Nicolas Schmit au sujet de la campagne d´information du gouvernement sur le traité constitutionnel

Frank Goetz: An den Diskussiounsforum fannt Dir wéi gesot um Internetsite vun der Chamber, dat ass de www.chd.lu. An d'Informatioun, déi Iech d'Regierung proposéiert, steet um www.verfassung-fir-europa.lu. Mat trotz allen Informatiounen, Campagnen an Erklärungen iwwert dës Europäesch Verfassung bleiwe vill Leit skeptesch a wëssen nach net, wéi se den 10. Juli solle stëmmen. Iwwert dës zum Deel och Ängscht schwätze mir mam delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit. Gudden Owend.

Nicolas Schmit: Gudden Owend.

Frank Goetz: Här Schmit, de leschte Freideg hat e Bierger an der Chamber un de Saz erënnert "Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn". Kënnt Dir als Europapolitiker dës Angscht, eppes un nationaler Souveränitéit ze verléieren, verstoen?

Nicolas Schmit: Ech verstinn absolut ons Devise, mä ech gesinn net d'Gefor, déi Europa fir déi Devise soll duerstellen. Well grad déi europäesch Devise ass jo déi "Unité dans la diversité", dat heescht mir hu ganz vill gemeinsam, mä mir behalen eis Diversitéit. An déi Diversitéit, dat ass eben Lëtzebuerger ze sinn, mat allem, wat dat heescht. An och Lëtzebuerger ze bleiwen an engem Europa, wat ons erlaabt, eigentlech Lëtzebuerger ze bleiwen.

Frank Goetz: Dat heescht, eis Identitéit brauche mir net opzeginn fir eng europäesch Identitéit?

Nicolas Schmit: Nee, ech mengen, et fuerdert keen, datt d'Fransousen net méi Fransouse sinn oder d'Tschechen net méi Tschechen an d'Lëtzebuerger net méi Lëtzebuerger. Jiddweree bleift dat, wat en ass, mä en ass och Europäer an ech mengen, dat ass e grousse Plus.

Frank Goetz: Et fällt op, datt ganz vill Riedner opbruecht sinn iwwert eng militäresch Oprüstung an Europa, déi den neie Vertrag géif erméiglechen. Firwat wëll oder muss Europa iwwerhaapt militäresch an Zukunft méi staark ginn?

Nicolas Schmit: Ech mengen, et ass falsch ze soen, datt déi Constitutioun do géif en neit militärescht Wettrüsten lancéieren. Dat wat ganz kloer ass, dat ass, datt wann ee wëll, datt Europa méi eng staark Stëmm an der Welt huet, da musse mir äis och d'Moyene ginn an dozou gehéieren och militäresch Moyene, fir déi Stëmm an der Welt och geltend ze maachen. An dat net fir Kricher an der Welt ze féieren. Net fir aner Länner ze besetzen, mä eben fir a gewëssene Situatioune précisément de Fridden hirzestellen. Mir sinn alleguer schockéiert gewiecht, wéi ufanks den 90er Joren déi jugoslawesch Krise explodéiert ass an d'Europäer eigentlech Spectateurë waren. Si haten net d'Moyene fir hei méi schnell a méi efficace anzegräifen. Ähnlech Situatiounen hu sech duerno gestallt an Europa, am Kosovo zum Beispill, mä stelle sech praktesch permanent an Afrika. Europa brauch Moyenen, fir hei eng Friddensmissioun kënne kredibel duerchzeféieren.

Frank Goetz: Duerfir stelle sech natierlech och vill Bierger d'Fro, ob zum Beispill zu Lëtzebuerg och erëm de Militärdëngscht géif agefouert ginn.

Nicolas Schmit: Absolut net. Ech mengen, dat sinn demagogesch Argumenter. Et kënnt net a Fro iwwerhaapt Militärdëngschter erëm anzeféieren. Et ass d’ailleurs jo eng Tendenz, d'Militärdëngschter iwwerall ofzeschafen. Well eigentlech den Typ vun Arméi, deen haut gebraucht ass, net deen ass fir géint e grousse Géigner virzegoen, mä ebe ponktuell Missiounen ze maachen, haaptsächlech fir a gewëssene Regiounë vun der Welt de Fridden hirzestellen.

