Mars Di Bartolomeo se prononce sur la politique de la santé

Maurice Molitor: Här Minister, mir hunn eng Fleegeversécherung, déi Däitsch hunn eng Fleegeversécherung, dat wësse mer. Mir hunn äis sengerzäit jo och e bëssche bei hinnen inspiréiert. Mä wéi ass et eigentlech soss an Europa? Ass dat ee Konzept, wat sech schonn duerchgesat huet?

Mars Di Bartolomeo: Et ass eigentlech duerchwuess. Et gëtt eng Minoritéit vu Länner, déi d’Fleegeversécherung hunn. Et gëtt der, déi driwwer nodenken an et gëtt der, déi guer näischt hunn. A wat ganz spannend ass, dat ass wann een dee Vergläich zwëschent anere Länner huet, déi eng Fleegeversécherung hunn, dann aner Länner déi eng wëllen opbauen, mat deem enge Peloton sech kënne vergläichen an d’Diskussioun ka kommen mat Länner, déi sech eigentlech där doter Saach net esou bewosst waren oder och d’Mëttele guer net haten, fir esou eppes sech kënnen ze leeschten.

Maurice Molitor: Bewosst waren, sot Dir, dat heescht si si sech et awer elo ginn oder ginn et haut nach Leit, déi sech net bewosst sinn, datt dat ee vun de groussen Defie vun der Zukunft gëtt?

Mars Di Bartolomeo: Also, ech mengen, an Europa setzt sech duerch, datt de Prozess vun der Veralterung oder den Alterungsprozess, wéi et besser sollt heeschen, eng vun den Erausfuerderunge gëtt. Déi richteg Äntwerten drop ginn, do, mengen ech, gëtt et Konsens bei ale Länner, neie Länner. Wéi d’Äntwert dorop ausgesäit, do gëtt et kee Konsens. Wat ech gemierkt hunn an deene Wochen, wou mer déi Konferenz virbereet hunn, a virun allem och während der Konferenz, datt déi oppe Method vun der Coordinatioun, déi an deem dote Beräich besteet, exzellent ass. Et ass een zwar net gezwongen, fir eppes ze maachen, mä et mécht ee fräiwëlleg deen Echange an et léiert een extrem vill bäi iwwert deen dote Wee. Et kann een déi bescht Erfahrungen, kann ee matenee vergläichen an et huet een eigentlech e System, wou een à la carte sech dat kann erausgräifen, wat engem am beschte gefällt an heiansdo kënnt ee mat där oppener Method méi wäit, wéi wann een eppes vun uewen opgezwonge kritt.

Maurice Molitor: Wat konnt Dir dann als Lëtzebuerger Ressortminister konkret draus erauszéien, wa mir zu enger Minoritéit vu Länner gehéieren, déi iwwerhaapt eppes hunn, da ginn et der jo och logescherweis net ganz vill bei deene mer äis kéinten inspiréieren?

Mars Di Bartolomeo: Also, wat wichteg ass, dat ass net, datt een ëmmer déi schlësselfäerdeg Léisungen huet, mä datt ee sech bewosst och ka ginn, wat vun Erausfuerderungen op bestehend Systemer zoukënnt. Wann een elo déi Lëtzebuerger Fleegeversécherung mat der däitscher vergläicht, da gesäit een haut, datt déi, déi 4 oder 5 Joer méi al ass wéi äis, a Problemer erakënnt wéinst dem Finanzement. Eng vu mengen éischte Conclusioune war, datt mer am Hierscht ee Steiergrupp asetzen, fir mat Zäit ze gesinn, wann et zu Problemer bei dem Finanzement kënnt, datt een dat kann opfänken, dann, wann et nach opzefänken ass an net eréischt Pompjee spillt, wann d’Kand schonn am Pëtz läit.

Maurice Molitor: Dat heescht, déi zeechne sech, déi Finanzementsproblemer zeechne sech am Moment nach net akut dramatesch of bei äis?

Mars Di Bartolomeo: Also, et gesäit een, datt d’Belaaschtung ëmmer méi grouss gëtt vun där Fleegeversécherung, déi mer viru 7 Joer agefouert hunn. Et ass am Moment net dramatesch, mä et muss een d’Saach am A behalen, fir datt et äis net geet wéi bei de Krankekeesen. Bei de Krankekeesen gëtt een ëmmer an ëmmer erëm iwwerrascht. Bon, mir hunn do eng aner Methodik geholl, datt mer äis dauernd ëm dee System këmmeren an dat wëlle mer aus deene gudden Erfahrungen, déi mer an deene leschte Méint bei de Krankekeese gemaach hunn, wëlle mer och bei der Fleegeversécherung applizéieren. Dat, wat extrem wichteg ass an esou Echangen, wéi mer se hei haten, dat ass, datt ee Problemer kann anticipéieren, sech drop astellen, datt ee gesäit, datt een allgemeng Problemer huet, wou een zu méi sécher méi efficace kann dru schaffen, wéi wann ee just a sengem Eck ronderëm bastelt. Bei der Fleegeversécherung a beim Phänomen vun der Plaz vun den älere Leit an eiser Gesellschaft ass dat sécher e ganz gudde Forum.

Maurice Molitor: Voilà, well et geet jo am Fong och net nëmmen ëm Suen, et geet och ëm Suen, mä et geet net nëmmen ëm Suen. Et ass och eng Diskussioun iwwer Valeuren, nee?

Mars Di Bartolomeo: Also, et ass eng… [gëtt ënnerbrach]

Maurice Molitor: Wéi een einfach mat älere Leit, déi op Fleeg ugewise sinn, als Gesellschaft ëmgeet.

Mars Di Bartolomeo: Ganz richteg, et ass eng Affaire vu Responsabilitéitsdeelung, e wéineg bréngt de Staat an, wéi wäit ass d’Famill betraff? Wéi wäit kann d’Famill den Haaptvolet vun der Fleegeversécherung weider sinn? Wéi muss een d’Famill ënnerstëtzen? Wéi ass et mat der Prise en charge vun de Leit, ethesche Wäerter, wéi Dir richteg gesot hutt. An da selbstverständlech och mat der Finanzéierung, déi ee mat muss abezéien. Dat, wat een eigentlech aus deenen Diskussiounen iwwert Gesondheetsdéngschtleeschtungen an och iwwer Déngschtleeschtungen un älere Leit erausgezunn huet, dat ass e ganz gutt Argument vis-à-vis vun deenen, déi an der Sozialpolitik éischter eng Laascht gesi wéi eng Tromp. De Gesondheetssecteur an och de Fleegesecteur ass eigentlech europawäit dee Secteur, deen am meeschte Potential huet, och fir Aarbechtsplazen, fest Aarbechtsplazen, gutt Aarbechtsplazen, déi dann och qualitativ gutt Déngschtleeschtungen erbréngen. Ech mengen dat ass eppes, wat een an däer Diskusisoun iwwert de Lissabon-Prozess, oder iwwert déi Directive „Services“ net genuch héieren huet. Ech muss Iech soen, ech sinn ee ganz iwwerzeechte Verteideger vun den ëffentlechen Déngschtleeschtungen, net nëmme well en de Leit Liewensqualitéit bréngt, mä well se ganz ganz ville Leit gutt Aarbechtsplaze bréngen an dat ass jo eent vun den Haaptelementer och vun der Lissabon-Strategie.

Maurice Molitor: Fir nach eng Kéier op den europäesche Verglach vläicht zréckzekommen, wéi sinn d’Philosophien uechter Europa? Bei äis ass et jo awer esou, datt de Staat relativ staark aspréngt an där Fleegeversécherung. Ginn et do grouss Ënnerscheeder vu Länner zu Länner?

Mars Di Bartolomeo: Jo, et muss ee mol fir d’Éischt gesinn, datt et zwëschent deene verschiddenen europäesche Länner ee groussen Ënnerscheed gëtt an de Mëttelen, déi se zur Verfügung hunn. Et gëtt der, déi sech gutt stinn, et gëtt der, déi sech manner gutt stinn an et gëtt der, déi franchement aarm sinn, wou dann och Systemer, déi bei äis sech vläicht bewährt hunn, déi awer ganz vill kaschten, net einfach esou ze transposéiere sinn. Dat ass dat Éischt an da gëtt et och, mengen ech, Ënnerscheeder an der Kultur, wéi déi eenzel Gesellschafte mat hiren älere Leit ëmginn. Mir hunn zum Beispill Ënnerscheeder gemierkt bei méi neie Länner, déi gesot hunn, dat kënnt fir äis guer net a Fro, datt mer äler Leit an Institutioune ginn. Bei äis ass et esou, datt een de libre Choix eigentlech avantagéiert, dat heescht, datt een de Familljen hëlleft, déi hir äler Leit wëlle bei sech behalen, kënne behalen an datt een awer och e gutt Offer gëtt fir déi äler Leit, déi vläicht besser an Institutiounen ënner Daach sinn oder déi keen hunn, dee sech kann ëm se këmmeren. Dat heescht, do gëtt et eng ganz Rei, éischtens philosophesch Differenzen, wou een, mengen ech, fälschlecherweis seet, et ass een nëmme gutt an der Famill ënnerbruet, grad esou wéi et falsch wier, datt ee géif soen, et ass een nëmme gutt an den Institutiounen ënnerbruecht an da gëtt et déi finanziell Ënnerscheeder an da selbstverständlech déi verschidde politesch Approchen, wéi een de Problem soll ugoen. De Fazit ass, datt ee gudde System deen ass, wou d’Responsabilitéit gedeelt ass, wou de Staat en Deel vun der Responsabilitéit iwwerhëllt, wou d’Famill en Deel vun der Responsabilitéit iwwerhëllt, wou et ee gemëschte Finanzement ass a wou ee sécherstellt an dat ass, mengen ech, eis Zilsetzung, datt deen älere Mënsch déi Fleeg oder deen Encadrement kritt, deen a senger Situatioun deen adaptéiersten ass.

Maurice Molitor: Egal wat säi soziale Background ass?

Mars Di Bartolomeo: Egal wat säi soziale Background ass. Ech mengen, dat ass ee vun deene wichtegsten Elementer, déi mer an där rezenter europäescher Diskussioun och iwwer Déngschtleeschtungen haten. Déi sozial Déngschtleeschtungen hu vis-à-vis vun aneren Déngschtleeschtungen, deene méi economesch orientéierten Déngschtleeschtungen, eng grouss Differenz opzeweisen, datt een éischtens de libre Accès muss garantéieren, ouni Ënnerscheed vun de Revenuen an zweetens, datt een déi beschtméiglech Qualitéit kann ubidden. Dat ass och heiansdo ze kuerz komm an der Diskussioun, mä mir insistéieren ëmmer dodrop.

Maurice Molitor: Anere Sujet vläicht nach kuerz: Presidence hunn heescht heiansdo och am Numm vun Europa musse Rieden halen. Dir hutt dat gemaach ugangs der Woch zu Genève, op der Generalversammlung vun der OMS, der Weltgesondheetsorganisatioun, d’Thema war eng Chance fir all Kand an all Mamm. Et geet ëm Kannerstierflechkeet, ëm Zougang zu Soinen och fir Mammen a Kanner iwwerall gläich, dat ass jo am Fong bal méi eng Fro vun Entwécklungspolitik wéi vu Gesondheetspolitik, oder net?

Mars Di Bartolomeo: Also Entwécklung a Gesondheet, Gläichberechtegung si Begrëffer a politesch Aktiounsfelder, déi ganz no beienee sinn. Mir hu bei der OMS de Bilan gezu vun der globaliséierter Solidaritéitsaktioun vis-à-vis vun den Tsunami-Affer. Mir sinn doriwwer erausgaang a mer sinn zur Conclusioun komm, datt een d’Gesondheet, och an deenen defavoriséierte Länner nëmme ka garantéieren, wann een den Accès garantéiert. Den Accès ass en Element vun Entwécklung, ass en Element vun economescher Entwécklung, awer och vun demokratescher Entwécklung, well ee ganz oft gesäit, datt niewent der economescher Ënnerdréckung och déi Demokratiewäerter fehlen, déi äis ganz wertvoll sinn. Dofir, dat ass och ee Message, dee mer bei der Lëtzebuerger Presidence an all deenen Diskussioune gutt eriwwer kritt hunn, souwuel de Jean-Louis Schiltz wéi ech selwer, mat Hëllef och vum Premierminister, datt mer gesot hunn, déi Entwécklung, déi mer am Gesondheetsberäich ustriewen, déi Entwécklung, déi mer am Entwécklungsberäich ustriewen, déi mussen zesummegeschéien. Ee ganz ganz representativt Beispill ass dat vun der Lutte géint de SIDA.

Maurice Molitor: 15 Tsunamien all Joer, hutt Dir gesot.

Mars Di Bartolomeo: Et ass genee dat, et ass de Géigewert all Joer vun den Affer vu 15 Tsunamien, déi duerch den Aids stierwen an den Aids kritt een net nëmmen duerch national Programmer an de Grëff, net nëmmen duerch europäesch Programmer an de Grëff, et kritt een en net nëmmen duerch eng Gesondheetsapproche an de Grëff, mä et kritt een en eenzeg an alleng duerch eng concertéiert international Aktioun an deenen zwee Haaptberäicher Santé an Entwécklung an de Grëff. Wa mer de SIDA net packen an deene Länner, wou en zur nationaler Katastof ginn ass, da landt en indirekt och bei äis. An de SIDA dauerhaft kréie mer nëmmen an de Grëff, wa mer en hei bekämpfen awer grad esou op deene Plaze wäit vun äis ewech, awer och an der direkter Noperschaft, wou en am stäerkste verbreet ass.

Maurice Molitor: Merci villmols.

Mars Di Bartolomeo: Merci och.

Dernière mise à jour