François Biltgen au sujet de la politique de l'emploi et de la politique sociale de l'Union européenne

Maurice Molitor: Sou wéi mer haut ausféierlech zréckkommen op een aneren informelle Conseil, dee vun de Beschäftegungs- a Sozialministeren aus der Unioun, virun enger décker Woch hei zu Lëtzebuerg, dee sougenannte Conseil "EPSCO", wéi deen am EU-Jargon heescht. De President vun deem Conseil ass och bei äis. Bonjour, Här Minister.

François Biltgen: Bonjour, Här Molitor.

Maurice Molitor: Ier mer gläich matenee schwätzen, vläicht just nach kuerz d’Äntwert op d’Fro, wat een informelle Sommet iwwerhaapt vun engem formellen ënnerscheet. Op den éischte Bléck ass dat nämlech näischt?

[Reportage vum Maurice Molitor]

(...) Wat also ënnerscheed deen informelle vum formelle Conseil?

François Biltgen: C’est surtout une réunion où les ministres sont invités à parler à bâtons rompus parce que, justement, il n’y aura pas de décision prise. Donc, si vous demandez quelles sont les décisions que les ministres ont prises, je vous dis, on n’a pas pris de décision parce qu’une réunion informelle n’est pas là pour prendre des décisions, mais une réunion informelle est là pour faire avancer de façon informelle les discussions et, dans le passé, les meilleures réunions informelles, c’étaient surtout celles qui ont discuté de sujets brûlants, où les discussions formelles entre États membres sont ardues, alors que les réunions informelles permettent de déblayer le terrain et de continuer les débats dans les enceintes officielles.

Maurice Molitor: Dat ass een Ënnerscheed, et gëtt awer nach een, op deen Dir mech just opmierksam gemaach hutt, nämlech deen, datt um Virowend vun esou enger Informeller ëmmer eng grouss Reunioun mat de Sozialpartner ass?

François Biltgen: Bei den Aarbechtsministeren, dat ass eppes wat speziell ass. Ech mengen, et gi jo verschidden Informellen, vun deene verschiddene Ministeschréit. Bei den Aarbechtsministeren ass et esou, datt do d’Sozialpartner de Virowend zesummekommen, mat der sougenannter Troika. D’Troika, dat sinn der dräi, dat ass de Président en exercice, dat ass dann awer och den nächsten an den iwwernächste President vun deem Conseil. Dës Kéier war et also den engleschen an éisträichesche Kolleg, déi dat mat mir zesumme presidéiert hunn. Et ass och esou, fir op den "EPSCO" zréckzekommen, fréier hu mer dat Sozialminister genannt, dat ass méi einfach, mir sinn och zu 3, do ass och d’Madame Marie-Josée Jacobs an de Mars Di Bartolomeo och dran, mir hunn awer decidéiert bei eiser Informeller, fir deem Geescht vun der Informeller trei ze bleiwen, datt een an engem klenge Kader, ouni zevill Beamte ronderëm ka locker an engem flotte Kader diskutéieren, datt mer nëmmen ee Sujet huelen, dat heescht, dat war dës Kéier dann de Sujet deen elo den Aarbechtsminister méi intresséiert wéi déi aner.

Maurice Molitor: Restructuratioune vu Betriber, net nëmme vun deene grousse Betriber, wat een dann och an der Press kann noliesen, mä och vu méi klenge Betriber. Restructuratioun alleng, de Begrëff ass jo am Fong en Euphemismus, well et ganz oft jo awer fir déi Beschäftegt vun deem Betrib negativ Konsequenzen huet.

François Biltgen: Dat ass déi ganz Diskussioun, déi mer hunn. Ganz oft schwätze mer och iwwregens nëmme vun deene Restrukturéierungen, déi negativ ausginn,  a wou virun allem fir déi Leit, déi do beschäftegt sinn, an deem Sënn negativ Konsequenzen hunn, well si net nëmmen hir Schaff verléieren, mä och duerno keng nei fannen. D’Iddi, déi mir eben haten, dat ass de Sujet esou ze thematiséieren, virun allem praktesch unzegoen, fir deenen eenzelnen Acteuren, Betriber, wéi Stied, Gemengen, Regiounen, Nationalstaat, Instrumenter mat op de Wee ze ginn, fir kënnen déi Restrukturéierunge positiv unzegoen, well mer musse wëssen [ënnerbrach]

Maurice Molitor: Eng Këscht mat Handwierksgeschier hutt Dir dat genannt. Ech fannen dat ee flotten Ausdrock.

François Biltgen: Eng Këscht mat Handwierksgeschier hu mer do diskutéiert, mir hunn dat och virgestallt an och op eisem Site kënnt Dir dat nokucken, well mer einfach musse wëssen, datt an där Welt an där mer elo liewen, a ganz Europa, an der globaliséierter Welt, mer natierlech nëmme kënnen iwwerliewen, besonnesch mat eisen Héichléin, déi mer awer wëllen halen, ech mengen et wier total falsch fir elo alles zesummenzeschneiden an hei Aarmut ze produzéieren, kënne mer nëmmen iwwerliewen, wa mer dauernd méi produktiv sinn, dauernd kucken, datt eis Produkter an eis Servicë besser si wéi déi aner. Wat heescht dat? Dat heescht natierlech ganz vill investéieren a Maschinnen an nei Aarbechtsverfahren an dat heescht natierlech och, datt fir eng Produktioun, wou ee fréier esouvill Leit gebraucht huet, een der ëmmer manner braucht. Dat ass de Punkt, an dat heescht och, datt d’Betriber ëmmer méi séier sech mussen ëmstrukturéieren. Dat heescht och, an do komme mer op déi negativ Konsequenzen, dat heescht och, datt mer mussen äis am Kapp verabschiede vun deem Schema wou mir nach opgewues sinn, datt een domadder gerechent huet, een Job fir d’Liewen ze hunn oder keen neien. Dat war awer esou.

Ech si Joergang 58, meng Elteren, d’Schoulmeeschteren hu mer gesot, also wanns du net léiers, da gees de mat 15 Joer bei d’Arbed op d’Rott an da mëss de däi Liewen do. Jo, dat hu mer haut net méi an d’Gefor ass, datt dann d’Leit an eng total Precaritéit offalen a wann een net méi weess, net méi ka säi Liewe plangen, net méi ka seng Aarbecht plangen, da kann een och säi Liewen net méi plangen, dat heescht, da maachen d’Leit, kënne se sech net méi verschëlde fir hir Heiser ze bauen, si hu vläicht guer net méi Intérêt, datt hir Kanner op Schoule ginn an da komme mer an ee Cercle vicieux. Wat musse mer maachen? Mir mussen dat, wat am EU-Jargon Job security, also d’Sécherheet op der Aarbechtsplaz, vun der Aarbechtsplaz, ersetzen duerch d’Employment security, d’Sécherheet um Aarbechtsmaart. Dat ass just méi einfach gesot wéi gemaach an dat ass eng vun deenen Diskussiounen, déi mer wollte féieren.

Maurice Molitor: D’Situatioune si jo ganz ënnerschiddlech uechter Europa, grad elo mat deenen 10 neie Länner déi och bäigestouss sinn, déi jo nach an engem vill méi déiwen Transformatiounsprozess dra sinn an awer sidd Dir op deem informelle Conseil zu gemeinsame Conclusiounen am Fong komm. Huet dat Iech selwer e bësschen iwwerrascht?

François Biltgen:  Also, mir waren, all Partner déi do matgemaach hunn, notamment eben d’Presidence, awer och d’Kommissioun, iwwerrascht, datt mer ee large Consensus haten, och mat de Sozialpartner eben dee Virowend, wat erstaunlech war. Ech ka mech nämlech erënneren, wéi ech ugefaangen hunn als Aarbechtsminister, op deene Conseilen, do hate mer d’Diskussioun vu Villevoorde, wou eng Renaultsfiliale total zougemaach ginn ass, d’Leit hunn an der Zeitung gelies, datt se géifen entlooss ginn, doropshin ass jo eng nei Directive komm, mä déi Zäit waren d’Diskussioune vill méi verbattert, well op där enger Säit déi Leit waren, déi gesot hunn, majo, eng Restrukturéierung, dat muss decidéiert gi vun uewen an do dierf näischt Soziales a keng Informatioun un d’Leit, dat ass eng wirtschaftlech Decisioun, déi dierf iwwerhaapt net ugepasst ginn. Anerer hu gesot, mir si géint Restrukturéierungen.

Mir sinn elo an enger Debatt, wou mer soen, mir brauche Restrukturéierungen, Restrukturéierunge soll een net nëmmen negativ gesinn. Et muss ee kucken, datt een déi negativ Konsequenzen ewechfiedert, well mer och feststellen, wa Restrukturéierungen erausgezögert ginn, da gëtt et net besser, da gëtt et nëmme méi schlëmm. Dat heescht, mir mussen anticipéieren, also am viraus kënne schaffen, gesinn, wat an 1, 2, 3, 4, 5 Joer geschitt, an deem am Virfeld entgéintwierken, fir datt een eben herno net déi negativ Konsequenzen huet. An do hate mer dës Kéier vill méi ee largë Konsensus, net nëmmen tëschent deenen eenzelne Memberstaaten, mä och mat den europäesche Sozialpartner an dat war fir äis all eng grouss Erliichterung, well et jo och esou ass, datt mer déi Informell wollte benotzen, fir eng ganz nei Kommunikatioun vun der Kommissioun iwwer Restrukturéierungen, déi eréicht eng Woch virdrun erauskomm ass, fir déi eng éischte Kéier informell ze lancéieren, fir ze spieren, och der Kommissioun ze spiere ginn, wou sinn déi eenzel Memberstaaten. Elo musse mer natierlech mat deem Pabeier vun der Kommissioun, musse mer elo emol seriös driwwer schwätzen, elo musse mer Tacheles schwätzen.

Maurice Molitor: De Konsens mat de Sozialpartner ass effektiv erstaunlech, virun allem mat der Patronatssäit op der Säit vun de Sozialpartner, well relativ vill verlaangt gëtt vun deene Patronen, dat Anticipéieren, dat gräift jo scho bal an an hir Gestioun oder net?

François Biltgen: Jo, mä wat eben intressant war, datt déi Patronatsvertrieder, europäescher wéi lëtzebuerger, déi do waren, an dat ware Leit, déi selwer Betribschef sinn, déi sote, mä mir hu selwer dach iwwerhaapt keen Intérêt fir géint d’Leit ze schaffen. Mir mussen dauernd och kämpfe fir d’Iwwerliewen a mir hunn Intérêt, dat esou ze maachen, datt d’Leit och herno trei zu äis stinn, dat huet äis och gehollef. Et war ee finnesche Vertrieder do, deen d’Patronatssäit vun Europa verkierpert huet, dee vu sengem Betrib erzielt huet, dee gesot huet, am Ufank hate mer 500 Aarbechtsplazen an der Diskussioun, herno si mer rauskomm, datt mer just 10 Stéck net iergendwou aneschters ënnerdaach kritt hunn, mä mir sinn dat esou ugaangen, fir ze kucken, wéi mer dat kënnten ofwieren. Datselwecht huet de Lëtzebuerger Patronatsvertrieder gesot. Et muss een natierlech wëssen, datt mer déi negativ Elementer oft aus der Zeitung liesen an héieren, Tëlee, Radio, déi negativ ginn natierlech vill méi an de Virdergrond gestallt, wéi déi positiv. Natierlech gi mer rosen a well d’Patronatsvertriedung dat selwer gesot huet, datt e rose gëtt, wann en héiert, datt e grousse Betrib an engem Otemzuch seet, mir hu net sou vill Benefice méi gemaach a mir mussen elo souvill Leit entloossen, dat ass net dee Wee, dee richteg ass, an dat ass och ee Wee, dee vill Betriber net wëlle goen, dat muss een och einfach wëssen. Leider ass dat ee Wee, dee ganz vill an der Welt sech breetmécht an deen natierlech dann d’Leit schrecklech rose mécht an zu Recht.

Maurice Molitor: Mä dat Anticipéieren, fir et elo emol vläicht méi plastesch ze faassen, heescht, dat am Fall vun der TDK zum Beispill, datt een hätt misse virausgesinn, datt d’VHS-Kassetten am gaang si Parts de marché un d’DVDen ze verléieren an engem dramatesche Mooss?

François Biltgen: An engem gewëssene Sënn ass dat och geschitt, well et däerf een net vergiessen, datt d’TDK, well se wousst, datt dat géif auslafen, regelméisseg d’Leit soft ofgebaut huet, si hunn 200 Aarbechtsplaze manner, ouni datt Leit entlooss goufen. Wat hei bei der TDK fir äis de grousse Problem war, war datt op eemol a Japan eng Decisioun geholl ginn ass, wou mer wéineg Zäit haten, doropper ze reagéieren, fir ze soen, aplaz datt mer se elo auslafe loossen, elo ass et esou brutal, mir verkafen der guer net méi genuch, mir mussen dat vun haut op mar zoumaachen, dat huet natierlech dee Problem bruecht, datt mer nach just hei passiv Politik konnte maachen a mat all deene Konsequenzen zu denen dat gefouert huet. Et wäer also do gutt gewiescht, wann een déi doten Décisioun éischter hätt kënne preparéieren an och doduerch aner Elementer kënnen ubidden, wéi Formatioun, wéi Méiglechkeeten, Leit schonn op aner Betriber ze kréien am Virfeld, aplaz datt dat doten elo huet misste ganz séier iwwert d’Bühn goen.

Maurice Molitor: Fir nach eng Kéier op déi sozial Responsabilitéit vun de Patronen zréckzekommen. Hutt Dir dann do den Androck, datt en Ëmschwong ass op der Säit vum Patronat a vun de Mentalitéiten, well an deene leschten 10 Joer huet een déi sozial Verantwortung jo awer wierklech staark vermësst, ech schwätzen elo um Niveau vun de grousse Betriber op jiddefall.

François Biltgen: Ech mengen, datt et am gaang ass ëmzeschwenken, woubäi mer nach wie vor ee Problem hunn, tëschent Betriber, net all natierlech, awer déi börsennotéiert sinn, wou de Management ugehalen ass fir kuerzfristeg Beneficeresultater ze produzéieren, wou et just drëms geet, fir kuerzfristeg e Benefice ze produzéieren a wou natierlech dann de Rescht an den Hannergrond trëtt, well de Manager jo och, an dat ass jo och dat, wat d’Leit oft rose mécht an zu Recht, wann de Manager e Feeler mécht, da kritt en de golden handshake an een, dee kee Feeler mécht, mä säi Produkt, dee gëtt net méi gebaut, dee gëtt ausgemustert. Dat ass ee grousse Problem.

A Betriber, zum Beispill Familljebetriber ass et oft ganz aneschters, aus deem ganz einfache Grond, well jo de Betribschef net do ass fir elo haut séier e Benefice an d’Täsch ze stiechen, mä well e jo gär hätt, datt de Betrib jo och nach bei seng Kanner iwwergeet an datt en duerno nach iwwerlieft, sou datt en och Intérêt huet, fir do eng gewësse méi sozial Attitude ze hunn, mä de Problem ass, datt dat nach laang net an alle Käpp ass an datt mer nach wie vor déi dote Problemer hunn an datt et och fir äis wichteg ass, och doropper hinzewierkelen a letztendlech mussen nach ëmmer Gesetzer do sinn, fir do kënnen anzewierken wou d’Sozialverantwortung net vum selwe leeft.

Maurice Molitor: Restructuratioune sinn inevitabel, mir kréie se net verhënnert, mä si kënnen och eng Chance sinn, hutt Dir gesot. Maacht Dir Iech do selwer Courage?

François Biltgen: Nee, ech mengen, datt dat nämlech richteg ass, datt ee sech dauernd hannerfreet an dat bréngt mech zu engem Volet, deen ech elo net dës Kéier, mä an enger anerer Informeller an nach éischter uginn, nämlech d’Recherche, als Rechercheminister. Wat wichteg ass, zum Beispill, fir äis zu Lëtzebuerg, fir d’Betriber déi mer zu Lëtzebuerg hunn, dat ass datt Recherche geschitt, datt sech d’Fro gestallt gëtt, wat ass mat mengem Produkt. Ass et konkurrenzfäheg, leeft et aus, produzéieren ech ze deier oder net deier genuch? An datt dann op där anerer Säit och duerch d’Recherche gekuckt gëtt, eben déi Produkter kënnen z’ersetzen. Dat ass extrem wichteg, datt een dee Restrukturéierungsprozess net gesäit als eppes, wat muss ofgebaut ginn a wat muss ëmstrukturéiert ginn. Ech mengen Ëmstrukturéierung heescht net alleng Ofbau, dat heescht ëmbauen, dat heescht nei bauen. Dat ass eng vun den Diskussiounen, déi wichteg sinn, datt mer soen, gutt, et gi vläicht Aarbechtsplaze verluer, mä mir musse parallel dru schaffen, fir nei Aarbechtsplazen ze fannen an wann Dir dann an eis Handwierkskëscht do kucke gitt, eis Këscht mat dem Handwierksgeschier do kucke gitt, hu mer zum Beispill eng Iddi, déi zu Lëtzebuerg schonn applizéiert gëtt, vun de Clusteren, datt et dann och wichteg ass, datt een an enger Regioun, an ech huele Lëtzebuerg as Land, Clustere baut vu Betriber, déi een deem aneren ähnlech sinn, wou een dann eng gewësse Masse critique huet, wat och dann erëm eng Kéier méi Méiglechkeet gëtt, sech z’entwéckelen a méi Aarbechtsplazen ze schafen, ech mengen, et ass dat wat zu Lëtzebuerg dauernd geschitt. Et entstinn dauernd nei Aarbechtsplazen. An der Industrie ass et wuel esou, datt déi Aarbechtsplaze lues a lues zréckginn, mä et si verschidde Branchen, déi gi staark zréck an aner Branchen ginn immens erop. Mir brauchen an der Industrie, brauche mer vill Ingenieuren, déi mer zum Beispill net fanne bei enger Parti Betriber. Och dat ass eppes, wat ee muss mat Zäiten do kënnen anticipéieren.

Maurice Molitor: Fir déi Fäll wou d’Restrukturatioune keng Chancë bidden, wëll d’Kommissioun oder proposéiert d’Kommissioun d’Schafe vu engem Antischock-Fonds, deen nawell ganz zolidd dotéiert soll ginn. Mä wéi sollen déi Gelder gebraucht ginn, genau agesat ginn?

François Biltgen: Dat ass eng Fro déi nach ze kläre bleift. Ech mengen, d’Kommissioun huet elo déi Propose gemaach, déi och op eiser Reunioun ëmstridde war, soubal et ëm Sue geet an et ass net méi jiddwereen d’accord, datt Europa soll méi Sue kréien, ech mengen do muss een och kucken, wat dat ka bedeiten. Dat ka fir mech nëmme sinn, datt d’Kommissioun subsidiaresch de Memberstaaten hëlleft, Ëmstrukturéierungen ze maachen an eben do, wou op eemol vun haut op mar ee Crash ass, fir do kënne séier anzegräifen, mä den Detail, dee steet nach net an der Propositioun vun der Kommissioun, dat kréie mer dann an enger nächster Phase.

Maurice Molitor: Gutt, Merci villmools, Här Minister.

Dernière mise à jour