Frank Goetz: OK. Den neie Vertrag gouf elo 30 000 Mol verschéckt. D'Fro ass, ob d'Leit dee liesen. Wat mengt Dir?

Nicolas Schmit: Ech géif net soen, datt si e ganz liesen. Dat wier vläicht och e bësschen eng Zoumuddung, mä si wäerte schonn déi wichtegst Deeler draus liesen. An déi wichtegst Deeler, déi eigentlech déi innovativst sinn, dat ass den éischten Deel an den zweeten Deel, mä et soll een och an deen drëtten Deel kucken. Et ass natierlech hei, wou d'Politiken e bëssche beschriwwe ginn. Et ass net ëmmer ganz einfach beschriwwen, mä ech mengen, de Bierger ass schonn intresséiert, sech e bëssche méi genau dat Ganzt unzekucken.

Frank Goetz: Et geet jo eigentlech net nëmmen ëm d'Liesen, mä et geet jo ëm d'Verstoen. Dofir verschéckt Dir jo och kleng Broschüren, wou e bëssche méi vereinfacht erkläert gëtt. Mä dës vereinfacht Erklärungen ginn déi dann duer, fir genuch Bescheed ze wëssen fir den 10. Juli?

Nicolas Schmit: Et gëtt puer Manéieren, fir sech z’informéieren. Déi Éischt ass, iwwerhaapt emol an den Text ze kucken. Déi Zweet ass, déi Broschüren, déi jo u sech e generellen Tableau ginn iwwert dat, wat an där Constitutioun do steet a wat nei ass, wat e Changement ass par rapport zu denen aktuellen Texter. An dat Drëtt ass eben den Internet. Ech mengen, hei kréien d'Bierger eng Geleeënheet fir Froen ze stellen an och Äntwerten ze kréien. An da gëtt et jo duerch d'ganzt Land eng Rei vun Debaten an ech mengen, dat si jo net nëmmen Debaten zwëschen dräi oder véier Leit, dat sollen och Debate sinn mat deene Leit, déi dohikommen an déi sech Iddie gemaach hunn an déi sech wëlle méi präzis informéieren, Froe stellen, Explicatioune kréien. Also, ech mengen, een, deen sech fir déi Saach do intresséiert, deen huet eng Rei vu Geleeënheeten, Informatiounen, Explicatiounen an Dialog ze kréien.

Frank Goetz: Fir déi, déi géint Europa sinn, do kënnt Dir wahrscheinlech net méi allzevill maachen, awer fir déi aner. Wat maacht Dir dann elo nach déi zwee Méint, déi Iech nach bleiwen, fir d'Verfassungsgéigner op Är Säit ze kréien?

Nicolas Schmit: Ech mengen, et gëtt ënnert de Verfassungsgéigner Leit, déi effektiv eng Iddi hunn, déi d'ailleurs ganz divers ass. Dir wësst ganz genau, datt bei de Géigner vun där Verfassung do, Leit gëtt, déi géint Europa tout court sinn. Dir hutt virdrun e Saz zitéiert, bon, dee schéngt jo éischter aus enger gewëssener Inspiratioun ze kommen. Dir hutt Leit, déi soen, d'Verfassung wier net sozial genuch an dofir si se géint déi Verfassung do. Ech mengen, do ass et schwéier dogéint unzekommen an ech mengen, et muss een och d'Recht hunn, einfach dogéint ze sinn. Déi aner, ech mengen, déi nach Douten hunn an dat ass och erlaabt, Zweifelen ze hunn, sech Froen ze stellen, mä dofir maache mir jo e Referendum, fir datt de Bierger am Dialog sech Froe ka stellen an och Äntwerte kritt, mengen ech, ass ebe global gesinn e groussen Dialog ugeluegt mat Reuniounen. Ech ginn den Owend no där Sendung hei op eng Plaz, wou ech mat de Bierger wëll dodriwwer diskutéieren a jiddwereen, dee sech wëll informéieren, deen huet d'Méiglechkeet dat ze maachen.

Frank Goetz: Nicolas Schmit, villmols Merci fir Äre Besuch haut am Studio.

Nicolas Schmit: Merci.

Dernière mise à jour