Lucien Lux au sujet du protocole de Kyoto et de l´Eurovignette

Maurice Molitor: An deem Land, deem säi Premier also uganks der Woch also zu Lëtzebuerg war, gëtt et eng Stad, déi heescht Kyoto. An den Numm vun där Stad ass zënter enger ganzer Rei Jore schonn enk verbonne mat de Beméiungen fir de Klimaschutz. Mëtt Februar ass de Klimaschutzprotokoll a Kraaft getrueden, e leeft bis 2012. Et ass deemno näischt ze fréi fir sech scho Gedanken ze maachen iwwer déi Zäit no deem Protokoll, post-Kyoto nennt een dat. An dat hunn déi europäesch Ëmweltministeren och ënner dem Impuls vum Lucien Lux gemaach. Här Lux, Dir hutt méi am Fong gemaach wéi Iech just de Kapp doriwwer ze zerbriechen. Dir hutt chiffréiert Ambitioune festgeluegt an dat géint de Wëllen am Fong vun der Kommissioun. Firwat huet d’Kommissioun esou gezéckt?

Lucien Lux: Ma ech mengen, mir haten eng, et kann ee soen, eng taktesch, eng strategesch Diskussioun, wéi geet een am beschten ëm mat deene Länner, déi een nach gären zousätzlech an d’Boot muss kréien fir déi Period no 2012. Et denkt een natierlech un alleréischter Stell un d’Amerikaner, gréisste CO2-Emitter, dee mir iwwerhaapt hunn, mä ech mengen, mir hunn och mat Australien, mat Kanada a mat anere Länner schwiereg Diskussiounen an deementspriechend huet d’Kommissioun éischter gesot: "ll est urgent d’attendre". Éischter gesot, loosse mir virsiichteg sinn, loosse mir se net aggressiv ugoen, loosse mir se net erféieren, a mir waren awer an enger grousser Majoritéit vun Ëmweltministèren éischter der Meenung, datt een de Leadership op deem Gebitt, den europäesche Leadership, datt een dee kloer muss weisen, an datt een deen aneren net doduerch iwwerzeegt, datt een esou recroquevillé sur soi-même ass, mä datt ee selbstbewosst no fir geet. An ech mengen, dat huet sech schlussendlech duerchgesat.

Maurice Molitor: Bon, déi chiffréiert Ziler hunn et a sech. Bis 2020 sollen CO2-Emissiounen em 15-30% erofgeschrauft ginn, bis 2050 esouguer em 60-80%, ëmmer am Verglach mat 1990. Ass dat elo just eng Verhandlungspositioun vun der EU oder ass dat och en Zil, wat d’EU selwer, onofhängeg vun deenen aneren, egal wéi bei sech ëmsetze wëll?

Lucien Lux: Ech mengen, et ass virun allem dat, wat d’Wëssenschaft äis seet, wat noutwenneg ass, fir datt d’Temperatur net iwwer 2 °C par rapport zum Ufank vun der Industrialiséierung an d’Luucht geet. Wa mir iwwer 2 °C ewech ginn, da bedeit dat eng ganz Rei vu Saachen, déi mat der Augmentatioun vum Mieresspijel ze dinn hunn, déi awer och generell mat der Biodiversitéit, mat der Tatsaach, datt mir vill méi grouss Drëcheperioden, déi an der Drëtter Welt verheerend, katastrophal Folge wäerten hunn. De Mieresspijel, wann dee weider esou augmentéiert, a bis zu 5,8 °C d’Temperatur an d’Luucht geet, bis 2100, wa mir esou weider fueren, wéi mir elo am gaange sinn, dann heescht dat, datt de Mieresspijel wäert dozou féieren, datt 150 Millioune Leit zousätzlech mat de Féiss am Waasser stinn, an et deementspriechend och katastrophal Ëmstänn, sou datt dat à ce stade a sech nëmmen, wéi soll ech soen, eng Ëmrechnung ass vun engem Zil, wat ee sech setzt, a wou d’Wëssenschaft seet, wann Dir dat wëllt erreechen, da sinn dat do déi Reduktiounen, déi Dir braucht.

Mir wëssen awer ganz genau, datt mir muer an de Verhandlungen, déi elo uginn, an Enn 2005, datt mir net mat Indien oder mat China, déi an engem wirtschaftlechen Opschwongprozess sinn, datt mir deene kënne soen, Dir musst em 30 oder 40% erofsetzen, deementspriechend mengen ech, muss do déi Zilsetzung vill méi, et gëtt gesot, et ass eng Multi-stage-Approche, dat heescht, jidder Land muss no senge Kapazitéiten, no senge Fähegkeeten da versichen, sech Zilsetzungen ze ginn.

