Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet du résultat du référendum français sur le traité constitutionnel

Caroline Mart: An am Studio begréissen ech elo de Lëtzebuerger Staatsminister an EU-Rotspresident, Jean-Claude Juncker. Gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Caroline Mart: Ass dee franséischen Non ee politesche Gau?

Jean-Claude Juncker: Et kënnt no drun erun, jo.

Caroline Mart: Ass et de Bierger net awer zevill séier gaangen? Elo hunn d’Fransousen d’Noutbrems gezunn, mä et spiert ee jo awer déi Euroskepsis, déi wiisst och an anere Länner. Et ass den Euro komm, d’Liewen ass méi deier ginn, et ass eng massiv, eng séier Erweiderung… [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Dat ass falsch. D’Liewen ass net méi deier ginn.

Caroline Mart: Dat ass awer d’Perceptioun vun de Leit.

Jean-Claude Juncker: Dat ass richteg. Dat ass gefillten Inflatioun, géif d’Wirtschaft soen.

Caroline Mart: D’Erweiderung séier, massiv, an d’Angscht déi wiisst, d’Identitéit ze verléieren. Ass net dat, wat och den Nee erkläert?

Jean-Claude Juncker: Also, ech menge schonn, datt mer ee reelle Problem vu Politikvermëttlung, net nëmmen an den Nationalstaaten hunn, mä och wat dat Europäescht un der Politik ubelaangt a mir bréngen et net fäerdeg, dat muss ech zouginn, de Mënschen z’erklären, firwat datt d’Saachen esou musse gemaach ginn an net anescht konnte gemaach ginn.

Wa mer den Euro net hätten, dann hätte mer haut selbstverständlech wesentlech méi héich Präisser. Den Uelechpräisschock, deen nenne mer mol net esou, mir neenen dat eng Uelechpräiserhéijung, obschonns et 40% ausmécht, huet sech net voll op d’Präisser op der Pompel duerchgeschloen, well den Euro a sengem Verhältnis zum Dollar sech esou entwéckelt huet, datt mer dat ofgebremst kréien. Déi lëtze­buergesch Betriber, déi an de Rescht vun Europa exportéieren, iwwer 70% vun eisen Exporter, ginn an de Rescht vun Europa, an d’Währungsunioun selwer, liewe roueg, well d’Italiener net iwwer Nuecht kënnen ofwäerten, well d’Spuenier net méi iwwer Nuecht kënnen ofwäerten an domat eis Betriber vun haut op muer a Stonnen a Minutten ze deier ginn, fir hir Produkter ofzesetzen. Alles dat schützt äis.

Déi Erweiderung, zu där ech op Ärer Antenn viru fënnef Joer gesot hunn, dat géif dat onpopulärsten Unterfange ginn, wat jee an Europa gestart ginn ass, midd Grinse vun de Politikfachleit zu Lëtzebuerg no deem Saz, ass eng absolut Noutwennegkeet gewiescht. Kuckt emol, an Europa sinn zanter 1989 iwwer 30 nei Staate bäikomm. Vun deenen 8 Ost- a Mëtteleuropäer, déi mer opgeholl hunn, sinn der 6 dobäi, déi sinn et viru 17 Joer nach guer net ginn. Wa mer déi sech selwer iwwerlooss hätten, si, déi gefrot hunn, fir an d’Europäesch Unioun ze kommen, alleng gelooss hätte mat hire Problemer, mat hire Grenzproblemer, mat hire Minoritéitsproblemer, dann hätte mer een Europa vun Onuerdnung, vun totaler Onstabilitéit. Mir mussen äis froen, wat hätte mer gär? Hätte mer erëm gären, datt mer zréckkommen an déi Welt, déi mer hate virun 1989, wou zu Prag d’Rakéite stoungen, déi op Lëtzebuerg geriicht waren a wou an Däitschland, an der Belsch, an an Holland Rakéiten op Warschau geriicht waren. War dat déi Welt, déi mer gären haten? Dann zu deene Leit Nee ze soen, ze soen, bekëmmert Iech ëm Är Saachen a mir bekëmmeren äis ëm eis Saachen, dat ass Eppes wat net geet, an duerfir war dat optiounslos.

Caroline Mart: Mä de Problem schéngt jo awer ze sinn, wat d’Unioun méi wiisst, wat d’Europäer sech manner europäesch fillen a wat och de Gruef tëschent de Politiker an de Bierger méi grouss gëtt. Wann een esou kuckt, wat d’Bedenken och sinn géint den Text. Et gëtt gesot, en ass ze komplizéiert, et ass iwwer eis Käpp ewech deci­déiert ginn. D’Leit fille sech ausgeschloss.

Jean-Claude Juncker: Ech hu jo ni behaapt, datt Europa einfach wier an ech hunn och nach ni behaapt, datt Verträg einfach ze liese sinn. Dann ass dat eng einfach Explicatioun fir ze soen, do gëtt et Politiker op där enger Säit an do gëtt et Leit op där anerer Säit. Wier et esou, wier et einfach: mir werfen d’Politiker an d’Dreckskëscht a mir huelen d’Leit fir dat ze maachen, mä esou ass et jo net.

Am Frankräich si 45% fir déi eng Richtung a 55% fir déi aner Richtung. 45% soe Jo, dat si jo net Politiker, dat si Fransousen, richteg lieweg Fransousen a 55% soen Nee. A bei deene 55 gëtt et déi, déi gären hätten, datt Europa méi wäit geet an et gëtt déi, déi soen, ma Europa geet haut schonn ze wäit. Wat ass dann Är Gemeinsamkeet, meng Gemeinsamkeet, dem Här Fabius seng Gemeinsamkeet mam Här Le Pen? Den Här Fabius an den Här Le Pen hunn Nee gestëmmt, sinn dat Politiker nëmme wann deen ee 45% kritt an deen aneren dann zu 55% vertrueden ass? D’Welt ass komplizéiert ze liesen.

Caroline Mart: Mä dee franséischen Nee ass jo awer net nëmmen en Nee géint Europa gewiescht, et war jo ganz staark och innepolitesch gefierwt, och wann Dir sot, d’Fransousen hunn endlech d’Thema Europa entdeckt. Et sinn awer vill Politiker déi dat dote ganz opportunistesch genotzt hunn an et huet een den Androck, déi wich­tegst Nouvelle haut, dat ass déi, datt se en neie Premier kréien.

Jean-Claude Juncker: Also, ech kann net ofstreiden, datt och franséisch Innepolitik matgespillt huet. Et ass ëmmer esou, wann een e Referendum mécht, egal wou, mä doriwwer hu mir net ze uerteelen. Ech stelle just fest, datt déi Leit, déi Nee gesot hunn, wéi och bei deene Leit, déi heiheem d’Tendenz hunn Nee ze soen, et verschidde Forme gëtt: déi, déi gär méi ee sozialt Europa hunn, zu deene gehéieren ech iwwregens och, ëmmer schonn. Dat si ganz oft och déi, déi gären d’Steiere mat qualifizéierter Majoritéit harmoniséieren. Wëlle mir dat zum Beispill zu Lëtzebuerg? Mir wëllen ee méi sozialt Europa, ech sinn honnertprozenteg dofir an der richteger Politik an dann d’Méiglechkeet ze schafen an der Verfassung, fir datt mer dat kënne maachen, honnert Mol jo, mä ech sinn awer dogéint, datt mat Majoritéit an Europa decidéiert gëtt, datt d’lëtzebuergesch TVA vun haut op muer vu 15 op 25% eropgeet. Wëlle mer dat? Wëlle mer alles dat, wat déi, déi Nee gesot hunn am Frankräich zur Constitutioun an d’Constitutioun schreiwen, mat der Konsequenz, datt dat sech fir Lëtzebuerg kann nodeeleg ausweisen? Vill Froen.

Caroline Mart: Konsequenz dat ass méi Stëchwuert, Ursaachefuerschung ass eng Fro, Konsequenzen eng aner Fro. Wéi wäit gëtt et en Domino-Effet? Wat ass wann elo, wat jo de Sondagen no ganz probabel erschéngt, och nach d’Hollänner Mëtt der Woch higinn a mat Nee stëmmen? Zwee Grënnungsmemberen och nach. Riskéiert dat net awer eng Dynamik ze ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech kann dat net ofschätzen. Mir kucken net esou richteg an Holland eran. Mir wëssen och net, wouriwwer datt do diskutéiert gëtt. Mä an Holland gëtt iwwer total aner Saachen diskutéiert wéi am Frankräich. Am Frankräich huet kee gesot, d’Europäesch Unioun ass ze deier, kascht äis zevill. An Holland massive Protest an der hollännescher Bevölkerung, mir mussen zevill fir Europa bezuelen. Am Frankräich ass iwwert de Stabilitéitspakt iwwerhaapt net geschwat ginn, an Holland gëtt gesot, passt op, Dir sidd am gaang eng falsch Wirtschaftspolitik an Europa ze maachen, Dir gitt zevill sozial, mir hätte gären, datt mer méi wirtschafts­liberal géife bleiwen, esou wéi mir Hollänner, wéi mir Englänner ëmmer waren. Wéi bréngt Dir dat do alles beieneen?

An och wann am Endresultat dominostengaarteg Beweegungen entstinn, ass d’Ur­säch­lechkeet vun deene Beweegunge séier oft eng verschidden an ass wéinst dem disparate Charakter vun de Bedenken, déi géint Europa virbruecht ginn, eigentlech kaum nach op een Nenner ze bréngen. Dorop grefféiert sech eng grouss Angscht an déi Angscht, dat hutt Dir richteg beschriwwen, kënnt menger Ansicht no duerch deen aussergewéinleche Rhythmus, mat deem d’kontinental Politik sech déi lescht 15 Joer bewegt huet, ech soen, huet musse beweegen.

D’Europäesch Unioun war mam Réck géint d’Berliner Mauer gebaut, déi ass net méi do. Dat Haus huet ee musse stabiliséieren, déi nei Länner opfänken, déi wiere mat sech selwer net eens ginn a wa se mat sech selwer net eens ginn, hätte mir d’Konsequenzen hei zu Lëtzebuerg och ze spiere kritt.

Caroline Mart: Mengt Dir, datt et een Impakt huet op de Lëtzebuerger Vote?

Jean-Claude Juncker: Lëtzebuerg huet ëmmer no Frankräich gekuckt, wann et grouss gesellschaftlech Debatte gefouert huet. Ech kann net ofstreiden, datt aus dem franséischen Nee och eng Stäerkung vum Nee zu Lëtzebuerg kënnt, woubäi ech gären hätt, datt mer net äis ëm eis eege Saache bekëmmeren, mä äis ëm d’euro­päesch Saache bekëmmeren, aus dem Gefill eraus, datt mer eis eegen Intressi mussen am Bléck hunn an déi leien op der Hand. Wat mer méi Europa hunn, souwäit wéi et passt bei dat, wat mer gären hätten an dat mécht déi nei Verfassung, wat et äis besser geet, wat mer besser eens ginn. Mir mussen ëmmer op eis Nopere lauschteren, mir mussen hinnen awer net alles nomaachen. Mä ech maache mer net selwer Courage, ech hu mech ëmmer mat vill Beonrouegung iwwer d’Perspektiv vum Referendum zu Lëtzebuerg ausgedréckt, mä ech sinn determinéiert a fest gewëllt mech mat aller Kraaft, soufern ech déi Kraaft dann eben net méi fir déi europäesch Geschichten brauch anzesetzen, fir datt d’Lëtzebuerger an engem wichtege Moment vun der kontinentaler Geschicht soen, wou se stinn a wou se gären hätten, datt Europa sech fortbeweegt an Europa ka sech net no hanne beweegen, dat geet zum Nodeel vun eise Kanner a vun deene Kanner, déi nach net gebuer sinn.

Caroline Mart: Wat ass elo d’Konsequenz fir den Traité? Dir hutt schonn am Virfeld an der Press erkläert, noutfalls mussen d’Fransousen eben nach eng Kéier of­stëmmen, dat gouf et jo och schonn an der europäescher Vergaangenheet, mä wat, wann et net nëmmen d’Fransouse sinn, wann et 3, 4, esouguer 5 Länner sinn, déi Nee soen? Wat ass dann d’Alternativ? Gëtt et eng Alternativ zu neie Verhandlungen oder ass de ganze Prozess gescheitert?

Jean-Claude Juncker: Also, ech hunn net gesot, datt d’Fransousen einfach esou sollen nei wiele goen. Op d’Fro hin, wa Frankräich Nee stëmmt, kann d’Verfassung net a Kraaft trieden, wat muss geschéien, fir datt se awer kann a Kraaft trieden, hunn ech gesot, da gëtt et nëmmen eng Méiglechkeet, no enger gewëssener Zäit, datt d’Fransouse sech nach eng Kéier mat der selwechter Fro befaassen. Dat mussen d’Fransouse selwer decidéieren. Wee sinn ech, wee si mir fir elo zu de Fransousen ze soen, déi gëschter mat 55% Nee gesot hunn: Dir hutt Iech geiert, iwwermuer musst Dir nach eng Kéier stëmmen. Dat musse se selwer erausfannen, am Liicht vun dem Zoustëmmungsprozess an deenen anere Länner a mir hunn nun emol zu 25 Staaten ofgemaach, datt wa bis tëscht engem a fënnef Staaten net ratifizéiert hunn, datt mer äis dann nach eng Kéier mat der ganzer Fro musse beschäftegen, mä déi Virstellung, de Vertrag kënnt nei verhandelt ginn, ass eng, déi ech net hunn.

Iergendwann kréie mer een neie Vertrag, mir musse jo virukommen, aus dem Lach erauskommen, mä fir alles dat an deen neie Vertrag ze schreiwen, wat der vill, déi am Frankräich Nee soe gelooss hunn, gären dran hätten, dat géif ee Vertrag erginn, wou d’Lëtzebuerger zu 80% géifen dergéint stëmmen, déi wëllen net datt d’Europäer soen, wéi eis Pensiounen hei fonctionnéieren, déi wëllen net, datt d’Sécurité sociale mat qualifizéierter Majoritéit gemaach gëtt, déi wëllen net, datt de Kënnejungsschutz ka mat Majoritéit verschlechtert ginn, déi wëllen net, datt mat Majoritéit eis TVA an eis Accisë kënne gehéicht ginn. Ech sinn nu, Gott weess, begeeschtert, wann et ëm Europa geet, mä ech hätt awer och gären, datt déi Saachen, déi mir heiheem selwer kënne maachen, datt mer déi och selwer kënne maachen an déi Verfassung schreift ganz genau fest, wat Europa mécht a wat mer kënnen heiheem maachen. Loosse mer se huelen, well eng besser kréie mer net.

Caroline Mart: Lescht Fro: et ass kee schéinen Ofschloss fir d’Lëtzebuerger EU-Presidence, schonn duerch déi dätisch Neiwalen war de Punkt vum Finanzpakt staark compromettéiert, dat schéngt jo elo net besser ze sinn. Sidd Dir net awer e bësschen decouragéiert, och wann Dir sot, Dir wäert kämpfen, net e bëssche frustréiert haut?

Jean-Claude Juncker: Also, ech weess scho méi laang, datt Premier sinn a President vum Europäesche Rot sinn, keng vergnügenssteuerpflichteg Veranstaltung ass fir deen, deen et muss maachen, mä ech probéieren och déi Finanzperspektiven an d’Rei ze kréien, zesumme mat menge Kollegen, mä dat ass extrem schwiereg. Esouguer ouni däitsch Neiwalen an esouguer ouni ee franséischen Nee ass dat enorm schwiereg. Ech probéieren zesumme mat de Kollegen an der Regierung an och mat menge Leit dat esou ze maachen, datt herno kee ka soen, mir hätten äis net déi gréisste Méi vun der Welt ginn. Dat si mer dem europäesche Fortgang schëlleg an dat si mer dem gudde Bild vun eisem Land an Europa schëlleg an ech si frou, datt mer wéinstens de Stabilitéitspakt an d’Rei kritt hunn. Dat géif och elo net méi goen, wa mer dat net schonn am Mäerz gemaach hätten. Also, mir ginn äis virun drun.

Caroline Mart: Jean-Claude Juncker, ech soe Merci fir d’Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour