Jean-Claude Juncker au sujet du résultat du référendum en France sur la Constitution pour l'Europe

Jean-Claude Wolff: Um Telefon begréisse mir elo fir eng Reaktioun de Lëtzebuerger Premier an aktuellen EU-Conseilspresident, Jean-Claude Juncker. Gudde Moien, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Bonjour, Här Wolff.

Jean-Claude Wolff: Jean-Claude Juncker, dat Resultat vu gëschter a Frankräich, dat deet Iech déck. Dat sot Dir gëschter Owend an engem Message. Mat engem Nee hat ee jo an deene leschten Deeg misste rechnen. Hat Dir Iech awer esou ee massive Score fir den Nee erwaart?

Jean-Claude Juncker: Ech muss éierlech soen, datt ech realistescherweis dovunner ausgaange sinn, datt mir äis op een Nee géifen zoubewegen. Ech sinn awer nodrécklech betraff, datt den Ecart tëscht dem Jo an dem Nee 10% bedréit. Dat ass eng enorm Avance fir den Nee.

Jean-Claude Wolff: Wat fir ee Message muss Europa elo aus dësem Resultat zéien? Vill Aarbechter a vill Jonker hätte géint d'Verfassung gestëmmt, huet et gëschter Owend geheescht. Muss Europa net méi intensiv vläicht op de Bols an op d'Suerge vun de Leit elo lauschteren?

Jean-Claude Juncker: Dat muss Europa ëmmer. Dat muss d'Nationalpolitik, dat muss d'europäesch Politik. Woubäi jo an deem konkrete franséische Fall, deen zwar vill lauschtere kann, mä deen awer duerchernee kënnt mat ville Lauschteren. Well déi Leit, déi Nee gesot hunn am Frankräich, déi hunn et jo aus ganz ënnerschiddleche Grënn gemaach. Déi, di gären hätten, datt d'europäesch Constructioun un d'Ophale kënnt, déi maachen dee Prozentsaz X aus an dem Nee, an déi Leit, déi gären hätten, datt Europa méi wäit géif goen, datt ee méi liicht kënnt Ent¬scheedungen treffen am soziale Beräich, an anere wichtege Beräicher. D'Zuel vun de Leit ass och grouss, déi alles wëllen unhalen an déi alles wëlle méi wäit dreiwen, den Europäesche Verfassungsvertrag. Och wann déi ënnerteneen missten ee Vertrag proposéieren, deen, dee se ofgelehnt hunn, géif ersetzen, da wiere se schlecht drun. Déi verschidden Explicatioune vum Nee, déi erginn ganz einfach net dee Stoff aus deem ee kéint ee Vertrag maachen, deen och dei kënnt ralliéieren, déi Jo gestëmmt hunn.

Jean-Claude Wolff: Dat Resultat a Frankräich elo, ass dat dann net awer en fin de compte e Wënk mat der Scheierpaart gewiescht, datt méi Akzenter op sozial Froe musse gestallt ginn, wéi vläicht verschiddener an Europa dat wëllen?

Jean-Claude Juncker: Ech gehéieren zu deenen, déi ëmmer der Meenung waren, datt Europa, wat seng sozial Dimensioun ubelaangt, ënnerentwéckelt ass. De Vertrag selwer stellt jo och e grousse Fortschrëtt duer wann een e richteg gelies huet, wann een e richteg versteet, wann ee sech virstellt, wéi e sech kéint auswierken am soziale Beräich. Dat hunn d'Leit awer net esou gesinn. Déi, di sech virstellen, an ee Verfassungsvertrag kënnt ee konkret sozial Moossname schreiwen, zum Beispill, woufir ech sinn, een europäesche Mindestloun, déi iwwerdeenen d’Instrumentéierbarkeet vun enger Verfassung. Ob dat duergaange wier, däraarteges konkret Praktesches, sozialpolitesch Upakbares eranzeschreiwen an déi Verfassung fir déi, di souwisou géint Europa sinn, an där gëtt et am Frankräich wéi an anere Länner vill, dat woen ech ze bezweifelen.

Jean-Claude Wolff: Eng Fro nach. Wat bedäit dat Resultat elo fir Lëtzebuerg? An a sechs Woche stëmme mir jo och iwwert de Verfassungstraité of. Wat fir en Impakt erwaart Dir Iech elo vun deem franséische Resultat hei op Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt dat deen Impakt produzéiert, déi di wëllen Nee stëmmen, där gëtt et jo net iwwerraschenderweis ëmmer méi. Déi fille sech an hirer Oflehnungshaltung gestäerkt. Ech kann nëmmen hoffen, datt déi, déi fäerten, datt deen Nee am Frankräich, deen Nee an Holland oder a Lëtzebuerg beräichert, tëschent Gänseféissercher, Europa un d'Stoppe géif bréngen, datt déi opmobiliséiert gi fir sech aus gudde Grënn, aus gudden europäeschen an aus gudde lëtzebuergesche Grënn, méi intensiv wéi bis elo fir ee Jo zu Lëtzebuerg auszedrécken. Well dat, wat d'Fransouse fir sech decidéieren, dat ass scho keng gutt Decisioun, wéi ech mengen. Mä d'Fransousen hunn dat anescht gesi fir Frankräich. Dat ass och keng gutt Decisioun fir Europa. Mä wa mir als Lëtzebuerger Nee géife soen, da géif dat sech ouni Zweiwel op mëttelfristeg Vue och net als ee gudde Schrëtt fir Lëtzebuerg erausstellen.

Jean-Claude Wolff: Wéi geet et elo um europäeschen Niveau virun? Um nächste Sommet wäert dat do jo elo en Debat sinn.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn an Ofsprooch mat Villen, mat deenen ech an deene leschten Deeg an och an der Nuecht geschwat hunn, decidéiert, aus där franséischer Ofstëmmung ee Punkt vun der Dagesuerdnung vun de Regierungschefen de 16. a 17. Juni ze maachen.

Jean-Claude Wolff: Souwäit de Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker. Merci fir dëst Gespréich, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour