Luc Frieden au sujet du budget de l'État

Francine Closener: D’Statskonte vun zejoert si gesond, dat huet de Budgetsminister Luc Frieden de Moien op enger Pressekonferenz annoncéiert a fir an den Detail ze goen, begréissen ech de Minister elo bei äis am Studio. Luc Frieden, gudde Mëtteg.

Luc Frieden: Bonjour.

Francine Closener: Et ass dach zimlech exceptionnell, datt et extra eng Pressekonferenz gëtt, fir iwwert d’Statskonte vun deem Joer virdrun ze schwätzen. Emol wéineg provokativ gefrot, hätt Dir déi dann och gehal, déi Pressekonferenz, wann d’Zuelen net grad esou positiv gewiescht wieren?

Luc Frieden: Ech menge schonn, well et geet schlussendlech ëm d’Gestioun vun de Steiersuen. De Budget ass d’Basisgesetz vu ganz ville Politikberäicher. Mir hunn dat normalerweis mat traitéiert, wa mer den neie Budget gemaach hunn, mä vu datt mer de Budget elo am Hierscht maachen, op d’mannst politesch ofhaken am Hierscht, huet et mer wichteg geschéngt elo ze kucken, wou sti mer nom Ofschloss vun de Konten 2004.

Francine Closener: A sech hat d’Regierung jo beim Budget fir 2004 mat engem Defizit vun 88 Milliounen Euro gerechent, elo ass, wéi et schéngt, een Excédent vun 71 Milliounen erauskomm. Wourunner läit dat dann? Wou sinn déi vill Suen dann hierkomm?

Luc Frieden: Déi Situatioun ass ganz zefriddestellend, mä dat ass d’Resultat vun enger extrem haarder Aarbecht an duerfir sinn ech och vläicht esou zefridden, well et ass net vum selwe gaangen, et huet jiddweree misse säi Bäitrag dozou leeschten. Dee Bäitrag ass am Fong zweefacher Natur: engersäits war d’wirtschaftlech Croissance zu Lëtzebuerg d’lescht Joer méi staark, iwwer 4%. An der Moyenne an der Eurozone nëmmen 2%, dat huet och méi Steierrecettë generéiert. An op där anerer Säit hu mer versicht, dee Budget extrem genee z’executéieren.

Et war schonn ee Budget, wéi Dir Iech vläicht erënnert, deen net vill gewuess war a mir hunn en och quasi esou executéiert, wéi e virgeluet gi war. Dat ass ëmmer ganz schwiereg, mä de Budget ass en fait nëmmen 1%, 1,5% iwwerschratt par rapport zu deem, dee mer an der Chamber virgeluet haten an dat war eben dat schwieregt Stéck Aarbecht an dofir hu mer herno e positivt Resultat fäerdeg bruet.

Francine Closener: Wou sinn dann déi Suen trotzdem virun allem erakomm? An der TVA? Amazon a Konsorte si jo e gutt Beispill dofir d’TVA déi wiisst.

Luc Frieden: Selbstverständlech, dat ass ee vun de Facteuren. Et ginn am Fong 3 grouss Steierkategorien, déi geklomme sinn d’lescht Joer: dat ass engersäits d’Accisen, déi ëm 87 Milliounen Euro eropgaange sinn, also Benzin virun allem, wat also vun Non-Residenten och vill bezuelt gëtt. Da bei der Gehältersteier, mir haten trotzdem och d’lescht Joer, och wann et wirtschaftlech méi schwiereg gëtt, eng ganz Rei Neiastellungen zu Lëtzebuerg. D’Masse salariale ass geklommen, dofir ass och d’Gehältersteier ëm eng 90 Millioune geklommen an dann ass d’TVA, déi mer schonn héich agesat haten, ëm eng 50 Millioune méi héich, dovunner sinn, vun där Gesamtsomme vun 1,4 Milliarden TVA, wäerten eppes 10, 15% och iwwert déi Betriber aus dem elektroneschen Handel komm sinn, mä et ass also en Zesummespill vu Facteuren. Mir hunn awer och Steieren, déi manner rabruet hunn, notamment d’Kierperschaftssteier, dat ass engersäits normal, well et wirtschaftlech méi lues gaang ass, well mer och d’Betriber steierlech entlaascht hunn, fir datt se konkurrenzfäheg bleiwen, mä grad déi Betriber hunn awer och erëm Leit agestalt, duerfir, et muss een ëmmer dat zesummekucken, éier een d’Steiere richteg ka bewäerten.

Francine Closener: Mä de Konsum ass jo awer dann net schlecht? Gëtt et dann iwwerhaapt guer keng Krisestëmmung, vun där alt heiansdo Rieds geet zu Lëtzebuerg?

