François Biltgen au sujet de la restructuration de l'Inspection du travail et des mines

Francine Closener: D'Inspection du travail et des mines, d'Gewerbeinspektioun also, ass eng vun den eelste Verwaltungen am Land. Si gouf schonn am 19. Joerhonnert gegrënnt an ass virun 31 Joer fir d'lescht reforméiert ginn. Zanterhier huet sech d'Aarbechtswelt vill verännert. An de leschte véier Legislaturperioden huet d'Regierung ëmmer erëm versprach, d'Gewerbeinspektioun ze reforméieren. Dorauser ass bis ewell näischt ginn an trotz engem Gesetzprojet gesäit et elo vläicht awer net méi esou gutt do aus. Doriwwer schwätze mir elo mam zoustännegen Aarbechtsminister, François Biltgen. Gudde Mëtteg.

François Biltgen: Gudde Mëtteg.

Francine Closener: Här Biltgen, am November 2003 hutt Dir de Gesetzprojet virgestallt, mat deem eben d'Gewerbeinspektioun anescht organiséiert soll ginn, deen och als Zil hat, datt d'Verwaltung d'Betriber net just kontrolléiert, mä hinnen och emol hëllefe soll. Elo schéngt de Staatsrot Iech e Stréch duerch d'Rechnung ze maachen. Säin Avis ass ganz negativ ausgefall, hien hätt gär, datt de ganze Gesetzprojet eigentlech erëm vu virum Enn un soll iwwerschafft ginn. Sidd Dir dann elo enttäuscht? Maacht Dir dat?

François Biltgen: Also éischtens, sinn ech net enttäuscht, well ech mir näischt Aneschters vum Staatsrot erwart hunn. Zweetens, iwwerschaffen ech en net, well de Staatsrot dat och net seet am Endeffekt. Ech maachen dat mat dësem Avis vum Staatsrot wéi ech et mat allen Avisen vum Staatsrot maachen… [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: En ass jo awer ganz negativ ausgefall.

François Biltgen: Ech huele mir och déi Punkten an dat si mir amgaang ze maachen, datt mir och bei d'Chamber ginn, iwwregens ech maachen eng kleng Klammer op, sinn nach zwee [Projeten], déi Reform besteet aus véier Projeten, an zwee huet de Staatsrot nach net aviséiert, déi awer och wichteg sinn an deem ganze Gefüge, ech hoffen, ech ginn dovun aus, datt de Staatsrot och do seng Avise mécht, och kritesch mécht, ech mengen, dofir ass de Staatsrot do, soss brauche mir kee Staatsrot, wann en äis just op d'Schëller klappt. Ech huelen déi verschidde Punkten an ech kucken déi duerch, do wou Opposition formelle ass, notamment, mä ech kucken net nëmmen no der Opposition formelle, ech kucken och no deenen aneren Iwwerleeungen. Do wou d'Opposition formelle eng Berechtegung huet vum Verfassungsrechtlechen aus oder vun de Mënscherechter aus, ginn ech selbstverständlech direkt no. Ech huelen ee Beispill, dat ass de Recourant réformation, dee virgesinn ass, et ass eng technesch Saach, mä déi ass awer wichteg iwwert dat Juristescht eraus. De Staatsrot, an do ass eppes am Text wahrscheinlech vun der Referenz schif gaangen. Datt e Recours en annulation virgesinn ass, währenddem mir awer däitlech am Commentaire des articles, an ech hunn drop gehalen, vun deem Recourant réformation schreiwen. Et ass evident, datt mir do dem Staatsrot direkt noginn an dat maachen, mä et sinn aner Punkte wou ech mengen, datt d'Opposition formelle net juristesch mä politesch motivéiert ass an do ass et herno un der Chamber och fir hir politesch Verantwortung ze huelen.

