Octavie Modert au sujet de la stratégie de Lisbonne et du 7e programme-cadre pour les activités de recherche (2007-2013)

Maurice Molitor: Dräi Haaptambitiounen hat d’Lëtzebuerger Regierung, ier se dës Presidence an Ugrëff geholl huet. Éischtens, de Stabilitéitspakt ze reforméieren, zweetens, d’Strategie vu Lissabon ze reforméieren, an drëttens d’Diskussioun ëm d’Finanzéierung vun der Unioun an de Joren 2007-2013 ze finaliséieren. Déi zwou éischt Prioritéite sinn ënner Dach. D’Decisioun, wat déi drëtt ubelaangt, fält wéi scho gesot dës Woch. Am Fall wou déi drëtt net sollt kënne mat Succès ofgeschloss ginn, da stellt dat natierlech Villes a Fro, notamment déi zweet, d’Strategie vu Lissabon.

D’Fuerschungsministeren, déi sech uganks der Woch am Kader vum Conseil "Compétitivité" hei zu Lëtzebuerg gesinn hunn, kënnen e Liddchen dovu sangen. Si hunn iwwer den 7. Kaderprogramm fir Fuerschung an Entwécklung geschwat, e Programm fir den Zäitraum 2007-2013, deeselwechten also wéi deen, fir déi d’Finanz­perspektivë solle gëllen. An et ass evident, datt déi d’Diskussiounen iwwert dee Programm eréischt richteg ofgeschloss ginn, wa gewosst ass, wéivill Geld zur Verfügung steet.

Am Studio d’Staatssekretärin Octavie Modert, déi zesumme mam Minister François Biltgen Lëtzebuerg op deem Conseil vertrueden huet. Madame Modert, de Kompromëss vun der Lëtzebuerger Presidence a Saache Finanzperspektivë gesäit, wéi et schéngt, eng Reductioun vum Recherchebudget ëm bis zu 40% vir, par rapport zu de Kommissiounsvirschléi, denken ech.

Octavie Modert: Jo, dat sinn zwar keng 40, éischtens par rapport zu deene Kommissiounsvirschléi tatsächlech. Zweetens sinn et awer keng 40%, mä et ass eng Reductioun, déi jee nodeem wéi eng Optik natierlech och ageholl gëtt, vun deene Proposen, déi de Moment do sinn, déi Lëtzebuerg gemaach huet, kann et bis zu 30% goen. Mä leider, mä d’Recherche ass net déi eenzeg Fuerschung déi ënner de Reductioune leit, well natierlech sämtlech Propose vun der Kommissioun etabléiert, op 1,24% vun den nationalen RMBen als Contributioun, jee, dat ass jo fir keen de Fall, a Lëtzebuerg läit driwwer, mä déi 1-Prozent-Länner maachen äis méi Misère, wéi se eigentlech selwer gäre Suen erëm eraushätten aus de Programmer.

Maurice Molitor: Et ass natierlech egal wéi, ob 30 oder 40%, en zolitten Aschnëtt. Hutt Dir dann Zäit verluer op deem Conseil? Riskéiert Dir erëm, wann d’Finanzperspektiven um Dësch leien, erëm bei Null quasi mussen unzefänke mat den Diskussiounen?

Octavie Modert: Mir hunn Inhalt diskutéiert vum Fuerschungsprogramm, de 7. Rahme­fuerschungsprogramm, dee soll fir 2007 bis 2013 gëllen. Esou wéi och a ganz villen anere Politikberäicher Programme ulafen 2007-2013, egal wéi eng dat sinn. A mir hunn den Inhalt diskutéiert. Mir hunn äis eens gemaach op verschidden Iddien, zum Beispill wéi kann een am beschten d’Cooperatioun op engem Projet zesummekréien. Mussen dat méi Partner sinn, déi e Projet erareeche fir kënne Suen erausze­kréien aus deem Programm? Geet et duer mat engem Partner? Jee, esou Saachen. Mir hunn och Mobilitéit diskutéiert do dran, mir hunn eigentlech diskutéiert, wéi eng Iddien een ënnerstëtzt an deem Programm. An dat ass onofhängeg vun de Suen. Sue sinn eben eng Fro, mä trotzdem dat hei, den Inhalt, huet net nëmme mat Suen ze doen.

Maurice Molitor: OK, den zoustännegen EU-Commissaire Potocnik, deen huet sech op der Pressekonferenz nom Conseil awer relativ beonrouegt gewisen. Et ass manner dee finanziellen Aspekt, dee mech beonrouegt wéi den Etat d’esprit vun de Länner, wann et ëm d’Zukunftsfroe geet, sot en. Wahrscheinlech méi un d’Adress vun de Staats- a Regierungschefe wéi un d’Adress vun de Fuerschungsministeren, denken ech. Mä geet et Iech ähnlech?

Octavie Modert: Jo, wat mech e bëssche verwonnert huet an hie beonrouegt huet, dat ass, datt grad déi Länner, déi ganz vill op d’Lissabon-Strategie gedréckt hunn, dat sinn allerdéngs och d’1-Prozent-Länner, de Club vun den 1-Prozent-Länner, wéi mir dat nennen, dat heescht, déi esou déif wéi méiglech wëllen d’Finanzéierung, déi national Contributiounen zum Finanzement vun den EU-Politiken halen, an doduerch si se sech net konsequent gewiescht, well se op deem Punkt vun der Fuerschung, wat ee ganz wichtege Punkt ass am Kontext vun der Lissabon-Strategie, net insis­téiert hunn, ganz am Géigendeel. A wann ech soen, natierlech ass erofgestrach ginn, mä op 30 oder 40%, dat ass bei all deenen anere Politiken och bal de Fall. Also an deem Sënn, leider gëtt erofgestrach. Mä Lëtzebuerg hätt och kee Problem domat fir vill méi ze finanzéieren wéi 1,06 oder 1,09, soudatt u sech dem Commissaire seng Remarquen haaptsächlech un déi Länner geriicht waren, déi op där enger Säit ganz wéineg an d’Unioun wëllen abezuelen, op där anerer Säit keng Prioritéite setzen, an awer gläichzäiteg och, a ville Politiken, déi Länner sinn, wou grad soen, mir hunn hei net genuch erauskritt.

Maurice Molitor: Elo si mir jo souwisou an enger Zäit an där Europa riskéiert, wann et net scho geschitt ass, an eng Kris ze rëtschen. Wann am Mäerz feierlech d’Relance vu Lissabon declaréiert gëtt, an 3 Méint drop, d’Finanzperspektiven net zu­stane kommen, dann ass dat natierlech och net onbedéngt e Signal vu Glafwierdegkeet.

Octavie Modert: Et ass sécherlech eng Inkohärenz, wann een op där enger Säit seet, Lissabon ass wichteg, an op där anerer Säit déiselwecht Leit, déi dat gesot hunn, net op d’Lissabon-Ziler insistéiert hunn. An de Pabeier, wat d’Perspectives financières ugeet, dat ass e Kompromësstext vun der Presidence. D’Presidence huet do erëmginn, wat déi national Länner, déi national Regierungen eigentlech gesot hunn, wat si gären hätten als Akzent. A komescherweis hu se do net den Akzent onbedéngt op d’Lissabon-Strategie geluecht. Ech muss awer dozou soen, datt trotzdem, wann ee kuckt, wat an där momentaner Programméierungsperiod leeft, kritt keng Politik esou vill méi Suen, wéi dat, wat elo de Fall ass, wéi déi vun der Fuerschung. Soudatt et zwar net herno mol zwee ass, eng Verdueblung par rapport zu haut, wéi u sech dat scho festgehale gi war déi leschte Kéier bei de Conclusioune par rapport zu der Lissabon-Strategie, mä datt et déi Politik ass, déi am meeschte wäert eropgoen. Aner Politike ginn net esou vill erop, aner Politike ginn zu engem Deel, par rapport zum heitege Stand, wat elo de Moment finanzéiert gëtt, iwwer déi Beräicher, nach erof. Esou datt een net ka soen, datt d’Fuerschung e Stéifkand wier oder ganz vergiess gi wier.

Maurice Molitor: Bleift dann, egal wéi, genuch Geld iwwreg fir de Weltraum ze erueweren? De Minister Biltgen ass jo scho bal poetesch ginn op der Presse­konferenz, wéi hie sot, an enger Zäit, wou Europa net méi dreeme léisst, en hat do de Premier zitéiert nom hollännesche Referendum, ass déi Weltraumpolitik ee Beräich, deen déi europäesch Bierger nees dreeme loosse kann. Op wéi eng Manéier dann? Wat sinn d’Akzenter, déi Europa do wëll setzen?

Octavie Modert: D’Akzenter déi Europa do wëll setzen, ass éischtens, datt tatsächlech Weltraumpolitik Industriepolitik ass. Mir wëllen den Akzent do op d’Industriepolitik leeën, net op aner Saachen, déi ee kënnt do domat verbannen. Dat heescht natierlech dann am Kontext Lissabon, nei Aarbechtsplaze schafen, nei Wësse schafen, et ass ee Beräich wou Fuerschung grouss Zukunft huet. Ee Beräich och wou d’Applicatioune ganz evident sinn, well dat ass och do, wou d’Akzenter vun der Unioun solle kommen, an zwar de Projet GMS, dat heescht Erdbeobachtung, plus Galileo, dat heescht also och ganz vill am Satelliteberäich. Dat ass e vun deene ganz grousse Beräicher, wou Weltraumpolitik ka gemaach ginn. An dat sinn déi zwee Akzenter, déi de Moment d’Unioun zesumme mat der ESA, dat ass eng gemeinsam Politik mat der ESA, der europäescher Weltraumagence, dat sinn déi zwee Akzenter, déi mir gemeinsam festgeluegt hunn, wat déi éischt Prioritéite sinn, op deene geschafft gëtt.

Maurice Molitor: Gutt, erlaabt mir ofschléissend vläicht, Pardon.

Octavie Modert: Entschëllegt. Dat hunn ech elo bal vergiess gehat. Och do hänkt natierlech en Deel vun de Saachen zesummen, jee nodeem wat bei de Perspectives financières erauskënnt, mä do muss een dann en fonction ajustéieren. Mä déi zwou Prioritéite sinn awer domat trotzdem garantéiert, well déi si finanzéierbar an och schonn ausgewisen.

Maurice Molitor: Gutt. Ech wéilt ofschléissend nach vläicht e bëssche méi eng perséinlech Fro stellen. Fir Iech war déi Presidence jo eng ganz nei Experienz. Knapp an der Regierung, schonn an Europa, kann ee soen. Wéi hutt Dir déi Zäit erlieft? War dat eng spannend Erfahrung elo?

Octavie Modert: Dat war sécherlech eng spannend Erfahrung. Dat war och eng ganz, eng Zäit wou d’Zäit e relative Begrëff war, well guer keng Zäit bliwwen ass. Et war eng Zäit, wou extrem dense war am Schaffen an och am Erliewen. Et war wuel flott, et huet een en extreme Crashcours natierlech kritt an där ganzer Affaire, an deene ganze Saachen do. Et war heiansdo hunn ech gesot, ech hätt grad esou gär gehat, mir hätte se vläicht 6 Méint méi spéit eréischt gehat, d’Presidence, well et méi e smoothen Iwwergang vläicht erlaabt gehat hätt, mä esou war et natierlech d’Erfahrungssteigerung extrem no beieneen, a ganz am Ufank. Dat war ganz flott. A vu datt ech och ganz vill Beräicher hunn, ech hu mat déi meeschte Ministeschréit ze couvréieren, konnt ech natierlech ëmmer Erfahrungen aus deem engen an deen aneren erafléisse loossen, an ëmgedréint.

Maurice Molitor: E Crashcours, bon, et ass och nach net eriwwer. Dir hutt nach een Agrar-Conseil virun Iech, an eng informell Reunioun vun de Kulturministeren. Eent vun deene leschte groussen Evenementer iwwregens während dëser Presidence. Merci op jiddefall, datt Dir hei wart.

Octavie Modert: Merci.

Dernière mise à jour