaukasus, Nordkaukasus an esou weider, et ass alles ganz komplex mat Russland. Ech kéint mir wënschen, an ech hunn och versicht, dem Sergej Lawrov dat ze soen, datt si, d’Russen net nëmmen dierfe staark intresséiert sinn un der NATO, d’Zesummenaarbecht mat der NATO, mä datt mir och erëm mussen um Niveau vun der OECE, dat mir erëm do musse méi staark Zesummenaarbecht maachen. Déi hunn eng Frousse op dat wat zu Wien, d’Organisatioun OSZE, dat ass jo eigentlech eppes, kënnt Dir Iech erënneren, Brejnev an esou weider, dat bei hinne virun 30 Joer, vun hinne mat initiéiert ginn ass, mä wou se eng grouss Frousse hunn, wou se och déi Influenziwwerzeegung net méi hunn, déi se eng Kéier haten. Awer do ginn, wa Konflikter sinn op der Welt, wéi zum Beispill elo a Kirgisien, datt iewer dat, dat Instrument ass, wat ee misst zesummen hunn, fir kënnen d’Konflikter ze léisen, zëmol och d’Grenzkonflikter.

Also, mir bréngen et fäerdeg, déi véier Espacen ze maachen, ob mir et fäerdeg bréngen, e gudde Geescht ze hunn op béide Säiten, mir ginn äis all Méi als Europäer, dat muss ech soen. Si hunn nach ëmmer de Reflex heiansdo, als russescht Imperium, fir déi Länner, déi hinnen net méi gehéieren, trotzdem nach ëmmer ënner hirer Dominance ze hunn.

Maurice Molitor: Dat muss hinne jo och wéi doen, datt elo fir all déi véier Republiken, déi fréier zu der Sowjetunioun gehéiert hunn, duerno iwwer de GUS, d’Communautéit vun den onofhängege Staten, nach iergendwéi u Russland ugebonnen, datt déi sech op eemol onheemlech vun Europa ugezu fillen.

Jean Asselborn: Also, Dir gesitt jo elo d’Ukraine, dat ass jo dat allerbescht Beispill. Ech war elo, ech menge virun aacht Deeg oder véierzéng Deeg an der Ukraine beim President Juschtschenko do och, an och beim Ausseminister, der Madame Timoschenko. Also, si wësse schonn, datt mir elo gesot hunn, hei an Europa zu der Ukraine, dat gehéiert jo och zum Voisinage, datt mir elo den Aktiounsplang, dee mir am Februar ënnerschriwwen hunn zu Bréissel, datt deen elo ëmgesat gëtt. Mä et ass en Aktiounsplang, deen eigentlech nëmmen net dräi Joer dauert, mä ee Joer dauert. No engem Joer soll erëm kënne gekuckt ginn, wat dann elo domat geschitt. Dir wësst, datt hirt Zil, dat ass fir an d’Europäesch Unioun ze kommen. Dat ass hirt Zil. Bon, mir mussen an der Europäescher Unioun soen, datt si fir äis zu der Politik vum Voisinage gehéieren. A Voisin, dat heescht jo, par définition, keen, deen dran ass. Rien n’empêche l’autre, an an der Zäit, et weess ee jo net wéi Europa weider fonctionnéiert, mä, ech géif mengen, datt mir do musse ganz, ganz virsiichteg sinn, och an eisen Aussoen, déi mir maachen, an och par rapport zu Russland, datt mir net do provozéieren, datt mir net an enger, datt mir net d’Europäesch Unioun, eigentlech dat Instrument vun deene Länner, benotzt gëtt, fir hir Ofrechnunge mat Russland ze maachen.

Maurice Molitor: Ass déi Politique de voisinage, wéi soll ech soen, am Fussball géif ee vläicht soen, Angriff ist die beste Verteidigung, och e Geste deen ee mécht direkt, vläicht esouguer onopgefuerdert fir ze soen, gesitt dir, mir wëllen iech ënnerstëtzen, mir wëllen hëllefen, mä et gëtt ee Punkt, iwwer dee kënne mir net erausgoen.

Jean Asselborn: Jo, also, de Prodi huet jo de Saz gesot: Alles, but institutions. Et kann nach alles mat hinne gemaach ginn, wat och an der Europäescher Unioun selwer ka gemaach ginn, mat Nuancen, mä si sinn net an Institutiounen dran. Dat ass d’Politique de voisinage, déi mir jo net, et ass jo net nëmmen den Oste vun Europa, deen do concernéiert ass, et ass jo och alles, de ganzen Norde vun Afrika.

Maurice Molitor: Do wäert d’Inhibitioun, eng Kéier an d’EU ze kommen, manner staark sinn.

Jean Asselborn: Also, d’Marokkaner soen, mir hu Pech, datt mir an der Geographie just 40 Kilometer vu Spuenien ewech leien, mä eist Land, wann dat géif op där anerer Säit leien, da wiere mir scho laang Member vun der Europäescher Unioun. Mir hunn och mat Tunesien, dat scho virun 10 Joer, een Aktiounsplang ausgeschafft, mir hunn aner Länner, déi, wou et zum Mëttleren an zum Noen Osten zougeet, mat deene mir Relatiounen hunn, mat Syrien, wou mir allerdéngs elo musse schéi lues maachen, dat sinn, et brauch heiansdo laang Zäit, bis d’Iwwersetzungen fäerdeg sinn, an et soll ee bei deene Länner jo och oppassen, Palästina an Israel.

Ech wëll Iech just soen, mir hunn elo d’Euromed-Versammlung elo hei, wou all déi Ausseministeren aus deene Länner kommen, am Processus de Barcelone, wat Dir kennt, an dat war eigentlech dat eenzegt Gremium bis elo, wou Israelen a Palästinenser zesummesouzen. An dat war schauderhaft virun engem Joer nach. An elo war d’Reunioun zu Den Haag, an dunn huet ee scho gesinn, datt wierklech direkt nom Doud vum Arafat, datt ugefaange ginn ass, mateneen erëm ze kommunizéieren, an do ass de Geescht och vu Sharm el-Sheikh, ass do den 8. Februar, ass do preparéiert ginn. Dofir dee Gremium ass ganz, ganz wichteg, dee mir also als Politique de voisinage hunn och am Süde vun der Méditerranée an dann, deen aneren ass, eben dee Schwéierpunkt ass am Oste vun Europa.

Maurice Molitor: Déi ganz Politique de voisinage an och d’Erweiderungsdiskussioun ass natierlech ee ganzt sensibelt Thema, an der Perceptioun och vun de Leit, sou sensibel, datt et natierlech riskéiert mat anzefléissen, och a Referenden iwwer d’Verfassung, och wa se guer näischt mat der Verfassung ze dinn huet.

Jean Asselborn: Also, et ass ganz schwéier… [gëtt ënnerbrach]

Maurice Molitor: Mécht dat Iech Suergen?

Jean Asselborn: Jo, also, et ass ganz kloer, kuckt… [gëtt ënnerbrach]

Maurice Molitor: Et ass déi éiweg ongekläerten Diskussioun iwwer d'Grenze vun Europa.

Jean Asselborn: Si ass beim de Gaulle ugaangen, si ass, si gëtt och ni ofgeschloss, menger Meenung no. Mä dat hänkt alles vun der Evolutioun an der Geographie an an der Geo-Politik, hänkt dat domat zesummen. Mä kuckt emol, nom Krich huet kee Mënsch sech d’Fro gestallt, wéi mir Europa opgeriicht hunn, op dat gutt wier oder schlecht. Et ass nëmmen eng Alternativ ginn. Wa mir de Krich wëllen evitéieren an Zukunft, ass do jugéiert ginn, misse mir zesummeschaffen, an Europa ass eigentlech wéi op Roulette gelaf.

Haut, wa mir jo och d’Debatt kucken a ganz Europa, an och hei zu Lëtzebuerg, em de Referendum, do spiert ee jo d’Angscht eraus, d’Angscht net méi dat ze bleiwen, mat där Iwwersiicht wéi mir zu 6 waren, du si mir 9, du si mir 12, 15, elo si mir scho 25, et kommen der nach ëmmer dobäi, do ass eng gewëssen Angscht virun där europäescher Globaliséierung, wann ech esou dierf soen, ass do, déi muss een och verstoen.

Allerdéngs, mir mussen awer och wëssen, wa mir stoe bleiwen, hei zu Lëtzebuerg oder a Frankräich oder an anere Länner stoe bleiwen, a musse reagéieren op dat, wat op äis zoukënnt, ass et vill, vill méi schwéier, zemol fir äis als klengt Land. Entweder mir sinn am Club mat dobäi, a mir kënnen eis Stëmm do zur Geltung bréngen, oder mir sinn an der Käerchen hannendrun a mir gi just matgeholl, ouni datt nach een äis freet, wat dann eis Meenung wier. An dofir géing ech mengen, dat wat Dir richteg sot, ech weess net ob Europa eng Kéier d’Kraaft huet fir ze soen, do sinn elo d’Grenzen, a mir wëllen net doriwwer erausgoen.

Wann Dir mech frot, wat geschitt eng Kéier mat Russland, dat ass éierlech gesot, kann ee jo net carrément beäntweren. Wann een och gesäit, datt Länner wéi Kasachstan, déi jo praktesch bei China leien, datt déi Intérêt, immensen Intérêt hunn un Europa. Do gëtt et jo Leit, déi soen, Europa ass esou gutt, datt mir eigentlech Affer gi vun eisem eegene Succès. Huelt d’Tierkei, wou jo ganz vill Leit och Problemer domat hunn, an déi net esou wäit denken, a soen, mir mussen elo d’Kulturen zesummebréngen, mä wa mir d’Tierkei an Europa huelen, da verwässere mir Europa carrément.

Ech géif mengen, et soll een de Leit och soen, datt och virun deem Referendum dee mir hunn, datt déi Erweiderung déi mir elo gemaach hunn, datt dat déi eenzeg richteg Léisung war, fir wierklech de Fridden am Oste vun Europa ze stabiliséieren. Datt mir elo zwee Länner nach dobäi huelen, dat ass Bulgarien an et ass Rumänien, datt mir Verhandlungen ufänke mat der Tierkei, an da soll een nach eng Kéier soen, do schlécke mir. Also, elo musse mir äis dohinner setzen a kucken, wéi geet dat do, wéi geet dat virun. A mir hu jo nach, wat ech Iech am Ufank gesot hunn, déi Perspektiv,déi mir deene Länner ginn hunn um Balkan, déi kënne mir net ewechloossen.

Dernière mise à jour