Luc Frieden: Ech mengen, d’wirtschaftlecht Ëmfeld war ee schwieregt, mä et ass richteg, datt zu Lëtzebuerg eng ontypesch Situatioun besteet, datt d’Residenten an d’Non-Residenten relativ vill zu Lëtzebuerg consomméieren. Do muss een och bei der TVA gesinn, datt och ee ganzen Deel vun den Non-Residenten erakënnt. Den elektronesche Commerce, dat si jo net Lëtzebuerger an der Haaptzuel, mä doniewent ass de Konsum staark, dat gesäit ee bei Elementer wéi den Autossalon, dat gesäit ee bei de Vakanzbuchungen. Wann een esou e bëssche kuckt, wou am Fong Saache kaaft ginn, Déngschtleeschtunge kaaft ginn, déi een net onbedingt direkt brauch, dann ass Lëtzebuerg eng atypesch Situatioun. De Marché vun de Mobiltelefonen ass méi staark zu Lëtzebuerg wéi am Ausland, also alles Saachen, déi am Fong zu engem Luxuselement gehéieren, déi indiquéieren, datt effektiv d’Consommatioun héich ass, well mer och de Leit, contrairement zu den Nopeschlänner, relativ vill Nettosalairë loossen, well d’Steieren zu Lëtzebuerg méi niddreg sinn op de Privatpersounen wéi a villen Nopeschlänner.

Francine Closener: Dat gëtt Iech jo dann am Fong nodréiglech erëm Recht oder fillt Dir Iech dann am Recht, well Dir déi Steiererliichterunge gemaach hutt?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat nach wie vor richteg bleift, mä ech sinn och zefridde mat deem Budget, well am Fong gesot ginn ass, no de Wale wäert Dir emol gesinn, dann héige se d’Steieren, zweetens sinn da keng Reservë méi do, drëttens kënnt dann d’Katastrof. Ech hunn ëmmer gesot, wann ee Budgetsminister ass a wann ee verantwortungsvoll Finanzpolitik mécht, et si schlussendlech net eis Suen, et sinn de Steierzueler hir Suen, da kann een net mat enger Echéance électorale do raisonnéieren an ech muss soen, déi virrecht an dës Regierung, déi d’Joer 2004 zesummen executéiert hunn, quitte datt de Budgetsminister zweemol deen nämlechte war, déi huet dat onofhängeg vun de Wale sériös executéiert an duerfir gesäit dee Budget esou aus.

Francine Closener: Stëchwuert Reserven, Dir hutt jo op Reserven zréckgegraff op dee berühmten Apel fir den Duuscht, fir keen Emprunt missen ze maachen an och mat der Reserve gëtt eng Mouk op d’Säit geluecht fir d’Statsschold ze rembourséieren, hutt Dir de Moien nach eng Kéier ënnerstrach. Ënnert dem Strëch gëtt et dowéinst awer elo an der Comptabilitéit trotzdem en Defizit. Ass dat dann alles nëmmen een Trick?

Luc Frieden: Nee, nee, et ass keen Trick. Dat Eent, dat ass, am Fong geholl, e Betrib géing et nennen ee Résultat d’exploitation. Mir kucken, wat mer am Joer ausginn a wat mer erakritt hunn. Wann ech elo kucken, wat mir an deem Joer Exceptionnelles nach gemaach hunn, dann hate mer annoncéiert, datt mer fir de Schinnefong a fir de Stroossebau, datt mer do géingen een Emprunt ophuele vun 120 Milliounen Euro. Dat hu mer net gemaach, well ech gemengt hunn, datt et gutt wier, mer géingen äis déi Méiglechkeet fir spéider Sue léinenzegoen nach erhalen a well mer déi Reserven hunn, hunn ech duerfir déi 120 Miliounen aus der Statsreserve geholl. D’Statsreserve ass am Laf vum Joer ëm 15% méi kleng ginn. Déi Sue mussen natirlech duerch de Budget lafen an duerfir ass dat am Fong en Depense am Budget, duerfir huet en och comptabelsméisseg een Defizit, de Gesamtbudget vun 150 Milliounen, mä wa mer een Emprunt gemaach hätten, dann hätte mer deen Defizit net. Duerfir, dat ass am Fong eng comptabel Operatioun an deem Sënn, datt mer einfach d’Sue vum Spuerbuch geholl hunn, do wou mer se duerfir higesat hunn, fir se z’affectéieren un de Fonds des routes an de Fonds du rail, fir déi Infrastrukturen ze bezuelen a mer behalen domadder méi Méiglechkeet fir Schold ze maachen. Eis Schold ass extrem niddreg, 0,7% vum PIB, Nettostatsschold a mer hu Reserven awer och behalen, Reserven, déi ëmmerhin nach 2 Milliarden Euro ausmaachen.

Francine Closener: 2 Milliarden Euro, dat ass schéin a gutt, mä bis 2009 wëll d’Regierung jo awer 3 Milliarden Euro investéieren, dat geet jo awer dann net op? Et sinn net méi genuch Äppel do fir den Duuscht.

