Nicolas Schmit au sujet de l'élargissement de l'UE et des perspectives financières pour la période 2007-2013

Maurice Molitor: Am Studio haut den delegéierten Aussen- an Europaminister Nicolas Schmit. Här Schmit, Dir waart dobäi am Haff vun der Abtei Neumünster. Spiert een do den Hauch vun der Geschicht?

Nicolas Schmit: Jo, ech mengen, dat war schonn en emotiounsgeluedene Moment. Ech hat d’Chance, och op der Akropolis dobäi ze sinn, wéi mat deenen 10 signéiert ginn ass, an u sech war dat hei d’Suite dovun an datt dat hei zu Lëtzebuerg konnt stattfannen, war natierlech och ee schéint Symbol. Lëtzebuerg, e bësschen den Ufank, d’Wéi vun der europäescher Eenegung, an déi zwee nei Länner, déi elo emol ee Prozess ofschléissen, ee schéine Moment.

Maurice Molitor: Déi Zeremonie vun der Signature war dem Evenement entspriechend och relativ grouss an opwenneg opgezunn an inszenéiert. Mir werfen elo gläich e Bléck hannert d’Kulissen.

[Reportage iwwer d’Organisatioun vun der Bäitrëttszeremonie vu Rumänien a Bulgarien]

Maurice Molitor: Do gesäit ee mat wéi vill Aarbecht, fir wéi vill Leit déi Zeremonie, hir Preparatioun an hir Ofwécklung verbonne war. Abee, déi ganz Méi hätt u sech kee sech misse maachen, wann d’Europaparlament net am Virfeld vun där Signature säin Accord ginn hätt zu den Adhésiounstraitéen. D’Europaparlament huet virdru misse gréng Luucht ginn, während déi national Parlamenter déi zwee Verträg elo am Laf vun deenen nächsten 20 Méint musse ratifizéieren. An am Europaparlament, Här Schmit, do schéngt et kuerz viru Schluss nach héich hiergaangen ze sinn. Stoung d’Saach op der Kipp?

Nicolas Schmit: Et war e Risk do, datt effektiv d’Europaparlament u sech net déi Traitéë gekippt hätt, mä si wollten u sech hire Vote retardéieren, ëm e puer Méint. An do ass et manner direkt zumindest iwwer Bulgarien a Rumänien gaangen, wéi ëm e Problem tëschent dem Conseil an dem Parlament, also ëm d’Pouvoire vum Parlament.

Maurice Molitor: Bon, d’Signature huet stattfonnt, loosse mir äis e puer Impres¬siounen dovun ukucken.

[Reportage iwwer d’Bäitrëttszeremonie vu Rumänien a Bulgarien]

Maurice Molitor: D’Signature vum Vertrag heescht nach net automatesch Bäitrëtt op den 1. Januar 2007. Béid Länner hunn nach e bësschen Aarbecht, hei wéi do muss nach e Stéck vum sougenannten Acquis communautaire ëmgesat ginn. Här Schmit, hutt Dir iergend en Zweifel drun, datt déi zwee oder ee vun deenen zwee dat an den Délaie packt?

Nicolas Schmit: Ech hu keen Zweifel. Ech mengen, et ass natierlech eng Pressioun, déi op déi zwee Länner do geluecht ginn ass, fir besonnesch an awer wichtege Beräicher, wat d’Justizreform ubelaangt, wat och verschidden Aspekter am Environnement, wat Rumänien zum Beispill ubelaangt, fir do sech nach a Form ze setzen. An ech mengen, den Drock, deen ass esou, datt déi Länner dat och wahrscheinlech fäerdeg bréngen.

Maurice Molitor: Bei de Bulgaren mécht ee sech manner Suerge wéi bei de Rumänen, ass et esou?

Nicolas Schmit: Bei de Bulgare mécht ee sech effektiv manner Suergen, dofir hunn déi och e bësschen en anere System, wat déi Clause de sauvegarde ubelaangt, wéi d’Rumänen, dofir ass den Drock eigentlech op de Rumäne méi staark wéi op de Bulgaren.

