Fernand Boden au sujet de la réunion informelle des ministres de l'Agriculture et de la politique agricole commune

Maurice Molitor: Am Studio haut de Lëtzebuerger Landwirtschaftsminister Fernand Boden. Här Minister, ech kéint mir virstellen, grad um europäesche Plang seet ee sech als Agrarminister, fir wat hunn ech grad deen Job misse kréien? Keen anere Conseil huet de Ruff, méi laang ze tagen, méi déif an d’Nuecht eranzeverhandelen. Op där anerer Säit gëtt et wahrscheinlech, wann et em déi informell Conseile geet, kee méi agreablen Job, wéi dee vum Agrarminister, oder?

Fernand Boden: Dat ass richteg. Also, et ass eng besonnesch Atmosphère an ech mengen, mir hunn am Reportage virdru gesinn, datt jiddweree begeeschtert ass, an ech mengen, et ass och ganz léierräich. Et ass schonn esou, datt een oft muss laang diskutéieren iwwer Problemer. Ech ka mech erënneren, et gëtt ganz oft iwwer den Olivenuelech geschwat, ech war eng Kéier mat an Norditalien, an och an Apullien, an do hu mir gesinn, wéi déi ganz Regioun dovunner ofhänkt, ënner wat fir Konditiounen datt produzéiert gëtt, da versteet een dat vill besser, et kann een och ënner bessere Konditioune mat hëllefen diskutéieren, an, wéi och hei gesot ginn ass, et kann een emol an enger decontractéierter Manéier Gedanken austauschen, engem gewësse Suerge matdeelen, och Suerge vun anere verstoen. Dat mécht et méi liicht, fir kënnen ze verhandelen, an ech menge schonn, datt den informellen Agrarminister-Conseil och eppes ass, wat ech net mësse wëllt, a wat ganz vill hëlleft och dozou bäizedroen, fir och a méi formellem Kader Solutiounen ze fannen.

Maurice Molitor: Woubäi Är Kollegen natierlech wahrscheinlech dovu profitéiert hunn, datt Dir och nach fir den Tourismus zoustänneg sidd.

Fernand Boden: Voilà, ech hunn och drop higewisen, datt d’Landwirtschaft an den Tourismus komplementar sinn, an datt dofir, géing ech soen, déi multifonctionnel Roll vun der Landwirtschaft och zu Lëtzebuerg eng ganz wichteg Roll ze spillen huet.

Maurice Molitor: Et ass awer net nëmmen Tourismus gemaach ginn, hei zu Lëtzebuerg. Déi europäesch Agrarministeren haten doriwwer eraus och eng ganz normal Aarbechtsreunioun. Obwuel, normal ass vläicht net grad dee richtegen Ausdrock. D’Sëtzung war nämlech schonn e bësschen ongewéinlech an deem Sënn, datt nieft de Ministeren och Vertrieder vum CEJA, dem europäesche Conseil vun de jonke Bauere mat um Dësch souzen, aus guddem Grond. Thema vun där Informeller war nämlech, d’Landwirtschaft vu muer, eng Erausfuerderung fir déi jonk Baueren, an um Enn war och jiddweree vun där origineller Initiativ, där éischter Experienz an deem Genre iwwregens begeeschtert, wat jo wuel weist, Här Boden, datt et der Politik och gutt deet, net nëmmen de Kontakt mam Terrain net ze verléieren, mä en esouguer bewosst ze sichen.

Fernand Boden: Dat war och de Sënn dovun. Ech mengen, an der leschter Zäit huet d’Landwirtschaft ganz grouss Ännerunge matgemaach. Mir hunn eng Reform, oder e puer Reformen, elo déi lescht vun 2003, déi ganz aschneidend ass, a mir sinn am gaangen elo an ënner eiser Presidentschaft, d’Entwécklung vum ländleche Raum, also am Fong deen zweete Pfeiler vun der PAC, Investitiounen, Installatioune vu Jonken, Agri-Environnementsproblematik, d’Économie am ländleche Raum ze stäerken. An ech mengen, dofir ass et wichteg, datt een och emol versicht, fir gewuer ze ginn, wat denken déi Leit vum Terrain, d’Bauere selwer, mä virun allem déi, déi sollen déi nächst Generatioun duerstellen, déi sollen am Fong… [gett ënnerbrach]

Maurice Molitor: Wéi ass dann d’Moral bei deenen? Dir hutt, kënnt jo d’Conclusiounen zéien elo.

Fernand Boden: Majo, ech muss soen, ech war ganz iwwerrascht, also, datt ganz positiv ass, datt se soen, mä well mir e gewëssene Kader gesat kréien, datt mir wëssen, a wat fir eng Richtung gi mir hin, a mir wëssen och, datt mir, loosse mer soen, eng moralesch an eng gewëssen Ënnerstëtzung kréien, da si mir bereet, fir d’Äerm héichzekrempelen, fir positiv no vir ze kucken, fir och matzehëllefen, den Image vun der Landwirtschaft, dee jo net ëmmer ganz positiv ass, fir deen hëllefen ze verbesseren. A wéi gesot, mir hunn hei emol versicht eng Kéier déi jonk Leit mat an de Conseil eranzekréien. Et ass eng Première, ech hunn och herno eng Géisskan iwwerreecht kritt, fir datt gesot ginn ass, hei, mir hunn déi Kéier e Som gesat, wann dat soll zu enger staarker Planz ginn, da muss dat ëmmer begéisst ginn, da muss Waasser dropkommen, a mir hoffen, also, datt déi hei Experienz och weider gefouert gëtt.

An Aarbechtsgruppen ass geschafft ginn, et si wichteg Themen ugeschwat ginn, an déi verlaangen nach, datt een dat weider verfollegt. Ech menge schonn, datt mir hei en Effort gemaach hunn, fir och déi Jonk drun deelhuelen ze loossen, an ech muss éierlech soen, datt ech iwwerrascht war, iwwer awer, loosse mer soen, den Optimismus, deen se ausgestraalt hunn, quitte datt eng Rei vu Problemer musse geléist ginn, a mir mussen hëllefen, an ech mengen, dofir hu mir et gemaach, wéi mir gesinn hunn, mä d’Landwirtschaft huet, wéi gesot, Munches ze verdauen. Mir sinn an enger Situatioun, wou d’Baueren am Fong méi al ginn. Mir hunn eng Vergreisung vun der Bauerebevëlkerung a mussen also kucken, datt mir genuch Jonker kréien, déi dat solle viruféieren. Dat war e bësschen och… [gett ënnerbrach]

Maurice Molitor: Vläicht ee Chiffer iwwer déi Tendenz, déi Dir gesot hutt, méi wéi d’Halschent vun den europäesche Baueren ass méi wéi 55 Joer al, a just nach 8% hu manner wéi 35 Joer. Dat ass elo den europäesche Wäert. Ass dat zu Lëtzebuerg ähnlech oder nach méi schlëmm?

Fernand Boden: Dat ass bal iwwerall e bësschen d’selwecht. An dat ass dee grousse Problem, wou ech gesot hunn. Mir hunn eng Vergreisung vun der Bauerebevëlkerung. Dofir muss een also kucken, genuch Jonker nozekréien. Hei zu Lëtzebuerg ass et och ëmmer schonn esou, datt een all 20 Joer 50% vun de Bauerebetriber verléiert. Natierlech sinn déi Bauerebetriber, déi vu Jonke geféiert ginn, si méi grouss, sou zum Beispill wann ech d’Mëllechquoten huelen, vill méi Mëllechquoten wéi e Betrib, wou de Betribschef iwwer 55 Joer al ass, an da verlaangt, datt se sech restrukturéieren, datt se musse vill investéieren. Also, ech menge schonn, datt d’Efforten, wann der eng Partie méi géife Betriber iwwerhuelen, mä et gesäit een awer, datt d’Strukture vergréissert ginn, a ganz sécher geet et och an d’Richtung, datt net alleng de Betribschef mat senger Fra do schafft, mä datt se och musse kucken, fir Leit anzestellen, also Beschäftegung ze schafen.

Maurice Molitor: Et geet ëm d’finanziell Efforten, déi jonk Bauere musse maachen, fir hir Betriber ze moderniséieren. Et sinn héich Investissementer, déi verlaangt sinn. Bon, si bräichten natierlech och Ënnerstëtzung op anere Pläng, well de Beruff vum Bauer ass haut och mat villen administrative Contrainte verbonnen. Et brauch een en zolidd juristescht Fachwëssen. Wéi wäit kréien se do ënner d’Äerm gegraff?

Fernand Boden: Also, haut e Bauerebetrib féieren ass ganz komplizéiert. Also, et ass mat vill, wéi gesot, mat ganz héigen Investitioune verbonnen, et ass haut wichteg, datt een eng gutt Formatioun huet, datt ee wierklech eng zolidd Ausbildung hat, datt e bereet ass, sech permanent auszebilden, weiderzebilden. Datt een also eng Berodung kritt, fir datt een de richtege Wee sicht, a säi Betrib rationell a kompetitiv féiert, dat ass jo ganz wesentlech. A do si mir jo just am gaangen, do an eiser Presidentschaft, e sougenannte Reglement iwwer d’ländlech Entwécklung auszeschaffen, a jiddweree mécht grouss Hoffnung, datt mir et fäerdeg bréngen. An dat hei war eng gutt Geleeënheet, fir ze kucken, mä wat sinn dann nach spezifesch Wënsch, spezifesch Saachen, déi ee ka fir déi Jonk maachen. An ech mengen, no där Reunioun hei, huet och d’Kommissioun versprach, do muss eng europäesch Strategie elo entwéckelt ginn, an no där Strategie géifen déi Jonk e staarkt Gewiicht kréien, dat heescht, ech menge schonn, datt am Fong d’Discussioun, déi mir elo haten, zum Deel dozou gefouert huet, datt d’Erkenntnisser ebe vläicht nach e bëssche musse méi maache fir déi Jonk, datt déi och komm ass, an och soll ëmgesat ginn.

Déi Jonk hunn och kloer gesot, mir brauchen net nëmme finanziell Ënnerstëtzung, déi ass natierlech wichteg, déi brauch een ouni Zweiwel, wann een dat wëll maachen. Mir brauchen awer och aner Saachen, wéi den Image vun der Land­wirtschaft verbesseren, fir Perspektiven ze hunn, a wat fir eng Richtung geet d’Landwirtschaft. Ech wëll drun erënneren, 1997 hu mir jo am Fong den europäesche Landwirtschaftsmodell definéiert ënner Lëtzebuerger Presidentschaft. Et ass eng, déi muss kompetitiv sinn, mä awer, déi muss nohalteg sinn, dat heescht, se muss d’Ëmwelt respektéieren, se muss d’Déiere respektéieren, an et ass eng, déi soll iwwerall an Europa kënne weider gefouert ginn, och a Regiounen, déi méi defavoriséiert sinn. An dat verlaangt speziell Programmer. An och déi ginn an dësem ländlechen Entwécklungsreglement ginn déi och elo weider gefouert, dat ass fir Lëtzebuerg ganz wichteg. Mir si jo bekanntlech insgesamt landwirtschaftlech als defavoriséiert Regioun agestallt, dat ass deelweis a Fro gestallt, do muss een also kucken, wéi kënne mir dat erëm anescht maachen? Mä ech wëll just soen, datt ech mengen, datt hei d’Erkenntnis komm ass, mir mussen e bëssche méi maachen fir deene jonke Leit ze hëllefen, sech z’installéieren iwwer Formatioun, Berodung, mä och iwwer Investitiounsbäihëllefen.

An dee Paquet, dee si am Fong haten, hu mir schonn elo an Diskussioune mat der Kommissioun verbessert, zum Beispill gëtt et eng Prime fir sech ze installéieren, déi war elo op 40.000 Euro vun der Kommissioun festgesat, mir hunn déi elo op 55.000 Euro eropgesat. Well e Jonken, an den éischte Jore wou e sech installéiert, investéiert, kritt en 10% méi héich Bäihëllefen, wéi een dee méi al ass. Also, et gi schonn eng Rei vu Moossname gemaach finanzieller Natur, mä awer och op aner Weeër, Berodung, Formatioun, fir hinnen d’Chance ze ginn, fir sech kënnen ënner bessere Konditiounen z’installéieren.

Maurice Molitor: Datt d’Landwirtschaft e vitale Secteur vun der Economie ass, brauch een net extra z’ënnersträichen, dat gëlt iwwregens och fir d’Landwirtschaften an alle Memberlänner vun der EU. An dach sinn natierlech d’Situatiounen, d’Viraussetzungen an deene verschiddene Länner komplett ënnerschiddlech. Am Gespréich mat deene Jonken, wéi gëeenegt sinn déi jonk Baueren? Ech kéint mir jo awer virstellen, datt e jonke Lëtzebuerger Bauer ganz aner Suergen huet wéi e jonke polnesche Kolleg.

Fernand Boden: Et ass richteg. E jonke Lëtzebuerger Bauer ass a Konkurrenz mat de belschen, franséischen, däitschen, also och do mussen ee sech dozou situéieren. An ech menge jo awer, d’Agrarpolitik ass eng Gemeinschaftspolitik, wou och de Gedanke vun der Solidaritéit och e bëssche matspillt. An ech mengen, d’Agrarpolitik war och e bësschen den Zement fir den Opbau vun der europäescher Gemeinschaft. An dofir muss een also kucken fir dat net ze verléieren, mä wat ganz kloer ass, datt se eng gewëssen Zilrichtung hunn.

Si musse kucken, datt se innovativ sinn, ech mengen dorëms geet et net méi, se musse kucken, datt se méiglechst kompetitiv sinn, dat hänkt natierlech vu Land zu Land, ass dat vläicht, ass d’Äntwert eng aner. Se mussen alleguer dozou bäidroen, datt den Image e bëssche méi oppoléiert gëtt vun der Landwirtschaft, datt also deen europäesche Modell, datt deen och zum Droe kënnt. Do geet et jo drëm, och z’ënnersträichen, datt d’Landwirtschaft eng multifonctionnel Roll ze spillen huet, dat heescht, Liewensmëttel produzéieren, déi Qualitéit hunn, no Methoden, déi akzeptéiert sinn, an den Demande vun der Gesellschaft Rechnung droen, awer och doniewent dozou bäidroen, datt Ëmweltmoossname gemaach ginn, dat heescht, datt d’Landschaft erhale gëtt, vun där mir alleguer profitéieren, d’Liewensqualitéit, datt se déi hëllefe maachen, an da virun allem dozou bäidroen, datt am ländleche Raum kënne Leit bleiwen.

Haut liewe jo ganz vill Leit am ländleche Raum, an d’Landwirtschaft dréit wesentlech dozou bäi, datt eben do Liewensqualitéit ka gutt sinn. An ëmgedréint brauche mir Leit am ländleche Raum, fir datt d’Landwirtschaft kann dovu profitéieren, datt se Konsumenten huet. Also eent gräift e bësschen an dat anert, an dofir ass, wéi gesot, dat Reglement iwwer d’Entwécklung vum ländleche Raum, dat ass net nëmmen op d’Landwirtschaft orientéiert, mä et geet och drëm, de ländleche Raum insgesamt iwwer d’Landwirtschaft ze stäerken. Also, dofir mengen ech schonn, datt et wichteg ass, an ech géif soen, wat mech iwwerrascht, ech soen et nach eng Kéier, dat am Fong e gemeinsame Wëlle vun alle war. Och vun deene polneschen, vun de Lëtzebuerger, vun allen, fir no vir ze kucken. A se hu gesot, wa mir e gudde Kader gesat kréien, si mir der Meenung, datt d’Landwirtschaft eng Zukunft an Europa huet, mir si bereet, do matzehëllefen.

Maurice Molitor: D’Landwirtschaftspolitik ass eng europäesch Politik, hutt Dir gesot, mä bleift se dat och? Ech stellen d’Fro, well am Kader vun den Diskussiounen ëm d’Finanzperspektiven elo vu verschiddene Säiten awer suggeréiert gëtt, vläicht Deeler vun der Agrarpolitik erëm ze renationaliséieren. Bon, et ass eng ganz komplizéiert Matière, mä probéiert d’EU sech enger Partie vun deenen héigen Depensen z’entleedegen?

Fernand Boden: Also, ech mengen, nach eng Kéier wëll ech och ënnersträichen, datt d’Landwirtschaftspolitik dozou bäigedroen huet, datt d’Gemeinschaft sech konnt esou stäerken an entwéckelen, wéi dat geschitt ass. Si war den Zement, dee gehollef huet, datt d’Haus konnt opgebaut ginn. An et wier schued, wann dat géif a Fro gestallt ginn.

Do ginn et an der Landwirtschaftspolitik zwee Pfeiler, nenne mir dat. Dat eent, dat sinn Nachorganisatiounen, dat ass de Mëllechsecteur, de Fleeschsecteur, do mussen et gemeinsam Regele ginn, well dat ass en economesche Secteur, do muss gehandelt ginn. An ech mengen, dat soll an dat misst och ëmmerhin e gemeinschaft­leche Secteur bleiwen. Wann dat a Fro gestallt gëtt, ass d’ganz gemeinschaftlech Agrarpolitik a Fro gestallt, da komme mir erëm an déi Zäit, wou jiddweree seng eege gemaach huet, an dat stäerkt ganz sécher Europa net. Mir sinn haut an engem Welthandel.

Dann hu mir en zweeten Pfeiler. Dat ass d’Entwécklung vum ländleche Raum, wéi ech elo gesot hunn. Do geet et drëm, dem jonke Bauer d’Chance ze ginn, z’investéieren, méi grouss ze ginn, sech ëmzestructuréieren, Programmer ze maachen, déi d’Landschaft erhalen, regional Qualitéitsprodukter ze maachen. An dat ass e co-finanzéierte Beräich. Do ass eng europäesch Strategie, an an deem Kader kënnen d’Länner sech dat erauspicken, wat fir si richteg a gutt ass. An do gëtt co-finanzéiert.

Den éischten Pfeiler, wann de géif co-finanzéiert ginn, mengen ech, wier den Ufank vum Enn vun der gemeinschaftlecher Agrarpolitik. Déi Fro kënnt ëmmer nees erëm. Et ass net déi éischte Kéier. Viru 6 Joer, wéi den Agenda 2000 diskutéiert gi war, war dat do och schonn an der Diskussioun, et ass herno awer fale gelooss ginn, well d’Erkenntnis komm ass, de Risiko wier zevill grouss, dofir ass et jo e bëssche méi nuancéiert gemaach ginn. Déi Däitsch pochen e bësschen drop, mä et gëtt elo gesot, wann d’Suen net géifen duergoen, duerch d’Erweiderung, well Rumänien a Bulgarien dobäi kommen, da misst een eventuell drun denken, fir en Deel ze co-finanzéieren, mä ech mengen, wann den Ufank bis gemaach ass, ass eng Brèche an eppes geschloen, wat, mengen ech, misst weider zesummegehéieren. An ech muss soen, d’Landwirtschaft huet och e gewëssen Accord bruecht.

An der Zäit war de Budget, do war et och nëmme méi eng eenzeg Politik, eng gemeinsam Politik, waren 80% wat d’Landwirtschaftsbudget vum Gesamtbudget, elo sinn et nach 45, 2013 sinn et nach 35. Also, et gesäit een, datt duerch déi Reformen, déi gemaach gi sinn, datt do d’Landwirtschaft hire Beitrag bruecht huet, et duerf een dat och net iwwerstrapazéieren.

An da gesäit ee jo an aner Beräicher, wou gesot gëtt, mir musse méi zesumme schaffen, mir musse méi Gemeinschaftspolitiken opbauen. Ech mengen, do geet et just an déi aner Richtung, do gëtt gekuckt, wat huet eben d’Landwirtschaftspolitik als Gemeinschaftspolitik bruecht, si mir méi staark ginn? Jo, muss een äntweren. An do gëtt dat opgebaut, wou se hei zerschlo hunn. Ech mengen, dat wier e falsche Wee, an ech hoffen, datt d’Vernunft kënnt, an datt, loosse mir soen, net déi kleng budgetär Diskussiounen, datt jiddweree kuckt, fir op d’mannst esouvill eranzekréien, wéi een eraus gëtt, datt dat den Ausgläich géif ginn. Ech hoffen net.

Maurice Molitor: Ofschléissend Fro vläicht, Här Minister, si huet näischt méi direkt mat der Agrarpolitik ze dinn, mä keen anere Lëtzebuerger Minister huet esou vill Presidencë materlieft wéi Dir. Fënnef missten et der sinn, wann ech mech net verzielt hunn, nee, 1980, 1985, 1991, 1997 an elo. Wat huet geännert?

Fernand Boden: Ech soen, am Ufank war ech jo a Politiken, déi keng Gemeinschaftspolitike waren, dat heescht, dat ass méi an engem anere Kader gemaach, an hei, zënter deenen 10 Joer, wou ech Landwirtschaftsminister sinn, do gëtt wierklech Politik gemaach, do ginn Decisioune geholl, do gi Budgete gemaach, dat ass eng ganz aner Politik, an do gëtt och anescht raisonnéiert. Mä ech menge schonn, duerch d’Erweiderung sinn eng ganz Rei vun Erausfuerderungen op een zoukomm. Zu 6 war et méi einfach wéi zu 9, an herno zu 12, an duerno zu 15, mä et ass awer ëmmer nees gaangen. Also ech mengen, wa jiddweree gesäit, datt zesumme sinn an der Gemeinschaft, jiddwereen eppes bréngt, well een heiansdo muss Kompromësser maachen, heiansdo gewënnt een emol eng Kéier, do verléiert een emol eng Kéier, mä gemeinsam duerch Kompromësser kënnt ee virun. Ech mengen, déi Erkenntnis ass ëmmer méi staark ginn.

Am Ufank, kann ech mech erënneren, wéi d’Dänen dobäi komm sinn, déi hu praktesch zu allem Nee gesot, bis datt si erkannt hunn, datt och si géife vun deem Ganze profitéieren, datt sinn elo a grousse Beräicher Befürworter, fir no vir ze kommen. Esou mengen ech och, datt een eben duerch déi Solidaritéitsgedanken, an ech mengen, dat ass och wichteg, Länner wéi Irland hu jo immens profitéiert, doduerch datt se an d’Gemeinschaft komm sinn, well se dat och gutt gemaach hunn, performant waren, mä et ass nëmme gaangen, well déi aner bereet waren, e Geste ze maachen. An esou, mengen ech, misst et och virugoen.

Ech mengen, mir profitéieren alleguer dovun, an et ass natierlech eng schwiereg Phase, et muss een elo deenen neie Länner emol d’Chance ginn, deen do Gedanken z’assimiléieren, an net nëmmen ze kucken, wou kann ech eppes erauszéien. Mä et muss een och heiansdo ginn, fir kënnen erauszezéien.

Maurice Molitor: Gutt, merci villmools op jidde Fall, fir Är Visite hei am Studio, Här Minister Boden.

Dernière mise à jour