Luc Frieden: Nee, nee, dat geet och net op. Dat ass ganz kloer. Dofir hunn ech gesot, ech sinn zefridde mam Resultat vun 2004. Et war ee schwieregen Exercice, dee virdrun iwwregens och, an deen nächsten an déi nächst bleiwe ganz schwiereg. Déi 2 Milliarde sinn och net do als disponibel Sue fir nach X nei Saachen ze finanzéieren. Déi brauche mer fir déi Projeten ze finanzéieren, déi mer schonn annoncéiert hunn, déi zum Deel gestëmmt sinn, zum Deel nach an der politescher Diskussioun sinn an da fehle selbstverständlech nach Suen, mä mir hoffe jo och an deenen nächste Joren nach nei Dotatiounen un déi Fonge kënnen ze maachen. Mir mussen och selbstverständlech an den nächste Joren héchstwahrscheinlech Emprunte maachen, mir hu jo gesot, datt mer héchstwahrscheinlech pro Joer eng 200 Millioune wäerte léine goen. Dat kënne mer maachen, wéi ech virdrun erkläert hunn. Eisen Investitiounsniveau ass héich, e bleift héich, mä et bleift eng grouss Erausfuerderung, fir d’Statsfinanze gesond ze behalen, well dat ass mäin Haaptzil, gesond Statsfinanzen z’erhale fir z’evitéieren, datt een duerno muss d’Steieren erhéigen.

Francine Closener: Mä wéi Dir de Budget fir dëst Joer virgestallt hutt an der Chamber, do hutt Dir ugedeit, datt a puncto Sozialausgaben, vläicht de Rimm wierklech sériös misst méi enk zougezu ginn. Bleift et dann elo derbäi oder Dir hutt jo haut éischter gesot, datt et op deem selwechten Niveau géif bleiwen, also net manner?

Luc Frieden: Ech mengen, datt meng Ausso vun deemols a vun haut net eng ass, wéi verschiddener dat wëllen interpretéieren, fir ze soen, elo baue mer de Sozialstat of, mä ech soen, mir kënnen äis net zousätzlech dauernd nei Sozialausgabe leeschten, well dat sinn déi sougenannte courant Dépensë vum Budget. Et gëtt ëmmer gesot, mir mussen héich Investitiounen hunn an niddreg courant Ausgaben, mä de Sozialbudget ass och een Deel vun den Dépenses courantes vum Stat. Ech mengen, datt mer eisen héige Sozialbudget sollen halen, mä mir kënnen äis net dauernd nei Saache leeschten. Wann een zum Beispill kuckt, iwwert d’Period 2000/2004, da gesäit een, datt de Budget ëm 7,5% par rapport zum PIB geklommen ass. Doranner si 4% Transferts sociaux, dat heescht, mir hunn eng ganz staark Sozialpolitik gemaach. Ech mengen, datt dat positiv war, datt dat och gehollef huet, datt mer héich Konsumausgabe par ailleurs erëm hunn, mä mir hunn och an Zukunft héich Investitiounsausgaben. Mir brauchen nei Spidäler, mir brauchen nei Schoulen. Et kann een net alles zesummemaachen. Sëcher kann een et maachen, mä dann huet een net d’Finanzresultater wéi mir se hunn an dofir soen ech, komm mir hale Fouss beim Mol, mir brauchen elo net einfach alles ofzeschafen. Mir schafen dat och net of, wéi verschiddener elo soen, elo waarde se bis no de Gemengewalen. Nee, mä ech soen, et ass kee Spillraum do fir vill nei Saachen ze maachen, ëmsou méi, wou mer och gesot hunn, datt mer zum Beispill méi an der Recherche musse maachen. An anere Beräicher, wou mer et scho préindiquéiert hunn, also bleiwen net och nach nei Sozialmoossnahmen, déi mer kënnen aféieren, respektiv et muss ee kucken innerhalb vum Sozialbudget an dat hunn ech och d’lescht Joer gesot, vläicht heiansdo och emol Ëmschichtungen ze maachen. De Gesondheetsberäich ass een, deen an deenen nächste Joren iwwerall an Europa wäert méi deier ginn. An eiser Gesellschaft mengen ech och, datt dat wichteg ass, nach muss een dat alles kënne finanzéieren, also muss een och bereet sinn, ze diskutéieren heiansdo iwwer Ëmtesselungen, ouni datt dat heescht, datt een de Sozialstat ofbaut, well do si mer net dofir an dat wäert och net geschéien.

Francine Closener: Also Gehälter a Pensioune vun de Statsbeamte ginn elo net touchéiert?

Luc Frieden: Dat ass net un der Dagesuerdnung, mä ëmgedréint ass et ganz kloer, och wa mer gesond Statsfinanze wëllen erhalen an d’Ëmfeld bleift schwiereg, datt mer och keng grouss Spréng no uewe kënne maachen.

Francine Closener: Luc Frieden, merci fir d’Explicatiounen.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour