Nicolas Schmit au sujet de l'actualité européenne

Marco Goetz: Am Europaparlament zu Stroossbuerg ginn et Problemer ronderëm den EU-Bäitrëtt vu Rumänien a Bulgarien. Doriwwer, grad ewéi och iwwert d’Situatioun vun de Bäitrëttsgespréicher mat Kroatien, iwwert de Referendum a Frankräich an déi Europäesch Verfassung an deem Kontext, d’europäesch Asyl- an Immigratiouns-politik an de Bilan vum EU-Fréijoerssommet geet et elo am Interview vum Marco Goetz zu Stroossbuerg, mat deem fir Europafroen zoustännege Minister Nicolas Schmit. Nicolas Schmit, gudde Mëtteg.

Nicolas Schmit: Gudde Mëtteg.

Marco Goetz: Am Prinzip goufen et gudd Echoen de Moien, réckbléckend op de Fréijoerssommet vun der Lëtzebuerger Presidence. Zefridden?

Nicolas Schmit: Jo, ech menge, generell ass d’Reaktioun jo positiv iwwert déi verschidden Aspekten, haaptsächlech d’Relance vun der Lissabon-Strategie, mä awer och de Pacte de stabilité. Ech mengen, d’Gemidder hu sech e bëssche berouegt a jiddweree gesäit an, datt dat, wat um Fréijoerssommet beschloss ginn ass, positiv fir Europa ass.

Marco Goetz: Mä vill Zäit fir Iech op d’Schëller ze klappen hutt Dir net, well wéi et heescht, wëll d’Europaparlament elo net wéi geplangt haut schonns iwwert den EU-Bäitrëtt vu Bulgarien a Rumänien ofstëmmen, domadder wëll d’Parlament sech d’Dier ophale fir méi Matsproocherecht bei där Bäitrëttsfro vun deenen zwee fréieren Ostblockstaaten ze hunn. Wann dee Vote elo net haut wier, hätt dat dann och Inzidenzen op dat feierlecht Ënnerschreiwe vun de Bäitrëttsverträg, déi jo fir de 25. Abrëll zu Lëtzebuerg virgesi sinn?

Nicolas Schmit: Ech mengen, ech muss dat e bëssche vläicht nuancéieren. Bon, wéi all Parlament, a besonnesch dat heient, ass et ëmmer gutt fir eng Surprise. Dat Parlament huet e ganz aktivt Liewen, politesch Gruppen hunn e ganzt aktivt Liewen an de Grupp PPE haaptsächlech, also dee chrëschtdemokratesche Grupp, huet gëschter mat enger knapper Majoritéit e Vote, gëschter Owend, e Vote geholl, dee seet, deen en faveur ass vun engem Report vun deem Vote, deen haut sollt d’Parlament huelen, iwwer Bulgarien a Rumänien. Als Haaptpretexte ass eigentlech net do ugeschwat de Problem vu Bulgarien a Rumänien, mä en interne Problem zwëschen dem Rot an dem Parlament iwwert d’Budgetskompetenzen a mir sinn elo amgaang, a leschter Minutt, also wierklech a leschter Minutt, ze probéieren, dee Problem, dee jo gëschter schonn zum Ausdrock koum, ze entschäerfen an ze léisen, an ech hoffen, datt mer an deenen nächste 50 Minutten, well dat ass ongeféier dat, wat mer elo zur Verfügung hunn, dee Problem als Presidence nach kënne geléist kréien.

Marco Goetz: Wann net, da géif net ënnerschriwwe ginn?

Nicolas Schmit: Wann natierlech de Report vum Vote géif décidéiert ginn, wann et net zu enger Majoritéit kéim fir deen Avis conforme iwwer Bulgarien a Rumänien, da kënnt net zu Lëtzebuerg ënnerschriwwe ginn. Awer ech bleiwe bis déi lescht Minutt optimistesch.

Marco Goetz: Onofhängeg elo vun deem Vote an de méiglechen Zeenarien duerno, Dir hutt gëschter an Ärer Ried méi dacks ënnerstrach, datt déi zwee Länner – Rumänien, Bulgarien – sech nach vill mussen ustrengen. A wéi enge Beräicher wier dat?

Nicolas Schmit: Dat si verschidde Beräicher. Fir Rumänien ass et d’Konkurrenz. Hir Wirtschaft ass net esou moderniséiert wéi een dat kéint fir en zukünftegt Mitglied vun der Europäescher Unioun erwaarden, et ass haaptsächlech alles dat, wat am Beräich Justice, Contrôle, och vun de Grenzen, ubelaangt. Et ass och nach e bësschen Aspekt wat d’Ëmweltpolitik ubelaangt. Fir Bulgarien ass et hire Code pénal, deen awer um Instanzewee ass, mä nach net duerch d’Parlament. D’Bulgaren hu legislativ Walen an all Partei, souwuel d’Majoritéit wéi d’Oppositioun hu sech engagéiert no deene Walen och direkt dee Code pénal do z’adoptéieren. Et gëtt also nach e puer Punkten, déi ech elo, d’Korruptioun ass ee vun deene grousse Punkten, do hunn déi zwou Regierunge sech ganz staark engagéiert fir radikal géint dee Fléau, deen déi zwee Länner nach ëmmer charakteriséiert, virzegoen.

Marco Goetz: An do géifen déi nächsten 20 Méint duergoen, fir dat alles opzehuelen?

Nicolas Schmit: Ech mengen, déi Länner hu grouss Efforte biswell gemaach. Déi 20 Méint mussen natierlech weisen, datt déi Länner och gewëllt sinn, a kuerzer Zäit radikal Mesuren, haaptsächlech wat dee leschte Punkt, wat d’Korruptioun ubelaangt, déi Mesuren ze huelen, déi d’Europäesch Unioun vun hinne verlaangt.

Marco Goetz: Méi wéi Bulgarien gëtt ëmmer Rumänien kritiséiert. Ass et da virstellbar, datt Bulgarien 2007 opgeholl gëtt, Rumänien e Joer méi spéit?

Nicolas Schmit: Jo, dat ass absolut virstellbar. Mir hunn u sech an deenen Traitéen eng Clause dran, déi et erméiglecht, wann, wéi Dir virdru gesot hutt, déi Conditiounen net erfëllt sinn, ee Land ëm ee Joer emol nach ze retardéieren an dat gëllt net fir déi zwee zesummen, dat kann individuell fir eent oder dat anert Land applizéiert ginn.

Marco Goetz: Wéi gesäit et mat Kroatien aus? Do sollt jo am Mäerz ugefaange gi mat verhandelen. Well Kroatien awer net esou wéi gewënscht mam Krichsverbriechertribunal vun Den Haag zesummeschafft, gouf deen Datum verréckelt an ee Grupp ënnert dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn soll sech op der Plaz ee Bild vun der Situatioun maachen. Gëtt et do schonn een neie Moment?

Nicolas Schmit: Do gëtt et an deem Sënn een neie Moment, datt dee Grupp sech soll treffe mat de kroateschen Autoritéiten en marge vun deem nächste Conseil, ech mengen de 26. Abrëll, fir de Point ze maachen, wéi elo d’Zesummenaarbecht mat dem Geriichtshaff vu La Haye funktionéiert. Et sinn och Kontakter mat dem Geriichtshaff an haaptsächlech mat dem Procureur, der Madame Del Ponte envisagéiert, gläichzäiteg zu deene mat de Kroaten an da muss een also ee Rapport maachen, wéi d’Situatioun dann ass, a kucken, wéi et da weidergeet. Ech mengen, dat ass an deenen nächste Wochen, dat ass jo kuerzfristeg an da muss ee kucken, ob eng Decisioun eventuell nach bis zu Enn vun onser Presidence ka geholl ginn.

Marco Goetz: Een anert Thema, iwwer dat Dir bestëmmt vill nodenkt, dat ass déi europäesch Verfassung oder vill méi déi Referendumen, déi an enger Rei Länner doriwwer ofgehale ginn. Mécht do d’Entwécklung a Frankräich Iech Suergen?

Nicolas Schmit: Natierlech mécht et engem e bëssche Suergen, wann ee kuckt, datt déi Sondagen awer mat enger gewëssener Konstanz elo éischter an d’Richtung vun engem Nee weisen. Et bleift natierlech nach annerhalwe Mount. D’Campagne fänkt eigentlech a Frankräich eréischt richteg un. Ech mengen, et soll een also optimistesch dat awer ugoen, well dat, wat um Spill steet, wierklech considerabel ass. Datt déi Argumenter, déi och vun deenen avancéiert ginn, déi fir den Nee sinn, relativ konfus sinn, largement op Onwouerechte berouen an ech muss jo awer och soen, datt et e bësschen onhelleg Allianzen hei gëtt. Et ass een Deel vun der Gauche, voire vun der extrême Gauche, déi sech op eemol an enger Allianz erëmfënnt mat der extrême Droite. Dat ass fir mech eppes, wat mech e bëssche stutzeg mécht an ech muss soen, do ass eppes wat net klavéiert.

Marco Goetz: Et géif de ganze Cortège jo awer schéin duerchernee bréngen, wann d’Fransousen Nee géife soen.

Nicolas Schmit: Et géif natierlech eng Situaitoun creéieren, déi net einfach wier, mä ech sinn awer iwwerzeegt, datt et esouguer, wann et sollt een Incident de parcours ginn, am Enn wäert déi Constitutioun a Kraaft trieden.

Marco Goetz: Déi leschte Woch gouf et Kritik un der Lëtzebuerger Asylpolitik. Ee kaalt Häerz gouf Iech an dem Ausseminister reprochéiert. Läit dat e wéineg an der Natur vun der Saach, also vun der Asylpolitik, oder wéi kann eng europäesch Asyl- an Immigratiounspolitik sech vläicht besser verkafen?

Nicolas Schmit: Ech mengen, dat, wat gemaach gouf, ass ëmmer eng schwiereg Decisioun. Et ass net eng Decisioun, déi vu vir eran, wéi verschidde Leit dat fuerderen, vun deem gréissten Humanismus charakteriséiert ass. Mä et sinn Decisiounen, déi ebe musse geholl ginn, déi eben op Gesetzer berouen, déi op Rechtsstaatlechkeet berouen an déi och eben an engem Kontext vun enger méi globaler Immigratiounspolitik musse geholl ginn. Onse Wonsch ass natierlech, datt Europa eng gemeinsam Asyl- an Immigratiounspolitik definéiert. Dat géif d’Saache vläicht net ëmmer méi einfach maachen, mä dat géif zumindest e kloert Signal ginn. An duerfir setze mer ons och an, fir esou eng Politik an duerfir ass et och wichteg, datt déi Constitutioun kënnt, well ouni déi Constitutioun wäert et vill méi schwiereg ginn, esou eng Politik an enger realistescher Zukunft kënnen z’entwerfen. Ech mengen, mir sinn eigentlech de Problem esou human wéi méiglech ugaangen a mir wäerten dat och an der Zukunft weidermaachen, mä datt do schwiereg Decisiounen ëmmer ufalen, dat ass inevitabel.

Marco Goetz: Nicolas Schmit, Merci fir d’Explicatiounen.

Nicolas Schmit: Merci.

Dernière mise à jour