Mady Delvaux-Stehres au sujet de la nouvelle grammaire de la langue luxembourgeoise et des devoirs à domicile

Marco Goetz: Iwwert déi Hausaufgabe schwätze mir haut natierlech och. D'Ministesch ass nämlech bei äis am Studio. Gudde Mëtteg.

Mady Delvaux-Stehres: Gudde Mëtteg.

Marco Goetz: Fir d'Éischt komme mir awer vläicht op dat zréck, wat Dir de Moien virgestallt an op de Wee geschéckt hutt, nämlech eng nei Lëtzebuerger Grammaire, net fir Lëtzebuerger, ma fir Frankophoner. Wat erwaart Dir Iech dovunner?

Mady Delvaux-Stehres: Déi Aarbecht, fir eng nei Grammaire ze maachen, déi ass eigentlech scho ganz laang an Optrag ginn. An et ass jo och eng grouss Aarbecht. Déi lescht Grammaire, déi mir zu Lëtzebuerg haten, déi ass vun 1955. Dat war de Robert Bruch nach. An an der Zwëschenzäit huet d'Sprooch jo vill geännert. An et si ganz vill Demandë vu Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, well d'Zuel vun de Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, geet jo an d'Luucht. Et sinn also vill Demandë fir och eppes Schrëftleches, e Buch ze hunn fir domadder ze léieren. An eis Grammaire ass jo schwéier, fannen ech jiddefalls, wann ech duerch d'Buch kucken. Soudatt dat en Instrument ass fir alleguerten déi Leit, déi Course ginn, datt se een Noschlowierk hunn, wou se sech kënnen domadder erëmfannen. Ech wollt och all deene Leit, déi dodru geschafft hunn, villmools Merci soen, also de Josy Braun, d'Marianne Schlechter, d'Josée Frantzen, den Henri Losch an d'Geneviève Barthel. Si hu ganz laang dru geschafft. Et ass eng Collaboratioun mam Projet "Moien" gewiescht. A mir si frou, datt et elo fäerdeg ass.

Marco Goetz: Et ass jo awer esou, datt fir vill Auslänner, déi hei am Land liewen, déi Dir viséiert, fir déi ass awer scho franséisch eng Friemsprooch. Misst Dir déi Grammaire do net och op d’mannst op Portugiesesch, Italienesch, Däitsch an Englesch ubidden?

Mady Delvaux-Stehres: Ech denken, datt sécher eng Demande ass fir nach an aner Sproochen z’iwwersetzen. Mä wat wichteg ass, datt mir elo mol e Corpus hunn an d'Kommentaren dozou sinn op Franséisch. An näischt verhënnert, datt een dat och nach kann an aner Sproochen iwwersetzen. Mä déi gréisst Demande war eben elo vun de Francophonen an déi Leit, déi un der Grammaire geschafft hunn, déi sinn och méi à l'aise am Franséischen. Dat heescht, mir mussen elo der fannen, déi dat iwwersetzen an anere Sproochen.

Marco Goetz: Fir datt mir alleguerten herno déiselwecht Sprooch schwätzen an äis gutt verstinn.

Mady Delvaux-Stehres: Et kann een dat Buch jo kafen. Och als Lëtzebuerger. Et ass eigentlech intressant. Mä ech fannen et ganz komplizéiert fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Marco Goetz: Mady Delvaux, och wann een da Lëtzebuergesch geléiert huet an déi selwecht Sprooch schwätzt, ass d'Kommunikatioun net ëmmer ganz einfach. Dat gesäit ee beim Thema Hausaufgaben. Sot äis vläicht nach eng Kéier fir d'gutt Verständnis, kuerz vläicht, wat Dir mat deenen Hausaufgaben am Primaire do wëlles hutt.

Mady Delvaux-Stehres: Bon, ech mengen, et ass op Franséisch iwwregens. D’Circulaire de printemps geet all Joer vum Ministère eraus un d'Gemengen an un d'Enseignanten. Et ass also d'Destinatioun fir d'Schoulmeeschteren, d'Léierinnen an d'Gemengen.

Marco Goetz: Vläicht lung do de Problem.

Mady Delvaux-Stehres: An ech hat du gemengt, well ech ganz vill Froen iwwer Hausaufgabe gestallt kritt hat, dat wär dann d'Geleeënheet fir emol kloerzestellen, wéi ech mir virstellen, datt ee soll mat Hausaufgaben ëmgoen. Dat éischt Leitmotiv dovunner ass, datt et an der Schoul drëm geet, fir d'Kanner ze léieren ze léieren. Eise grousse Souci muss jo sinn, datt mir de Kanner weisen, wéi ee sech selbststänneg organiséiert, wéi ee sech uleet, fir selwer seng Aufgaben ze maachen… [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: D'Hausaufgabe konkret ganz ofschafen, soen déi eng.

