Claude Wiseler au sujet du chantier "Nordstrooss"

Diane Klein: Dat Schlësselelement ass den Tunnel Grouft, deen Tunnel am speziellen, an ëm d’Nordstrooss am allgemengen, geet et an den nächste Minutten mat eisem Invité, dem Bauteminister Claude Wiseler. Gudde Mëtteg, Här Wiseler.

Claude Wiseler: Gudde Mëtteg.

Diane Klein: D’Gemeng Luerenzweiler invitéiert den Owend um 7 Auer an de Centre culturel op Hielem op eng Informatiounsversammlung. De Chantier fir den Tunnel Grouft mat senge knapp 3 Kilometer, 5 Bunnen a mat ronn 680.000 Kubikmeter Buedem a Steng, déi eraus mussen, soll véier an en halleft Joer daueren. Et ass normal, datt d’Leit vu Luerenzweiler sech Gedanken iwwer säin Oflaf maachen. Wéi muss ee sech déi Organisatioun virstellen?

Claude Wiseler: Jo, et ass normal, datt d’Leit sech Gedanke maachen iwwer den Oflaf, an dofir ass et och normal, datt mir op Luerenzweiler ginn, fir déi Informatiounen ze ginn, déi mir wëssen, well déi Explicatioune si mir selbstverständlech de Leit schëlleg. Dee Chantier, d’Installatioune vum Chantier, déi hunn ugefaangen, elo de 14. Februar, an dat richtegt Buere vum Tunnel, dat wäert a sech lassgoen, am Prinzip, just virun der grousser Vakanz. Et ass e komplexe Projet, et ass e Projet, deen effektiv véier an en halleft Joer dauert, wou vill Material muss erausgeholl ginn, wou vill Material muss dohinner bruecht ginn, an dofir sinn och eng ganz Rei Detailer, déi geregelt ginn, déi mir och zu engem Deel scho mat der Gemeng, mam Schäfferot vu Luerenzweiler, duerchgeschwat hunn, fir ze kucken, déi Aarbechten esou hinzekréien, datt se esou mann wéi méiglech Influenz op d’dagdeeglecht Liewe vun de Leit hunn, esou mann wéi méiglech stéieren. Natierlech, et ass e grousse Chantier, an et wäerten och eng ganz Rei Saachen do geschéien.

Diane Klein: D’Belaaschtung vum Camionstrafic ass reell, si kann net kleng geried ginn, mä gouf eng Léisung fonnt, fir déi Belaaschtung a Grenzen ze halen?

Claude Wiseler: D’Belaaschtung ass net kleng, mir hunn a sech probéiert, e puer Saachen ze maachen, fir se a Grenzen ze halen. Dat Éischt, wat gemaach ginn ass, dat ass, datt am Joer 2002 en extraen Zuchquai gebaut ginn ass, deen äis erlaabt, e ganz groussen Deel vun de Wueren, net duerch den Uelzechtdall, mä iwwer den Zuch bis dohinner ze bréngen, an dann direkt op dem Chantier selwer, sur place, ze hunn.

Do muss ee ganz einfach wëssen, datt vun 2002 un schonn 150.000 Tonnen dohinner bruecht gi sinn, datt elo gerechent mat dem Bau vun dësem Tunnel, datt mir 280.000 Tonnen iwwer d’Schinn bréngen. Dat heescht, wann een dat ëmrechent, quasiment 10.000 Camionen, déi net brauchen iwwer d’Strooss ze fueren. Dat ass dat Éischt.

Dat Zweet, dat ass, et ass evident, datt awer nach eng Rei Saache mussen och iwwer d’Strooss kommen. Mir probéieren alles dat, wat am Südportal ass, dat heescht, wat uewen um Tunnel ass, probéiere mir dann iwwer d’Strecke vum Süden eranzebréngen, dat wat am Nordportal ass, iwwer d’Streck vum Norden, soudatt mir esou mann wéi méiglech Verkéier vun dem Nord- op de Südportal mussen organiséieren, deen noutgedrongener Weis iwwer déi kleng Stroossen déi do sinn, da muss goen. Dann hu mir probéiert, esouvill wéi méiglech ze reduzéieren.

An dann ass et och esou, datt mir kucken, all déi Decheten, déi erausgeholl gi sinn, aus dem Nordportal, déi ginn direkt op d’Decharge vum Schwunnendall gefouert, par contre déi, déi mir uewen eraushuelen, déi ginn op der Plaz gelagert, provisoresch uewen, datt mir net mussen duerch déi kleng Stroosse fueren. An da wann den Tunnel bis op ass, a mir kënnen duerch den Tunnel mat de Camione fueren, dat heescht, d’Leit net stéieren, da ginn déi eréischt erofgeholl, fir op d’Decharge ze huelen. Dat heescht, wierklech esou mann wéi méiglech probéieren, Trafic eranzebréngen, esou vill wéi méiglech probéieren z’evitéieren.

Diane Klein: Bis et esou wäit ass, et muss fir den Tunnel Grouft och gesprengt ginn, an der Géigend sinn Haiser. Et dierften den Owend wuel och Froe kommen, op et e Risiko vun eventuelle Rëss gëtt.

Claude Wiseler: Zwou Saache sinn dozou ze soen. Dat Éischt, dat ass, datt déi Sprengtechnik, wat eng Technik ass, déi awer relativ evoluéiert ass, wou bal keng Vibratioune mat där Technik, déi elo gebraucht gëtt, entstinn, soudatt ech mengen, datt een dat ka vum techneschen hier a Grenzen halen. Mir hunn awer als Virsiichtsmossnam et esou gemaach, datt mir déi Haiser, déi ronderëm op 500 Meter leien, expertiséiere virdrun, wa géinge Problemer opkommen. Ech denken, datt keng opkommen, mä wann der géingen opkommen, datt mir awer da mat de Leit kënnen dat esou maachen, datt et korrekt ofleeft.

Diane Klein: 1997 scho war e Budget vun 336 Milliounen Euro gestëmmt ginn, mä dat geet net duer, et muss eng säfteg Finanzsprëtz nokommen. De Projet, deen d’Regierung fir den Depassement op den Instanzewee schéckt, huet ee ganz héige Montant dra stoen, Här Wiseler, 229 Milliounen Euro. Hat äre Virgänger deemools, den Här Goebbels, ze knapp gerechent? Firwat déi héich Zomm, déi muss nogeschoss ginn?

Claude Wiseler: Do sinn elo eng ganz Rei Froen, déi Dir matenee stellt. Éischtens, wëll ech soen, datt déi Zomm, déi elo muss nogeschoss ginn, net just fir den Tunnel Grouft selbstverständlech ass, mä fir deen Tronçon vun der Nordstrooss, deen a sech vum Contournement Miersch geet bis zu der Tréierer Autobunn. Ech muss soen, et ass ganz schwéier fir am Joer 1996, 1997, wann een e Gesetz stëmmt, iwwer esou e grousse Chantier, fir dann ze gesinn, wat een am Joer 2011, 2012, 2013, wann déi Strooss fäerdeg gëtt, ausginn huet. Do leie méi wéi 15 Joer dotëschent, dat ass esou e grousse Projet, deen do gemaach gëtt, datt et bal onméiglech ass, fir am Fong eng Previsioun ze maachen.

Déi Projeten, déi ech an Zukunft wëll maachen, wéi zum Beispill zu Esch d’Liaison Micheville, sinn ech elo higaangen, an ech soen, ech maachen een Deel nom aneren, an ech ginn och mat engem Finanzdeel no deem aneren an d’Chamber, fir esou kënnen z’assuréieren, datt ech méi no bei de Budgete bleiwen. Do kann een natierlech engem virwerfen, datt mir dat elo an Tranchë schneiden, an net wëllen alles direkt soen, mä wa mir et direkt soen, geschitt dat wéi bei der Nordstrooss, an dofir mengen ech, ass et politesch méi propper a méi kloer, fir et esou ze maachen, fir et also an Tranchen eranzeginn.

Dat Zweet, wat ee muss soen, dat ass och, datt wéi dee Projet 1996 gestëmmt ginn ass. An hei geet et ëm e Projet vu 15 Kilometer Längt, woubäi een awer muss wëssen, datt 9 Kilometer vun deenen 15 Kilometer a sech Ouvrages d’art sinn. Wat heescht dat? Dat sinn entweder Tunnellen oder Brécken, 9 Kilometer vun deenen 15.

An da weess een och, datt a sech déi, no deenen Accidenter déi mir haten, a verschiddenen europäeschen Tunnellen, och d’Sécherheetsmoossnamen an deenen Tunnellen enorm an d’Luucht gaange sinn. Mir sinn zum Beispill an dem Tunnel Grouft, dee mir elo bauen, an deem enge Wee vun zwou op dräi Spueren eropgaangen, an do brauch een net ze mengen, wann een eng Spuer méi mécht, datt dat just e wéineg méi eng breet Strooss ass. Nee, dat heescht, datt de ganze Bou, dee muss gebaut ginn, u Volume enorm zouhëlt, an dee Moment de Käschtepunkt och enorm zouhëlt. Déi ganz elektromechanesch Saache sinn iwwerkuckt ginn, fir d’Sécherheet am Tunnel ze garantéieren. Et ass esouguer an der Mëtt vum Tunnel en neien Nouttunnel gemaach ginn, fir an der Mëtt kënne besser z’evacuéieren, wann dann eng Kéier e Problem wier, dee mir hoffentlech net kréien, mä wann dann ee wier, datt mir do awer kënnen esou sëcher si wéi méiglech. Och dat huet zousätzlech Käschten. Mir hunn also haut am Fong net en Tunnel vun 3.000 Meter, mä mir hunn zwee Tunnelle vun 1.500 Meter, wat d’Sécherheetsanlagen ugeet, wat wesentlech ass.

An eng ganz Rei Saachen esou dobäi gezielt, esou kënnt och zum Beispill, datt am Gousseldenger Bierg den Tunnel deelweis gerutscht ass, mat Accidenter, déi esou kënne virkommen, a wann een dat alles zesummerechent, dat hei an nach e puer aner Saachen, da sinn déi do Iwwerschreidungen duerchaus explicabel. Ech wëll se an de Grëff kréien, duerch aner Prozeduren, an haaptsächlech andeem ech an zukünftege Projeten een Deel nom aneren evoluéieren a stëmmen.

Diane Klein: Dat heescht, dat ass einfach déi ganz Planificatioun, déi ännert, well et kann ee jo net ëmmer am Nachhinein, wéi an dësem Fall ganz berechtegt, nei Sécherheetsbestëmmungen fir den Tunnel invoquéieren, oder eng Durée vun engem Chantier. Dat heescht, à la base, muss do ëmgeduecht ginn.

Claude Wiseler: Jo, natierlech muss à la base ëmgeduecht ginn. Et ass kloer, datt een net dierf higoen, an e Chantier normalerweis, oder e Projet, während dem Chantier änneren, wann ee wëll eng Planungssécherheet hunn. Dat ass de grousse Prinzip. Dee wëll ech och op normale Chantieren duerchsetzen. Elo kommen natierlech awer Chantieren, wéi deen hei oder wéi d’Cité judiciaire, wou mir vläicht spéider nach eng Kéier driwwer schwätzen, wou einfach während der Bauphase an der Planungsphase Saachen op een zoukommen, wou da gesot gëtt, mä dat do, wa mir dee Projet wierklech wëllen eppes gi loossen, wa mir wierklech wëllen dat abauen, wat mir awer brauchen, fir d’Sécherheet z’assuréieren, oder fir aner Saachen, da musse mir ëmplangen, an dann hätt ech gäre mat der Chamber zesummen eng Prozedur, wou am Laf vum Chantier dat ka kloer gestallt ginn, well hei maache mir jo näischt Falsches. En fin de compte maache mir hei richteg Saachen, an ech géing déi gären an aller Transparenz mat der Chamber, mä awer och mat de Leit dobaussen, déi dat richtegerweis enk kucken, an och sech duerchaus berechtegterweis kënne froen, wat mat hire Sue gemaach gëtt, fir dat an Transparenz an an Diskussioun kënnen duerchzesetzen.

Diane Klein: Wann Dir do déi nei Prozedur da bis sproochräif hutt, géif Dir dann eventuell och op de Wee goen, fir verstäerkt Fonctionnements- respektiv Gestiounskäschten, dat heescht, wat duerno, wann de Projet bis realiséiert ass, fir deene méi Rechnung ze droen, well dat ware jo och schonn emol Kritiken déi koumen, datt do einfach zevill knapp och gerechent gëtt.

Claude Wiseler: Jo, also ech mengen, wat d’Fonctionnements- an d’Gestiounskäschten ugeet, déi kann een an zwee deelen. Dat Eent, dat sinn d’Fonctionnementskäschten, wat, wann een e Bau mécht, wat dat kascht, fir et all Dag fonctionnéieren ze loossen. Fir et propper ze maachen, fir déi Leit déi dra sinn, dat ass dat eent. Ech mengen, dat muss am Viraus planifiéiert ginn. Dat ass elo awer net de Bauteministère, deen dat noutgedrongener Weis mécht, dat ass normalerweis deen Departement, deen sech dorëm bekëmmert.

Par contre, wat dem Bauteministère seng Responsabilitéit ass, dat ass, fir déi Entretienskäschten, déi e Gebai brauch fir iwwer d’Joren och kënne korrekt ze sinn, fir net futtizegoen, fir och déi Reparaturen ze kréien, déi et regelméisseg einfach brauch, fir dat och anescht ze planifiéieren. Ech sinn der Meenung, datt mir e Fong brauchen, deen äis erlaabt, déi Finanze regelméisseg ze hunn, fir alljährlech oder all 5 oder all 10 Joer déi Revisiounen op eise Gebaier ze maachen, déi mir brauchen. Ech mengen, datt wa mir dat anescht, méi konsequent organiséieren, dat äis à la longue, op d’Dauer Sue wäert spueren.

Diane Klein: Här Wiseler, et ass schonn eng Auer, mir si leider um Enn vun eiser Zäit ukomm. Ech soen Iech villmools Merci fir Äre Besuch hei am Studio.

Claude Wiseler: Merci och.

Dernière mise à jour