Jeannot Krecké au sujet de la stratégie de Lisbonne

Maurice Molitor: De politeschen Interview an dëser Emissioun haut mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. An zwar iwwer d’Relance vun der Stratégie de Lisbonne, um europäesche Plang, d’Beméiungen awer och, fir déi Strategie hei am Land mat Liewen z’erfëllen. Fir unzefänken geet et awer iwwer e Sujet, deen um Rand vun deem Conseil zur Sprooch koum, nämlech de Klimaschutz. Här Minister Krecké, um Virowend vun deem Conseil "Compétitivité" ass iwwer Kyoto geschwat ginn a post-Kyoto, a wann et richteg rapportéiert ginn ass, da sinn d’Ministeren zu enger Conclusioun komm, déi éischter banal ass, déi déi ass, ze soen, och wa mir Europäer äis all Méi ginn, wann d’Amerikaner an Drëttweltstaten, d’Entwécklungslänner net matzéien, da sinn déi ganz Efforten e Vull fir d’Kaz.

Jeannot Krecké: Et ass richteg, si ass banal, mä si ass ënnermauert gewiescht mat ganz villen Zuelen, et war en däitschen Expert, dee mir och consultéieren, de Professer Ewringmann, deen den Ëmweltminister sou gutt wéi de Wirtschaftsminister beréit, wat jo och hei zu Lëtzebuerg jo vläicht unique ass, mä ech hat dee gefrot, eng Aféierung ze maachen, wou en dat mat wëll, d’Wirtschaftsministeren, d’Finanzministeren, déi mussen Zuele gesinn, wou e se e bëssche gefiddert huet mat Zuelen, wéi dat kéint ausgesinn no 2012, wat elo geschitt, wat virdru virgesi war, an do ware munch Leit déi erstaunt waren. Intressant war awer och well deen Expert awer trotzdem och eng Rei Pisten opgewisen huet, fir d’Éischt gewisen, datt mir am gaange waren an eng Sakgaass ze goen, an dann awer och gesot, wou een eventuell kéint usetzen, a wou mir vläicht bis elo de Courage net genuch haten, fir unzesetzen.

Maurice Molitor: Wann d’Entwécklungslänner explizit elo mat an engem Otemzuch mat den USA genannt ginn, ass dat och ënner dem Androck vun Ärem, vun Ärer Indierees, wou Dir dat gemaach hutt?

Jeannot Krecké: Nee, mä wann ee weess, datt dat wat mir do als Reductiounen eventuell virhuelen, datt am selwechten Zäitraum China 1,5 Mol méi eropgeet wéi mir erofginn, da gesäit een, datt vill Efforten eventuell gemaach ginn, einfach scho mat sech bréngen, datt mir wäit ewech herno sinn, vun deenen Reductiounen, déi mir äis virgeholl hunn. Et ass just fir dorop opmierksam ze maachen an drop hinzeweisen, datt ee mat deene Länner muss schwätzen, datt do e politeschen Dialog sech muss engagéieren, an datt et net duergeet, datt mir äis just fräi kafen. Dat geet einfach net méi duer, do kënne mir esou vill Efforten hei an Europa maache wéi mir wëllen, dann hu mir vläicht e rouegt Gewëssen, mir sinn och nach Virreider gewiescht, mä dann hu mir, wat déi weltwäit Auswierkung ass, hu mir näischt geschafft.

Maurice Molitor: Haaptsujet op deem Conseil, op d’mannst op deem Deel, deen Dir presidéiert hutt, war awer dat, wat een ënner Lissabon versteet, d’Strategie, déi domat verbonnen ass, gouf jo um Fréijoerssommet lancéiert, relancéiert, oder iwwerhaapt emol lancéiert, wéi vläicht d’Leit géife soen, déi et manner gutt mat Europa mengen. Elo geet et natierlech drëm, déi Absichtserklärung och mat Liewen ze fëllen. D’Kommissioun huet dofir en Dokument ausgeschafft, Lignes directrices, sou nennt sech dat, fir Beschäftegung a Wuesstem. Am Titel geet elo keng Rieds méi vu sozialer Cohesioun, vun Nohaltegkeet, vu wëssensbaséierter Economie. Sinn d’Uspréch zréckgeschrauft ginn?

Jeannot Krecké: Nee, et muss ee wëssen, datt dat, wat d’Kommissioun virgeluegt huet, u sech an engem Dokument zwee Dokumenter sinn, déi et bis do gi sinn. Dat eent heescht GOTT, et ass e komeschen Terme, mä dat sinn déi grouss Orientatiounen an der Wirtschaftspolitik, déi mir solle goen. An dat anert si Lignes directrices fir den Emploi. Dat gëtt et haut, dat steet am Traité haut schonn, an do soll een all Kéiers dozou Initiative vun der Kommissioun kréien, an d’Länner sollen dorop äntwerten.

Ech muss Iech éierlech soen, an deene Jore wou ech an der Chamber war, hu mir ni Notiz geholl vun deene Saachen, op alle Fall net vill. Sou wéi mir äis mat Lissabon vläicht beschäftegt hunn, wann et geheescht huet iwwer Vakanzen nodenken, mä Lissabon war keen Thema, och bei äis. Mir hunn et vläicht heiansdo mol eng Kéier undiskutéiert, mä et huet kee sech domat ausernee gesat, an ech mengen, dat ass och de Grond, firwat datt mir net weiderkomm sinn.

Elo ass dat Dokument zesummegeschmolt, nämlech déi zwee Elementer sinn elo an engem, an an deem Dokument do sinn awer och esou vill Saachen dran, déi mat der Cohésion sociale ze dinn hunn, déi domat ze dinn hunn, wéi mer d’Ëmwelt berücksichtegen, déi domat ze dinn hunn, d’Qualitéit, d’Ofsécherung vun Aarbechtsplazen, dat ass awer elo an deem Gesamtdokument dran. Eenzel Leit ass dat vläicht nach en Desequiliber, dat heescht, si soen, et sinn net genuch Remarquen an Initiativen dra virgesinn, wéi déi do Saachen, mä et ass awer och esou, datt festgehale ginn ass, d’Prioritéit, elo am Moment, Richtung Wirtschaft, Wuesstem a Schafung vun Aarbechtsplaze ginn ass. Duerfir ass et evident, datt dat och elo den Haaptoptrag ass, mä et muss ee wëssen, déi do zwee Rapporten, déi do an engem zesummebruecht ginn, well déi si virgesinn am Traité, déi musse kommen, do ass och eng ganz Prozedur virgesinn, an dat anert ass bäikomm.

Maurice Molitor: Wann een dann e bëssche méi an den Detail geet, da fält een op Schlagwierder wéi administrativ Entlaaschtung vun de Betriber, Förderung vum Entrepreneursgeescht. Dat si jo alles keng nei Notiounen. Firwat soll et elo klappen? Well den Drock vun Europa do ass?

Jeannot Krecké: Nee, ech mengen ëmgedréint. Virdru war den Drock vun Europa do, mä et huet kee Land sech drëm bekëmmert, well et eng europäesch Fro war. Elo ginn déi national Regierungen, déi national Parlamenter, déi national Sozialpartner gi gefuerdert, firwat? Ma opgrond vun deem wat do decidéiert ginn ass, op deem Fréijoerssommet, a wat d’Kommissioun elo ausgedäitscht huet, doduerch, datt se gesot huet, a wat fir eng Richtung et elo op deenen eenzelne Punkte muss goen, musse mir elo e Plan d’action national maachen, dat heescht, mir mussen e Plang opstellen bis an den Hierscht, wou mir soen, wéi mir dat ëmsetzen, wat do gefrot ass. An do musse mir mat de Partenaires sociaux Récksprooch huelen, mir musse mam Parlament schwätzen, dat heescht, dat gëtt elo och en nationale Problem. Virdrun huet Lissabon kee Mënsch intresséiert, well et war wäit ewech, et hat eng europäesch Dimensioun. Elo wou et eng national kritt, gëtt se vill méi spatz, an och elo ginn d’Leit vill méi involvéiert, si intresséiere sech wahrscheinlech méi, well elo geet et och ëm Saachen, déi si direkt betreffen, während dat virdrun net de Fall war.

Ech mengen, datt mir festgestallt hunn, datt mir déi Leit iwwer 50 hei zu Lëtzebuerg net méi vill beschäftegen, datt déi meeschtendeels schonn net méi schaffen, dat huet d’Kommissioun äis x-Mol gesot, mä ech mengen, mir hunn net reagéiert drop. Elo kréie mir gesot, wann dat esou ass, da muss dir och reagéieren. Just e Beispill, dofir hei gëtt et elo e bëssche méi eescht, a mir hunn och dofir schonn ugefaangen op der Säit vun der Competitivitéit, dat heescht, wéi konkurrenzfäheg si mir mat eiser Economie vis-à-vis vun aneren, hu mir jo schonn Diskussiounen elo ugefaangen?

Maurice Molitor: Bon, d’Tripartite wäert bei äis am Land eng Schlësselroll spillen an deem ganze Prozess. Dës Woch war eng Tripartite restreinte och zesummen an deem Kontext. Wéi muss ee sech d’Organisatioun vun deenen Aarbechten elo konkret virstellen? Gëtt elo e Katalog vu Mesuren zesummen opgestallt, vu Reformen déi sech opdrängen, oder wéi fonctionnéiert dat?

Jeannot Krecké: Opgrond vun deem, wat d’Kommissioun virgeluegt huet, an och opgrond vun deenen Erkenntnisser, déi mir mëttlerweil hunn, wou eis Schwächte sinn, dat hu mir jo aus dem Rapport vum Professer Fontagné e bëssche gesot kritt, och wann net jiddwereen d’Meenung deelt, hu mir äis jo zesummegesat. Mir hunn äis zesummegesat mat de Sozialpartner, an d’Gewerkschaften hunn hir Iddien eraginn, an d’Patronat. Doniewent ass elo d’Iddi vum Professer Fontagné an doniewent elo nach déi vun der Kommissioun.

Mir hunn an der Tripartite restreinte elo gekuckt, wou hu mir Accorden, wou gi mir äis eens? Dat heescht, mir hunn elo nom zweeten Ulaf, hu mir elo erausgestrach, déi Punkten, wou mir äis eens sinn, an déi Punkten huelen ech elo mat an d’Regierung, vu datt ech d’Coordinatioun vun deem ganze Lissabon-Prozess hunn, huelen ech déi mat an d’Regierung, a wäert menge Kollegen do soen, do sinn déi Punkten, wou mir Accorden hunn, mä dat musse mir elo, ech wëll net soen, ëmsetzen, mä emol detailléieren, dat heescht, mir mussen dat mat Substanz fëllen, dat sinn heiansdo grouss Ausriichtungen, mä elo musse mir soen, wat mer doranner maachen.

Wann ech soe lifelong learning, dat heescht, Weiderbildung d’ganzt Liewe laang, jo, da musse mir elo emol kucken, wat hu mir, a wat maache mir elo besser doranner, vu datt mir doranner net gutt sinn. An dat soll elo deen, deen dat a senger Kompetenz huet an der Regierung, soll dat elo virbereeden, an da schwätze mir erëm mat de Sozialpartner. Soudatt an der Tripartite dat och duerno weidergeet, mir hunn elo eng Hausaufgab quasi kritt, vu datt en Accord do besteet, a wou e ganze Koup Punkte fir eppes ze maachen, d’Regierung soll elo Saache virschloen, opgrond vun deem, wat och d’Partner virgeschloen hunn, an doniewent hu mir e puer Desaccorden. Ech dierf net verstoppen, datt et do Desaccorde ginn, um Index, um soziale Mindestloun, et gëtt et op de Pensiounen, dem Finanzement vun de Pensiounen, et gëtt et och um Punkt, wéivill maache mir op fir d’Fonction publique wat d’Auslänner ubelaangt, mir hunn also e puer Desaccorden. Déi Desaccorden hu mir elo op d’Säit ee Moment gesat, a mir hu gesot, mir schaffen elo hei drop, an dann treffe mir äis an där grousser Tripartite nach eng Kéier alleguer zesummen, fir déi Punkten, wou mir elo keen Accord hunn, eventuell do en Accord ze fannen.

Maurice Molitor: Well et kann ee jo och wahrscheinlech net erwaarden, an deem Punkt alles am Konsens ze maachen, an op där anerer Säit gëtt zu Bréissel deen nationalen Aktiounsplang awer Joer fir Joer iwwerwaacht, dat heescht, e gëtt och d’Impressioun vun där ech scho geschwat hunn, de Konsensualismus ass wahrscheinlech net an allen Domainen oprechtzehalen.

Jeannot Krecké: Do wou mir kee Konsens kréien, keng Eenegung kréien, a mir awer mengen, et wier indispensabel, muss d’Regierung an d’Politik hir Responsabilitéit huelen, dat heescht, da muss se et draschreiwen, a muss dat dann op hiren Hutt huelen. Et ass awer esou, datt awer och nach anerer konsultéiert doranner ginn, well, wéi Dir richteg gesot hutt, sinn e puer Dimensiounen net an deem Mooss awer dran, déi mir awer nach wëllen draginn. Dir wësst, datt mir jo gesot hunn, mir wëllen e puer Punkten e bëssche méi genau ënner d’Lupp huelen.

Ech huelen d’Beispill vun der Energiepolitik am allgemengen, d’Ofsécherung vun der Energiepolitik, wéi mir d’Energieversuergung gesinn, wéi mir eng Moderniséierung vun eiser Energiestruktur gesinn, an esou weider. Dat schwätze mir dann awer och  mat Leit, net nëmmen déi elo aus dem industrielle Beräich kommen, mä och aus anere Beräicher, a probéieren dann, Elementer eranzebréngen, déi net noutgedrongen awer dann eppes mat der Tripartite direkt ze dinn hunn.

Wann ee seet, mir hunn e Problem Logement, Cohésion sociale ass och nëmmen ze erreechen, wa Leit eng dezent Wunneng hunn, dat ass een Element, a wa mir dat esou gesinn, da musse mir och kucken, wéi mir dee Logementsproblem uginn, dat ass keng Fro vun der Tripartite, dat ass mat anere Partner ze kucken, an da muss d’Regierung hir Responsabilitéit huelen.

Et ass esou, datt am Oktober mir dat musse schécken, dat ass dräi Joer gülteg. Mir hunn also da gesot, wat mir an deenen nächsten dräi Jore wëlle maachen. Dat Joer duerno musse mir just matdeelen zu Bréissel, net en neie Plang, mä wat hu mir realiséiert, a wat hu mir net realiséiert, a firwat eventuell. An dat gëtt och erëm eng Operatioun, déi ee mat de Sozialpartner muss maachen, well do zitt een e Bilan, an dës Kéier gëtt een ënnert d’Lupp geholl, do kritt ee gesot, firwat hu dir dat net gemaach a firwat hu dir dat do gemaach? Ech menge schonn, datt e gewëssenen Drock kënnt, och wann dat wat de Wim Kok, dee jo e Rapport gemaach huet, fir ze kucken, wou mir dru sinn, hat ee Moment gemengt, déi misste wierklech un de Pranger gestallt ginn, déi Länner, déi dat net maachen, en huet dat deemools genannt, naming, shaming, blaming. Mä ech mengen, esou eescht gëtt et net, mä et gëtt awer, dat huet ee gesinn, am Pacte de stabilité, am Stabilitéitspakt, wa Länner doriwwer erausginn, dat gëtt fierchterlech politeschen Drock, dat gëtt Drock vun der Press, dat gëtt Drock vu villen Acteuren. Dat hei kann och esou goen, datt hei Drock kënnt, fir datt mir eis Hausaufgabe maachen.

Maurice Molitor: Jo, an Dir als attitréierte Mister Lissabon, hu Dir de schwaarze Péiter an där Geschicht?

Jeannot Krecké: Ech géif mengen, dat do wier eng kollektiv Operatioun déi muss gemaach gi vun enger Regierung. Ech koordinéieren d’Aarbechten, fir datt et net an all Richtunge geet, datt séchergestallt gëtt, datt et e Plang gëtt. Datt ech och ka soen, wat do geschitt, muss ech wëssen, a wat do geschitt, muss ech och wëssen, well et muss jo iwwerenaaner stëmmen. Net datt jiddwereen do wuel seng Hausaufgab mécht, mä datt et hannen a fir net iwwerenanner stëmmt, dat heescht, et ass scho fir ze kucken, wéi stëmmt et iwwerenaaner, an dofir ze suergen, datt déi Elementer och zesummekommen. Dat gëtt keng lëschteg Affaire, well et muss ee sech ausenanersetze mat sengen eegene Kollegen.

Maurice Molitor: Fir dëst Gespréich ofzeschléissen wéilt ech vläicht fort vu politeschen Dossieren, Lissabon an ähnlechen. Vläicht erlaabt Dir äis jo e bësschen en indiskrete Bléck hanner d’Kulissen, Dir waart jo privilegiéierten Observateur vun der Stärstonn vun der Lëtzebuerger Presidence bis elo, am Conseil "Ecofin". Kënnt Dir äis soen, wéi dat ofgelaf ass, an deene Verhandlungen, ass et do haart hiergaangen?

Jeannot Krecké: Ech mengen, déi meescht Punkten, wou et haart hiergeet, déi lafen éischtens op de virbereedende Sëtzungen, déi um Niveau vun de Fonctionnairë ginn, ech héieren, datt et do heiansdo wierklech haart hiergeet, an och Blocagë sinn. Ech mengen, et gëtt och, an ech war och do schonn dobäi, heiansdo kloer Wierder geschwat, a Bilateralen, dat heescht, wann ee Statschef mat deem aneren oder ee Minister mat deem anere schwätzt, do kann et och emol heiansdo méi haart erofgoen.

Et ass net zum sougenannte Clash awer trotzdem komm op deem Conseil européen, well virdru vill Welle geglätt waren, dat heescht, d’Aart a Weis, wéi mir et preparéiert haten, souwuel um Niveau vun de Fonctionnairen, déi extrem vill devouéiert am Moment sinn, an där doter Saach, an alle Ministèren, an dann awer och déi preparativ Sëtzungen, déi mir gemaach hunn, mat deenen zoustännege Responsablen, do ass Villes riicht gebéit ginn, soudatt mir gemierkt hunn, wéi mir bis dohinner waren, hunn ech op alle Fall gemierkt, datt dat nach relativ roueg erofgelaf ass. Ech konnt dat och feststellen, wat de Stabilitéitspakt ass, wou ech déi ganzen Zäit dobäi war, a weess, datt et Momenter waren, wou et vill méi hefteg war. Ech hunn dat och elo festgestallt, nach eng Kéier, wéi mir iwwer d’Quellesteier geschwat hunn, d’Aart a Weis, wéi déi z’applizéieren ass, dat kann heiansdo hefteg ginn. Dat war awer elo um Fréijoerssommet, war dat net de Fall, ech mengen, dat hate mir gutt preparéiert, doduerch ass et roueg erofgaangen.

Maurice Molitor: Fir een, dee sechs Méint an der Regierung war, an dunn direkt an d’kaalt Waasser vun där Presidence geschmass ginn ass, fënnt ee sech do awer direkt eens an deenen europäesche Begebenheeten, oder wéi soll ech et nennen?

Jeannot Krecké: Also, ech muss Iech soen, wann ee seriös seng Dossiere wëllt studéieren, op nationalem Plang, da brauch ee schonn eng Zäit, bis een do dran ass. Wann een dann déi europäesch och wëll seriös studéieren, da brauch een nach eng Kéier vill Zäit. Wann een dann zousätzlech muss presidéieren, wat also heescht, datt Sujeten, deen een a priori net intresséieren, een op emol muss intresséieren, well ee presidéiert, an een déi Sujeten alleguer muss kennen, dann ass et wierklech extrem vill. An ech hu gesot, wann elo déi Presidence eriwwer ass, dann hunn ech eng Risenerfahrung, da fillen ech mech wahrscheinlech immens gutt, à l’aise, mä dann hunn ech keng Presidence méi. Also et wier scho besser gewiescht, et hätt een nach een, zwee Joer Ulaf gehat, dat hei war ganz haart.

Dernière mise à jour