Maurice Molitor: Jo, mä d’Amerikaner, da loosse mir déi huelen, loosse mir déi opstriewend Natiounen emol ausklammeren, d’Amerikaner, wann déi scho bei deene verhältnisméisseg bescheidene Reductiounsziler vum éischte Kyoto-Protokoll Raute wénken, wéi solle se dann op déi 60-80% bis 2050 reagéieren?

Lucien Lux: Ech mengen, dat ass och eng Discussioun, déi mir mat den Amerikaner jo op eng ganz schwiereg Aart a Weis féieren, säit Wochen a säit Méint. D’Amerikaner hunn eng Attitude, déi ganz economesch ass, ganz ausgeriicht ass op Innovatioun, op Recherche, op technologesche Fortschrëtt, si soen, déi beschte Method ass, datt d’Economie, datt déi wiisst, datt d’Economie, datt déi innovéiert, datt déi versicht, nei Produktiounsmëttele sech ze ginn, datt mir bei den Autoen d’Recherche weider dreiwen, iwwer dee Wee kënne mir ganz drastesch Reductioune maachen. Mir woen ze bezweifelen, datt dat jiddefalls deen eenzege Wee ka sinn, dat ass sécherlech eng Approche, mä et ass net déi eenzeg. Mir mussen och volontaristesch eege Reductiounsziler kréien, datt mir dat mat der Administratioun Bush fäerdeg bréngen, dat wäert ganz schwiereg ginn, mä ech mengen, mir hunn et jo emol fäerdeg bruecht, datt mir elo gemeinsam Aarbechtsgruppe maachen.

Maurice Molitor: Bon, an d’Administratioun Bush ass och net bis 2050 do.

Lucien Lux: Et wier ze hoffen, wann ech dat als Minister dierf soen.

Maurice Molitor: Gutt, deen zweete Sujet op deen Dir e Kompromëss hikritt hutt an engem anere Ressort, e Kompromëss wou virdrun zwou Presidence sech Zänn ausgebass hunn, dat ass um Thema Eurovignette. Bon, Eurovignette, den Terme verréit jo net ganz dat, wat et u sech ass. Et geet net em eng gemeinsam Vignette, déi a ganz Europa gëllt. Firwat eigentlech net, kann ee sech froen?

Lucien Lux: Ech mengen, hei an deem Dossier huet ee gemierkt, datt et ganz ënnerschiddlech Zilsetzunge gëtt vun deenen eenzelne Länner. Ech mengen, et huet ee periphär Staten, déi bezuelen hei nëmmen, an et huet een déi Staten, déi an der Mëtt sinn, déi akasséieren, a wann een an Europa esou Situatiounen huet, da weess ee wéi schwiereg et ass, fir zu engem Accord ze kommen. Hei ass also a sech e Rahmen innerhalb vun deem sech dann d’Mautsystemer oder wéi mir als Lëtzebuerg, mir si jo am Eurovignette-Verband dran, mat fënnef anere Staten, wéi déi sech kënne bewegen, an et war enorm schwiereg an deene Wochen, fir do zu engem Accord tëschent deenen ënnerschiddlechen Interêten, déi do sinn, ze kommen. Mä et ass en enorm wichtegen Accord.

Den Här Ludewig, dat ass de Chef vun den europäeschen Eisebunnsgesellschaften, huet zu Beetebuerg um Hearing, dee mir haten, iwwer d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Eisebunn gesot, d’Eurovignette ass honnert Mol méi wichteg wéi d’Liberaliséierung, well d’Eurovignette dat eenzegt Instrument ass, wat äis erlaabt, fir e faire Wettbewerb an der Verdeelung vun de Käschten ze kréien, tëschent der Strooss an der Schinn. Well schlussendlech ass et ëmmer eng Fro vun Tarif, vu Präis och, op een op d’Schinn oder op d’Strooss geet, an dee faire Wettbewerb hu mir haut net, an d’Eurovignette ass de Moyen, fir et fäerdeg ze bréngen.

Maurice Molitor: Bleift dat da wouer, och wann d’Memberlänner just nach recommandéiert kréien, den Erléis aus hire respektive Peagen an den Transport ze investéieren? Et ass jo keng Mussesaach.

Lucien Lux: Et ass keng Mussesaach. Op där anerer Säit hu mir emol wéinstens fäerdeg bruecht, datt alles dat wat an de Sous-Peagen ass, dat wat also an de Biergregiounen, de Päss an esou virun, wat do, dat heescht déi sougenannte Mark-ups, méi erageholl gëtt, ka schonn automatesch an alternativ, also an eng Querfinanzéierung goen. An ech muss éierlech soen, fir mech war deen Accord do wierklech e Minimum, an ech erhoffe mir wierklech, datt an den Discussiounen déi elo mam Europaparlament uginn, dat jo a senger Positioun vill méi wäit geet, zum Beispill an där Fro vun der Zweckfinanzéierung, an der Fro vun den externe Käschten nach méi an den Tarif mat abezéien, dat och op dem Niveau vun den ökologesche Sous-Peagen nach méi wäit geet, wéi deen Accord hei. A mir hunn hei Co-Decisioun, mir kommen hei héchstwahrscheinlech an eng Schlichtung och eran, tëschent dem Europaparlament an dem Conseil. Déi Schlichtung, wann dat normal geet, fält ënner d’Presidence vun den Éisträicher an ech mengen, dat mécht mech a sech hoffnungsvoll, datt e Land wéi Éisträich, wat wierklech matten an dem Problem drasëtzt, et wäert fäerdeg bréngen, fir hei nach e bëssche méi erauszehuelen.

Maurice Molitor: Dir hutt gesot, mir sinn am Eurovignetteverband. Entschëllegt, ech gi mir elo vläicht eng Bléiss, mä heescht dat, datt mir och Peage kasséiere fir d’Camionen iwwer 3,5 Tonnen?

Lucien Lux: Jo, mir hunn haut schonn d’Eurovignette. Mir hunn also mat de Benelux-Länner, mat Schweden, si mir am Eurovignetteverband dran, dat heescht, haut bezuelt een och schonn eng Eurovignette fir Lëtzebuerg. Mir waarden elo emol of, wéi den definitiven Accord hei ass, well hei ass jo emol den éischten Accord politique, mä, ech mengen, de Ball ass awer elo ugespillt, et gëtt och elo Fristen, ech mengen, mir mussen elo zu engem Accord kommen, an da musse mir mat eise 5 Länner, déi mat äis an deem Verband dra sinn, kucken, wéi mir dat ëmsetzen. Mir kënne méi en héigen Dagespräis rechne vun 8 Euro op 11, mir kënnen och um Niveau vun den ökologesche Mark-ups elo vu 50 bis zu 100% méi froen, dat heescht, och dat hu mir dann ëmzesetzen, an der Hoffnung wéi gesot, datt den Accord awer nach vläicht e bëssche méi Sputt gëtt, wéi en es haut gëtt.

Maurice Molitor: Mä d’Finalitéit vun deem Accord ass et, datt am Fong d’Camionen, d’Camionneuren dozou bäidroen, datt iergendwann esou vill Sue kënnen an d’Schinn gestach ginn, fir de Wuerentransport iwwer d’Schinn méi attraktiv ze maachen.

Lucien Lux: Et ass evident. Ech mengen, et ass ganz kloer, wann ee sech zréckdenkt, da war schonn ënner enger Presidence vum Jacques Delors, waren déi grouss europäesch, transeuropäesch Netzer, och Schinnenetzer ware schonn ee vun de grousse Sujete. Mir sinn do net gutt weider komm, mä mir hunn 30 Projeten do leien, déi ganz vill Geld wäerte kaschten, déi iwwregens e formidabelt Beispill vun nohalteger Entwécklung sinn, si bréngen economesch Croissance mat, si sinn eng Bekämpfung vu Chômage a si si virun allem ökologesch nëtzlech, well se äis um Niveau vu Kyoto an aneren Zilsetzunge weider bréngen. Dofir si se enorm wichteg, a si sinn och immens wichteg um Enn vun der Presidence am Juni, wa mir iwwer d’finanziell Perspektive schwätzen, och wann do net en Hoff iwwer den Dogma vun den 1% kënnt, da brénge mir deen do Defi net fäerdeg.

Maurice Molitor: Ech hunn am Ufank vun der Émissioun gesot, post-Kyoto an d’Eurovignette wäre grondverschidden Domainen, da muss ech mech do corrigéieren.

Lucien Lux: Si hu ganz vill mateneen ze dinn.

Maurice Molitor: Gutt, merci villmools, Här Lux, fir déi Explicatiounen.

Lucien Lux: Merci.

Dernière mise à jour