Mady Delvaux-Stehres au sujet de la politique d´enseignement

Tom Graas: Gudden Owend. D’Schoul war an de leschte Wochen nees vill am Gespréich, sief et wéinst den Hausaufgaben oder wéinst dem sougenannte Neie Lycée. Eng Meenung ze dësen Themen huet quasi jiddwereen, mä mir hätten den Owend gären déi vun der Educatiounsministesch.

Marc Linster: Mady Delvaux, gudden Owend.

Mady Delvaux-Stehres: Gudden Owend.

Marc Linster: Muer ass also den Optakt vun de Premièresexamen fir ronn 3 000 Schüler aus dem Klassik an dem Technik. Wat ass dann déi Lëtzebuerger Première iwwerhaapt nach wäert?

Mady Delvaux-Stehres: Eng Première ass vill wäert, well et ass den Accès fir verschidde Beruffer, et ass den Accès fir op d’Uni. Mä et muss een de Studente soen, datt et wichteg ass, eng gutt Première ze maachen. Et geet net duer, just den Examen ze packen, well ëmmer méi Unie jo awer d’Moyenne froen, an dofir mäin Appel, wann ech gelieft net just op de Minimum schaffen, mä esou héich wéi méiglech probéiere Punkten ze kréien. Mä et bleift eng Entrée fir vill, fir op d’Unien.

Tom Graas: Wéi gesot, eng 3 000 Schüler sinn et, déi elo quasi bal um Enn vun hirer Secondaire-Carrière sinn, an déi héchstwahrscheinlech dann och elo en Diplom kréien. Wéivill sinn der dann ënnerwee verluer gaange bis dohinner?

Mady Delvaux-Stehres: Ze vill.

Tom Graas: A wat kann ee maachen, fir do Remedur ze schafen?

Mady Delvaux-Stehres: Ma ech mengen, dat ass jo dee ganzen Enjeu vun enger Unterrichtspolitik. Mir stelle fest, datt ronn 20 bis 21% vun de Kanner aus der Schoul, aus eiser Schoul, erausginn ouni Diplom. Da sinn der jo nach vill, déi an d’Ausland an d’Schoul ginn, an dann awer nach zu engem Diplom kommen, mä dat sinn der vill ze vill. An den Enjeu ass eigentlech, an Europa an zu Lëtzebuerg, grad souvill wéi soss, iwwerall, datt mir méiglechst vill Kanner an eng Qualifikatioun kréien, fir datt se all Chancen hu fir d’Liewen. Dat ass de groussen Enjeu vun der Schoul.

Tom Graas: Niewent dem traditionelle Lycée kënnen d’Schüler an Zukunft da vläicht och eng Kéier hir Première am sougenannte Neie Lycée maachen, deen esou lues a lues Form unhëlt, an deen och schonn fir e ganze Koup Kritik suergt.

Marc Linster: Madame Delvaux, kommt mir kucken emol déi Kritiken der Rei no. D’Madame Brasseur huet gesot, den Neie Lycée, dee wier onrealistesch, a virun allem eng Sakgaass fir d’Schüler. Ass dat dann elo eng pädagogesch Kritik oder eng politesch Kritik?

Mady Delvaux-Stehres: Bon, ech wëll mech net dorop eraloossen, well, en fait, si jo immens vill Kanner an eiser Schoul an enger Sakgaass, an et geet jo just drëm, fir se do erauszehuelen, an hinnen eng Offre scolaire unzebidden, déi se esou wäit wéi méiglech bréngt. Den Neie Lycée ass eng Alternativ, effektiv eng Alternativ, pädagogesch betuucht, an et ass eng Ganzdagsschoul. Well et no allen Erkenntnisser vun der Literatur an der Pädagogik eng Ganzdagsschoul ouni pädagogesche Modell eigentlech net vill Sënn mécht. Et kann ee wuel eng Schoul maache mat Betreiung, e Ganzdagsangebot niewendrunn, wou d’Kanner kënnen de ganzen Dag an der Schoul bleiwen, mä dat ass klassesche Schoulmodell plus Betreiung. Dat kënnen alleguer d’Schoulen ubidden, mä dat ass kee Modell fir eng Ganzdagsschoul. Eng Ganzdagsschoul ass e Konzept mat engem pädagogesche Modell dobäi.