D'Fro ass: wëlle mir eng Gewerbeinspektioun, déi staark ass, déi proaktiv ass, op déi Fro komme mir och vläicht nach eng Kéier zréck, mä déi awer och kann am Endeffekt duerchgräifen oder wëlle mir dat net? Wann ech kucken, datt mir elo scho véier Aarbechtsakzidenter haten, plädéieren ech nach wie vor fir eng Reform vun der Gewerbeinspektioun, déi eng Reform ass an net eng Reförmchen. Ech hunn ni Reförmercher gemaach. Kollektivvertragsgesetz gouf och vill ugefeind a wéi mir fäerdeg waren, et huet zwar fënnef Joer gedauert, hate mir en neit Kollektivvertragsgesetz, wat bal unanime an der Chamber, op alle Fall an enger larger Majoritéit gestëmmt gouf. Hei schaffe mir och nach drun a mir wäerte spéitstens am Hierscht, wéi gesot, dat hängt elo e bësschen dovunner of vun deenen aneren Avise vum Staatsrot, wäerte mir selbstverständlech all déi dote Kritiken duerchhuelen an da wäerte mir, mengen ech, mat der Chamber e gudde Gesetzesprojet kënnen ausschaffen.

Francine Closener: Dir sot, Dir sidd net iwwerrascht iwwert deen Avis, also gitt Dir dann dovun aus, datt de Staatsrot eigentlech just dat Reförmchen do gewollt hätt a keng Reform?

François Biltgen: De Staatsrot huet virun allem eng Roll ze spillen, an déi spillt en ëmmer, dat ass eigentlech seng Roll fir ze kucken, fir datt d'Fräiheeten net a Gefor kommen an de Staatsrot ass och elo keen, dee wëll grouss staatlech Agrëff hunn. De Staatsrot huet sech nach ëmmer schwéier gedoen mat Reforme vun der Gewerbeinspektioun, well e fäert, domadder géif zevill a Fräiheeten, eben hei vun de Betriber an esou wieder, agegraff ginn. Do si Bedenken, déi de Staatsrot huet, déi ech och deelen a wou mir wäerten och der Chamber soen, ma do huet de Staatsrot recht. Quitte datt dann nach Problemfelder bleiwen. Ech ginn Iech ee Beispill. Dat ass dat, wou de Staatsrot seet, dir dierft net, also är Inspekteren vun der Gewerbeinspektioun, déi dierfen net a Privathaiser goe fir do ze kontrolléieren, och wann do geschafft gëtt, ouni Mandat vun engem Riichter. Ech mengen, datt et juristesch berechtegt ass, ech soen awer hannendrun, an ech mengen och, datt mir mussen dem Staatsrot do nofolgen, ech soen awer hannendrun, datt mir dann, wat Teleaarbecht ubelaangt, Travail à domicile, awer Problemer kréien. Ech ginn awer dem Staatsrot Recht, datt e seet, maacht dat net an engem generellen Text, esou liesen ech den Avis vum Staatsrot, mä mir wäerten dann dohinner goen, ech waarden do op eng Virlag vun de Sozialpartner, déi op deem Sujet schaffen, fir dann am Kader vun Teleaarbecht awer dann ze kucken, wéi een déi Kontrolle ka maachen, dat heescht ech si bereet hei op dat Element ze verzichten, mä ech soen Iech awer, datt wa mir awer gär hunn, datt d'Leit, an ech denke vill un Hausfraen, net esou ausgebeut ginn, datt herno de Computer an der Kachmaschinn steet an esou wieder, an datt privat Aarbecht mat bezueltener Aarbecht esou duerchernee geet, datt herno méi onbezuelt geschafft gëtt, amplaz déi zwou Saache propper ze trennen, datt mir do mussen eens ginn, wéi mir esou Situatioune kënnen an Zukunft kontrolléieren. Dat musse mir net an deem generellen Text maachen, mä da musse mir dat an engem spezifischen Text iwwer Tele- an Heemaarbecht maachen.

Francine Closener: De Conseil d'Etat hätt och léiwer, datt et just eng eenzeg Inspection du travail gëtt, déi souwuel fir de private wéi och fir den ëffentleche Secteur zoustänneg ass. Dat ass haut jo net esou de Fall an dat ass eigentlech och net virgesinn. Firwat dann eigentlech net?

François Biltgen: Dat ass eng Diskussioun, déi mir haten, well de BIT, Dir wësst jo, datt mir de Bureau international du travail vu Genève gefrot haten, eben hei äis e kriteschen Avis ze maachen, op deem hu mir déi Reform dunn opgebaut. Deen huet dat doten och scho verlaangt. Et ass awer esou, datt dat zu Lëtzebuerg an d'Regierung huet och deemools decidéiert gehat fir eben, dat net mateneen an een Hutt ze bréngen.

Francine Closener: Wier dat dann net méi einfach?

François Biltgen: Méi einfach a vläicht och méi komplizéiert zu gläicher Zäit. Et ass net ëmmer einfach eppes, wat historesch gewuess ass, vun haut op muer op d'Kopp ze geheien. Ech wäert awer och déi dote Fro och nach eng Kéier an dëser Regierung och nach eng Kéier opwerfen. Do huet zum Beispill och de Staatsrot doudsécher Recht, wann e seet, da maacht den Text esou, dass keen aus der Rumm fällt, dat war och iwwregens, dat wollte mir scho mat dësem Text fir ze kucken, datt egal wien zoustänneg ass fir ze kontrolléieren, d'Gewerbeinspektioun oder d'Administratioun fir d'Securitéit an der Fonction publique, datt et awer keng Leit méi ginn, déi ënner keng Kontroll méi falen.

Francine Closener: Zum Beispill d'Établissements publics, ënnert wéi eng falen déi dann am Moment?

François Biltgen: Dat hängt ëmmer dovunner of. Do huet de Staatsrot länger Iwwerleeungen dovunner gemaach. De Staatsrot huet äis do e puer Pisten opgezeechent, ech mengen, war mir déi Pisten, op d’mannst déi Piste géife verfollegen, géife mir deen dote Problem propper kënne léisen.

Francine Closener: Bis elo ass et jo esou, datt Verstéiss géint Gesetzer, géint d'Aarbechtsrecht strofrechtlech virun allem poursuivéiert ginn, also via Geriichter sanctionnéiert ginn. Elo am neie Gesetz hätt Dir virgesinn, datt och den Direkter vun der ITM Geldstrofe ka verhänken. Dat bleift awer bestoen. Also deen neie Volet, datt déi Geldstrofe kënnen direkt verhaange ginn, do gouf et keng Kritik?

François Biltgen: Dat ass zum Beispill ee Punkt, wou ech awer och an deem Avis hei vum Staatsrot ervirhiewen, datt e seet, datt mir dat hei propper geléist hunn. De Staatsrot huet sech och schwéier gedoe mat Amendes administratives, well e gesot huet, eng Amende administrative däerf net dat selwecht si wéi eng Amende pénale. A mir hunn dat hei och net. Dat heescht, wann ee géint ee Gesetz, en aarbechtsrechtlecht Gesetz verstéisst, da kann en Direkter em keng Amende ginn, mä wou kann en eng ginn? Wann den Aarbechtsinspekter op d'Plaz geet an e seet, hei lauschter, déi dote Leit, déi schaffen ze laang oder déi Stee ass schlecht opgeriicht, maach dat elo frësch, maach dat elo riicht. Mir wëlle manner herno dräi Joer waarden, bis datt eppes op d'Geriicht kënnt, da gëtt et de Betrib vläicht scho laang net méi. Mir wëllen direkt op der Plaz kënne kucken, datt et besser geet an da muss kënnen den Direkter soen, wann s du dat elo net méchs wat mir soen, da kriss du keng Strof well s de eppes géint d'Gesetz gemaach hues, mä mir soen der elo, maach et elo richteg a wann s de dat net méchs, da kann ech dir eng Amende administrative ginn. Dat ass mat ee vu menge wichtegste Reformpunkte gewiescht an där Reform, déi hëlt de Staatsrot largement un, e mécht e puer Suggestioune, déi mir, mengen ech, och kënnen akzeptéieren, déi wierklech der Kaz kee Bockel dinn an esou, datt mir dat och maachen.

Do wou ech en haaptsächleche Punkt mam Staatsrot hunn, wou ech mengen, datt seng Opposition formelle net berechtegt ass, dat ass, wou e seet, majo, dir dierft net den Aarbechtsinspektere wierklech Pouvoire ginn fir op d'Plaz ze goen an do zitéiert e falsch och déi Avisen, déi mir gefrot hu vum Ausland, wat ee vun de Schwaachpunkten, déi de BIT bei äis entdeckt, wéi e sot, dir hutt kee regelrechten Aarbechtsinspekter. Gutt, eent ass den Direkter, jo, dee geet awer net op den Terrain, dee muss als Direkter schaffen. Dofir hu mir hei versicht, den Aarbechtsinspektere méi Pouvoiren ze ginn a mir hunn och dofir de System, och dat ass eppes, wat einfach eng Reform ass, de System vun de Kontrollere wéi mir en elo kannt hunn, déi vun de Gewerkschafte genannt ginn, déi dem Staatsrot, dee System ass dem Staatsrot en Dar am A, dofir, wéinst dem System seet en, dir däerft se net op den Terrain schécken. E vergësst awer, datt mir dee System ofschafen, datt déi, déi elo do sinn, déi kommen an eng aner Carrière eran, déi mussen och nei Formatioun maachen an dat war eng vun de Contrepartien, déi och de BIT verlaangt huet, wéi e gesot huet, dir musst jiddwerengem Pouvoire ginn an dir musst awer ophalen, fir esou verschidde Kategorien ze hunn wéi eben elo déi Kontrolleren do waren. Dofir schwätze mir och an Zukunft net méi vu Kontrolleren, mä vun Aarbechtsinspekteren, mä déi Kontrolleren, déi mir haut hunn, déi och hir Aarbecht gutt maachen, déi behale mer bäi, mä déi kréien natierlech en neie Statut an déi kréien och wéi, iwwerhaapt, dat ass och eppes wat hei virgesinn ass, datt mir souwisou musse kucken eise Leit an der Gewerbeinspektioun vill méi Formatioun ze ginn. Well wa mir gär hätten, datt se net nëmme repressiv agéieren, mä och proaktiv, och mat de Betriber zesumme schaffen, soss geet et net, dofir brauche mir nach déi puer aner Gesetzer déi, déi hei net vum Staatsrot aviséiert sinn fir dat proaktiv ze maachen, da mussen d'Leit och esou forméiert sinn, datt se souwuel mat de Salariéen wéi mat de Betribschefe kënnen uerdentlech schaffen a Problemer léisen am Virfeld an hinnen hëllefen, d'Problemer ze léisen, da brauche mir och vill manner z’änneren. Well dat war deen anere grousse Reproche, deen de BITäis gemaach huet, mir reagéieren zevill a mir schaffen net genuch proaktiv.

Ech mengen, wa mir elo all déi Texter hunn, mir schécken och nach e Règlement grand-ducal nach op den Instanzewee, fir och e bësselchen déi Proaktivitéit an déi Pluridisziplinaritéit vun der Gewerbeinspektioun z’ënnermaueren, ech mengen, datt mir dann herno an der Chamber zu engem, a wierklech nach am Joer 2005, do sinn ech honnertprozenteg iwwerzeegt, déi grouss Reform dann definitiv ofgeseent ass.

Francine Closener: Nach just eng ganz kleng Fro, de Staatsrot recommandéiert och just nach Inspection du travail ze soen, well mir jo am Fong keng Mine méi hunn, sidd Dir domadder d'accord oder net?

François Biltgen: Ech mengen, dat ass ee Punkt iwwer deen ee kann diskutéieren. Mir hunn et och diskutéiert. Och do soen ech, datt een heiansdo dat historesch Gewuessent net einfach soll iwwert d'Kopp geheien. Dat ass awer fir mech elo kee wesentleche Punkt. Ech mengen, dat heiten ass jo och elo eng Reform, déi och elo an d'Chamber kënnt. An ech weess och, datt an där Chamberkommissioun ganz vill Deputéierte sëtzen, déi sech och scho vill mat deem Projet ausernee gesat hunn, wéi gesot, mir maachen eng Analyse vun deem Juristeschen, wat de Staatsrot gemaach huet, dat huele mir net op déi liicht Schëller, duerfir huele mir de Staatsrot ëmmer zevill seriös an dat ass och gutt esou. An da kucke mir dat Politescht mat der Chamber dann ze léisen an ech sinn iwwerzeegt, datt déi Deputéierten, déi do en charge sinn, datt déi och hire Pefferkäerche wäerte bäibréngen, datt déi Reform keng Reförmche gëtt.

Francine Closener: Hoffentlech nach an dësem Joer dann.

François Biltgen: Op alle Fall.

Francine Closener: François Biltgen, merci fir d'Explicatiounen.

François Biltgen: Merci och.

Dernière mise à jour