Nicolas Schmit au sujet du résultat du référendum français sur le traité constitutionnel

Frank Kuffer: Bei äis am Studio ass den delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit, deen och zoustänneg ass fir Europafroen. Gudde Moien, Här Schmit.

Nicolas Schmit: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Mir hunn et elo ugesprach. Et gëtt kee Plang B. Kann een dat iwwerhapt gleewen, datt elo keng Alternative do um Dësch läit. Do souze jo awer ganz intelligent Leit beieneen, déi dat ausgeschafft hunn an och déi, déi dee Vertrag ugeholl hunn. Wéi kann een dat verstoen, datt do keen anere Plang do ass? Hatt een net mat engem Nee gerechent?

Nicolas Schmit: Ech mengen, Dir kënnt net dovun ausgoen, datt wann dir engem Vollek eppes presentéiert direkt schonn am Kapp eng Alternative hutt. D'Politik ass esou, datt ee muss natierlech elo kucken, déi richteg Conclusiounen aus deem Nee ze zéien, mä et kann een elo net dee Plang B, wou jiddwereen dovu schwätzt, aus engem Tirang zéien. Dee muss sech erginn. Iergendwann. Et muss natierlech gekuckt ginn, wéi een aus där aktueller Situatioun erauskënnt. Mä dat ass net eppes, wat fäerdeg iergendwou an engem Tirang läit. 

Frank Kuffer: Mä de Ratifizéierungsprozess, dat ass jo gëschter och ëmmer erëm gesot ginn, dee leeft elo weider. Déi aner Länner sollen sech elo net beaflosse loossen, wat och wäert schwéier ginn. Wat geschitt dann awer um Enn? Ginn d'Fransousen, vläicht kommen der jo nach dobäi, mä d'Fransousen ginn déi dann elo nach eng Kéier gefrot?

Nicolas Schmit: Ech mengen, all Vollek muss fir sech selwer wielen. An esouwäit wéi méiglech Europa am Kapp hunn an net iergendwellech aner Situatiounen. Mir stelle fest, datt dat a Frankräich schwiereg war. Vläicht duerch eng Krise, eng sozial Krise, Wirtschaftskrise, déi a Frankräich besonnesch prononcéiert war an och duerch politesch Situatiounen, déi ganz spezifesch sinn. Et muss een elo kucken, wéi aner Natiounen an Europa stëmmen, y compris d'Lëtzebuerger, a wann dat fäerdeg ass, wann all Vollek an Europa sech expriméiert huet, wéi et absolut dozou muss d'Recht behalen. Da muss een déi politesch Konsequenzen zéien an dann ass d'Stonn do, fir e Plang B auszeschaffen. 

Frank Kuffer: Mä et ass jo awer och déi lescht Woch schonn ëmmer erëm ugedeit ginn, ech mengen och den Här Juncker huet dat schonn ulaude gelooss, datt een eventuell awer d'Fransousen nach eng Kéier kéint froen. Mä ass dat net e bësschen d'Leit fir domm gehal? Ass dat net gesot, dir hutt elo näischt verstan, wat dir elo gestëmmt hutt, elo froe mir iech an engem Joer nach eng Kéier.

Nicolas Schmit: Et ass jo ganz sécher, datt een d'Leit net einfach esou freet. Et muss een de Leit och e Grond ginn, fir hir Meenung kënnen ze änneren. Ech mengen, et si jo an deem Vote hei eng Rei Signaler dran. Wann ech dovun Abstractioun maachen, datt et souwisou ee Fong am Frankräich gëtt vu Leit, wéi den Här Juncker gesot huet, déi manner Europa wëllen, déi géint Europa sinn an och ëmmer waren. Et gëtt awer och an engem groussen Deel vun deem Vote hei e ganzt kloert Signal, datt Europa e bëssche muss anescht ginn, datt zumindest gewësse Suerge vun den Europäer besser mussen en compte geholl ginn a wann een d'Leit nach emol sollt an der Zukunft froen, da muss een en och kënne beweisen, datt Europa déi richteg Lektioun aus deem Vote do konnt zéien.

Frank Kuffer: Déi Nee-Stëmmung aus Frankräich an eventuell och aus Holland an der Woch kann déi och bis op Lëtzebuerg kommen? Fäert Dir, datt d'Leit hei am Land sech beafloosse loossen? Déi lescht Sondagen gesi jo awer net ganz gutt aus.

Nicolas Schmit: Ech mengen, et ass ganz kloer, datt d'Leit jo déi Aktualitéit an den Nopeschlänner suivéieren, datt se och dovu beaflosst ginn. Dofir soen ech natierlech, si sollen sech net vun deenen hire politesche spezifesche Problemer beaflosse loossen, mä d'Noutwënnegkeet vu méi engem aktiven Debat iwwert déi Constitutioun, déi ass op jidde Fall och hei zu Lëtzebuerg elo ginn. Mä d'Lëtzebuerger mussen als Lëtzebuerger stëmmen. Si mussen sech also froen, wat eis Plaz an Europa ass. Ech géif esouguer dobäifügen, datt de Lëtzebuerger Vote elo eng besonnesch Wichtegkeet kritt. Eng Signalwierkung, datt Europa net um Buedem läit, datt Europa net den Tommel huet, mä datt mir musse versichen, wéi ech gesot hunn, déi richteg Lektiounen zéien a gewësse Kurskorrekturen och an där Manéier, wéi mir e gewësse Problem an Europa uginn, vollzéien.

Frank Kuffer: Wat sot Dir dann zu Äre sozialistesche Kollegen a Frankräich, zu engem Laurent Fabius, dee jo mat responsabel fir deen Nee däerft sinn. Géift Dir esou ee Mann aus der Partei erausgeheien?

Nicolas Schmit: Ech mengen, et soll elo kee Reglement de compte kommen. Ech hu mech jo och zum Här Fabius a verschidde Saachen expriméiert. Ech mengen, hien huet hei ee politescht Spill gespillt, wou e vläicht op gewësse Sensibilitéiten agaangen ass, mä am Endeffekt d'Saach awer e bësschen negligéiert huet. Mir kennen all seng Geschicht. Mir kennen dat firwat hie steet. An et ass schonn enttäuschend, wéi hei probéiert ginn ass, deen Nee ze legitiméieren an de Leit eigentlech net d'Wouerecht ze soen.

Frank Kuffer: Vläicht nach ganz kuerz zum Schluss, d'Regierung Raffarin, hu mir gesot, déi wäert um Enn sinn, mä misst net och de Jacques Chirac goen?

Nicolas Schmit: Ech mengen, dat ass eng intern franséisch Affär. Dat ass d'franséisch Constitutioun. An ech mengen, déi muss einfach respektéiert ginn. A jiddweree muss do seng Conclusiounen zéien.

Frank Kuffer: Nicolas Schmit, villmools Merci fir déi Impressiounen.

Dernière mise à jour