Tom Graas: Bon, Kritik gëtt et also vu politescher Säit, Kritik gëtt et awer och vun de Professere selwer. D’Fedus-Enseignement, CGFP seet an engem offene Bréif, d’Ëffentlechkeet géif systematesch géint d’Professeren opgestëppelt ginn, d’Ministesch géif nei Saachen aféieren, ouni Consultatioune mat de Gewerkschaften. Domat géif dann d’Basis vum Educatiounssystem erschüttert ginn an d’Enseignante géifen hirt Vertraue verléieren. Ass dat dann e reelle Problem oder dinn do d’Leit sech zum Deel selwer e bëssche Leed?

Mady Delvaux-Stehres: Oh, wat stellt Dir mir komplizéiert Froen haut den Owend. Ech mengen, datt d’Erwaardungen un d’Schoul, déi si jo immens grouss, an et ass och kloer, datt d’Schoul wahrscheinlech ni all déi Erwaardungen, déi d’Elteren an och d’Kanner an d’Schoul leeën, kann erfëllen. Si soll awer probéieren, esou no wéi méiglech dorun erunzekommen. An dofir verstinn ech e bësschen d’Ängscht vun den Enseignanten well, natierlech, si probéiere jo och mat de Kanner e Maximum ze maachen, a wann dat net esou opgeet, wéi d’Kanner an d’Eltere sech dat virstellen, dann huet ee natierlech séier e Sündenbock fonnt, an da seet een, et ass den Enseignanten hir Schold. Ech mengen, datt d’Fro vill méi komplex ass. Mir brauchen eng Schoul allgemeng, elo net nëmmen am Neie Lycée, eng Schoul, déi kloer Missiounen definéiert, déi seet, wéi eng Bildungsstandarde musse mir hunn, wou musse mir d’Kanner hibréngen an d’6. Schouljoer, op 9e, dat ass en Debat, dee mir preparéieren, deen d’nächst Joer richteg lancéiert gëtt, an do wëll ech natierlech all d’Enseignanten mat dobäi hunn, well dat ee breeden, do brauche mir jo ee breede Konsens. Ech hoffen, datt mir e fannen… [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Mengt Dir dann, d’Enseignante géifen do matzéien, well et huet een heiansdo d’Impressioun, datt de Milieu vun der Educatioun e konservativen, traditionellen ass, dee prinzipiell géint Neierunge sech wiert?

Mady Delvaux-Stehres: Ech mengen, datt den Enseignantsmilieu net méi konservativ ass wéi déi aner Milieuen.

Tom Graas: Mä en ass net ganz reformfreedeg, trotzdem.

Mady Delvaux-Stehres: Dat géif ech och an deem Sënn net esou soen. Jiddwereen ass d’accord fir ze soen, eis Programmer sinn iwwerlueden, do si mir jo alleguer d’accord. Elo proposéieren ech, hei, mir setze Bildungsstandarden, dann diskutéiere mir, wat mer an de Programmer mussen ewechloossen, a wou mir d’Accenter musse setzen. Do ass da jiddweree fir sech konservativ, well all Fach säint wëll halen, wat jo och dat Fach fir ganz wichteg hëlt, wat ech jo och ganz gutt verstinn. Mä bon, do stelle mir dann och net jiddwereen zefridden, mä ech mengen awer, datt mir musse weider kommen.

Tom Graas: Firwat fällt dann ëmmer am Ëmfeld vun deem Neie Lycée, oder loosse mir soe vum Numm Ganzdagsschoul, firwat kënnt dann do ëmmer dee Begrëff Ideologie mat an d’Spill?

Mady Delvaux-Stehres: Jo, do misst Dir vläicht déi Leit froen, déi dat Wuert do gebrauchen.

Tom Graas: Dir hätt vläicht eng Erklärung dofir. Ass dat dann eppes, wat typesch LSAP-Politik, typesch lénks ass, eng Ganzdagsschoul, wou kënnt dat dann hier?

Mady Delvaux-Stehres: Also, et si Länner… [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Wou d’CSV vläicht Angscht virdrun huet?

Mady Delvaux-Stehres: Also, et si sécher Leit, déi Angscht virdrun hunn. Ech denken, datt dat och e bëssche mat deem traditionelle Familljebild ze dinn huet, wann d’Kanner de ganzen Dag an der Schoul sinn, da géife se do indoktrinéiert ginn, an d’Famill hätt keng Influenz méi op se, dat war jo d’Discussioun, wéi ech jonk war, ass déi gefouert ginn. Datt Kanner musse mëttes doheem iessen, well soss géife se entfriemd ginn. Allerdéngs huet eis Gesellschaft esou geännert, datt bei ganz ville Kanner Mëttes kee méi doheem ass, an dofir denken ech, datt déi Discussioun iwwer d’Ganzdagsschoul sech iewer e bëssCHen entschäerft huet, well d’Wandlung vun eiser Gesellschaft, vun de Liewensgewunneschten einfach mat sech bréngen, datt dat eng richteg Demande ass vu ganz villen Elteren an och vun de Kanner, fir eben betreit, betreit ass elo en ellent Wuert, mä datt e Kader do ass, an deem se sech kënne beweegen, an deem se sech kënnen entwéckelen. An eng vu menge grousse Suergen ass jo och, datt ganz vill Kanner de ganzen Dag alleng doheem sëtzen. A wat maache se dann? Da kucken se forcément d’Televisioun, wat net incitéiert zu grousser Aktivitéit, an do fannen ech, datt se awer vill méi indoktrinéiert gi wéi an enger pädagogescher Betreuung, déi eng grouss Offer vun Aktivitéite proposéiert.

Marc Linster: A wéi laang bleift dann de Neie Lycée just e Pilotprojet? Gëtt dat vläicht eng Kéier de Standard am Secondaire, oder ass et awer ëmmer nëmmen en deuxième Choix?

Mady Delvaux-Stehres: Oh, ech géif mengen, fir vill Leit ass et den éischte Choix, deen am Neie Lycée proposéiert gëtt. Ech, also, effektiv kann een e bësschen duerchernee kommen. Well mir maachen elo en Neie Lycée, et ass e Lycée-pilote, well mir esou eppes nach ni gemaach hunn. Enfin, do gëtt e bësschen experimentéiert, quitte datt déi sech mussen un de Programm halen, deen an den anere Lycéeë besteet. Ech denken, datt wann do Saachen sech erausschielen, déi positiv sinn, an déi sech gutt bewähren, an déi aner Schoule wëllen iwwerhuelen, da kënne se dat esou iwwerhuelen. Ech hunn awer elo net wëlles, aus dem Modell Neie Lycée mat Ganzdagsschoul, mat e lauter Unitéite vun 100 Stonne, mat laange Pausen dertëschent, ech hunn net wëlles doraus de Standard ze maachen, fir d’ganzt Land… [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Dat heescht, et bleiwen ëmmer déi zwou Formen.

Mady Delvaux-Stehres: Et bleiwen ëmmer déi zwee Stéck, well ech hunn ëmmer ganz hefteg d’Idee vertrueden, datt an der ëffentlecher Schoul missten Alternative méiglech sinn. Mir hu jo bis elo eigentlech ee Modell an der ëffentlecher Schoul, an déi Kanner, an déi Elteren, déi sech doranner net erëmfannen, oder deenen dat net gefällt, déi hunn als Alternativ dann nëmmen a privat Schoulen ze goen, oder an d’Ausland, an ech mengen, eis ëffentlech Schoul muss weisen, wéi variéiert se ka sinn a se eng Offer huet, fir all Zorte vu Kanner an hir Besoinen.

Tom Graas: Reagéiert den Neie Lycée dann elo mat senger pädagogescher Method méi geziilt op déi Schwachstellen, déi Pisa-Etude opgewisen huet?

Mady Delvaux-Stehres: Also, dat Éischt ass, datt den Neie Lycée fächeriwwergreifend muss schaffen, dat heescht, am Fong mussen d’Enseignanten méi zesummeschaffen, an dat ass jo eng vun de Kritiken, déi mir gemaach kréien, datt eis Kanner wuel innerhalb vun hirem Fach ganz vill Wëssen hunn, mä si kënnen et net applizéieren op eppes Anescht. Zum Beispill kënnen eis Kanner gutt rechnen, grad esou gutt wéi déi aner, mä hir Rechekompetenz kréie se net ëmgesat op aner Problemer. An dofir d’Iddi fir fächeriwwergreifend zesummenzeschaffen, datt déi Kompetenzen eben an alle Fächer kënnen ëmgesat ginn. Dat ass een, eng vun de Methoden vum Neie Lycée.

Marc Linster: Mir hunn elo vun de sougenannten normale Lycéeë geschwat. Sinn déi traditionell Lycéeën dann iwwerhaapt nach fit fir d’Zukunft?

Mady Delvaux-Stehres: Et muss enn elo awer net dramatiséieren. Mir bilde jo awer nach ëmmer 3 000 Leit, déi dëst Joer d’Première maachen, dat sinn der jo awer vill. D’Majoritéit geet duerch eis Schoul a kënnt mat engem Diplom eraus, an déi Schüler, déi d’Première gepackt hunn, an déi op eng Uni ginn, déi schloe sech normalerweis jo och gutt erëm. Dat, wat mir just wëssen, mir misste méi Schüler op en héijen Niveau qualifizéieren. Dat ass jo dee groussen Defi, an dofir mussen all Schoule matmaachen. Alleguer d’Lycéeën, all d’Primärschoulen, alleguer, well mir net genuch Schüler op engem héijen Niveau och ausbilden. Dat ass och ee groussen Defi.

Tom Graas: Den Niveau fänkt un, wa se ganz kleng sinn. Dat ass eisen zweete groussen Dossier haut den Owend, Madame Delvaux. D’Hausaufgaben bei de ganz jonke Schoulkanner sollen ofgeschaaft ginn. Och do gëtt et ganz vill Kritik, déi d’Joëlle Hengen zesummegedroen huet.

Marc Linster: D’Bevormundung vun de Pädagogen, hutt Dir Iech an Ärer Circulaire dann esou schlecht ausgedréckt, datt et elo déi Veronsécherung gëtt?

Mady Delvaux-Stehres: Ech maache mir effektiv Gedanken iwwer meng Manéier fir ze communiquéieren, mä d’Bevormundung war eigentlech an där aler Circulaire, well do stoung dran, datt ee misst Hausaufgabe ginn. An dëser Circulaire steet, am éischten an am zweete Schouljoer keng geschriwwen Hausaufgaben, a vum drëtte Schouljoer ongeféier zwou Stonnen an der Woch, an duerno véier, awer véier Stonnen an der Woch vum 4., 5., 6. Schouljoer, an doriwwer eraus, steet dran, datt d’Enseignante mussen ofweien, ob se oder ob se net Hausaufgaben an deem Kader ginn. An et geet ëmmer Rieds iwwer geschriwwen Hausaufgaben. Ech gesinn also elo net, wou do, do bleift awer ganz, ganz vill Latitude.

An den Appel ass, an dofir sinn ech och eigentlech frou, datt och vill doriwwer diskutéiert gëtt. Et ass jo en Appel fir alleguer d’Leit an der Schoul, fir ze soen, komm mir ginn äis drun, datt d’Kanner léiere selbststänneg léieren, dat ass jo de Message. Datt se am éischten an am zweete Schouljoer esou encadréiert ginn, sou begleet, ginn vun de Schoulmeeschteren a vun de Léierinnen, fir kënne sech selwer z’organiséieren, datt se hir Zäit kënne geréieren, sech eppes sichen, datt se dat an der Schoul léieren, well se soss dat doheem, an do gëtt et jo all Zorte vun Elteren, déi déi d’Kanner iwwerprotegéieren an alles fir d’Kanner an hirer Plaz maachen, an déi, déi keng Zäit hunn, oder keng Loscht, fir sech iwwerhaapt ëm d’Kanner ze këmmeren.

Tom Graas: Gëtt déi Circulaire da befollegt? Hutt Dir e Feedback aus de Schoulen?

Mady Delvaux-Stehres: Jo, déi Circulaire, déi applizéiert sech jo vum September un, an ech maachen nach eng Kéier en Appel un alleguer d’Enseignanten, datt se solle ganz genau liesen, well et steet net dran, datt ee keng Hausaufgaben dierf an der Primärschoul ginn, a scho guer net, vum Lycée net ze schwätzen, well iwwer de Lycée geet et guer net. Et ass d’éischt an d’zweet Schouljoer, pas de devoirs écrits. Ech hunn och en Appel un d’Inspektere gemaach, an ech maachen och en Appel un d’Schoulen, déi wëllen, well deen idealen Zoustand wier jo, datt mir eigentlech gutt Carnets de liaison hätten, wou den Enseignant draschreift wat hie mécht, wat hien erwaard, an d’Eltere kënnen e Feedback ginn. A vill hänkt och dovun of, wéi d’Enseignanten mat den Elteren am Dialog zesummekommen, well ech wëll jo net soen, datt d’Eltere sech net méi sollen fir dat intresséieren, wat an der Schoul geschitt, au contraire, si sollen, si mussen enk zesummeschaffen.

Marc Linster: All Mënsch huet anscheinend eng Meenung zum Thema Hausaufgaben, a seet se dann och. Mä hat Dir mat deene massive Reaktiounen op dës an der Saach dach am Fong harmlos Geschicht gerechent?

Mady Delvaux-Stehres: Ech sinn eigentlech e bëssen iwwerrascht. Ech hat geduecht, dat wier selbstverständlech. Mir schwätze vu Kanner vu 6 a 7 Joer, déi keng Hausaufgabe solle schreiwen, mir schwätzen elo net vun deene Groussen, mir schwätze vu Kanner vu 6 a 7 Joer. Also, ech wëll elo net dauernd aner Länner zitéieren, mä a Finnland do fänken se réischt mat 7 Joer un léieren ze schreiwen, déi kréie mat 6 Joer keng Hausaufgaben. Also, dofir wonnert et mech, also ech hat net, ech wosst, datt dat ee sensiblen Thema wier, soss hätt ech d’Circulaire och net doriwwer gemaach, well ech immens vill drop ugeschwat gi sinn, well ech gefrot gi sinn, wéi ass et dann elo mat den Hausaufgaben. Dofir hunn ech d’Circulaire eausginn. Ech hat allerdéngs net geduecht, datt et esou Proportioune géif unhuelen, an haaptsächlech esou schlecht verstane géing ginn. Well mäi Message ass net, datt d’Kanner solle manner schaffen. Ech mengen, datt mir an eng Zäit kommen… [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Dat heescht, Dir gesitt dat elo net als Oppositioun? Är Virgängerin sot „back to basics�?, do hat ee jo d’Impressioun, do gëtt et erëm mam Bengel e bëssche méi streng an der Schoul. A bei Iech gëtt et elo erëm e bëssche méi verspillt an der Schoul. Esou gesitt Dir dat net?

Mady Delvaux-Stehres: Nee, dat ass net mäi Message. Mäi Message ass, mir kommen an eng Welt, déi ëmmer méi komplizéiert ass, an eigentlech gëtt vun de Kanner, vun deene Jonken a vun den Erwuessenen ëmmer méi verlaangt. Also sinn d’Aufgaben un d’Schoul ëmmer méi grouss, a fir dat alles ze meeschteren, musse mir d’Kanner selbststänneg maachen. Mir musse se léiere léieren, an do muss ee fréi ufänken, datt se eng Method kréien. A wann een dat, deen Apprentissage do, dat selbststänneg ginn, wann een dat an d’Elterenhaus verlagert, da vergréissert een d’Ongläichheeten tëschent deene privilegiéierten an deene manner privilegiéierte Famillen.

Tom Graas: Et goufen e ganze Koup Kritiken, Madame Delvaux, mir hunn et elo just héieren, vun de Schoulmeeschteren selwer, awer och vum CSV-Fraktiounschef Michel Wolter, deen zimlech reservéiert reagéiert huet, dee sot, do géifen nach vill Froen opstoe bleiwen. Ass dat da just d’Eenzelmeenung vum CSV-Fraktiounschef, oder ass et d’Meenung iwwerhaapt vun Ärem Koalitiounspartner?

Mady Delvaux-Stehres: Ech ginn dovun aus, datt dat d’Meenung ass vum Här Wolter. Also, ech ginn och jidderengem Recht…

Tom Graas: Hutt Dir soss näischt Géigendeeleges aus der CSV héieren?

Mady Delvaux-Stehres: Also, ech hu vun offizieller Säit keng Interpellatioun kritt vun der CSV. An am private begéinen ech jo ganz vill Leit, a vill Leit, och aus politesche Parteien, wou déi eng aus der Partei dat gutt fannen, an déi aner aus der Partei dat net gutt fannen. Ech mengen, datt dat… [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Et ass kee Problem vun de Parteien.

Mady Delvaux-Stehres: Ech mengen net, ech mengen, datt dat iwwer d’Parteien ewechgeet. Ech denken awer, datt dat eppes mam Weltbild ze dinn huet. An ob ee mengt, wéi d’Plaz ass vun der Fra an der Famill, well dee System, fir vill Hausaufgaben ze ginn, dee fonctionnéiert jo eigentlech nëmmen a Familljen, wou entweder een doheem ass, deen Zäit huet, fir déi Aufgaben z’iwwerhuelen, oder wou ee genuch Suen huet, fir een ze bezuelen, deen et mécht. A meng Suerg ass, datt all Kand an der Schoul all Chance kritt, fir sech no senge Kapazitéiten z’entwéckelen. Dat heescht net, datt mir aus all Kand en Universitéitsprofesser maachen, mä all Kand soll seng Chance kréien, a besonnesch wann d’Schoul ugeet, am Ufank.

Marc Linster: Mä war dann den Thema Hausaufgaben wierklech deen urgentsten, deen elo direkt an Är éischt Circulaire gehéiert huet?

Mady Delvaux-Stehres: Et ass net dee wichtegste Problem an der Educatioun. Et ass awer een, wou ech, wéi gesot, immens oft drop ugeschwat ginn, an an der Circulaire, an där leschter Circulaire de printemps steet dran, et muss ee regelméisseg Hausaufgabe ginn. An dofir war et fir mech evident, datt ech géif an där éischter Circulaire, déi ech géif erausginn, soen, et muss een net regelméisseg Hausaufgabe ginn. Et kann een Hausaufgabe ginn, et soll een am éischten an am zweete Schouljoer keng geschriwwen Hausaufgabe ginn, an duerno, progressiv, datt d’Kanner sech dorunner winnen. Dofir war et fir mech schonn eng gewëssen Urgence, well d’Enseignante gesot hunn, d’Elteren hu gesot, jo, mä den Här Lehrer seet awer eppes Anescht, wéi dat wat Dir sot, an dofir war et fir mech wichteg, fir dat kloerzestellen an där Circulaire. An déi Circulaire de printemps, dat ass e Bréif, deen de Minister all Joer schreift. Dat ass elo kee Reglement, et ass och kee Gesetz. Et ass eng Directive vum Minister un d’Enseignanten.

Tom Graas: Wéi geet et dann elo weider, Madame Delvaux, an Ärem Kalenner? Wéi eng ReformË stinn elo un?

Mady Delvaux-Stehres: Majo elo, dat Éischt, mir hu jo gëschter en Avis vum Conseil d’Etat kritt iwwer den Neie Lycée, dat heescht, do hoffen ech dann elo, well d’Chamber huet schonn dräi Sëtzungen ageplangt, datt mir dat also virum Summer gestëmmt kréien. Mir hunn nach e Gesetz ze stëmmen iwwer de Cadre du personnel, wat elo net ganz spektakulär ass, mä wat awer muss gemaach ginn. Mir plangen eng Reform vun der Formation professionnelle, wat ee ganz, ganz wichtegen Dossier ass, besonnesch wat eng Chance gëtt, fir sech ze qualifizéieren, fir ganz vill Leit déi keng hunn. Dann hu mir d’Schoulgesetz vun 1912, wou ech wëll den Hierscht mat engem neie Projet erauskommen, an dann hu mir dee groussen Dossier vum nächste Joer, dat gëtt Bildungsstandarden, Kompetenzen, Programmer, an dat wäert mat de Sproochen, d’Enseignement vun de Sproochen, wat fir mech d’Häerzstéck ass, vun enger Programmdiskussioun, well mir jo d’Halschent vun de Stonnen, déi an der Schoul ginn op Sproochen. A wa mir do e Schrëtt weider kommen, äis eens setzen, wéi en Niveau ee muss erreechen, datt mir dann e gutt Stéck weider komm sinn, an da fänke mir natierlech un, ënnen, d’éischt Schouljoer bis erop.

Tom Graas: Gutt, dat léisst nach e ganze Koup Plaz fir vill Lieserbréiwer a fir vill engagéiert Diskussiounen. Mady Delvaux, Merci fir de Besuch a Studio.

Mady Delvaux-Stehres: Merci.

Dernière mise à jour