Maurice Molitor: A parallel zu all deem lafe jo schonn erëm Virbereedunge fir eventuell nächst Erweiderungen. Dës Woch waren an deem Kontext och zwou wichteg Reunioune mat der Tierkei a mat Kroatien, mat ënnerschiddlechen Tendenzen, oder gesinn ech dat falsch? D’Tierke schéngen op d’Linn anzeschwenken, déi d’Europäesch Unioun vun hinne verlaangt, während den Toun mat de Kroaten e bëssche méi däitlech gëtt, Europa gëtt ëmmer méi däitlech ze verstoen, dir hutt äis net ganz d’Wouerecht gesot.

Nicolas Schmit: Bon, ech mengen, déi zwee Länner sinn an total verschiddene Situatiounen. Et si jo och total verschidde Länner, och vun der Gréisst hier, vun der Wichtegkeet, wat d’Populatioun an och d’Problemer u sech ubelaangt. Wat d’Kroaten ubelaangt, dat Land huet eng ganz Rei wichteg Fortschrëtter gemaach, notamment wat och hir Economie ubelaangt, mä si hunn e fundamentale Problem, an dat ass eben de Problem vun hirer Vergaangenheet. An dat ass deen eben, dee Generol Gotovina do auszeliwweren, oder zumindest d’Konditiounen esou ze gestalten, datt déi Persoun fonnt gëtt, an datt se virun den Tribunal op La Haye kënnt. Hei war déi Cooperatioun mat dem Geriicht net genügend aus deene verschiddenste Grënn, an och hei muss een also Pressioun op dat Land ausüben, fir datt se eben déi lescht Hürd huelen.

Maurice Molitor: An déi gëtt méi däitlech, déi Pressioun.

Nicolas Schmit: Déi ass däitlech gewiescht, déi ass nach méi däitlech ginn, mä ech mengen, de Message ass ukomm. An déi kroatesch Regierung weess, datt se mussen hei noginn, datt se musse gewësse Saache bei sech an d’Rei bréngen, an ech mengen, dat ass och e salutaire Prozess. Well Europa besteet jo och dodran, sech mat senger Vergaangenheet iergendwéi en cohérence ze setzen. Mir hunn dat alleguer nom zweete Weltkrich misse maachen, an och hei, no deenen dramateschen Evolutiounen an am Balkan, besonnesch an Ex-Jugoslawien, mussen och d’Kroaten dat maachen.

Maurice Molitor: An d’Tierkei?

Nicolas Schmit: D’Tierkei ass op engem schwieregen, laange Reformwee. Och d’Tierkei huet jo eng Vergaangenheet, déi zum Beispill, wat de Genocide vun 1915 un den Armenier ubelaangt, wou se sech nach ëmmer schwéier doen, mat där Vergaangenheet eens ze ginn. An och gëtt gefrot, fir eben déi europäesch Kultur, an ech mengen, dat ass net, dat huet näischt domat ze dinn, ob een en islamesche Stat ass oder eng islamesch Bevëlkerung huet, dat ass einfach eng Kultur mat senger Vergaangenheet, mat der Demokratie, mat de Mënscherechter, op eng gewësse Manéier ëmzegoen. Ech muss soen, d’Tierkei mécht Efforten, mä déi sinn och nach net genügend.

Maurice Molitor: Mä trotzdem, d’Tendenz geet awer an d’Richtung, datt am Hierscht kann ugefaange gi mat Verhandlungen.

Nicolas Schmit: Jo, Dir wësst, datt och d’Tierkei e speziellen Traitement kritt. Den Ufank vun de Verhandlungen heescht net d’Enn vu Verhandlungen. Den Ufank vun de Verhandlunge soll eigentlech der Tierkei e Signal ginn, datt se um europäesche Wee sinn. Ech mengen, dat Land huet jo u sech e Versprieche gemaach kritt 1963, dat si jo schonn e puer Joer hier. An et ass eben elo, no deene Reformen, déi se scho gemaach hunn, un der Zäit gewiescht, fir en neit Signal ze ginn. Mä fir datt do Progrèse kënne gemaach ginn, mussen nach vill Saachen an der Tierkei änneren.

[Reportage iwwert eng rumänesch Noriichtechaîne]

Maurice Molitor: Iwwerall an der Europäescher Unioun beschäftegt d’Erweiderungs¬diskussioun d’Leit ganz staark, Här Schmit, an dobäi vergiesse mir vläicht, datt och d’Leit an deenen zukënftege, vläicht zukënftege Länner sech vill Froe stellen.

Nicolas Schmit: Jo, ech mengen, déi Länner musse jo déi Kultur vun der Integratioun, ech mengen, mir hunn déi elo esou vill Joer hannerun äis, an trotz allem, och bei äis stellen d’Leit sech jo nach Froen. Wann ee gesäit, och déi Diskussioun, déi mir elo hunn iwwer d’Constitutioun, also déi Länner mussen déi Kultur integréieren, si mussen emol iwwerhaapt verstoen, ëm wat et richteg do geet. Hir d’Zil war kloer, si wollten alleguer no Europa zréckgoen, wou hir Plaz jo och ass. Mä op där anerer Säit wësse si net esou genau, wat elo mat hinne geschitt, wéi d’Evolutioun an hirem Land weidergeet. An ech mengen, do ass natierlech e grousse Bedarf, fir de Leit dat no ze bréngen, esou wéi och nach ëmmer bei ons e Bedarf ass, fir de Leit Europa nozebréngen.

Maurice Molitor: D’Presentatrice, déi mir am Reportage gesinn hunn, schéngt eng richteg Vedette ze sinn a Rumänien. Si verdéngt 1 000 Euro de Mount. Do gesäit een och wéi grouss d’Ecarte sinn. Och bei den Europa-Deputéierte sinn d’Ecarte relativ grouss. Bon, et ass e bësschen eng holpreg Kéier, mä mir kréie se awer bei en anere Sujet, deen Iech dës Woch beschäftegt huet, de Statut vun den europäeschen Deputéierten. Dir hutt am Kader vun engem informelle Conseil vun den Europa-Ministeren doriwwer geschwat. Kënnt de Statut eng Kéier, dee gemeinsame Statut vun hinnen all?

Nicolas Schmit: Jo, ech mengen, dee Statut dee war schonn emol ganz no dobäi fir adoptéiert ze ginn, an do ass et echouéiert, well natierlech ëm esou eng Fro, wou et ënner anerem, wéi Dir dat elo ugeschnidden hutt, och em d’Paie geet, ëmmer ganz séier demagogesch kann utiliséiert ginn. Momentan, wéi ass d’Situatioun? U sech ass kee Statut do, d’Deputéierte ginn, d’Europadeputéierte gi ganz verschiddenaarteg bezuelt, si kréien nämlech genau déi Pei, déi och déi national Deputéiert kréien. D’Ecarte sinn enorm, déi leien och ongeféier tëschent 1 000, oder esouguer nach eppes liicht drënner, an 12 000-13 000. Doniewent muss ee soen, datt awer och d’Deputéierten ee Wee fonnt hunn, fir dat e bësschen auszegläichen, an notamment wat de Remboursement vun hire Fraisen ubelaangt. An do kann ee jo vill spillen, deemno wat fir eng Volen een hëlt asw. An et geet also drëm, den Deputéierten, fir déi nämlecht Aarbecht, déi se jo alleguer am Parlament maachen, deen nämmlechte Salaire ze ginn, dat ass normal. Si verbréngen och dee gréissten Deel vun hirer Zäit net an hirem Land, mä zu Stroossbuerg oder zu Bréissel. A gläichzäiteg awer och dann eng voll Transparenz ze kréien, wat de Remboursement vun hire Fraisen ubelaangt, dat heescht, si kréien nëmmen déi Fraise rembourséiert, déi och wierklech ugefall sinn. Dat ass also den Deal, deen an der Diskussioun ass. Mir sinn am gaangen do nach e bësschen un technesche Problemer, wat d’Pensiounen an esou aner Saachen ubelaangt, ze feilen, mä, ech hu festgestallt, datt ënner deenen 25 États membres e large Konsens besteet, fir esou e Statut op där Basis, wou mir elo dat proposéiert hunn, z’acceptéieren. An och am Parlament schéngt et eng Majoritéit ze ginn, fir dat z’adoptéieren.

Maurice Molitor: Den Accord politique ass do, géif een an anere Beräicher soen… [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Jo, ech muss soen, ech si vläicht e bëssche méi virsiichteg.

Maurice Molitor: Gutt, Dir hutt dee Sujet, wéi gesot, op där informeller Reunioun vun den Europaministeren ugerass, wou den Haaptplat awer doranner bestanen huet, e bësschen de Bols ze fillen, wou si mir drun an der Discussioun iwwer d’Finanzperspektivë vun der Unioun 2007-2013. Et ass en extrem komplexe Sujet, deen ee bal net erkläert kritt. Et sinn och extrem komplex Verhandlungen, well se sech net nëmmen um Niveau vum Conseil ofspillen, mä well och d’Europaparlament nach e gewichtegt Wiertche mat ze schwätzen huet. Vläicht virop emol, ech denke jo, datt keen en Interêt kann drun hunn, datt keen Accord zustane kënnt. Gëtt et wéinstens dorop e Konsens?

Nicolas Schmit: Ech mengen, a priori huet keen en Interêt, keen Accord ze maachen. D’Fro ass, wéini kann een deen Accord maachen? An Dir wësst, et sinn natierlech ëmmer Länner, déi soen, u sech ass et besser, keen Accord, wéi een, deen ech als e schlechten Accord gesinn. Och do muss een also e bësschen nuancéieren. Et gëtt Leit, déi maache Rechnungen, an déi soen, majo, wa mir keen Accord hunn, wéivill kascht et dann? Well et muss ee wëssen, och wa mir keen Accord op d’Perspectives financières kriten, wat ech natierlech net hoffen, da gëtt et awer nach en europäesche Budget. Mä da gëtt et aner Regelen, fir deen europäesche Budget z’adoptéieren. An déi Regelen, déi erlaben ons haut scho méi oder wéineger ze rechnen, wat deen europäesche Budget da gëtt. Mir kréien dann natierlech eng ganz Rei aner Schwieregkeeten, fir besonnesch méi laangfristeg Programmer op d’Been ze setzen asw. Fir och vläicht gewësse politesch Accenter méi kloer ervirzebréngen, an dat heescht virun allem, Dir hutt et scho virdru gesot, nach méi Pouvoir fir d’Europaparlament. An do iwwerleeë sech verschidde Leit et awer.

Maurice Molitor: Gutt. Et huet sech bis elo gewisen, datt relativ wéineg Bewegung ass an de Positiounen. De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké sot awer dëslescht eng Kéier no engem Conseil, en hätt trotzdem ëmmer nach grouss Ënnerscheeder an de Positioune festgestallt, datt den Interêt klëmmt, fir dat Ganzt ënner Lëtzebuerger Presidence ze clôturéieren, well den Englänner net genuch Confiance gemaach gëtt. Spiert Dir dat och?

Nicolas Schmit: Et muss een emol éischtens soen, datt am Stadium, wou mir elo sinn, wou mir jo awer nach e Mount an en halwen hunn, wou et en plus nach a verschiddene Länner Wahle gëtt, et absolut normal ass, datt sech net extrem vill no bausse beweegt. Mä et gëtt dat, wat d’Leit no baussen affichéieren, an da gëtt et déi Discussiounen, déi een, ech wëll net soen ënner véier Aen, mä bal, mat de Leit huet, an da gesäit een awer, datt d’Positiounen och do e bëssche bougéieren. Ech sinn der Meenung, datt et méiglech ass, fir ënner Lëtzebuerger Presidence ofze¬schléissen. An datt och vill Länner der Meenung sinn, datt dat vläicht déi bescht Optioun ass, net well d’Englänner dat net kéinten, ech mengen, déi sinn absolut dozou fäheg, si hunn et d’ailleurs och schonn eemol gemaach, 1992, mä besonnesch, well se e ganz héijen, direkten Interêt an där Negociatioun hunn. An dat mécht vläicht d’Saache méi schwiereg.

Maurice Molitor: Mä wou gesitt Dir dann déi gréisst Chance e Kompromëss ze fannen? Ass dat am abléckleche Finanzéierungsmodus, wou jo de Beitrag, d’Memberskaart, wann een esou ka soen, fir an d’Unioun, opgrond vum nationale PIB an all Land ausgerechent gëtt, oder leien déi Chancen éischter an neie Finanzéierungsmodalitéiten?

Nicolas Schmit: D’Finanzéierungsmodalitéite si jo verschiddenaarteg. Dat, wat Dir ugeschwat hutt, dat ass een Element vun de Finanzéierungsberechnungen, wat jiddweree muss an d’gemeinsam Keess bréngen. Dat ass net deen Eenzegen. Iwwer nei Finanzéierungsmodussen ass eigentlech schonn decidéiert ginn, datt an dësem Round net géif diskutéiert ginn. Well d’Fro natierlech vun enger méiglecher europäescher Steier, déi steet ëmmer am Raum, mä dat ass natierlech en extrem sensible politesche Sujet, an dee wäert och bei dëser Negociatioun net ugeschnidde ginn. Dee kënnt iergendwann méi spéit, vläicht bei deem nächsten Round, mä elo net. Mir bleiwen also an deem Kader, deen elo grosso modo schonn existéiert.

Maurice Molitor: Dir hutt awer op ärer Informeller verschidde Méiglechkeeten diskutéiert, fir de Bols ze fillen, zum Beispill d’Renationaliséierung vun eenzelne Politiken, vun der Agrarpolitik zum Beispill. Ech ka mir virstellen, datt den Accord do nach méi schwéier ze fannen ass wéi op dem ganze Package vun de Finanzperspektiven.

Nicolas Schmit: De Punkt ass deen, datt d’Agrarausgaben nach ëmmer en héiche Prozentsaz, em 40% vum globalen europäesche Budget, ausmaachen. Aner 40%, dat ass dat, wat mir Cohesiounspolitik nennen, dat heescht haaptsächlech Transferte vun deene räiche Länner op déi méi aarm, oder vun deenen op déi méi aarm Regiounen. Bon, wann een also ufänkt e bëssche ronderëm ze tesselen, fir den allgemengen Niveau e bësschen ze senken, par rapport zu deem, wat d’Kommissioun proposéiert huet, da kënnt een op ee grousse Problem, dat ass datt u sech den Agrarbudget, oder d’Agrarausgabe schonn agreéiert sinn. Déi goufen 2002 agreéiert, virum groussen Elargissement. An d’Iddi fir elo ze soen, mä da musse mir vläicht kucken, vläicht awer déi e bësschen ze senken, an dat kofinanzéieren ze loosse vun de Memberstaten, dat ass eng Iddi, déi am Parlament u sech nei entstanen ass, déi gouf et scho bei aneren Negociatiounen, mä déi ass awer elo vum Parlament nei op d’Tapéit komm. Ech hu festgestallt, datt den Interêt fir esou eng Solutioun, no deem éischten Tour de table, dee mir dann haten, net ganz grouss war.

Maurice Molitor: Et ass och geschwat ginn iwwer méi Flexibilitéit. Wat heescht Flexibilitéit am Zesummenhang mat de Finanzperspektiven?

Nicolas Schmit: Datt een u sech vill méi am Budget ka spillen, datt ee vu verschiddene Rubrike Sue kann ewechhuelen, an op aner Rubrike setzen. Datt een eng Reserv huet fir gewëssen Imprevuen ze finanzéieren. Hei ass natierlech d’Parlament Demandeur, well d’Parlament spillt gären, natierlech well se ëmmer nei Iddien hunn, wat een nei vu Politike kann entwéckelen, a fir déi natierlech kënnen ze finanzéieren brauch een e gewëssene Volume, fir méi flexibel kënnen ze finanzéieren. Och hei hunn ech festgestallt, datt u sech d’Memberstate ganz retizent sinn.

Maurice Molitor: Bon, déi ganz Diskussioune ginn elo an hir decisiv Phase, d’Presidence huet dës Woch eng liicht remaniéiert Versioun vun hirer Negociating  box, wéi dat am EU-Slang heescht, virgeluegt, dat heescht, de Kader bannen deem soll verhandelt ginn. Mir hu vill Kritik missen astiechen, huet de Jean Asselborn gesot, mä ech sinn awer gudder Déng.

Nicolas Schmit: Jo, mir hunn natierlech Kritike kritt. Firwat? Well mir de globalen Niveau, do kloer Indicatioune ginn hunn, datt mir de globalen Niveau vun den Depense musse senken, well soss kënnt et net zu engem Accord. Dir wësst, datt eng Rei Länner sech op 1% ageschoss hunn, wat och net realistesch ass, mä global muss een de Niveau senken. Mir sinn also haaptsächlech vun deene Länner, déi bis elo grouss Beneficiaire waren, respektiv vun deenen, déi hoffen, grouss Beneficiairen ze ginn, nei Memberstaten, kritiséiert ginn, mir géifen do e bëssche rabiat mat de Cohesiounsfongen, dat heescht also, déi Transferten op déi méi aarm, ëmgoen. Wann een dat e bëssche méi vun no kuckt, da gesäit een, datt dat net grad de Fall ass, an datt schonn awer deen Effort de solidarité, deen do virgesinn ass, grouss ass.

Maurice Molitor: Dir hutt als leschte Punkt och geschwat iwwer d’Strategie, déi een aschloe misst, kéint, sollt, wann d’Fransousen sollten Nee soen zu der Europäescher Verfassung beim Referendum. De Premier war dës Woch zu Stroossbuerg relativ formell, ganz formell esouguer, et gëtt net noverhandelt, sot en. Heescht dat am Kloertext, datt iergendwann awer alles op e Kär-Europa, d’Europa vun den zwou Vitessen eng generaliséiert Coopération renforcée vun deenen, déi wëlle méi wäit goen, erausleeft?

Nicolas Schmit: Éischtens, ech mengen, dat, wat de Premier gesot huet, datt de Prozess muss weidergoen, och wann et, pas impossible, zu engem Nee a Frankräich soll kommen, da muss dee Ratificatiounsprozess an alle Länner weidergefouert ginn. Et ka jo och net esou sinn, datt d’Meenung, déi scho vu verschiddene Länner expriméiert gouf, ech mengen, d’Spuenier hu sech expriméiert, datt dat einfach op d’Säit geluecht gëtt, datt deenen hire Vote net gëllt, well en anert Land elo emol Nee seet. Dat ass deen éischte Punkt. Deen zweeten ass deen, nei verhandelt kann och net ginn, ech mengen, mir wéisste jo och net genau, wat de Message ass, wat soll elo nei verhandelt ginn? Ass dat, well Europa net soll sozial genuch sinn? Ass dat, well Europa ze wäit geet? Wat besonnesch verschidde Kreeser, Souverainisten, wéi ee se nennt a Frankräich, soen, et ass also ganz schwéier do, e klore Message ze kréien. Wat nun dat Kär-Europa ubelaangt, ech wëll déi Optioun ni ausschléissen, mä datt awer gläichzäiteg en Nee soll automatesch an e Kär-Europa féieren, schéngt mir och net eng ganz credibel Optioun ze sinn. En Nee heescht emol, e gewëssenen Desordre an Europa, an dat ass dat, wat Europa momentan och an där globaler Welt, wou mir elo liewen, mat deene Problemer, mat deene mir konfrontéiert sinn, et ass deen Desordre, wou Europa momentan net brauch.

Maurice Molitor: Nach hunn d’Fransouse jo net Nee gesot.

Nicolas Schmit: Ech hoffen.

Maurice Molitor: Vläicht gëtt de Rescht vun Europa jo nach iwwerrascht. Merci villmools, Här Schmit, fir Är Visite hei am Studio an Är Explicatiounen.

Dernière mise à jour