Jean-Claude Juncker et Jean Asselborn au sujet du résultat du référendum en France sur la Constitution pour l'Europe

Jean-Claude Juncker: Déi, déi fannen, Europa geet ze wäit, déi gäre manner Europa hätten, déi kann een net zefridde stellen. Mä déi, déi méi wäit wëlle goen, déi kënnt een zefridde stellen, wann een eng schlësseg Äntwert géif esou fannen, datt och déi, deenen et zevill Europa ginn ass, oder déi awer mat deem Europa, wéi et an der Verfassung steet, zefridde stinn, datt een déi kéint beienee bréngen. Et gëtt esou vill Explicatiounen fir den Nee, datt et keng eenzeg, allengeg, geschlossen Äntwert op déi Fro gëtt. Dofir hunn ech an der Nuecht gesot, datt d’Nolauschteren an déi franséisch Argumenter eran, ee perplex gemaach huet, well et aus esou verschiddene Richtunge komm ass, den Nee, deen d’Fransousen zum Ausdrock bruecht hunn.

Alain Frast: Ass net vläicht och ee Grond doranner ze sichen, datt d’Politik et vläicht vermësst huet, z’argumentéieren, mä datt besonnesch gären op Ängschte gesat ginn ass, Europa bleift stoen, gëtt zréckgeheit, et gëtt keng Alternativen zum Verfassungstraité, an esou virun?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, et si méi Ängschte geschürt gi vun deenen, déi d’Nee-Lager ugefouert hunn, déi hunn d’Leit, wann ech mech kann esou ausdrécken, fäerte gedoen, während den Europäesche Verfassungsvertrag jo eigentlech eng Äntwert formuléiert op vill Ängschten, däischter Ängschten, méi kloer sichtbar Ängschten, déi zu Dag getruede sinn an deene leschte Wochen a Méint. Et ass keng einfach Situatioun, well, wéi gesot, d’Äntwert net nëmmen eng Form kann unhuelen, si misst nämlech multiforme sinn a si léisst sech net an ee politesche Verfassungsvertrag ëmsetzen.

Alain Frast: Elo gëtt et zwou verschidden Ängschten oder Hoffnungen, jee nodeem, wéi een dat wëll gesinn. Déi eng, déi fäerten, datt dee franséische Nee elo kéint och aner Länner, wou nach Referende sinn, ustiechen, an datt d’Lager vun den Nein-Sager dann do nach méi Zoulaf kritt huet. Et gëtt der awer dann och, déi hoffen, datt déi, déi vläicht elo mat Nee géifen äntwerten, sech da soen, mir iwwerleeën äis et nach eng Kéier, well mir net zesumme mat de Fransousen, solle mir soen, wëllen am Eck stoen. Zu wat fir enger Hoffnung oder Angscht tendéiert Dir éischter?

Jean-Claude Juncker: Ech kréien dat elo haut de Moien nach net richteg gefaasst. Mir hunn e Mëttwoch ee Referendum an Holland, do zeechent sech och een Nee of. Mir zu Lëtzebuerg sinn net richteg gewinnt, an d’hollännesch Argumentatioun eran¬zelauschteren, mä déi Argumentatioun ass eng komplett anescht wéi am Frankräich. An Holland gëtt et der vill, déi fannen, datt mir zevill Europa hunn. An Holland gëtt et der vill, déi fannen, datt Europa d’Hollänner, finanziell betruecht, ze deier ze stoe kënnt. Dat ass en Argument, wat een am Frankräich guer net héieren huet. An Holland gëtt et der e ganze Koup, déi fannen, datt d’europäesch Wirtschaftspolitik, net d’europäesch Sozialpolitik, mä d’europäesch Wirtschaftspolitik net richteg leeft, well se net wuesstemsfërdernd genuch ass. Do kommen also aner Nee-Elementer zum Droen. Wann een Äntwerte formuléiert op erkennbar franséisch Nee-Elementer, an et gëtt een dann eng Äntwert an deem Sënn, da vergréissert een esouguer den holläneschen Nee, well déi an eng ganz aner Richtung an hirer Ëffentlechkeet tendéieren. Wat mir elo mat alldeem maachen, am Bléck op ee Referendum zu Lëtzebuerg, wou déi Leit, déi fir den Nee tendéieren, erëm eng aner Argumentatiounsweis hunn, dat bleift eng schwiereg Fro.

Alain Frast: Ass et denkbar, Här Statsminister, datt de Conseil sech elo um Enn, Dir hutt gëschter Owend nach eng Kéier direkt gesot, de Ratifizéierungsprozess muss viru goen, ass et denkbar, datt de Conseil sech dann Enn dat anert Joer, wann de Ratifizéierungsprozess ofgeschloss ass a méi wéi 20 Länner "Jo" gesot hunn, datt de Conseil sech dann iwwer déi, déi Nee gesot hunn, ewechsetzt, an de Vertrag dann awer, esou wéi et méiglech ass, a Kraaft setzt?

Jean-Claude Juncker: Mir schéngt dat aus der Siicht vun haut relativ onwahrscheinlech, datt ee géif probéieren een neit Europa, wann een esou soe kann, ouni Frankräich, op de Wee ze bréngen, vläicht och ouni Holland, wann et do en Nee gëtt, also ouni zwee Grënnungsmemberen, en neit Europa ze probéieren. Ech mengen, datt dat relativ onrealistesch ass. Wa Frankräich plus aner Länner, mä net méi wéi 5, well soss ass de Verfassungsvertrag definitiv gestuerwen, Nee soen, da musse mir äis an ongeféier engem Joer zesummesetzen, fir ze kucken, wat mir mat deene verschiddenen Nee-Positiounen, déi et bis dohinner ginn huet, maachen, a wat fir eng Äntwert datt ee kann dorop formuléieren. Mir hu jo am Fall vun Irland, déi zum Vertrag vun Nice Nee gesot hunn, an am Fall vun Dänemark, déi zum Maastrichter Vertrag Nee gesot haten, nach eng Kéier Ofstëmmungen an deene Länner organiséiert, ouni de Vertrag selwer ze veränneren. Op dat sech mutatis mutandis op déi franséisch an eventuell aner Situatiounen applizéiere léisst, fir dat definitiv ze soen, dat ass haut de Moien ze fréi. Europa huet jiddefalls den Tommel a wackelt.

Alain Frast: De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet de Moien iwwerdeems gemengt, datt een aus dem franséischen Nee misst eng Leçon zéien.

Jean Asselborn: Ech soen Iech, beim beschte Wëllen, datt den Europarot Joren a Joere muss hunn, an et net fäerdeg bréngt, héchstwahrscheinlech och nach am Juni, fir ze kucken, wéivill Suen hunn ech zur Verfügung, a wat maachen ech mat deene Suen an deenen nächste 7 Jor. Do stellen d’Leit sech Froen driwwer. An do verléiere mir nach Referenden, wa mir dat net fäerdeg bréngen. Och, wat fir ee Rôle huet Europa, wat fir ee Gewiicht huet Europa, politesch gesinn, an der Welt? An datt dann net an der Kommissioun selwer hin an hier gezu gëtt, datt tëscht der Kommissioun an aneren Acteuren an Europa wierklech sech méi neutraliséiert gëtt, wéi et viru bruecht gëtt. An all dat, mengen ech, muss äis elo duerch de Kapp goen op alle Niveauen, a kucken, fir dat an Zukunft ze verhënneren, an dann, wéi een eng riicht Linn an dat ganzt Spill do erakritt, an de Leit och ka soen, fir wat datt een, wann ee sech asetzt fir Europa, fir wat, wann een déi Decisioun hëlt, fir wat ass dat gutt. Et muss gebotzt ginn, an et muss erëm eng Linn hiergestallt ginn.

Dernière mise à jour