Jean-Marie Halsdorf au sujet de la politique régionale

Maurice Molitor: An den Inneminister Jean-Marie Halsdorf ass haut den Invité an der Emissioun. Dank séngen Explicatiounen kréie mir dann hoffentlech och méi konkret ze paken, wat sech dach hannert där ganz komplexer Matière verstoppt. Här Minister, erlaabt mir awer fir d'Éischt eng ganz onpolitesch Fro, vläicht esou eng bëssche perséinlech. Bon, et wär falsch ze behaapten, d'Presidence géif komplett laanscht Iech laafen. Och Dir waart schonn e puer Mol am Asaz. An awer sidd Dir natierlech manner agespaant wéi munch anere Regierungsmember. Deet dat Iech heiansdo déck?

Jean-Marie Halsdorf: Ech si gewinnt am Liewen dat ze maachen, déi Aufgaben, déi mir virstinn. An als Inneminister ass et kloer, datt ee ganz vill Aufgaben huet a sengem Land an datt se dann an der Presidence déi komplementar Valeur kréien, déi se brauchen an déi ass awer trotzdem a mengem Beräich net onwesentlech, well dee ganzen Aménagement du territoire, dee ganze Volet, dee kritt awer vill méi eng Bedeitung am zukünftegen Europa wéi bis elo, esou datt ech awer do och genuch Virbereedung hat fir dës Reunioun, méi informell Reunioun mat de Ministeren iwwer Regionalpolitik an och iwwer dann d'Fonds structurels an alles wat domat ze dinn huet. Soudatt ech mech awer iergendwéi net aus dem Boot fillen, mä éischter nach am Boot, an ech mengen, datt ech awer kéint e bësschen de Bols vun der Presidence fillen, net esou vill natierlech wéi den Ausseminister oder wéi de Premier, mä trotzdem kréien ech awer déi ganz Ambiance an déi ganz Wichtegkeet vun dëser grousser Chance, déi mir fir eist Land hunn, fir äis duerzestellen, kréien ech déi awer mat. Si leeft also net onbedéngt laanscht mech.

Maurice Molitor: Loosse mir emol e bësschen iwwert déi europäesch Regionalpolitik schwätzen. Bon, déi informell stung ënnert der Iwwerschrëft vun der Cohésion territoriale. Dat ass schonn e schreckleche Begrëff. Wat heescht dat genau?

Jean-Marie Halsdorf: Wann ee vu Cohésion territoriale schwätzt, da muss een dat an de Kontext setzen vun der Kohäsiounspolitik, déi mir an Europa maachen. D'Kohäsiounspolitik, dat heescht, kucken, méi Kohäsioun an dee Wunnraum kréien oder an dee Raum, wou mir schaffen a liewen a ganz Europa.

Maurice Molitor: Ugläichen also, déi méi aarm Länner un déi méi räich.

Jean-Marie Halsdorf: Richteg. Esou soll dat fonctionnéieren an et sinn zwee Begrëffer, déi Objektiver sinn vun der europäescher Politik an dat ass, dat Eent ass d'Cohésion économique an dat Anert ass d'Cohésion sociale. Also, déi wirtschaftlech Kohäsioun an déi sozial Kohäsioun. Et kuckt een also déi zweemol ëmzesetzen. Wirtschaftlech Kohäsioun heescht, datt ech an Europa kucken, wou gëtt am Fong geholl wirtschaftlech geschafft fir Geld eranzekréien fir den Equiliber vum Liewen ze halen, wou kënne mir sozial agräifen fir besser, am Fong geholl, datt d'Mënschen a Liewensqualitéit an nohalteg kënne liewen, well d'Nohaltegkeet ass jo een anert Objektiv an et muss een dat Ganzt natierlech och kucken am Sënn vun der Agenda vu Lissabon a vu Göteborg, déi och wëllen aus Europa jo ee Raum maachen, dee kompetitiv ass an dee wirtschaftlech an och, wéi géif ech soen, wëssenschaftlech éischtklasseg ass. Déi Objektiver stinn an da kuckt een eben dat mateneen ze vernetzen. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg dat am Klenge gemaach an engem gewëssene Sënn. Well wann ee kuckt, den IVL, dat Konzept, dat ass jo een integréiert Verkéiers- a Landesplanungskonzept, do hu mir Elementer. Mir soe jo nohalteg. Wat ass nohalteg? Nohalteg huet eng Schinn, déi sozial ass, eng economesch Schinn, eng ecologesch Schinn. Dat sinn déi selwecht Elementer, déi do beienee kommen a mir kucken, déi mateneen ze vernetzen. Wou ginn ech wunnen, wou ginn ech schaffen, Cohésion économique? Mir kënnen net an all Duerf eng Industriezone maachen, soss kréie mir keng Cohésion économique, wann ech elo Lëtzebuerg kucken a Cohésion sociale kéint ee kucke mat Wunnen, wou ginn ech akafen, wou bewegen ech mech? Dat ass ee Ganzt. A mir vernetzen dat hei zu Lëtzebuerg mat deem Territorialen. Dat ass déi Cohésion territoriale. An esou kéint een dat dann och op ganz Europa, kann een dat projezéieren. An esou gesäit een am Fong geholl de Lien vu Lëtzebuerg mat der europäescher Politik. Also si mir an deem Sënn total an der Philosophie vun Europa an doriwwer eraus ass och déi nei Réforme territoriale, déi ech proposéieren, ass jo genau datselwecht. Do kucke mir, wéi kréie mir administrativ eist Land besser an de Grëff, eis Gemengen an esou weider. An dat ass jo een Deel vu Sozialpolitik au sens large. Also, do gesitt Dir, dat ass e bësschen dat, wat hei versicht gëtt. Dofir kréie mir Gelder. Mir kënnen zu Lëtzebuerg och net hei maachen, wat mir wëllen. Mir mussen äis upassen un eis Nopeschlänner. Dofir gëtt et do Fongen. Dat nennt een Regionalpolitik. Déi Fongen, déi kommen aus deem groussen Dëppen, déi vun de Strukturfongen do ginn et am Ganzen 82% déi ginn ausginn fir Kohäsioun. 15% ginn ausginn fir Competitivitéit an Emploi an 3% ongeféier fir regional Zesummenaarbecht.

Maurice Molitor: An op dat grousst Dëppe kënne mir guer net zréckgräifen?

Jean-Marie Halsdorf: Also, dee gréissten Deel, déi 82, do kréie mir näischt. Dat waren déi fréier Objektiv 1-Fongen.

Maurice Molitor: Wat jo och verständlech ass.

Jean-Marie Halsdorf: Aus deem zweeten Dëppe kréie mir. Dat ass d'Objektiv 2. Dat sinn dann déi 15%. Do kréie mir Gelder. Do hu mir am Land Zonen, déi dovu profitéieren. An dat sinn och FEDER-Fongen an déi ganz Geschichten. An dat drëtt Dëppe vun 3%, déi sinn och ënnert menger Kompetenz. Déi aner Fongen sinn ënnert der Kompetenz vum Jeannot Krecké, vum Economieministère. A mir hu gemengt, et géif Sënn maachen. An dat ass eng Nouveautéit an deem Sënn, datt mir gesot hunn, komm mir setzen äis zesummen a mir diskutéieren dat zesummen. Wirtschaftsministère a Landesplanungsministère, well dann hu mir am Fong d'Strukturfongen all ënnert engem Dësch. An da kréie mir déi Vernetzunge besser hin. An d'Strategie vun Europa ass nu justement déi, fir am Fong geholl an Europa elo Gelder eranzeschéissen an Europa, awer no enger Strategie, mat enger gewëssener Gewiichtung an einfach net blannemännches.

Maurice Molitor: Dat heescht, d'Roll vun Europa beschränkt sech net doropper, Sponsor vun der Regionalpolitik ze sinn. Et gëtt och konzeptuell e bësschen encadréiert.

Jean-Marie Halsdorf: Et solle Projets pilotes gemaach ginn a verschiddene Géigenden a kucken, wat do dobäi erauskënnt an dofir brauche mir dann eben eng Strategie. An déi Strategie kënne mir äis ginn, well mir an Europa eng Struktur hunn, esou ee Genre Observatoire réseau. En ass hei zu Esch, an de Frichen ass en. Et ass zoufälleg hei am Land. An dee mécht Erhiewungen a ganz Europa vu verschiddene Mateneen, loosse mir dat emol esou soen. Dee kuckt och, wou sinn déi grouss Couloiren an Europa, wou Transport muss hinn? Wou sinn déi grouss Couloiren an Europa, wou mir mussen Entwécklungen, economesch Entwécklunge kréien? Wéi kënne mir déi Couloiren, déi grouss par rapport zu deene méi klengen ofstëmmen? Wéi kënne mir grouss Regiounen, wou economesche Wuesstem ass, wéi kënne mir deen ofstëmme par rapport zu klenge Regiounen? Mir sinn éischter hei zu Lëtzebuerg an enger klenger Regioun. Wéi kënne mir Lëtzebuerg zum Beispill ubannen un den Thalys, wann ech elo vu Schnellzuch schwätzen oder un den TGV a Frankräich, oder och no Däitschland, no Berlin, do ginn déi grouss Strategie festgeluegt an da ginn déi Gelder festgeluegt wéi ee kann déi eenzel Géigende vun Europa, wat jo ee riisegen Amalgam ginn ass, géif ech bal soen, fir déi mateneen ze verbannen. An de Problem, dee mir hunn, dat ass deen, wann ech elo global europäesch kucken, op där enger Säit huet een déi nei Länner. Deeler vun deene Länner hu relativ aarm Zoustänn, déi muss een awer eropkréien. Déi Géigend muss een eropkréien fir datt dat Land eropkënnt. An datt dat Land sech upasst un dat Land ronderëm. An datselwecht muss och hei zu Lëtzebuerg geschéien. Dat heescht, mir hunn och Intérêt, wa Lëtzebuerg wiisst, datt och déi franséisch Säit, déi däitsch Säit an déi belsch Säit wuessen. An dat sinn déi Saachen, déi elo diskutéiert gi sinn mat engem Schema an no verschidde Linnen.

Maurice Molitor: Et ass den Ausdrock vu Solidaritéitsprinzip, op deem d'Europäesch Unioun jo och baséiert.

Jean-Marie Halsdorf: Dat ass richteg. Déi Linne si vun der Kommissioun ausgeschafft ginn. Strategic guidelines, heescht dat. An do hu mir territorial Elementer erafléisse gelooss. Dat war bis elo ni de Fall. An da gëtt no deem, wat d'Kommissioun proposéiert, dat ass dann déi Strategie, wou ech Iech elo erkläert hunn.

Maurice Molitor: Iwwert allen europäeschen Diskussiounen, iwwert all europäesche Projet schwieft am Moment e bësschen oder läit eng Hypothéik, dat ass déi vun dem Net-Accord a puncto Finanzperspektiven. Dir hutt dat op Ärer Informeller bewosst ausgeklamert. Et ass net iwwer Suen debattéiert ginn, mä kann een iwwer esou ee Sujet iwwerhaapt debattéieren, wann een net d'Sommë kennt, déi leschten Ends zur Verfügung stinn?

Jean-Marie Halsdorf: Sécher kann een doriwwer diskutéieren.

Maurice Molitor: Mä et ass dann éischter e philosopheschen Deel.

Jean-Marie Halsdorf: Nee, ech mengen net. Net onbedéngt. Ech mengen, ech géif soen, ganz kloer, déi Réunion informelle, dat war ee Succès. Wat erauskomm ass. Et ass éischtens emol eppes erauskomm, wat een am Franséische kënnt mat deem Terme Pensée territoriale ëmschreiwen, déi ass erauskomm. Et muss einfach méi Territoire geduecht ginn, méi vernetzt geduecht ginn. Et muss een net einfach, wéi ech dat elo virdru gesot hunn, déi wirtschaftlech Kohäsioun oder déi sozial Kohäsioun déi einfach eleng kucken, mä et muss een dat vernetzt kucken an do muss ee sech un d'Spillregelen halen, déi mir äis ginn hunn. Wou ech Iech gesot hunn iwwert dat Dokument vun der Kommissioun, awer och iwwert een Dokument vun der Presidence oder vum Conseil, mir hunn nämlech een Dokument, dat mir lancéiert hunn d'lescht Joer bei der leschter Presidence, dat waren d'Hollänner, dat nennt een de Rotterdam-Agenda. Deen hu mir weider gefouert. Déi nächst, déi en elo kréien, sinn d'Englänner, déi konzentréiere sech méi op d'urban Politik, also a Groussstied. Duerno kommen dann d'Éisträicher, da kommen d'Finnen an da kommen déi Däitsch. An do wëlle mir dat Dokument ofschléissen. De Problem ass och deen, datt mir elo, hei ass dee leschte Meeting gewiescht vu Ministeren. Deen Nächsten ass eréischt bei deenen Däitschen. Mir mussen awer elo kucken, dat mir äis do iergend ee Modus vivendi ginn, wéi mir och politesch bei deem Ganzen kënnen de Suivi maachen, fir datt mir dann do um Ball bleiwen an datt mir déi territorial Elementer weider an der Diskussioun behalen, well wann déi nei Constitutioun kënnt, da gëtt déi Cohésion territoriale, also dat heescht dat territorialt Mateneen, dat ofgestëmmt ass, wat integrativ ass, dat gëtt dann een Objektiv vun der Unioun, wat et elo net ass. An da kréie mir eng ganz aner Logik. An da kann et ganz gutt sinn zum Beispill, datt d'Kommissioun decidéiert ee Wäissbuch ze maachen iwwert d'Cohésion territoriale an da musse mir ganz anescht denken an dat ass dat, wat mir hei zu Lëtzebuerg och scho gemaach hunn am IVL, an der Réforme territoriale.

Maurice Molitor: Bon, et zeechent sech awer of, datt deen Accord op de Finanzperspektive, wann en dann zustan kënnt, op jiddefall net op de Propositioune vun der Kommissioun wäert leien, dat heescht, et muss agespuert ginn par rapport zu deem, wat d'Kommissioun wollt ausginn. An et ass en oppent Geheimnis, datt wann agespuert, datt dann och op de Strukturfongen agespuert gëtt.

Jean-Marie Halsdorf: Dat ass ganz richteg, wat Dir sot. An dat ass vläicht an deem Sënn… [gëtt ënnerbrach]

Maurice Molitor: Dat stellt jo awer Villes a Fro.

Jean-Marie Halsdorf: Verschidde Projeten stellt et a Fro, well manner Gelder do sinn. Mä de Prinzip an d'Demarche an d'Kohärenz vun der Demarche an d'Démarche stratégique, déi Strategie, déi ee sech gëtt fir dat ze maachen, déi bleift ëmmer bestoen. Et si vläicht der manner do, et mécht ee manner Projeten, et kënnt ee manner gutt weider. Mä datt mir äis awer emol ofschwätzen an datt mir do dee Wee ginn, dat ass wichteg. An et ass e bësse widdersprëchlech, well all Ministeren, déi do waren, ob dat den Här Stolpe war oder den Här Correio aus Portugal, den Här Stolpe aus Däitschland. Ech weess, an och déi aner, d'Madame Decker aus Holland, déi hunn alleguerte gesot, et ass wichteg, datt mir d'Coopération transfrontalière kréien, Coopération interrégionale, Coopération interétatique, a wann awer dann d'Gelder kommen, ass op eemol näischt méi do. An dat ass ee gewëssene Widdersproch, deen ass, dees si mir äis och bewosst, an dofir geet et jo drëm, fir weider déi Pensées territoriales, deen territorial thinking, fir deen héich ze halen, datt een einfach mierkt, wéi wichteg am Fong geholl den Territoire ass fir déi Politik ze maachen, déi nohalteg Politik an Europa, déi sech op Lissabon an op Göteborg-Agenda, op déi zwee, dorop baséiert. An datt dat net nëmmen eidel Wierder sinn, mä datt mir do eng Strategie kréien.

Maurice Molitor: Mä well et déi Widdersprëchlechkeet an de Positioune gëtt, seet d'Lëtzebuerger Presidence jo ëmmer: il n'y a accord sur rien, tant qu'il n'y a accord sur tout.

Jean-Marie Halsdorf: Dat ass genau vun der Perspective financière, dat ass jo… [gëtt ënnerbrach]

Maurice Molitor: Mat allem wat drunhänkt.

Jean-Marie Halsdorf: Mat allem wat drunhänkt. Dat heescht, et kann net eenzel do verhandelt ginn, et muss global gekuckt ginn. Dat ass de Grond firwat datt mir net konnten iwwert dat Ganzt schwätzen, well da wären Detailer erauskomm an et ass jo ee Ganzt. An entweder hëlt een et ganz un oder et léisst een alles falen. An et wäert net einfach ginn, fir do erauszekommen, dat muss ech Iech wirklech soen, et ass eng ganz komplex an technesch Matière, mä déi awer mat hiren 340 Milliounen, déi elo mol de Moment virgesi sinn, déi an deem Fong solle sinn, dat ass de Fong 1b. Et ginn am Gnzen fënnef esou Schinne vu Fongen. Et ass awer derwäert,fir datt een um Ball bleif an och wa vläicht kleng Einbußen do kommen, mengen ech, brénge mir et awer fäerdeg, fir Kohäsioun an Europa ze kréien.

Maurice Molitor: Merci villmools op jiddefall fir déi Explictiounen.

Dernière mise à jour