Luc Frieden au sujet de l'actualité européenne

Maurice Molitor: Am Studio haut de Justiz-, Budgets- a Verdeedegungsminister Luc Frieden. Här Minister Frieden, Dir sidd, ech mengen dat däerf ee soen, mat enger Hollännerin bestuet, Dir kennt also d’Mentalitéit vun den Hollänner och besser wéi eiser een. Sou wéi Dir d’Situatioun aschätzt, hätten d’Hollänner och Nee gesot ouni dee franséischen Nee dräi Deeg virdrun?

Luc Frieden: Ech menge jo, well deen hollänneschen Nee ass een anere wéi dee franséischen Nee. Ech mengen, datt deen hollänneschen Nee, virun allem een Nee ass, datt d’Hollänner fäerten, se géingen hir Eegestännegkeet verléieren. D’Hollän­ner hunn ee Riseproblem vun Immigratioun. Si hunn economesch Problemer a se mengen, datt se besser do géinge stoen, wa se alleng wieren. Or, eng Rei vun deene Problemer, wann ech deen huele vun der Immigratioun, deen ech jo gutt kennen, dee kréie se net geléist, wa se dat alleng nationalstaatlech maachen. Wa se en europäesch léisen, et ass een europäesche Problem, da mengen ech, komme se deem Problem besser entgéint, mä dat ass un den Hollänner, fir dat esou ze gesinn, wéi si et richteg fannen.

Maurice Molitor: Ech mengen, och hiren Apport zum europäesche Budget ass ee Punkt, dee se e bëssche stéiert. Si fannen einfach, datt se zevill musse bezuele fir dat wat se erauskréien.

Luc Frieden: Ech mengen, datt se dat net selwer erausfonnt hunn, well deen eenzelne Bierger weess dat kaum. Ech mengen, déi ganz Diskussioun ronderëm d’Finanzperspektiven an d’Insistance vun der Regierung op deemdo Punkt huet de Bierger an Holland dat natierlech méi apparent gemaach.

Maurice Molitor: Dir mengt also net, datt de franséischen Nee eng psychologesch Auswierkung hat, och net op d’Envergure vum Nee, well déi ass jo awer beandrockend an Holland gewiescht?

Luc Frieden: Also, ech mengen, datt et och Nee gi wier an Holland, wann d’Fransouse Jo gesot hätten.

Maurice Molitor: Vläicht net esou däitlech?

Luc Frieden: Mä et ass kloer, datt nodeem d’Fransousen Nee gesot hunn, ass et eng ganz aner Debatt nach ginn, net nëmmen do, mä iwwerall wou elo nach Referendume kommen. De Sujet kënnt méi an de Virdergrond an ech mengen och, datt den Nee doduerch Opdriff kritt huet a besonnesch well dat dräi Deeg no deem franséische Referendum war. Et hat een also kaum Chance, fir nach dogéint Argumenter ze bréngen.

Maurice Molitor: Dir sidd jo fir zwee Beräicher zoustänneg: Justiz an Defense, déi méi wéi aner Politikberäicher géifen änneren, wann déi Constitutioun da kéim. Deen éischten, dat ass de Beräich Fräiheet, Sécherheet a Justiz. Do gëtt et jo d’Ambitioun, e gemeinsame Raum op deene Gebidder ze schafen. Dat gëtt duerch d’Constitutioun ënnermauert. Dir hutt dës Woch een normale JAI-Conseil presidéiert. Hutt Dir dann do scho gemengt ze spieren oder d’Gefill kritt, datt e bësschen zréckgeschrauft gëtt bei där Ambitioun, datt se net méi mat därselwechter Energie virugedriwwe gëtt vun Äre Kollegen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dëse Conseil extrem schlecht louch, well e war Stonnen no dem hollännesche Referendum an et war ganz kloer, an ech mengen, dat ass och richteg an enger Demokratie, datt d’Ministeren elo mol versichen, déi zwee Neeën aus Holland an aus Frankäich ze verstoen an an deem Nee läit sécher och, an den Ae vu verschiddene vu menge Kollegen, de Message, fir datt mer sollen e bëssche méi lues an der Integratioun vun Europa goen. Ech mengen awer grad, datt op deem Beräich vun der Fräiheet an der Sécherheet manner schnell Inte­gra­tioun grad e Problem duerstellt fir d’Bierger. D’Bierger hunn och ee Problem mat Onsécherheetssituatiounen. Or, wéi kréie mer d’Kriminalitéit besser bekämpft? An­deem mer méi enk an Europa tëscht de Policen zesummeschaffen. Wa mer also do géinge méi lues maachen, jo, dann hu mer dee Problem, deen d’Leit hunn, nach vergréissert. Mir hunn an deene leschte Jore zum Beispill versicht, méi eng enk Polizeicooperatioun ze maachen. Grad an engem Land wéi Lëtzebuerg ass dat noutwenneg, well wann hei een eng stiicht an en ass direkt iwwert d’Grenz ewech a mir kommen em net no, jo, dann hänke mer. Dofir brauche mer méi ee groussen Echange, och vun Informatiounen, dofir schwätze mer driwwer, d’Datebanke mat­eneen ze vernetzen. Dir wësst, datt mer viru kuerzem mat 6 Länner een Accord ënnerschriwwen hunn, wou mer zum Beispill d’ADN-Datebanke matenee vernetzen. Wann also hei een e Sexualverbrieche mécht a mir fannen ADN-Spueren, da kënne mer déi nëmme vergläichen haut mat eisen eegenen Donnéeën. Wa mer awer och nach kënne kuckn, wat déi Däitsch oder wat d’Fransousen hunn, da fanne mer den Täter vläicht méi séier. Dat kënne mer och esou maachen. Wa mer awer d’Ver­fas­sung hunn, da kënne mer mat qualifizéierter Majoritéit ofstëmmen, komme mer also méi schnell virun an dofir mengen ech grad an deem Beräich vun der Sécherheet, brauche mer méi Europa, wéi och bei der Immigratioun. A wa mer méi Europa hunn a méi Sécherheet, da kréie mer och méi Fräiheet.

Maurice Molitor: Déi Situatiounen, déi dann am Moment liicht bestinn, méngt Dir éischter, datt déi op de Schock zréckzeféiere sinn an datt déi kee laangfristege Bestand wäerten hunn?

Luc Frieden: Dat ass schwéier soen. Dee Schock ass nach esou no. Et ass ganz kloer, datt d’Aarbechten dës Woch am Conseil enorm doduerch gebremst gi sinn. Mir hunn zum Beispill diskutéiert, ob mer géingen eng gemeinsam Definitioun iwwer Rassismus an eis Strofgesetzbicher schreiwen. Mir sinn domadder net eens ginn, well Verschiddener gesot hunn, si hätten net gären, datt Bréissel, wéi d’Leit da schwätzen, dat géing imposéieren. Or, et ass net Bréissel. Mir sinn do 25 Länner ronderëm een Dësch, een dovunner ass de Lëtzebuerger, een dovunner ass den Hollänner, een dovunner ass de Fransous. Et ass also net d’Kommissioun, déi seet, dir musst dat elo maachen. Mir waren der Meenung, datt et gutt wier, an enger Gemeinschaft vu Wäerter, datt mer eng gemeinsam Definitioun iwwer Rassismus hätten, mä ech muss och Rechnung droen deenen, déi soen, et ginn ënner­schiddlech Opfaassungen iwwert d’Ausdrocksfräiheet. An de skandinavesche Länner kann een egal wat soen, wann ech dat dierf esou ausdrécken. Mir sinn äis also doriwwer net eens ginn. Mir sinn dës Woch e bëssche gebremst ginn, mä ech mengen, mir mussen och net maache wéi wann näischt geschitt wier an Holland an a Frankräich. Wann d’Wieler sech ausdrécken, da muss een dat eescht huelen, da muss een dat respektéieren. Dat heescht net, datt mer elo alles sollen opginn. Mir mussen och mat deene Leit schwätzen a soen, mengt dir net, grad am Beräich Justiz, Sécherheet, wier et besser, mir géife méi enk zesummeschaffen? An ech géing mengen, wa mer just doropper géingen ee Referendum maachen, da wäre ganz vill Leit d’accord.

Maurice Molitor: Jo, well dee Raum, dee kënnt esou oder esou. Et ass jo och net gewaart ginn op d’Verfassung, fir domat unzefänken en ze schafen. Op ee konkret Resultat ënnert Ärer Presidence wéilt ech Iech uschwätzen, dat ass d’Vernetzung vun den nationale Casiers judiciaires ënnerteneen. Dir hutt d’Creatioun vun engem europäesche Casier propagéiert. Wat ass eigentlech den Ënnerscheed, wann déi eenzel matenee vernetzt si souwisou?

Luc Frieden: Jo, elo si mer och emol nach net bei der Vernetzung vun de Casieren. Ech hätt am Beschte fonnt, mir hätten ee gemeinsame Casier, well da géing et och gemeinsam Regele ginn, wat an e Casier ageschriwwe gëtt, ween Accès zum Casier huet. Alles dat kréie mer elo net. Mä ech sinn awer ganz zefridden, well mer elo festgehalen hunn ënner Lëtzebuerger Presidence an op mäin Drock hin, datt mer emol akzeptéieren iwwerhaapt ee System ze fannen, ënnert wéi enger Form mer kënnen eis Casiere matenee vernetzen. Well och do gesäit een, datt dat noutwenneg ass. Wéi e Sexualverbriecher am Frankräich condannéiert ginn ass, do woussten d’Fransousen dat. Dunn ass dee Mann an d’Belsch schaffe gaangen. Do huet en do eng Plaz kritt, wou en erëm konnt mat Kanner schaffen, dunn ass en erëm un déi Kanner gaangen. D’Belsch woussten dat net, déi liese jo net de franséische Casier. An dofir soen ech, et mécht Sënn, datt mer och eis Casiere matenee vernetzen. Selbstverständlech mussen et do Dateschutzregele ginn, mä déi Regelen, déi mer op nationalem Plang hunn, déi musse mer einfach europäesch ausleeën. Mir mussen europäesch denken a Froe vu Sécherheet.

Maurice Molitor: Ouni elo wëllen d’Positioun fir oder géint den Traité ze huelen, just d’Tatsaach: ween Nee zu där Verfassung seet, dee seet am Fong och Nee zu enger méi staarker parlamentarescher Kontroll vun allen Decisiounen, déi an deem Beräich geholl ginn. D’Europäescht Parlament kréich jo och iwwert d’Constitutioun Mat­bestëm­mungsrecht a ganz konkret just an deem Domaine?

Luc Frieden: Dat gëtt fir äis ee ganz groussen Ënnerscheed.

Maurice Molitor: Et ass vläicht op Ministeschniveau méi kamout ze schaffen, mä méi demokratesch?

Luc Frieden: Et ass sécher een neit Element wat erakënnt, wat et heiansdo da vläicht méi lues virugoe léisst, well d’Codecisioun, also Parlament a Ministerroten zesummen decidéieren. Do gëtt et dann och hin an hier, Diskussiounen, mä et ass ganz sécher een Element vun zousätzlecher Demokratie, woubäi ech awer och wëll soen, datt mir haut jo natierlech virun eisen nationale Parlamenter verantwortlech sinn a wann ech zréckkomme vun engem Ministerrot, an ech hunn do zougesot zu eppes wou eist Parlament net zoustëmmt, dann hunn ech ee Problem heiheem. Also och am Ministerrot si mer och haut Demokraten. Dat europäescht Demokratieelement gëtt vläicht renforcéiert, mä dat nationalt besteet souwisou.

Maurice Molitor: Ëmmer nach virum Hannergrond vun engem eventuelle Scheitere vun deem ganzen Traité constitutionnel, vläicht läit d’Zukunft jo an de Coopérations renforcées, wéi Dir se och elo, Dir hutt schonn dovunner geschwat, an deem Accord vu Prüm do festgeschriwwen hutt. Ass dat eng Solutioun och fir aner Beräicher vun der europäescher Politik?

Luc Frieden: Ech mengen, datt et eng realistesch Solutioun ass. Wéi ech méi jonk war, hunn ech mech ëmmer géint een Europa vun den zwou Vitessen ausgeschwat. Ech realiséieren awer haut, datt ee ganz oft ka mat Pilotprojete Saache virubréngen, well se eben net zu 25, an dat ass de groussen Ënnerscheed mat fréier, mir sinn elo an engem Europa vu 25, aus Friddensgrënn si mer an engem Europa vu 25, da muss een heiansdo e puer Saache probéieren a wann déi da gutt sinn, da kann ee soen, mä déi aner kënne jo och do matmaachen. Et dierf net esou sinn, datt eng Coopération renforcée heescht, datt déi aner ni dierfe matmaachen. Mä heiansdo mussen der e puer ufänken, datt mer lasskommen, well wa mer op dee 25. ëmmer waarden, da mengen ech, geet Europa ze lues virun.

Maurice Molitor: Ech denken, Är grondsätzlech Iwwerleeunge wäerten och zu engem groussen Deel gëlle fir déi gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik, wou Dir jo och fir de Volet Defense zoustänneg sidd, quitte datt dat elo vläicht ee manner populären oder manner ëmstriddenen Deel vun der Constitutioun ass?

Luc Frieden: Ech mengen, et ass ee ganz ëmstriddenen Deel, well ech heiansdo d’Leit héieren, déi soen, elo rëtscht Europa an ee militaristescht Europa. Nee, absolut net. Mir soe just, dat, wat mer haut hunn, kënne mer vill méi efficace maachen, wa mer et zesumme maachen. Wa mir an eng Kris wéi am Sudan intervenéieren, natier­lech kënnen do d’Fransousen hifueren an d’Belsch hifueren, well déi si souwisou an Afrika ganz aktiv. Wa mer et awer coordinéiert maachen, hëlleft dat Europa, well mir kréien ee Matsproocherecht an internationale Krisesituatiounen an et gëtt méi bëlleg, well mer am Fong dat alles poolen, wat mer gemeinsam hunn an duerfir mengen ech, datt Europa och do Sënn mécht. Am Balkan mécht et Sënn, datt mer gemein­sam dohinner ginn. Am Balkan hu mer eng gemeinsam Gestion-des-crises-Operatioun, domadder konnte mer ee Krich a Mazedonien evitéieren an a Bosnien hu mer zanter dem 2. Dezember eng europäesch Missioun fir d’Situatioun ze stabili­séieren. An dat ass net nëmme gutt fir déi am Balkan, dat ass och gutt fir äis. Well wa mer de Crime organisé do am Grëff behalen, dann hu mer en net op eiser Strooss. An duerfir si mer och an Afghanistan. Wa mer do d’Drogen an d’Terroriste bekämpft kréien, dann hu mer se net an eise Stroossen. Also, et ass eng Vernetzung tëscht banneschter Sécher­heet a baussechter Sécherheet.

Maurice Molitor: Dir sidd och Budgetsminister, gutt placéiert deemno fir vläicht och nach e puer Wuert iwwert den Euro ze verléieren, dee jo gelidden huet ënnert deem dueblen Nee. Haalt Dir dat och fir eng éischter psychologesch Reaktioun oder fäert Dir e laangfristege Schued fir den Euro?

Luc Frieden: Ech mengen, datt den Euro net entstanen ass duerch dee Ver­fas­sungs­traité, mä entstanen ass en duerch de Maastrichter Vertrag iwwert d’euro­päesch Währungsunioun an datt en hei eng kleng vläicht op d’Bëls kritt huet, déi awer an dëser Situatioun net grad esou schlëmm ass, well e ganz héich ass par rapport zum Dollar. Ech mengen, datt laangfristeg, duerch déi zwee Neeën hei, kee Schued wäert fir den Euro entstoen.

Maurice Molitor: Trotzdeem, d’Positioun vun Europa ass natierlech vis-à-vis vum Rescht vun der Welt net onbedingt gestäerkt, et ass net d’Bild vun engem gëeenegte Kontinent, dee fest wëlles huet zesummen an d’Zukunft ze marchéieren?

Luc Frieden: Et ass ganz kloer, datt och déi Leit ausserhalb vun Europa sech ganz vill Froe stellen. Ech hu mat Leit ausserhalb vun Europa geschwat, respektiv Journalisten hu mer doriwwer Froe gestallt an déi soen natierlech, wat geschitt mat deem Europa? Wou geet dat Europa hinn? Ech mengen, Europa geet och weider. Et dierf een déi Situatioun och hei net iwwerdramatiséieren. Mir sinn an enger Demokratie a wann een an enger Demokratie e Referendum mécht, d’Leit freet, da kann et och sinn, datt d’Leit mat eppes net d’accord sinn. Dat Eenzegt, wat schued wier, dat wier wa mer elo géingen d’Conclusioun dorauser zéien an ech mengen och net, datt dat deen Neen ausdréckt, datt mer den europäesche Projet sollen opginn. Et ass een Instrument vu Fridden, vu Stabilitéit, vu Wuelstand a vu Sécherheet an déi véier Elementer ginn duerch de Verfassungstraité verstäerkt. Si ginn net do­duerch geschwächt. Mir gesinn dat zu Lëtzebuerg. Wat ass dann eis Finanzplaz ouni Europa? Wat ass dann eis Stolindustrie ouni Europa? Wat ass eise Mediesecteur ouni Europa? Déi kënne sech och weider developpéieren. Et ass just d’Fro, wéi wäit wëll een, datt se sech developpéieren a wat ass d’Konsequenz, wa mer elo soen, elo hale mer op: an ech mengen, déi Froe mussen d’Wieler sech stellen, sou ass dat an enger Demokratie, a mir Politiker musse mam Resultat liewen.

Maurice Molitor: OK, merci villmools, Här Minister, fir all déi Explicatiounen.

Dernière mise à jour