Mady Delvaux-Stehres: Ech denken net, datt een, deen d’Circulaire gelies huet, dat kann do erausliesen. Ganz präzis steet dran: am éischten an am zweete Schouljoer keng geschriwwen Hausaufgaben. Ech weess och net, wat een engem am éischte Schouljoer vill ze schreiwe gëtt. Do léiert ee jo eréischt schreiwen. Also keng geschriwwen Hausaufgaben am éischten an am zweete Schouljoer. Am drëtte Schouljoer kann een Aufgabe ginn. Et muss een net. Et kann een der ginn als Enseignant. An da soll ee kucken, datt dat net méi wéi zwou Stonnen an der Woch vum Kand hëlt. A vum véierte, fënneften a sechste Schouljoer un och Hausaufgaben an da soll dat véier Stonnen an der Woch am Ganzen, dat ass jo eng Indicatioun, soll dat vum Kand senger Zäit huelen. Iwwer de Secondaire, alles wat Postprimaire ugeet, do steet an der Circulaire de printemps guer näischt dran. Ech sinn och der Meenung, wann d'Schoulzäit ëmmer méi kuerz gëtt a wa mir awer gär hätten, datt eis Kanner sollen eppes léieren, da muss ee jo och doheem léieren. Awer dat Wichtegt ass, datt een an der Primärschoul sech léiert organiséieren, datt Kanner dat kënne maachen ouni d'Hëllef vun den Elteren. Dat ass eigentlech mäi grousst Uleies.

Marco Goetz: Elo hu mir dat nach eng Kéier kloer esou gesot. Hausaufgaben ass eng Ursaach, datt d'Kanner net déi selwecht Chance an der Schoul hunn. Et ass net déi eenzeg. Dat sot Dir selwer. Fro: Ass et déi Wichtegst oder hätt een et misste prioritär beim Léierpersonal oder bei der Schouloffer vun de Gemengen usëtzen?

Mady Delvaux-Stehres: Mä dofir ass jo d'Circulaire och un d'Schoulmeeschteren, un d'Léierpersonal an un d'Gemengen [gaangen]. Also, den éischte Message ass fir den Enseignanten ze soen, si solle kucken, wéi hir Kanner sech uleeën fir ze léieren, datt si hinnen hëllefen, datt si selwer domadder eens ginn. An dann ass, wéi gesot, d'éischt, zweet Schouljoer keng Hausaufgab. An duerno, mir maache jo och een Appel un d'Gemengen, datt se eben Hëllef organiséieren oder op d’mannst een Encadrement offréieren. Well wann d'Kanner kënnen eleng hir Hausaufgabe maachen, dann ass et jo just wichteg, datt se ee Kader hunn, entweder doheem, datt se eng Plaz hunn, wou se roueg hir Aufgabe kënne maachen oder wa keen doheem ass, datt se dann op eng Plaz kënne goen, wou déi Rou herrscht, datt se kënnen hir Aufgabe maachen.

Marco Goetz: Bei Chancegläichheet hat ech éischter elo gemengt d'Ausbildung vum Léierpersonal a Strukturen déi d'Gemengen offréieren fir datt d'Schoul… [gëtt ënnerbrach]

Mady Delvaux-Stehres: Oh, mir hunn nach ganz vill ze maachen an der Schoul. Also, ech mengen net, datt et mat Hausaufgaben oder mat enger Diskussioun ronderëm d'Aufgaben gedunn ass. D'Chancegläichheet an eiser Schoul ass ee ganz schwieregen an ee ganz komplexen Thema. Ech denken, datt et vill mat eiser Villsproochegkeet ze dinn huet, well mir jo eigentlech gär hätten, datt 100% vun de Kanner, déi bei äis an d'Schoul ginn, datt se zwou, dräi, véier Sprooche kënnen an dofir ass fir mech dee prioritären Dossier ass dee vun Diskussioun ëm eise Sproochenunterricht an dofir hu mir jo och d'Expertise vum Conseil de l'Europe gefrot. A mir sinn amgaang nei Kompetenzen auszeschaffen, a Richtung éischt Sprooch, zweet Sprooch, dat ass déi Diskussioun vum nächste Schouljoer, mä dat huelt natierlech nach ganz vill Zäit an dat gëtt wahrscheinlech och eng ganz animéiert Diskussioun hei zu Lëtzebuerg. Mä eent ass sécher, déi éischt Joren an der Schoul, sinn immens wichteg, wann d'Kanner eng Method kréien an, datt se net decrochéieren direkt am éischten oder am zweete Schouljoer. Dat ass fir d'Zukunft vun hirer Scolaritéit immens wichteg.

Marco Goetz: Hausaufgabe sinn net de richtegen Usaz, sot den CSV-Fraktiounschef Michel Wolter, deen zugläich och gesot hutt, Dir hätt net mam Koalitiounspartner dodriwwer geschwat. Firwat hutt Dir dat net gemaach?

Mady Delvaux-Stehres: Bon, d'Circulaire de printemps ass ee Bréif, deen den Unterrichtsminister all Joer un d'Enseignante riicht. Dat ass elo keen, also ech behaapten elo net, dat wär e grousse Worf. Et ass kee Gesetz, et ass kee Règlement grand-ducal, et ass eng Instructioun… [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Mä heescht et dann, diskutéieren mateneen, datt dat iwwerflësseg gëtt?

Mady Delvaux-Stehres: Ech diskutéiere ganz vill mat der CSV, well mir jo grouss Projeten och zesumme wëlles hunn. An ech verstinn eigentlech d'Opreegung net, well wann ech dat esou lauschteren, dann héiert et sech jo un wéi wann ech gesot hätt, et däerfte keng Hausaufgabe méi ginn. Ech hu probéiert, eng Direktiv ze ginn, wéi d'Enseignanten sollen d'Kanner léieren Hausaufgabe maachen. An do mengen ech esouguer, datt de Michel Wolter misst domat d'accord sinn. Datt et wichteg ass, datt d'Kanner selwer léiere léieren.

Marco Goetz: Dat heescht am Rescht vun der, oder eigentlech bei Ären CSV-Ministerkollege war d'Opreegung net esou grouss wéi een dat beim Michel Wolter gemierkt huet.

Mady Delvaux-Stehres: Bon, ech gesi jo regelméisseg Leit vun der CSV an och vun anere Parteien an ech hunn do eigentlech keng Problemer ofgesinn dovunner, datt déi Diskussioun iwwer Hausaufgaben d'Wichtegkeet oder wéivill Hausaufgaben, datt dat eigentlech queesch duerch d'Parteie geet. Da stellen ech fest, datt et net de Privilège ass vun enger Partei fir do eng gewësse Positioun ze hunn. Et huet vill mat senger eegener Scolaritéit ze dinn. Wéi een duerch d'Schoul komm ass. Et huet och vill domat ze dinn, wéi een doheem organiséiert ass, fir senge Kanner ze hëllefen. An ech mengen, datt mir zu Lëtzebuerg eigentlech äis e bëssche vill op d'Familljen, op d'Fraen haaptsächlech, verloossen, datt déi doheem sinn fir all déi Aufgabe mat de Kanner ze maachen. A mir kommen awer an eng Zäit, wou dat net méi de Fall ass an dofir halen ech dat hei vläicht secher net fir dee wichtegste Punkt an der Schoul, mä awer ee wichtege Punkt.

Marco Goetz: Eng aner Fro nach zu engem aneren Thema. Dës Woch fänken d'Premièresexamen un. Ass dee Lëtzebuerger Diplom nach ëmmer ee gudden Entréesbilljee fir an den auslänneschen Unien eranzekommen? Wann ee kuckt, datt ee plazeweis Moyennen vun iwwer 50 brauch.

Mady Delvaux-Stehres: Et ass jiddefalls ëmmerhinn een Entréesticket fir kënnen dohinnerzekommen. Also, ech géif scho mengen, mir sollen de Wäert vum Premièresexamen net ënnerschätzen an ech wëll och all deene Kandidaten, bal 3 000, déi Première classique, technique maachen, ech wëll deenen d'Daumen halen a vill Chance wënschen. Wat e wichtege Message ass, et geet net duer, eng Première ze hunn. Et muss een och nach kucken, eng héich Moyenne ze kréien. An dat ass vläicht ee Message, dee mir un eis ganz Schoul musse ginn. Et geet net duer op de Minimum ze schaffen. Et muss ee kucken, de Maximum aus där Offre scolaire do erauszehuelen, fir herno besser Chancen op den Unien ze kréien.

Marco Goetz: An dobäi soll Schoul awer och nach Spaass maachen.

Mady Delvaux-Stehres: Jo, wann ee gär léiert a motivéiert ass fir ze léieren, ech mengen, da kritt een och besser Punkten a da kënnt ee besser doduerch.

Marco Goetz: Gutt Schlusswuert, Mady Delvaux-Stehres, Merci fir d'Explicatiounen.

Mady Delvaux-Stehres: Merci och.

Dernière mise à jour